Nach Genre filtern

flux

flux

Lëtzebuerger Journal

Vun der Stolindustrie als wirtschaftlecht Fundament, iwwer d'Entstoe vun der Finanzplaz, bis hin zu engem ëmmer méi diversifizéierte Wirtschaftsmodell, an deem Tech, Weltraum oder Logistik eng wuessend Roll spillen: D'Journalist*inne vum Lëtzebuerger Journal sinn der Wirtschaftsgeschicht vu Lëtzebuerg op d’Spuer gaang. D'Sherley De Deurwaerder, d'Camille Frati, d'Melody Hansen an de Pascal Steinwachs schwätze mat deene Mënschen, déi dës Evolutioun matgestalt hunn, a mat deenen, déi se haut nach ëmmer virundreiwen. Zäitzeien, déi d'Entwécklung aus hirer eegener Perspektiv erzielen. Ma och Historiker*innen, Politiker*innen a wirtschaftlech Schlësselfiguren. Ënnert anerem de Jean-Claude Juncker, d'Colette Flesch, de Michel Würth an de Guy Castegnaro zielen d'Geschicht vun engem konstanten Upassen, Neidenken an Neiopbauen, déi nach ëmmer weider dréit. flux ass de Podcast vum Lëtzebuerger Journal, mam Zil, d'Geschicht vun der Lëtzebuerger Wirtschaft méi gräifbar ze maachen. Fir jiddereen. Ab dem 25. November 2025.

14 - S02E06 - Crash
0:00 / 0:00
1x
  • 14 - S02E06 - Crash

    Et ass de 26. September 2008, an deenen, déi op de Banken schaffen, geet et net méi gutt. D'BGL krut matgedeelt, si wier net méi liquid. Dat heescht, si hat kee Cash méi fir rauszeginn. Eis Spueresich fänkt bei der deemoleger Cheffin vun der Kommunikatioun vun der BIL un, dem Christiane Schmit. Si war fir déi éischte Kéier no Jore vu Wuesstem net dorobber virbereet, och déi desagreabel Facette vun der Kommunikatioun kennenzeléieren - well wéi genau vermëttelt een de Leit, dass d'Bank keng Sue méi rausgi kann? Dës Liquiditéits- a Vertrauenskris, déi d'Mammegruppen vun der BGL (Fortis) an der BIL (Dexia) erlieft hunn koum net aus dem Näischt. De Kik Schneider, deemools Direkter vum Retail a Corporate Banking op der BGL, erzielt, wéi hien d'Banke-Rettungsaktioun, déi dee Weekend lancéiert gouf, erlieft huet. An där Rettungsaktioun huet de Luc Frieden als deemolege Budgetsminister eng onëmgänglech Roll gespillt. Hien war ee vun deenen, déi an de Verhandlunge séier hu missen decidéieren, wéi vill Suen een als Staat op den Dësch leeë kann a muss, fir dat Schlëmmst ze verhënneren. A wéi ass dat gelaf, wann een eng privat Bank war, déi net op dee staatleche Support ziele konnt? Dovunner schwätzt de Luc Paindavoine, deemools de Chef vun der Salle de Marché op der Degroof. Maach däi Journal-Abo: https://journal.lu/products 10% Rabatt um Joresabo mam Code #flux10 D'Chambre de Commerce: https://cc.lu/

    Tue, 22 Sep 2026
  • 13 - S02E05 - Den Eurominister

    De Moie vum 1. Januar 2002 ass op de Banken a bei de Bankomater zu Lëtzebuerg gutt eng lass. Den Euro ass endlech um Marché. Eis Spueresich fänkt an enger Keess am Auchan un, an zwar beim Hélène Meurisse. D'Caissière ass am Kontakt mat enger Clientèle, déi lo net méi mat belschen, franséischen a lëtzebuergesche Frangen – oder souguer mat der Deutsche Mark – probéiert ze bezuelen, mee mat enger ganz neier Wärung. Wéi de Commerce sech op de Wiessel op den Euro virbereet huet, dat zielt d'Sabrina Sagramalo, deemools Coordinatrice vum Reseau vun den Euro-Infozenteren. De Luc Frieden, dee vun de Medien zu dem Zäitpunkt dacks als den "Eurominister" betitelt gouf, zielt wéi hien d'Preparatiounen als Minister fir Justiz, Budget a Bezéiunge mam Parlament an der Regierung Juncker-Poos erlieft huet. A wat fir Suergen d'Informatiker op de Banken an der Nuecht op den 1. Januar geplot hunn, dat verréit de Kik Schneider (deemols op der BGL). Mee wéi koum et iwwerhaapt zum Euro? Op d'Ursprongsiddi, déi vum Pierre Werner als ee vun de Pappe vum Euro ausgaangen ass, geet d'Dr. Elena Danescu an, Fuerscherin um Luxembourg Center for Contemporary and Digital History. Maach däi Journal-Abo: https://journal.lu/products 10% Rabatt um Joresabo mam Code #flux10 D'Chambre de Commerce: https://cc.lu/

