Nach Genre filtern
- 154 - Ep.142: Duck Féiss Revival mam Argent Difficile
De bis elo réischt 3. Gaascht an der joerdausenden aler Geschicht vun eisem Podcast ass e Mann wéi e Molotov-Cocktail - den Argent Difficile. Bekannt als Tiktok-Geess huet hie mat sengem Stream viru kuerzem ugefaang, Duck-Féiss-Watchparties ze feieren an sou dat aalt Comedy-Wëssen un déi kommend Generatioune virunzeginn. Bei deem Bildungsoptrag hëllefe mir natierlech gär aus a qualifizéieren eis a sengen Aen ganz kloer als Uncs. Wann dat hei net eis Pisa-Resultater no uewen dreiwt, wat soll dann nach hëllefen...
Mon, 19 Oct 2026 - 1h 04min - 153 - Ep.141: Methadon fir RTL-Kommentarer
Wien den däischtere Sumpf vun den RTL-Kommentarer vermësst, deen ass hei op der richteger Plaz: Mat populistesche Schenkelklopfer wéi "Souguer dat huelen se eis fort!", oder dee beim Kolleg Max Feller beléifte Sproch "Dat war bestëmmt e Franzous!" (Quell vun dëser Info: D'Zeitung "Land", mir iwwerhuele keng Responsabilitéit) kritt hei de rosenen an/oder verzweifelte Volleksmember dat, wat an den RTL-Kommentarspalten verluer gaang ass: dämlech an oniwwerluechten Aussoen, Hallewwëssen a schlecht Witzer.
Mon, 05 Oct 2026 - 1h 04min - 152 - Ep.140: Vum falsche Wee ofkommMon, 21 Sep 2026 - 1h 10min
- 151 - Ep.139: End of Season Party
Fir den Ofschloss vun der Saison an den Ofschoss vum Summer ze feieren, stierze mir eis an d'Vakanzentipps, déi dir onbedéngt nach fir déi kommend Woche braucht.
An no der Fold stierze mir eis direkt an de Summerschlof, dee mat Dom Pérignon a Wachteleeër standesgemäss erbäigefouert gëtt.
Vill Spaass, a bis am Hierscht!
DK HMDL, är 3 Idiote vun der Tankstell
Mon, 27 Jul 2026 - 51min - 150 - Ep.138: Schwaarzt Summerlach
Canicule? Technesch Problemer? Politesch sensibel Themen?
Ass eis alles egal. Mir maachen et sou, wéi eisen Här, den T the Boss, et schonn ëmmer gepriedegt huet: Mir bleiwe staark, mir ginn eise Wee.
Mat Themen vun A wéi Fifa-Skandal bis Z wéi Zäppchen ass nees fir vill onnëtzt Hallewwësse gesuergt. Dofir sti mir mat eisem Numm.
Mon, 13 Jul 2026 - 1h 04min - 149 - Ep.137: Noutfallbetrib wéinst Iwwerhëtzung
Lëtzebuerg schweesst sech duerch d'Hëtzt, a mir leeën nach e puer déck Stécker Holz op d'Feier: De Pippo zielt vu sengem Aura Farming um Nationalfeierdag, de Joe seet der ganzer Welt Merci (?!) an de Baschti ass weiderhinn keen nationale Fussballheld. Dozou geselle sech weider Themen, déi fir en Hëtzschlag suerge kënnen.
Fri, 26 Jun 2026 - 1h 02min - 148 - Ep.136: Weltmeeschterschaft vun den Abseitsfalen
Zu Éiere vun der Fussballweltmeeschterschaft gëtt iech d'Erklär&Orakel eng 100% zouverlässeg Ausso, wien d'Coupe gewënnt. Genee sou héich ginn och dem Baschti seng Chancen ageschat, fir sech um Gala-Derby mat de Lëtzebuerger Allstars ze blaméieren. De Pippo setzt sech vehement fir eng permanent Abseitsfal an & versuergt eis mat enger Prise Informatioun. An de Joe ass wéi gewinnt och do.
Mon, 08 Jun 2026 - 58min - 147 - Ep.135: Blanne Jang Grindset
Eng Péngschtmass to go - mat Grillrankings, Muskbashing an dem Joe senger vertrauter "Jérémy!"-Routine.
De Summer kënnt mat Vollgas op de Grand-Duché duer a mir probéieren nach emol all déi wichteg Saachen unzeschwätzen, déi ee wësse muss, befier et lassgeet mat den Open-Air-Festivals, Grillfester a Bukkakeorgien.
Mon, 25 May 2026 - 47min - 146 - Ep.134: Kollektiv kulturelle Komedyworkshop
Direkt no engem sportlechen Exploit (en Tournage, de vollen Ausmooss vun dëser Peinlechkeet gesitt dir geschwënn) setze mir eis zesummen, fir Drock ofzeloossen. Tëscht Robofësch a Summerpläng fanne mir net esou richteg e Ventil - bis sech déi wuel bescht Plattform fir Diskussiounen opmécht: modern Konscht. Mir vertrieden all Meenungen, vum Konschthistoriker bis bei een, dee Konscht héchstens aus Pornoe kennt.
A mir liwweren, Vollprofien di mer jo awer sinn, scho Cliffhangeren op déi nächst Fold. Vläicht gëtt déi besser wi di hei. Mee warscheinlech net.
Tue, 12 May 2026 - 1h 10min - 145 - Ep.133: Hamster am Goldfëschglas
An enger Welt, déi ze vill Tempo huet, suerge mir mat Léift fir Entschleunegung.
De Joe weist seng Allüren als Schauspiller, déi hie konsequent duerchgezunn huet.
Mir droppen eng wëssenschaftlech Etude iwwer Begrëffer fir de Genoss vun alkoholesche Liewensmëttes. An de Pippo test seng nei Rubrik an hëlt eis bei der Hand, fir den alldeegleche Wahnsinn ze verschaffen.
Tue, 28 Apr 2026 - 1h 06min - 144 - Ep.132: Tankstellen-Talk op der Récksäit vum Mound
Léif Fësch, iech erwaart nees eng gutt gemengten, awer schlecht ëmgesate Mëschung aus lokale Kuriositéiten an internationale Geschichten:
Wéi eng Uertschaft zu Lëtzebuerg bitt déi beschte Liewensqualitéit – a wéi eng kann een an d'Poubelle trëppelen? Dat suergt bei eis 3 Lokalmatadoren fir hëtzeg Diskussiounen...
Donieft geet et ëm eng zimlech absurd Affär: ronn 12 Tonne KitKat, déi op eemol verschwonne sinn.
A fir e bëssen méi wäit ze kucken: Mir schwätzen och iwwer d’Artemis-Missioun an d’Fro, firwat d’Mënschheet erëm op de Mound wëll – a firwat eng Tankstell do Sënn maache géif.
Eng Episod mat Humor, Fakten an e bësse Chaos. Du weess habib
Mon, 13 Apr 2026 - 56min - 143 - Ep.131: Domm gelaf
Eng Podcastfolg wi e Marathon fir d'Oueren: Et geet motivéiert un, mee et mierkt ee séier, dass et sech an d'Längt zitt. An de Schluss ass richteg haart (Insert Joe Joke here).
Mir schwéngen eis wi den Tarzan mat eise rethoresche Lianen duerch den Themen-Dschungel, vun der geopolitescher Weltlag, iwwer Laf-Kontroversen rondrëm de Bobfit, bis bei - jo tatsächlech - e puer faktesch korrekt Fun Facts. Jo, an dëser Folg kann een eppes léieren, sorry dofir.
Mon, 23 Mar 2026 - 57min - 142 - Ep.130: Aaschbomm mam Raphael Stacchiotti
An dëser Folg sprange mir mat iech vum Beckerand per Bauchklatscher an dat kaalt Waasser: Fir d'zweete Kéier an der Geschicht vun eisem Podcast hu mir e Gaascht an eis Gruppendusch invitéiert. An et ass een, dee mir säit eisen Ufäng (mir hunn eist Podcast-Séipäerdchen 2019 gemaach) schonn ëmmer wollten dobäi hunn:
Riets geet natierlech vum Pool-Philosoph, Welleflüsterer an net ze vergiessen 4-fachen Olympionik fir Lëtzebuerg, de Raphael Stachiotti!
