Filtrer par genre

Erklär&Laach

Erklär&Laach

Baschti, Philippe a Joe

Zimlech iwwerflëssege Podcast, mee iergendwéi ëmmer nach net gecancelt. Mat den dräi Idioten vun Duck Féiss.

154 - Ep.142: Duck Féiss Revival mam Argent Difficile
0:00 / 0:00
1x
  • 154 - Ep.142: Duck Féiss Revival mam Argent Difficile

    De bis elo réischt 3. Gaascht an der joerdausenden aler Geschicht vun eisem Podcast ass e Mann wéi e Molotov-Cocktail - den Argent Difficile. Bekannt als Tiktok-Geess huet hie mat sengem Stream viru kuerzem ugefaang, Duck-Féiss-Watchparties ze feieren an sou dat aalt Comedy-Wëssen un déi kommend Generatioune virunzeginn. Bei deem Bildungsoptrag hëllefe mir natierlech gär aus a qualifizéieren eis a sengen Aen ganz kloer als Uncs. Wann dat hei net eis Pisa-Resultater no uewen dreiwt, wat soll dann nach hëllefen...

    Mon, 19 Oct 2026 - 1h 04min
  • 153 - Ep.141: Methadon fir RTL-Kommentarer

    Wien den däischtere Sumpf vun den RTL-Kommentarer vermësst, deen ass hei op der richteger Plaz: Mat populistesche Schenkelklopfer wéi "Souguer dat huelen se eis fort!", oder dee beim Kolleg Max Feller beléifte Sproch "Dat war bestëmmt e Franzous!" (Quell vun dëser Info: D'Zeitung "Land", mir iwwerhuele keng Responsabilitéit) kritt hei de rosenen an/oder verzweifelte Volleksmember dat, wat an den RTL-Kommentarspalten verluer gaang ass: dämlech an oniwwerluechten Aussoen, Hallewwëssen a schlecht Witzer.

    Mon, 05 Oct 2026 - 1h 04min
  • 152 - Ep.140: Vum falsche Wee ofkomm

    Et ass Erklär&Rentrée. Mir hunn eis am Fong bedeckt gehalen, fir net mat de PISA-Resultater a Verbindung bruecht ze ginn, mee lo si mir wéi e schwéire Fall vun Herpes awer nees ongewollt zréckkomm. Kommt mir maachen dat bescht draus...

    Mon, 21 Sep 2026 - 1h 10min
  • 151 - Ep.139: End of Season Party

    Fir den Ofschloss vun der Saison an den Ofschoss vum Summer ze feieren, stierze mir eis an d'Vakanzentipps, déi dir onbedéngt nach fir déi kommend Woche braucht.

    An no der Fold stierze mir eis direkt an de Summerschlof, dee mat Dom Pérignon a Wachteleeër standesgemäss erbäigefouert gëtt.

    Vill Spaass, a bis am Hierscht!

    DK HMDL, är 3 Idiote vun der Tankstell

    Mon, 27 Jul 2026 - 51min
  • 150 - Ep.138: Schwaarzt Summerlach

    Canicule? Technesch Problemer? Politesch sensibel Themen?

    Ass eis alles egal. Mir maachen et sou, wéi eisen Här, den T the Boss, et schonn ëmmer gepriedegt huet: Mir bleiwe staark, mir ginn eise Wee.

    Mat Themen vun A wéi Fifa-Skandal bis Z wéi Zäppchen ass nees fir vill onnëtzt Hallewwësse gesuergt. Dofir sti mir mat eisem Numm.

    Mon, 13 Jul 2026 - 1h 04min
Afficher plus d'épisodes