    Tue, 08 Sep 2026
  • 12 - S02E04 - Géi dohinner, wou de Kabes wiisst

    Et ass 1962. Um Kierchbierg ginn e puer Bauere mat hiren Trakteren op d'Barrikaden. De Staat huet decidéiert, de Fonds Kierchbierg kéint Terrainen opkafen, fir dass do de neien Centre Européen gebaut ka ginn. An dat op de Felder, déi iwwer Generatiounen d'Existenz vun hire Famillje geséchert hunn. Eis Spueresich fänkt beim Fays Djoher, Associé gérant vum Shamrock Luxembourg, un. Wa Feierowend ass, kommen d'Employé*eë vun de Banken an EU-Institutiounen ëmmer gäre bis laanscht. D'Bevëlkerung vu Lëtzebuerg huet an de 60er mat méi Skepsis wéi Enthusiasmus op d'Urbaniséierung vum Kierchbierg gekuckt. Et war riets vu "Baurenausrottung", enger sozialer "Enklave" déi näischt mat der Stater Kultur ze dinn hätt, an "Eurokraten". De Kierchbierg gouf net an engem Dag gebaut, an et war net d'Zil, een integréierte Quartier aus deem Plateau ze maachen. D'Felder hu missen expropriéiert ginn, fir Spekulatioun op den Terrainen ze verhënneren, sou de Marc Widong (Fonds Kirchberg). Net nëmmen EU-Institutiounen, mee och Banken hunn sech um Kierchbierg néiergelooss. De Boulevard Royal war drop an drun, aus de Néiten ze platzen - dat wëssen de Kik Schneider deemols (BGL BNP Paribas) an de Fernand Grulms (deemols ABBL). D'Chambre de Commerce: https://cc.lu/

    Tue, 25 Aug 2026
  • 11 - S02E03 - Hin-an-Hier-Gependels

    Et ass de 15. Juni 1985, an et ass fir déi éischte Kéier méiglech, iwwer déi lëtzebuergesch Grenz ze fueren, ouni dem Douanier e Pass ze weisen. Dat war méiglech dank dem Schengener Ofkommes, dat pünktlech fir d'Summervakanz ënnerschriwwe ginn ass. D'Opmaache vun de Grenzen huet d'Liewe vun der éischter Well u Grenzgänger*innen vereinfacht, déi bis op Lëtzebuerg schaffe komm sinn. Eis Spueresich fänkt bei der Soziologin Jessica Lopes a beim Illustrateur Charl Vinz un. Si hunn 2025 hiert Buch Temps de Trajet publizéiert, dat 13 ënnerschiddlech Persounen, déi haut hei zu Lëtzebuerg schaffen, op d'Aarbecht a rëm zréck heem begleet. Wärend d'Marlene Schmidt, Directrice vum Centre Européen Schengen, iwwert d'Geschicht hannert dem Ofkommes an der Wichtegkeet vun den oppene Grenze fir de soziale Kontakt, de Shopping-, den Tanktourismus an nu mol d'Schaff schwätzt, kann de Franz Clément, Fuerscher beim Liser a fréiere Buergermeeschter vu Marteléng-Rombach, op déi zwou Säite vun der belsch-lëtzebuergescher Grenz agoen. Dat waren nämlech deemools schonns zwou ganz verschidde Welten, a vun der belscher Säit sinn ëmmer Leit op Lëtzebuerg schaffe komm. Vill vun deenen, déi fir ze schaffen all Dag eriwwergependelt sinn, hunn Aarbecht am Finanzsecteur fonnt. Egal op a Banken oder bei den Assurancen, an der Fongenindustrie oder bei engem vun den deemolege Big 8 – Kompetenze goufen ëmmer gebraucht. Ma wéi vill vun deenen neien Aarbechtskräfte konnten dann iwwerhaapt an deem Land, an deem se geschafft hunn, un der Demokratie deelhuelen? D'Chambre de Commerce: https://cc.lu/

    Tue, 11 Aug 2026
  • 10 - S02E02 - Dieu n'est-il pas luxembourgeois ?

    Et ass Mëtt der 80er, an an engem Sëtzungssall strecken sech d'Käpp iwwer engem Gesetzestext zesummen. Am Raum: Bankepatronat, Notairen, Affekoten. Vill Erfarung a vill Krawatten. Eng Persoun passt net an d'Bild: D'Marie-Jeanne Chèvremont (deemols Coopers & Lybrand). Dëst Gesetz, un deem si grad matschafft – d'UCITS-Directive – wäert Lëtzebuerg zum Gateway vun Europa fir Investmentfonge maachen. Eis Spueresich fänkt awer beim Berthe Lutgen un, Kënschtlerin a Grënnerin vum Mouvement de Libération des Femmes. 2015 moolt si The Deciders – e Bild, op dem e Grupp Hären am Kostüm ënnert dem Arc de Triomphe trëppelt. Ganz kleng am Hannergrond sinn zwou Fraen. Wärend d'UCITS-Gesetz Lëtzebuerg zum Fonge-Standuert Nummer eent an Europa mécht, an de Secret bancaire dem Land international Opmierksamkeet bréngt, bleift d'Fro, wien iwwerhaapt am Raum ass, wann sou eppes decidéiert gëtt. Wat de Secret bancaire ass, wéi d'Banken domat ëmgaange sinn, a wéi vill Jalousie hannert der internationaler Kritik stoung, dat zielen de Kik Schneider (deemols BGL), de Luc Frieden (Finanzminister vun 1998 – 2013), an de Jean-Claude Juncker, deen dee Modell als Kommissiounspresident huet misse verteidegen. Zesumme mam Fongegesetz huet de Secret bancaire dem Land esou vill Wuelstand bruecht, dass een sech am Ausland gefrot huet: "Dieu n'est-il pas luxembourgeois?"– dorunner erënnert sech d' Wirtschafts- a Finanzjournalistin Véronique Poujol. D'Chambre de Commerce: https://cc.lu/

    Tue, 28 Jul 2026
Weitere Folgen anzeigen