Zesumme mat eisem Gaascht huele mir iech mat op eng Rees mat (plazeweis) Déifgang an enger gudder Schlupp Chlor.
Mon, 02 Mar 2026 - 1h 10min - 141 - Ep.129: Awer nees an d'Suckel kritt
Obwuel eise spirituelle Guide, de Mischo-San, eis mat senger onedlecher Weisheet gewarnt huet ("Genuch an d'Suckel kritt", huet hie geschwat), hu mir net gelauschtert. Mir zielen eis Klepperei-Geschichten, déi net vu gloräichen Zäite bezeien, mee eng Metapher sinn fir d'Vegänglechkeet vum Liewen. Genau sou wéi e puer aner wouer Geschichten, déi mir iech an dëser Episode verzielen. Plus natierlech vill Blödsinn. Praise the lord.
Wed, 04 Feb 2026 - 57min - 140 - Ep.128: Genuch an d'Suckel kritt
Zwou Wochen. Dat ass anscheinend genuch Zäit am Joer 2026 fir d'Welt komplett op d'Kopp ze stellen. Vu Venezuela iwwer Grönland bis an den Iran gouf am neie Joer direkt mat der geopolitescher Bazooka geschoss, wärend mir 3 nach am wuelege Wanterschlof waren.
Mee de Podcast mat Primärschoulniveau ass lo nees do an dréit zum Chaos™️ bäi. Kommt mat eis an en auditiivt Wonnerland, wat alles bitt: Vun Aktualitéitssujeten iwwer Chinaphobie an Existenzängscht bis bei déi meeschtgenotzten Nimm zu Lëtzebuerg. Happy new year?
Mon, 19 Jan 2026 - 1h 05min - 139 - Ep.127: Äddi 2025
- Guerilla sponsored by Luxlait (dat heescht si wëssen nach näischt vun hirem Gléck -
Fir den Ofschloss vum Joer fir jiddereen e bëssi manner ronn ze maachen, melle mir eis nach eng leschte Kéier, direkt virun de Feierdeeg. Wann dir also an den nächsten Deeg bei äre "Léifsten" um Dësch sëtzt, dem Food-Koma schonn no, a keng Loscht méi hutt op e besënnlecht Mateneen, dann ass hei är Chance.
Schläicht iech fort a lauschtert verstoppt ären dräi beschte Monnien no. Mat enger gewinnter Mëschung aus schlechte Witzer, politesche Fake News an Hallewwourechten, plus dem éiwege Je-ne-sais-quoi vun eisem Dräiergespan, kréie mir d'Feierdeeg ouni Problem fir jidderee versaut. hdgl
Tue, 23 Dec 2025 - 1h 06min - 138 - Ep.126: TAUMEL Awards 2025
Et ass nees Zäit fir de grousse Joresréckbléck an d'Verdeelung vun de prestigeträchtegsten Awards an der Groussregioun. D'TAUMEL Gala bitt dëst Joer nees déi albekannt Kategorien wéi de Vull vum Joer, awer och Neies, wéi de beschte Fetish.
Ditt äre feinsten Zwirn un a kuckt mat eis zréck op e méi wéi duerchwuessent Joer!
Mon, 08 Dec 2025 - 1h 16min - 137 - Ep.125: Synapsekierfecht
Pünktlech fir d'Adventszäit kënnt Neies vun den dräi Bouwen, deenen hir Schaukel als Kanner ze no un der Mauer stoung. Mir maachen de Rapport d'activité vum Joer 2025 a kucken an engems no vir: Wat gëtt et dëse Wanter zu Lëtzebuerg ze dinn, wéi kann een an der Belle Etoile vun deene beschte Präisser profitéieren (oder net), a virun allem: Wat huet et mam Ben Olinger Phänomen op sech?
Mon, 01 Dec 2025 - 1h 03min - 136 - Ep.124: Wat ass déi beschte Stad am Land?
Häerzlech Wëllkomm zréck bei den Haupeschbléiser ënnert de Lëtzebuerger Podcasts. Mir hunn eng ganz speziell Folleg fir iech, frësch aus dem Schäffchen an nach gutt waarm: Tëscht Haftbefehl-Mania an neien New Yorker Buergermeeschteren hu mir och eng Prise vun deene wierklech wichtege Sujete mat an d'Mëschung gebak: Wat ass eigentlech déi beschte Stad vum Land?
Mon, 10 Nov 2025 - 59min - 135 - Ep.123: How do you do, fellow kids?
Iergendwéi si mir duerch eis altersbedéngt Ersatzgebësser net méi um Zannt vun der Zäit. Wat ass geschitt? Wéini hu mir opgehal, jonk an domm ze sinn, an ugefaang, al an domm ze sinn?
Wéi bei enger zolitter Quarter Life Crisis loosse mir eis dat net soen a probéiere verbass, fir nees Uschloss un d'Jugend ze fannen. Dir kënnt dat lo cringe fannen, mee wann dir dat Wuert nach benotzt, sidd dir och scho laang net méi Deel vun der hipper Jugend.
Schach. Matt.
Mon, 27 Oct 2025 - 39min - 134 - Ep.122: Ass de Guillaume de GOAT Lëtzebuerger?
Den Durex ënnert de Lëtzebuerger Podcasten ass wi ëmmer der Zäit viraus a bitt perfekte Schutz: Mir halen eis un dat neit Mediegesetz, éier et iwwerhaapt a Kraaft getrueden ass.
Dofir schwätze mir an dësem Podcast nëmmen iwwer rechtlech konform Themen: Alles, wat d'Regierung richteg mécht, firwat de Grand-Duc esou fantastesch ass, a wat mir un eiser Lëtzebuerger Grammaire gutt fannen.
Ooooder mir bleiwe bei eisem jorhonnerten ale Mix aus Brach, Blödsinn a Bullshit. Lauschtert eran fir rauszefannen, ob mir eis fir déi hell oder déi däischter Säit vun der Muecht entscheed hunn.
Klenge musikalesche Plug: Parity - ID.
Wed, 15 Oct 2025 - 1h 02min - 133 - Ep.121: Good Vibes Only
Mir probéiere vum Trounwiessel bis Tonga just positiv Neiegkeeten zouzeloossen, fir dem groen Alldag vun eiser Zäit ze entgoen. Wéi sou vill Projete vun eis, vun der Schoulkarriär, iwwer Duck Féiss, bis bei eis Liewensziler, geléngt dat awer net sou richteg...
Mee ëmmerhin: Dës Folg ass vun eisem Inklusiounsbeoptraagte validéiert ginn!
Wed, 01 Oct 2025 - 49min - 132 - Ep.120: Erklär&Rentrée
De Cirque du soleil ass nees am Land, a mir hunn iech eppes aus der Vakanz matbruecht: ee Cancel-Culture-resistente Cocktail aus Réckbléck an Zukunftsmusek, mat vill Äis a wéineg Inhalt.
Häerzlech Wëllkomm fir eng nei Staffel vun "Wéi laang kënnen se um Rand vum Vulkan danzen, bis se drafalen?" mat ären dräi Hosts, dem Gast Vogel jr., Raoul Roos a Joseph Bech.
Mon, 22 Sep 2025 - 58min - 131 - Ep.119: Lescht Limoncello Lounge
Ee leschte groussen Hurrah virum Summer an eng lescht Dosis Anti-Histamin fir all eis Intelligenzallergiker.
Mir gesinn eis eng final Kéier fir dës Saison, éier mir eis kreativ Batterien (di kleng ronn, di net laang halen) nees oplueden.
