Filtrer par genre

Minett Mash-Up: De Podcast

Minett Mash-Up: De Podcast

Minett UNESCO Biosphere, IK-CNCI & MUAR

Minett Mash-up – de Podcast, deen iech mat op d’Rees hëlt! 
All Mount invitéiere mir interessant Gäscht aus ganz ënnerschiddleche Beräicher an entdecke mat hinne spannend Plazen am Süde vum Land. 
Léiert mat eis déi eenzegaarteg Natur, historesch Sitten a kreativ Initiativen aus der Regioun kennen. 
Är Hosts: Yann Logelin vun der Minett UNESCO Biosphere, Anna Monaco / Maria Spada / Loréna Jarosz vum IK-CNCI (Industriekultur – Centre national de la culture industrielle), Marieke Jarvis vum MUAR (Musée vun der Aarbecht). 
Musek: Ragner (https://linktr.ee/ragnerdub).

24 - Episod 24: Philippe Ernzer X 1535° Creative Hub
0:00 / 0:00
1x
  • 24 - Episod 24: Philippe Ernzer X 1535° Creative Hub

    Kontaktéiert eisWéi aus enger Leidenschaft e Beruff ginn assOch wa mer am Minett Mash-Up thematesch dëst Joer virun allem a punkto Industriekultur ënnerwee sinn, esou spillt déi am aktuellen Episod éischter méi eng kleng Roll. No zwou Episoden an Däitschland an der Belsch si mer dës Kéier awer nees zeréck am Minett, wou mer Statioun zu Déifferdeng maachen.Zënter kuerzem huet den éischte private Wiederdéngscht aus dem Land seng Zentral am 1535°, dem Creative Hub vun der Stad Déifferdeng.Eis „M...

    Fri, 26 Apr 2024
  • 23 - Episod 23: Rudolf Noben X 4MH

    Kontaktéiert eisVu Sammler, Schmuggler a StongenThematesche Schwéierpunkt an dësem Joer ass d’Industriekultur an duerfir reese mir net just duerch de Minett, mä och duerch déi no Grenzregioun. Dëse Mount si mir an d’Belsch gefuer a mam éischte Minett Mash-Up Episod op Franséisch feiere mer an dësem Mount eng wieder Première.Ee klengen Hiwwel, direkt un der franséischer Grenz, hannert Mont St. Martin a Gorcy, gehéiert nämlech zum grousse Minettsbaseng an deem virun iwwer 150 Milliounen Eisenäe...

    Fri, 29 Mar 2024
  • 22 - Episod 22: Peter Backes & Jörg Pütz X UNESCO Weltkulturerbe Völklinger Hütte

    Kontaktéiert eisSprooch vun der Episod: Däitsch / Deutschsprachige EpisodeDëst Joer steet fir eis ganz am Zeeche vun der Industriekultur an dem industriellen Ierwe vun eiser Regioun. D’Minett, als Eisenäerz, war awer net just am Süde vu Lëtzebuerg ze fannen, mä verbënnt eis Géigend bis haut mat e puer Dierfer an der Belsch, mat der Lorraine an och mam Saarland. Op der Sich no der Äntwert op d’Fro, wat d’Saarland da mat der Minett um Hutt huet, ass den aktuellen Episod vum Minett Mash-Up zu Vö...

    Fri, 23 Feb 2024
  • 21 - Episod 21: Robyn Wehles X Minett Park Fond-de-Gras

    Kontaktéiert eisLieweg Industriegeschicht matten an der NaturD’Joer 2024 wäert bei eisem Podcast ganz am Zeeche vun der Industriekultur an dem industriellen Ierwe vun eiser (Grouss-)Regioun stoen. Mir ginn op d’Sich no Sitten a Gebaier, déi direkt mat der Eisenäerz- a Stolindustrie zesummenhänken, probéiere Gäscht ze fannen, déi aktiv an dëser Industrie geschafft hunn oder sech mat Häerz a Séil an hirem Alldag fir den Erhalt vun deem Patrimoine asetzen, dee charakteristesch fir eis Regioun as...

    Fri, 26 Jan 2024
  • 20 - Episod 20: Best of 2023 & Industriekultur-CNCI

    Kontaktéiert eisFir den Ofschloss vum Joer kucke mer zeréck op eis Highlighte vum Joer a proposéieren Iech e puer kuerz Extraiten aus där enger oder anerer Episod vum Minetter Wanderpodcast. Mär kucken awer och no vir op 2024, wou déi nei Ekipp vum IK-CNCI, déi Där an dësem Episod vum Minett Mash-Up komplett kenneléiert, eis am Roulement duerch dat industriellt Ierwe vum Minett an der Groussregioun wäert féieren.Eis Gäscht: D’Ekipp vum Ik-CNCINodeems d’Laurie am Fréijoer op London geplënnert ...

    Fri, 29 Dec 2023
Afficher plus d'épisodes