Éier de Philippe also seng gefillt 10. Weltrees start, de Joe de ganze Summer iwwer Kazen aus Beem rett, an de Baschti sech op Menorca a sengen Hedge-Fonds-Suen wänzelt, kënnt hei nach emol de gewinnte Cocktail: Wéineg Inhalt, domm Witzer, onsécher Informatiounen, vill Léift.
Edit: No der Verëffentlechung vun dëser Folg hu mir Feedback vu verschiddenen Nolauschter*inne kritt – et goung ëm Aussoen, déi fir déi eng oder aner Persoun net ganz onproblematesch waren. Dës Aussoen goufen dofir an der neier Versioun vun der Folg 119 erausgeholl.
Fir et awer nach emol ganz kloer ze soen: Mir sti fir en oppenen, inklusiven Humor - et ka jiddereen eemol treffen, mee et ass och jidderee bei eis wëllkomm, ouni Ausnam.
Schéine Summer, a bis geschwënn.
Tue, 08 Jul 2025 - 1h 05min - 130 - Ep.118: EU SPECIAL ⎸ 3 Idioten am EU-Parlament
Den Zirkus reest op Bréissel!
De Büro vum Europa-Parlament zu Lëtzebuerg huet eis agelueden, fir an déi helleg Halen vun der Demokratie ze pilgeren, an eise Podcast am Häerz vun eiser Unioun opzehuelen. Do hu mer natierlech direkt zougesot, eis kontrovers Meenungen an eng Valiss gepaak a si mam décke V12 op Bréissel gedüst.
Niewt eisem üblechen Gefasel hu sech och dräi EU-Deputéiert an eis Ronn gesellt: d'Tilly Metz, de Charles Goerens an d'Isabel Wiseler-Lima. Merci, dass dir eise Blödsinn mat enger Portioun Intelligenz an Inhalt beräichert hutt!
Disclaimer: Dëse Podcast ass d'Resultat vun intensiver Lobbyaarbecht vum Joe Dennenwald.
Mon, 30 Jun 2025 - 1h 15min - 129 - Ep.117: Summer, Sonn & Shitstorm
Mir lauden offiziell de Lëtzebuerger Summer an - denkt u Stauséi, Terrassen & laang Nuechten mat den Homies an Queens ënner fräiem Himmel. Fir den Optakt vun den dräi eenzege Méint mat genuch Sonnenastrahlung fir Depressiounen ze vermeiden ze feieren, zerwéiere mir eng frësch Mëschung aus héchst schwieregen Aussoen, domme Witzer an inhaltslosem Gesabbels. Mir empfehlen, dëse Podcast beim Aschlofen, FLF-Bashing oder wärend Orgien ze lauschteren.
Mon, 16 Jun 2025 - 1h 04min - 128 - Ep.116: Alternativen Zeenewiessel
Wanns de op der Sich no enger Podcast-Alternativ zum Zeenewiessel bass, an du fënns einfach näischt, wat dat Lach fëllt... Tronkil Bre, hei bass de richteg: Vum ING Night Marathon iwwer d'Gëlle Palm fir Lëtzebuerg bis bei dem Joe seng rezent Entdeckunge vum Massesport decke mir alles of, wat dës Woch zu Lëtzebuerg geschitt ass. Als klenge Schmankerl fir eis Wëssensfanatiker zielt de Pippo eppes iwwer Frituren, fir de kurzweilegen Nolauschterer spille mir Entweder/Oder a mir maachen natierlech lauter domm Witzer op Käschte vu Minoréiten, Majoritéiten an eis selwer.
Mon, 02 Jun 2025 - 1h 10min - 127 - Ep.115: Vulnerabel am Baumaart
Chat GPT, wourëms geet et beim Podcast Erklär&Laach?
Äntwert: De Podcast Erklär&Laach ass nach ëmmer aktiv a gëtt reegelméisseg aktualiséiert.
Den Trio Baschti, Philippe a Joe, bekannt als déi "dräi Idioten vun Duck Féiss", liwwert zanter 2019 eng Mëschung aus Satir, Humor a lëtzebuergescher Kultur. Bis elo hu si 127 Episoden produzéiert.
D'Themen si variéiert: vun aktueller Gesellschaftskritik a politeschen Iwwerleeungen bis zu fiktiven True-Crime-Serien wéi "Tatort: Lëtzebuerg – D'Waldbëlleger Band". D'Hosts kombinéieren dacks Ironie mat engem kriteschen Bléck op d'Lëtzebuerger Gesellschaft.
Dir kënnt Erklär&Laach op Spotify, Apple Podcasts, Podtail an TuneIn lauschteren.
Fir méi Informatiounen a fir um Lafenden ze bleiwen, kënnt Dir hinnen op Instagram follegen.
Wann Dir Fan sidd, kënnt Dir och hire Merch-Shop besichen.
Mir hätten et net kéinte besser soen.
Wed, 21 May 2025 - 47min - 126 - Ep.114: Mir si Poopst
Wäissen Damp um Podcasthimmel, well mir hunn e Géigepoopst fonnt. Mam Poopst Cholesterol II. bidde mir eng éierlech down-to-earth Alternativ zu der kathoulescher Kierch an hire Versäumnisser. Dir kënnt iech eisem Kult ab elo uschléissen, maacht eis einfach en Digi mat op mannst engem dräistellege Betrag.
An aneren News: Bee Secure huet eis gefrot, fir nach emol kloerzestellen, dass Pornoen net d'Realitéit duerstellen (hu mir je de Géigendeel behaapt??). Hire Message ass wichteg a richteg: Dat wat een op Pornosäite gesäit, huet wéineg bis näischt mat richtegem Sex ze dinn...
Mon, 28 Apr 2025 - 1h 00min - 125 - Ep.113: Fro net sou domm!
Dir wënscht iech eng Ulafstell fir är Froen, eng Plaz, wou een endlech eppes iwwer de Sënn vum Liewe léiert, ee Safe Space fir all déi peinlech, intim, awer wichteg Sujeten ze beschwätzen, déi iech scho laang beschäftegen?
Da sidd dir hei genau richteg. Mir këmmeren eis an dëser Folg ëm all déi Themen, déi soss vun der Gesellschaft ënnert de symboleschen Teppech gekiert ginn: Den Arschlach-Effekt, déi zweet Virnimm vu Presidenten, a villes méi.
Presentéiert zesumme mam Psychiater-Verband Lëtzebuerg.
Mon, 21 Apr 2025 - 1h 08min - 124 - Ep.112: WAS LOS AR$@#L0€%
Mir iwwerhuelen radikal vu riets (verkéierstechnesch, net politesch) mat engem Podcast, dee sech bëssi ufillt wéi di obligatoresch Fréijoersbotz: nerveg, laang, awer duerno fillt ee sech iergendwéi besser.
D’Theme gi wéi gewinnt wäit auserneen: vum Joe senger Klepp bis bei d’Lëtzebuerger Influencer ass hei alles dobäi, wat kee sech gewënscht huet. An nach e wichtegen Disclaimer vum Joe: OPGEPASST SATIRE
Mon, 07 Apr 2025 - 1h 08min - 123 - Ep.111: Bom Dia BaaschtertenMon, 24 Mar 2025 - 1h 04min
- 122 - Ep.110: Gëllene Schoss
Mir sinn zréck vun eisem Ausfluch bei d'Clickbait-Götter vun der gëllener Fro. Nom wierklech normalen a gesellege Gespréich mat eisen zwee Podcast-Kompatrioten ass et dofir Zäit, dass mir an eiser steinzeitlecher Höhl nees den IQ-Thermostat op 5 Grad ënner 0 stellen. Dir sidd zréck an ärer Wohfühlstubn, beim zweetbeschte Podcast vu Lëtzebuerg.
Mon, 17 Mar 2025 - 1h 02min - 121 - Ep.109: KI-Chaos nom Tatort
No eisem Ausfluch an den True-Crime-Genre kënnt elo den Origin-Album vun eiser drëttklasseger Boyband: eng chaotesch an oniwwersiichtlech Mëschung aus eisen dräi Stëmmen a Stëmmungen. Vun der Tatort-Aftermath iwwer d'weltpolitesch Lag bis bei d'Wanderausstellung vum ZLS decke mir alles oof, wat iech am Moment net beweegt.
Dee ganze Mélange gëtt gewierzt mat enger Prise AI-Witzer an enger Bäilag mat eiser neister Rubrik: Genial doniewt.
Mon, 03 Mar 2025 - 1h 24min - 120 - Tatort: Lëtzebuerg - D'Waldbëlleger Band (Kapitel VI)Wed, 19 Feb 2025 - 53min
- 119 - Tatort: Lëtzebuerg - D'Waldbëlleger Band (Kapitel V)Mon, 10 Feb 2025 - 25min
- 118 - Tatort: Lëtzebuerg - D'Waldbëlleger Band (Kapitel IV)Sun, 02 Feb 2025 - 20min
- 117 - Tatort: Lëtzebuerg - D'Waldbëlleger Band (Kapitel III)Mon, 27 Jan 2025 - 20min
- 116 - Tatort: Lëtzebuerg - D'Waldbëlleger Band (Kapitel II)
No hirer Origin Story geet et lo am zweete Kapitel vun eiser Geschicht ëm di éischt Iwwerfäll an Schéissereie vun der Band. Och wann et uganks nach gutt leeft, a si d'Kriminalitéit zu Lëtzebuerg op en neie Level hiewen, wäerte sech scho séier di éischt Problemer weisen... Keen ass sécher, och net d'Band selwer.
Mon, 20 Jan 2025 - 22min - 115 - Tatort: Lëtzebuerg - D'Waldbëlleger Band (Kapitel I)
Viru 40 Joer huet sech ee vun de gréisste Kriminalfäll an der Lëtzebuerger Geschicht zougedroen. Eng Rei jonk Männer hunn deemools mat Iwwerfäll, Schéisseren a Morden dee ganze Grand-Duché an Angscht a Chaos gestierzt. No laangen an ausféierleche Recherche si mir elo prett, fir d'Geschicht vun der Waldbëlleger Band nei ze vertounen an iech se als Hörspiel z'erzielen, mat esou villen Detailer wéi nach ni virdrun.
Häerzlech Wëllkomm bei Tatort: Lëtzebuerg.
Sun, 19 Jan 2025 - 24min - 114 - Ep.108: Ee Leschte virum Tatort
Och am neie Joer kënnt dir vun eis nees ee Podcast-Schmaus op Stären-Niveau erwaarden. Haut zervéiere mir e Velouté aus feinstem Wuertwitz, Aktualitéit an literareschem Savoir-Vivre.
Mee mir maachen och eppes neies: Mir wiesselen (temporär!) vun eisem gewinnte Podcast-Genre, an deem mir eis sou wuel fillen - dat kéint ee mat vill guddem Wëllen als 'Divers' bezeechnen - riwwer an den True Crime Genre.
Mir wëllen ab der nächster Folg déi wuel gréisste Kriminalgeschicht, déi et jeemools am Grand-Duché gouf, nei erzielen.
Méi Informatiounen dozou gëtt et an dëser Folg... an ab nächster Woch dann en Experiment. Stay tuned!
Mon, 13 Jan 2025 - 43min - 113 - Ep. 107: 5/6 Pensioun fir de Jang Linster
Häerzlech Wëllkomm bei den Décke Fësch am Bambësch. Mir huelen dës Woch vum Jay-Z bis bei de Gast Gybérien d'Patriarchat ënner d'Lupp a wierzen dat natierlech wéi gewinnt mat Wuertwitzer an Hallewwëssen.
Bonus Content op DVD 2 (Sorry kids, boomer joke): De Pippo huet 10 Fakten iwwert de Kambodsch a mir schwätze fir d'éischte Kéier iwwert en neie Projet um Horizont...
Thu, 19 Dec 2024 - 57min - 112 - Ep.106: Kardinol Sënnen
Yo Talahons, sorry fir d'Interruption bei ärem Söder Kebap, mee wéi der wësst, ass lo nees cold & grey zu Lëtzebuerg. A grad an der Wanterzäit (fréier Adventszäit genannt) brauche mer nees méi Wäermt, méi Mateneen, méi Versteesdemech.
Onoofhängeg dovunner hu mir eng nei Fold vun der E&L opgeholl. Themen si wéi gewinnt net kontrovers: D'politesch Shitshows an Däitschland an an den USA; de Poopst zu Lëtzebuerg; de Vullegast, a villes méi.
Mir moderéieren dat ganz gechillt fort a soen zum Schluss just eise Sponsere Merci: Maryland, ArcelorMittal an natierlech der Pizzeria LeSpecial.
Sun, 01 Dec 2024 - 1h 14min - 111 - Ep.105: Meuterei op der Bounty
Lëtzebuerg läit alt nees an der Mëtt vun der Welt: D'Piratepartei schéisst sech selwer Lächer an d'Schëff a bei der Caritas gëtt et e Robin Hood mat enger Uno-Reverse-Kaart (Hëlt vun deenen Aarmen a verdeelt d'Suen op verschiddenen Off-Shore-Konten). Mir beschwätzen dat zesumme mat weideren onkriddelegen Themen, zum Beispill Flüchtlingen a Relioun. Mir haten och nach e ganzen Deel mat Joe-Biden-Presidentschaftswitzer dran, mee de Joseph huet eis nawell e Stréch duerch d'Rechnung gemaach. Domadder ass et elo offiziell: Eise Podcast ass nach méi lues wéi en ale wäisse Mann.
Thu, 25 Jul 2024 - 1h 23min - 110 - Ep.104: Tapis Plein um Grand-Duc senger Toilette
De beschten Investigativ-Podcast vu Lëtzebuerg (w.e.g. zu dëser Ausso keng Recherche maachen) mellt sech mat Updates zu deene wierklech wichtege Sujeten: Wéi gesäit et am privatsten Deel vum Schlass Bierg aus?
Wat wëllen d'Leit vum Joe wierklech wëssen?
A wien ass dee feméise Mënsch, deen e ganze Fliiger giess huet?
Mon, 01 Jul 2024 - 58min - 109 - Intermezzo VI - Rumeur oder Wourecht?Thu, 06 Jun 2024 - 11min
- 108 - Ep. 103: Zréck aus der Vacannes
Whazup Kweens, är Bitch Bois sinn nees um Stizzle!
No enger laanger, laanger Paus widme mir eis nees de wierklech wichtege Froen: Firwat gëtt et eis nach ëmmer? ASS SOU EEN ONDIVERSEN, SEXISTESCHEN, RASSISTESCHEN, GLUTENINTOLERANTEN, ONWITZEGEN AN NET STRUKTURÉIERTE PODCAST NET KOMPLETT ONNÉIDEG??1?
Dir musst eis d'Äntwert ginn... Bis mir gecancelt ginn, kommen hei awer wéi gewinnt schlecht Witzer, flaach Pointen an onsécher Erkläerungsversich.
It's good to be back.
Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com)
Licensed under Creative Commons: By Attribution 3.0 Licensehttp://creativecommons.org/licenses/by/3.0/
Mon, 27 May 2024 - 1h 03min - 107 - Ep.102: Léiert eppes - wat dir ni méi braucht
Exklusiv an dëser Folg: Dat neit Lidd 'Two Corns in a Field' vum Saylor Twift!!!
Den Neijoersvirsaz ënnert de lëtzebuergesche Podcasts start mat Elan an den üblechen zwou bis dräi Geschlechtskrankheeten an dat neit Joer a versprécht wéi ëmmer wéineg Spaass, weder fir Grouss nach fir Kleng. Dofir awer hëtzeg Diskussiounen, flaach Witzer an absolut grenzwäerteg Aussoen.
New year, old habits. An domadder hu mir eisen Neijoersvirsaz schonn direkt futti gemaach.Sun, 07 Jan 2024 - 52min - 106 - Ep.101: De Grousse 'Féck Dech 2023' Joresréckbléck
Och wann et NACH NET eise versprachene Live ass: mir kënnen iech net einfach esou hänke loossen. Bei den 3. groussen TAUMEL Awards blécke mir am Smoking op dat lescht Joer zréck a verginn déi prestigiéis Präisser a beléifte Kategorien, wéi zum Beispill 'Vull vum Joer' oder 'Grond fir den 112 unzeruffe vum Joer' (presentéiert vum CGDIS). Kee vun den Nominéierte wollt sech op eiser Gala blécke loossen, mee dat verwonnert lo och net wierklech, oder?
Merry XMAS léif Fësch.
Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com)
Licensed under Creative Commons: By Attribution 3.0 Licensehttp://creativecommons.org/licenses/by/3.0/
Mon, 18 Dec 2023 - 1h 17min - 105 - Ep.99: Et ass ENDLECH riwwer
Enthält: Sträitgespréicher, domm Wuertwitzer, Falschinformatiounen.
Grad wanns de mengs, dass de et gepackt hues fir wärend 6 Méint politescher Dauer-Kommunikatioun net verréckt ze ginn, komme mir 3 fréipensionnéiert Radiosgesiichter em den Eck a ginn dir de Gnodestouss.
Spéitstens an dëser Folg beweise mir endgülteg, dass eis Mammen an der Schwangerschaft Crack gefëmmt hunn a kommentéiere mat enger Mëschung aus Autismus a geeschteger Absence non-excusée d'Resultater vun den Nationalwalen.
Wed, 11 Oct 2023 - 1h 11min - 104 - Ep.98: Dem Joe seng Boma ass dem Pippo seng Mamm...
Wéi all gudde Porno kënnt och dëse Summer iergendwann op en Enn. An dat bedeit, dass mir dräi aus eisen Ecker gekroch kommen (De Joe aus der VIP-Vakanz a Griechenland, de Philippe aus engem geheime Mönch-Meeting an de Kasematten an Baschti vun ënnert engem grousse Steen).
A fir iech nees ënnerduerchschnëttleche Content liwweren, mat Léift op der Hand gemaach, wéi bei der italienescher Nonna. Haut am Mix: Eise Familiestammbam ass anscheinend e Krees, de Joe huet komesch Begéignungen am Bus a mir probéieren eis un der Welt vu muer - Kënschtlech Intelligenz huet et an d'Erklär&Laach gepackt.
Fri, 08 Sep 2023 - 1h 02min - 103 - Ep.97: Belsch Loving um Walsonndeg
Mir haten et leider, leider versprach: Nodeems eis belsch Noperen an der leschter Folg kritt hunn, wat hinnen historesch an ethesch zousteet (Frechheeten a Mobbing) wëlle mir an dëser Folg dann eis journalistesch Grondausbildung éieren, an de Sujet och vun der anerer Säit beliichten. Der Belsch also...Komplimenter maachen. Mir sinn sou anescht ginn.
Mon, 12 Jun 2023 - 1h 03min - 102 - Ep.96: Belsch Bashing um Europadag
Wéi gewinnt leien an eisem klenge Kuschelpodcast Normalitéit a komplette Chaos ganz no beieneen.
Sou hu mer och um Europadag eng Folg opgeholl déi tëscht Léift an Haass balancéiert - bëssi wéi de Fred Keup um Drotseel vun der Existenz als Neonazi.
Niewebäi diskutéiere mir natierlech och iwwer d'Kréinung vum Charles III., d'al Praxis vum Duelléieren an de Baschti schwätzt iwwert säin däischtert Geheimnis...
Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com)
Licensed under Creative Commons: By Attribution 3.0 Licensehttp://creativecommons.org/licenses/by/3.0/
Wed, 10 May 2023 - 50min - 101 - Ep.95: Haut mam GRAND DUC HENRI
Et war esou laang an der Maach: Eist Management-Team huet sech an onzielege Sëtzunge mat der Maison du Grand-Duc iwwer Klengegkeeten am Vertrag gestridden, d'Land huet wéinst multipele Krisen ëmmer nees misse vu sengem Staatschef getréischt ginn an awer ass et elo endlech sou wäit...
S.A.R. de Grand Duc Henri, Porteur vum slowakesche wäissen Duebel-Kräiz-Uerden, léisst sech erof fir eise Podcast ze besichen. A mir sinn immens geéiert! Et ass just suboptimal, dass mir nach eng ganz Rei Saachen ënnert eis ze beschwätzen hunn...N.B.: Eis Affekoten hunn eis geroden, fir op dëser Plaz nach emol ze betounen, dass mir e satireschen (an de Wieder vun den Affekoten: iwwerflëssegen) Podcast sinn, dee mat der Realitéit näischt ze dinn huet. Dat Gespréich ass vun enger AI geschriwwe ginn.
Tue, 02 May 2023 - 57min - 100 - Ep.94: Napalm aus Ne(a)pel
De Pippo ass nees zréck vu sengem spirituelle Retreat! An dofir si mir och nees do.
An et gëtt vill Spannendes ze beschwätzen: déi neisten Hiobsbotschaften aus der AI-Welt, déi wuel legendäersten Hochzäit vun de leschten zwou Wochen, eng Competitioun fir déi dommste Wuertspiller a villes méi.
Mir verspriechen: mat eis vergeet d'Zäit *net* wéi am Fluch.Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com)
Licensed under Creative Commons: By Attribution 3.0 Licensehttp://creativecommons.org/licenses/by/3.0/
Tue, 25 Apr 2023 - 1h 05min - 99 - Ep.93: Akupunktur Abrigado
Frësch gepresst a just fir iech: Eng nei Folg mat originelle Fake News zum Ursprong vun der Cactus-Dynastie, Amphibien an Social Eating.
Net ze vergiessen natierlech de Merci vun der Woch, an e Sponsor-Message (nee, net vun der Pizzeria Le Special).
Siiiiiuuu.Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com)
Licensed under Creative Commons: By Attribution 3.0 Licensehttp://creativecommons.org/licenses/by/3.0/
Thu, 23 Mar 2023 - 1h 05min - 98 - Ep.92: Pippo will's wissen
Wat den Dan Kersch an dem Myriam Cecchetti säi Mëttelfanger fir d'Demokratie sinn, dat si mir fir d'Podcastwelt zu Lëtzebuerg. An deem Sënn luede mir nees an op eng Table Ronde zum Thema 'Pippo's Powerpoint Persiflage'. Raum fir Participatioun ass leider net ageplangt.
Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com)
Licensed under Creative Commons: By Attribution 3.0 Licensehttp://creativecommons.org/licenses/by/3.0/
Fri, 10 Mar 2023 - 48min - 97 - Ep.91: Mir ginn ze al fir dee SchäissMon, 20 Feb 2023 - 1h 00min
- 96 - Ep.90: Heroin am Superwaljoer
2023 huet scho laang ugefaangen, mee mir erweche lo réischt aus eisem onverdéngt Wanterschlof: de Pippo an de Joe hunn alt wéinstens vun neie Rubricke gedreemt, se erziele vum Spa an der Eifel an de Baschti kritt esou lues seng Perséinlechkeet vum Radio an déi vum Podcast net méi getrennt - eng klassesch Féckmillchen. Mee ëmmerhin: eis huet et gutt gedoen, fir nees beieneen ze setzen. Lo hoffe mer just, dass dir hei net ze vill IQ-Verloscht kritt.
Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com)
Licensed under Creative Commons: By Attribution 3.0 Licensehttp://creativecommons.org/licenses/by/3.0/
Mon, 23 Jan 2023 - 56min - 95 - Ep.89: De Grousse 'Féck Dech 2022' Joresréckbléck
2. TAUMEL Awards Zeremonie
LIVE aus dem kléngen Turnsall vu Peppeng melle mir eis mat der wuel gréisster Präisgala östlech vun der Wäisser Iernz: haut decidéiert sech, wien am leider och nees miese Joer 2022 déi beléiften Taumel Awards mat heem huelen dierf. A Kategorien vu 'Vull vum Joer' bis zum 'Richtege Peoples Choice Podcast Award' ass alles dobäi fir de grousse Joresréckbleck. Avec amour, är dräi Profiditoen.
Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com)
Licensed under Creative Commons: By Attribution 3.0 Licensehttp://creativecommons.org/licenses/by/3.0/
Thu, 15 Dec 2022 - 1h 22min - 94 - Ep.88: Pöbel's Choice Awards
Wat ass bei de Podcast Awards schief gaang? Paus net dobäi, Happy Hippos net dobäi, a yours truly och net... Mir ginn op Spueresich a kommen zu (k)enger Konklusioun. Fir et mat den onstierfleche Wierder vun engem vun de gréissten a breedsten Dichter vun eisem Land ze soen: FCK RTL
Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com)
Licensed under Creative Commons: By Attribution 3.0 Licensehttp://creativecommons.org/licenses/by/3.0/
Thu, 01 Dec 2022 - 1h 02min - 93 - Ep.87: Flantes, Dräibiz a Fléipéiter
An der Hoffnung dass een eis sënnlos a liicht iwwerflësseg Beschreiwungen hei liest, ass hei eng wichteg Warnung: D'gëlle Fro probéiert e Podcast-Monopol opzebauen an zesumme mat den Illuminati vum Gruppetto aus ganz Lëtzebuerg ze kontrolléieren! Du kanns dat nëmme verhënneren andeems du des Folg lauschters an op Follow klicks! D'Schicksal vum Land, jee vun der ganzer Groussregioun läit an denge Wurschthänn.
Meatball Parade by Kevin MacLeod | https://incompetech.com/
Music promoted by https://www.chosic.com/free-music/all/
Creative Commons CC BY 3.0
https://creativecommons.org/licenses/by/3.0/
Tue, 15 Nov 2022 - 1h 05min - 92 - Ep.86: Blowal, Robb a Bison
Wéi an engem episodesche Filmmeeschterwierk vum Wes Anderson huele mir iech haut mat op eng verzaubert Rees duerch eis defekt Kläranlag, bis uewe gefëllt mat onsënnegen Themen an enger grousser Fro: Wat mécht de Joe mam Soundboard? Ausserdeem mat um Start (oder um Stizzle, wéi d'Kids net soen) sinn de Merci vun der Woch, eng philosophesch Fro an d'Thema Dout. Ça promet seet de Belsch.
Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com)
Licensed under Creative Commons: By Attribution 3.0 Licensehttp://creativecommons.org/licenses/by/3.0/
Sun, 06 Nov 2022 - 1h 14min - 91 - Ep.84: Baschti's Bucket Brothers
Wéi kann een den Erfolleg vum Jeff Bezos kopéieren - nee - verbesseren? Dat a weider #Lifehacks presentéiere mir iech an enger neier Folg live aus dem Geckenhaus. Ausserdeem beschäftege mer eis mat der Fro: Wat mécht méi korrupt: Muecht oder Geld? Mir mussen et jo wëssen.
Inzest dierf als Thema natierlech och net feelen, mee dat kennt dir jo souwisou vun eis.Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com)
Licensed under Creative Commons: By Attribution 3.0 Licensehttp://creativecommons.org/licenses/by/3.0/
Mon, 17 Oct 2022 - 54min - 90 - Ep.83: Joe du bass sou anescht ginn
Häerzlech Wëllkomm zréck bei der Russland-Krim-Bréck vun de lëtzebuergesche Podcasts!
Mir sinn zréck aus der Summerpaus a bidden Iech endlech nees gratis Intelligenz-Immodium. Dat ënnert anerem mat engem Bléck op eise verstëpsten Insta-Kanal, dem Baschti senge kulinareschen Aventuren, an engem Joe, deen lo alles anescht maache wëll wéi fréier...
C'est n'importe quoi géif de Belsch soen, mee je kiffe.Mon, 10 Oct 2022 - 58min - 89 - Ep.82: Antihistamin fir Intelligenzallergiker
Et gëtt esou lues elle waarm, a mir verofschidden eis an eng absolut onverdéngte Summerpaus. Éier mir fort sinn fir an iergendenger Toilette ze tauchen, bidde mir awer natierlech nach eng Kéier eng uerdentlech Portioun Blödsinn, vum Joe senger Mamm, déi duerch hiren Hënner otemt, bis hin zu den neisten Dommheete vum lëtzebuergeschen Twitter. Fir Antiinformatioun ass wéi ëmmer gesuergt.
Also léif Fësch, bis am Hierscht, passt gutt op iech op.
Kussi, är dräi Liblings-EvolutiounsbremsenWed, 13 Jul 2022 - 52min - 88 - Ep.81: Squattage um Stau
Mir paken eis siewe Saachen a fuere wéi all gudde Lëtzebuerger rop op de Stau, fir an der Sonn ze gammelen. An iech huele mer natierlech mat!
An dëser Folg dréit sech dann och alles em den Drot zu dem, wat eis zesummenhält: eis Fësch. Mir schaffen eis voll Inbox Stéck fir Stéck of, a ginn op all relevant Evenementer vun der Woch an. Vum Baschti senger Renconter mat enger beandrockender Fra iwwer de Mullenchecka69 bis hin zum 4. Prager Fenstersturz.Sun, 19 Jun 2022 - 1h 23min - 87 - Ep.80: Joe's next Topmodel
Wat läit op der Plage a braddelt ganz ondäitlech? Richteg, eng Nuschel.
A wéini ginn U-Booter ënner? Kloer, um Dag vun der oppener Dier.
Dat si just zwee kleng Amuse-Bouchen, déi dech op den Niveau vun eisem Podcast astëmme sollen.
Also behaapt duerno net, et hätt keen dech gewarnt.
De Joe huet iwwregens de Host. Un dir ze entscheeden, ob dat elo eng gutt oder eng schlecht Noriicht ass.Tue, 14 Jun 2022 - 53min - 86 - Ep.79: Stammdëschgespréicher an der Zanzibar
Vum Kliemann iwwert d'Geriichtsaffär Heard vs Depp bis bei de Eurovision Song Contest: an der leschter Woch huet eis sou munches opgereegt.
Dofir huele mir eis lo Zäit fir erofzekommen, an zesumme mat iech d'Séil baumelen ze loossen.(Bei Roserei oder Irritatioune wärend dem Lauschtere vun dësem Podcast, schreiwt w.e.g. e Mail un echhukeenhumor@feckdech.lu)
Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com)
Licensed under Creative Commons: By Attribution 3.0 Licensehttp://creativecommons.org/licenses/by/3.0/
Fri, 20 May 2022 - 1h 03min - 85 - Ep.78: Deng Mamm geet Ettel
Hei ass eng XXL-Folg vun eisem Schrottcast. XXL ass iwwregens och d'Gréisst vun denger Mamm hirem Schnitzel, dee si all Moie beim Kaffi wegstaubsaugert. Themen sinn eis Liblingslidder, Twitter, Klischeeën iwwer Jugendlecher, an natierlech dierfen eis 60.000 Rubricken net feelen. 60.000 ass iwwregens och de BMI vun denger Mamm.
Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com)
Licensed under Creative Commons: By Attribution 3.0 Licensehttp://creativecommons.org/licenses/by/3.0/
Thu, 28 Apr 2022 - 1h 50min - 84 - Ep.77: Drockverloscht an der Niveau-Kabinn
Am Delikatessebutték vun de Lëtzebuerger Podcasten hues du dech also fir dat Stéck Zoossiss mat engem groe Filz entscheet.
D'Wurscht aus der Erklär&Laach Fabrick ass och des Kéier nees ze staark gewierzt, a fänkt direkt mat engem wierklech eeschten (an ausnamsweis och wichtegen) Thema un.
Mee keng Angscht, d'Synapsen gi just kuerz ugestrengt, well de Joe huet d'Regie iwwer dësen Episode. Dofir begi mir eis nom Thema Ausschwitz direkt op intellektuellen Tauchgang, a versuergen dech wéi gewinnt mat 'geistiger Umnachtung', wéi se am großdeutschen Reich soen.
(Jo, dat war e Witz iwwer d'drëtt Räich, obwuel et an dëser Folge em den Holocaust geet.)
Hei dann och nach d'Resultat aus der representativer Statec-Emfro, déi mir an Optrag ginn hunn:
Vun eis dräi Eenzeller ass de Baschti dee beléiftsten Podcastmember (97,69% vun de Befroten hunn dat uginn, 2,3% ware fir de Pippo, nom Joe gouf net gefrot). Verhältnisser wéi an Nordkorea, just dass et hei wouer ass.Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com)
Licensed under Creative Commons: By Attribution 3.0 Licensehttp://creativecommons.org/licenses/by/3.0/
Wed, 20 Apr 2022 - 1h 26min - 83 - Ep.76: 'Nepal, Capitani & aner Sauereien'
Neies vum nëmme liicht zougefruere Séi vun der politescher Korrektheet: de Pippo ass frësch zréck aus dem Nepal a bréngt eng Portioun exotesch Wierz mat an de Podcast, de Joe ass mëttlerweil esou wäit ofgehuewen, dass hien selwer Capitani nach net gesinn huet (mir froen hien trotzdeem aus) an de Baschti ass wéi ëmmer sympathesch, buedemstänneg an ouni Effort witzeg, jee, d'gutt Séil vum Podcast.
Zesummen huele mir iech mat op eng weider Audiorees Richtung Verluerenzäitland an nees zréck.Mon, 11 Apr 2022 - 55min - 82 - Ep.75: Den Toni Schlesser a säi brennende Pissoir
Komm mir si mol éierlech, e puer Themen musse mer wegootmen: Ukrain natierlech, Capitani wéinst dem Joe, an *of course* d'Luxfilmfest.
Mee dat garnéiere mer à la Salt Bae mat enger gudder Portioun Dommheet, sou wéi dir et vun eis gewinnt sidd: Onnéideg Business Iddien, dem Tommy Schlesser säin Doppelgänger, a vill flaach Witzer.
Pas de prob.Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com)
Licensed under Creative Commons: By Attribution 3.0 Licensehttp://creativecommons.org/licenses/by/3.0/
Mon, 07 Mar 2022 - 1h 08min - 81 - Ep.74: Capitani oder Erklär&Laach?
Mir sinn zréck aus dem Wanterschlof! Esch2022 bréngt d'Kultur zréck an d'Land, also brauche mir en niddreg-IQ-Géigepart. Dee liwwere mir mat Freed... mir beschwätzen alles vum Netflix-Joe sengem Comeback, dem Baschti sengen RTL-Eskapaden an dem Krich an der Ukrain mat eisem gewinnte 'je ne sais quoi'.
*Je ne sais quoi* steet an deem Kontext fir ongefrot Meenungen an domm Witzer. Business as usual
Mon, 28 Feb 2022 - 1h 12min - 80 - Ep.73: 'De finale Féck Dech un 2021'
Mir mellen eis eng leschte Kéier fir dëst Joer aus der Galeblos vun der lëtzebuergescher Podcastszeen.
Mat eisem ganz eegenen, komplett oninforméierte Réckbleck op dat lescht Joer.
De Joe schalt sech als #richboy aus den italieneschen Alpe bäi, de Baschti bréngt nees räichlech Anti-Astellung mat, an de Pippo probéiert déi ganz Saach iergendwéi net ënnergoen ze loossen. Mir halen d'Joer esou op, wéi mer et ugefaangen hunn.Sat, 25 Dec 2021 - 59min - 79 - Ep.72: 'Vum Peacock bis op Fribourg'
Mir huelen iech mat op eisem Wasserwerfer a fueren eng Kéier gedanklech vum Peacock bis an d'Schwäiz. Dobäi hu mer nees eng ganz Rei Stops ënnerwee: Eng elitär Geschicht vum Joe, dem Philippe säin Owend um Filmpräis, de Baschti zielt vum legendäre Gunther VI., an et gëtt endlech en neie Kack-Krimi.
Nach eng Reklamm an eegener Saach: De Paus-Podcast huet eis agelueden, fir déi 4. Käerz op hirem Adventskranz ze sinn. Also lauschtert do och eng Kéier ran wann iech langweileg ass. Bussi Bussi.Tue, 14 Dec 2021 - 1h 02min - 78 - Ep.71: 'Dem Joe seng lescht Folg op fräiem Fouss'Wed, 24 Nov 2021 - 1h 04min
- 77 - Ep. 70: 'Klappjuegd mam Camion'Tue, 16 Nov 2021 - 1h 09min
- 76 - Ep.69: 'Nice'
Beim insulinbedengten Zockerschock ënnert de lëtzebuergesche Podcasts geet et des Woch em d'REEL, héich qualifizéiert Tipps fir der Inflatioun entgéint ze wierken, Déieren an d'Marche Blanche. Net feelen dierfen natierlech eis Social Media Fësch, de Merci vun der Woch, an dem Pippo seng philosophesch Fro.
Hei nach d'Kaart vun den Allergenen: Dëse Podcast enthält Cringe, Roserei an Triggergefor.
Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com)
Licensed under Creative Commons: By Attribution 3.0 License
http://creativecommons.org/licenses/by/3.0/Thu, 04 Nov 2021 - 1h 05min - 75 - Ep.68: 'Benchmark vum Wahnsinn'
De Joe huet den Host. Soss nach Froen?
Ok, kuerz zesumme gefasst: Autobiographien, Baldwin-Schoss, Baschti um RTL, Ganzkierperzongen, Verfassung.
Ofwiesslungsräiche Contenu à la Dennenwald.Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com)
Licensed under Creative Commons: By Attribution 3.0 Licensehttp://creativecommons.org/licenses/by/3.0/
Sun, 24 Oct 2021 - 1h 14min - 74 - STAFFEL 4 Ep.67: 'Du bass ee Schäiss'
Mir sinn zréck aus der Summerpaus a sprange mat enger Mëschung aus Motivatioun an Existenzangscht an déi nei Staffel vun eisem kléngen Zigeiner-Podcast. Mir maachen den Debrief vum Erklär&Live, erklären fachmännesch d'Vir- an Nodeeler vun der Marche blanche, an drénken e gesond Glas Kokain mat Drëpp. Ah, schéin nees do ze sinn.
Sun, 17 Oct 2021 - 1h 05min - 73 - Erklär&Live @ Millebières
Mir hunn et endlech hikritt: No gefillt 69 Uleef hu mer eisen éischten Erklär&Live gefeiert, am Café Millebières.
Leider ass de Joe kuerzfristeg malade tombéiert, mee d'Jill vu 'Paus.' an '(On)bekannt' konnt kuerzfristeg asprangen an huet e fantasteschen Ersatz gebueden.
Hei sinn e puer Ausschnëtter, éier et dann e Méindeg nees lassgeet, mat Staffel 4 vun der Erklär&Laach.Thu, 14 Oct 2021 - 26min - 72 - Ep.66: 'Summer21: Mam Wingsuit an de Bierkönig'Mon, 26 Jul 2021 - 1h 15min
- 71 - Ep.65: 'Clownen klonen'Tue, 13 Jul 2021 - 58min
- 70 - Ep.64: 'Pinkwashing fir Faarweblanner'
Et ass PrideWeek! Nom absolut onkontroversen Erfolleg vun eiser Folge iwwer Verhütung ass et elo um Thema LGBTIQ-Akzeptanz. Wat soll do scho schif goen?
Ausserdeem: De Philippe ass nom Joe lo schonn deen zweeten, dee mat engem anere Podcast friem gaangen ass, de Joe huet e Merci vun der Woch, an de Baschti ass och do.Tue, 06 Jul 2021 - 44min - 69 - Intermezzo V - Who are you Andy Schtrack?Tue, 22 Jun 2021 - 18min
- 68 - Ep.63: 'Sex Education fir Dommer'
De Joe ass Host a steiert eist Podcastschëff (et ass just e klénge Kutter, mee ëmmerhin) riicht an en onrouegt Gewässer mat politesch inkorrekte Strudelen, engem Genderstuerm, a ville Froen, op déi mir keng Äntwert hunn. SOS!
Niewebäi hu mir awer och e ganz emotionale Merci vun der Woch, villes zu der EM, an natierlech gutt Laun fir jiddereen.Mon, 14 Jun 2021 - 1h 00min - 67 - Ep. 62: 'Pippo's Pub Quiz'
-Mir behandelen an eiser Antiagressiounstherapie déi verschiddensten Themen: Vu BIcher iwwer Reklammen bis hin zum Andy Schtrack sengem neiste Message. Ausserdem huet de Philippe e Pub Quiz organiséiert, an de Joe verstréckt sech an enger Rechnung, déi sou komplizéiert ass, dass hien elo an der Klinick läit
Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com)
Licensed under Creative Commons: By Attribution 3.0 Licensehttp://creativecommons.org/licenses/by/3.0/
Tue, 08 Jun 2021 - 1h 09min - 66 - Ep.61: 'SI MIR A GEFOR?'
Mir kruten eng mysteriéis Noriicht op eisem Instagram... a mir brauchen Hiweiser, wat do geschitt ass. Ausserdeem beschwätze mir alles aus der leschter Woch, vu verschwonnenen Zaldoten an der Belsch bis zum Test-Concert an der Rockhal. Wéi ëmmer delikat gewierzt mat mëttelméissegem Humor an Experts-Wësse vun dräi Idioten (dat si mir).
Mon, 24 May 2021 - 52min - 65 - Ep. 60: 'Den Tommy wëll eis net'Wed, 12 May 2021 - 1h 23min
- 64 - Ep.59: 'Déi däischter Säit vun der Party'
Mir liewen nach! Oder nees... a mir lafen direkt mat Wuppes an eise gewinnten Dall aus schwaache Pointen, flaachem Humor an enger handverliesener Selektioun un dommen Themen. Bon appétit! (Beim Lauschtere vum Podcast gëtt d'Anhuele vu Paracetamol oder Ibuprofen staark recommandéiert)
Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com)
Licensed under Creative Commons: By Attribution 3.0 Licensehttp://creativecommons.org/licenses/by/3.0/
Mon, 03 May 2021 - 1h 11min - 63 - Intermezzo IVTue, 13 Apr 2021 - 20min
- 62 - Ep.58: 'Being Joe'
Wann de Joe den 'Houscht' huet, weess een ni esou genau, wat geschitt. Vu Fun Facts iwwer Naturkatastrophe bis zu der Erklärung, firwat hien ni eng Carte d'Identité dobäi huet - alles ass couvréiert. De Philippe gëtt och neien CSV-Presi. You're welcome.
Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com)
Licensed under Creative Commons: By Attribution 3.0 Licensehttp://creativecommons.org/licenses/by/3.0/
Wed, 24 Mar 2021 - 1h 02min - 61 - Ep.57: 'Casting Lux cherche...'
Esouguer fir eis dräi bildungsresistent Intelligenzallergiker ass um Casting fir Capitani 2 eppes ganz faul. Mir ginn also fir d'éischte Kéier der Richtung 22 Recht - an dat net gär!
Ausserdeem an dësem Potpourri fir Podcast-Schneekerten: Hexejuegd beim Impfen, en net-wäissen James Bond, an eng ganz grujeleg Naturkatastroph.Mon, 15 Mar 2021 - 1h 14min - 60 - Ep.56: 'De Kack-Krimi'
D'Liewen huet eis dräi intellektuell Redoublant'en leider e puer Wochen vun dësem Podcast fortgehal - dofir ass eist Postfach gerammelt voll. Mir huelen eis d'Zäit fir op eng ganz Retsch Messagen anzegoen. Ënnert Anerem héiere mir eppes vum grousse Freiburger Strulleleeër, dem Tankentrio, der ALEM, a villen aneren.
Mon, 08 Mar 2021 - 1h 07min - 59 - Ep.55: 'Mentale Keller (ausser fir den Netflix-Joe)'
Mir probéiere mat alle Mëttelen eis (an är?) schlecht Laun wegzeimpfen: Domm Gedichter, flaach Witzer, Ablécker an eise kreative 'Prozess'. Ahjo, an de Joe an de Philippe plapperen iwwer extrem peinlech Geschichten, déi si zesummen erlieft hunn.
Thu, 18 Feb 2021 - 1h 04min - 58 - Ep.54: '1. TAUMEL Awards Zeremonie'
Mir huelen eis Zäit fir d'Welt ronderëm eis ze feieren - a mat Präisser ze bedenken. Vum Top Vull bis zur beschter PLZ, se sinn all dobäi, an d'Prominenz gëtt sech d'Klensch an d'Hand!
Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com)
Licensed under Creative Commons: By Attribution 3.0 Licensehttp://creativecommons.org/licenses/by/3.0/
Fri, 05 Feb 2021 - 1h 13min - 57 - Ep.53: 'D'Oochener Stréckel-Verschwörung'
Zäit fir eng Stonn Eskapismus mam Netflix-Joe, dem Wahrig-Philippe & dem Bukkake-Baschti.
Haut brénge mir, nieft villen anere Saachen, och endlech dem Pier seng Geschicht vun der legendärer Hausparty zu Oochen op en Enn. Also maach dir et gemittlech, verschränk d'Hänn genau esou wéi d'grumpy chicc Bernie Sanders, a lass geet et.Mon, 25 Jan 2021 - 1h 15min - 56 - Ep.52: 'Era of Misinformation'
Wat ass an eiser Zäit eigentlech nach wouer? A wéi engen Informatioune kann ee vertrauen?
Dat diskutéieren an dësem Experte-Gespréich de Mieresbiolog Dr. Philippe Berscheid, de Prof. Joe Dennenwald vun der Uni Sorbonne, an de weltwäit renomméierte Fake-News-Expert Sebastien Gudenburg vun Oxford. Leider ass deenen dräi am Endeffekt selwer net méi bewosst, wat si elo gleewe sollen a wat net. Vill Spaass beim intellektuelle Bungeejumping.Sun, 17 Jan 2021 - 55min - 55 - Ep.51: 'Maacht är Aen op! No New World Order'
De perfekten Audiobegleeder fir esou gemittlech an dat neit Joer ze starten, dass et einfach guernet sou schlëmm ka gi wéi 2021. Mir maachen e klenge Quiz, héieren Neies vum Pier vun Oochen, a beschwätzen natierlech d'Aktualitéit, ënnert anerem d'Season Finale vun der amerikanescher Demokratie, Demonstranten zu Lëtzebuerg, an de wäisse Wanter.
Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com)
Licensed under Creative Commons: By Attribution 3.0 License
http://creativecommons.org/licenses/by/3.0/Sun, 10 Jan 2021 - 1h 07min
Podcasts ähnlich wie Erklär&Laach
El Partidazo de COPE COPE
Herrera en COPE COPE
La Linterna COPE
Panda Show - Sin Picante El Panda Zambrano
Es la Mañana de Federico esRadio
La noche de Cuesta esRadio
La Trinchera de Llamas esRadio
Hondelatte Raconte Europe 1
Affaires sensibles France Inter
LEGEND Guillaume Pley
El colegio invisible OndaCero
La Rosa de los Vientos OndaCero
Les grands dossiers de l'Histoire par Franck Ferrand Radio Classique
Espacio en blanco Radio Nacional
Enquêtes criminelles RTL
Entrez dans l'Histoire RTL
Le grand récit RTL
Les Grosses Têtes RTL
L'Heure Du Crime RTL
El Larguero SER Podcast
Nadie Sabe Nada SER Podcast
SER Historia SER Podcast
Todo Concostrina SER Podcast
Un Libro Una Hora SER Podcast
