Nach Genre filtern

Minett Mash-Up: De Podcast

Minett Mash-Up: De Podcast

Minett UNESCO Biosphere, IK-CNCI & MUAR

Minett Mash-up – de Podcast, deen iech mat op d’Rees hëlt! 
All Mount invitéiere mir interessant Gäscht aus ganz ënnerschiddleche Beräicher an entdecke mat hinne spannend Plazen am Süde vum Land. 
Léiert mat eis déi eenzegaarteg Natur, historesch Sitten a kreativ Initiativen aus der Regioun kennen. 
Är Hosts: Yann Logelin vun der Minett UNESCO Biosphere, Anna Monaco / Maria Spada / Loréna Jarosz vum IK-CNCI (Industriekultur – Centre national de la culture industrielle), Marieke Jarvis vum MUAR (Musée vun der Aarbecht). 
Musek: Ragner (https://linktr.ee/ragnerdub).

24 - Episod 24: Philippe Ernzer X 1535° Creative Hub
0:00 / 0:00
1x
  • 24 - Episod 24: Philippe Ernzer X 1535° Creative Hub

    Wéi aus enger Leidenschaft e Beruff ginn ass

    Och wa mer am Minett Mash-Up thematesch dëst Joer virun allem a punkto Industriekultur ënnerwee sinn, esou spillt déi am aktuellen Episod éischter méi eng kleng Roll. No zwou Episoden an Däitschland an der Belsch si mer dës Kéier awer nees zeréck am Minett, wou mer Statioun zu Déifferdeng maachen.

    Zënter kuerzem huet den éischte private Wiederdéngscht aus dem Land seng Zentral am 1535°, dem Creative Hub vun der Stad Déifferdeng.

    Eis „Minett-Location“ vum Mount :1535° - Creative Hub

    De 1535° ass haut eng Kreativfabrik an där jonk Kënschtler a jonk Entreprisen ënnerkomme kënnen, déi fir de Start an hir professionnel Carrière Raimlechkeete brauchen. Nieft de konventionelle Büroe sinn hei awer Proufsäll fir Bands an en Tounstudio, esou wéi eng Hal an där ee Videoproduktioune realiséiere kann ze fannen.

    Eise Gaascht: Philippe Ernzer

    De Philippe Ernzer, Joergang 1998, ass de Grënner vum private Lëtzebuergesche Wiederdéngscht „Météo Boulaide“. Schonn als Kand wousst de Philippe sech fir d’Wieder an d’Meteorologie ze begeeschteren an no sengem schoulesche Parcours konzentréiert hie sech voll a ganz op den Opbau vu senger eegener Societéit a sengem eegene Wiederdéngscht.

    Wat als Hobby ugefaangen huet, huet de Philippe am Laf vun de Joren zu enger bekannter Perséinlechkeet an de sozialen Netzwierker an duerno och an de Lëtzebuerger Medie gemaach. Haut presentéiert hien eng reegelméisseg Chronik um Radio 100,7 a liwwert der Dageszeitung Tageblatt deeglech Wiederprevisiounen.

    Wéi de Philippe aus sengem Hobby säi Beruff gemaach huet ass ee Sujet vum Minett Mash-Up vun dësem Mount. Wéi eng Schwieregkeeten et dobäi gouf, wéi eng Ziler de jonken Entrepreneur fir d’Zukunft huet a wéi eng Wollek de Philippe gäre wier, wann hien eng Wollek kéint sinn, da sinn aner Sujeten am aktuellen Episod.

    Méi Infos hei!

    De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).

    Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen, esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op:
    https://bit.ly/mmu_season2

    Followed eis op Instagram

    Fri, 26 Apr 2024
  • 23 - Episod 23: Rudolf Noben X 4MH

    Vu Sammler, Schmuggler a Stongen

    Thematesche Schwéierpunkt an dësem Joer ass d’Industriekultur an duerfir reese mir net just duerch de Minett, mä och duerch déi no Grenzregioun. Dëse Mount si mir an d’Belsch gefuer a mam éischte Minett Mash-Up Episod op Franséisch feiere mer an dësem Mount eng wieder Première.

    Ee klengen Hiwwel, direkt un der franséischer Grenz, hannert Mont St. Martin a Gorcy, gehéiert nämlech zum grousse Minettsbaseng an deem virun iwwer 150 Milliounen Eisenäerz ofgelagert gouf an dee sech jo an de Süde vu Lëtzebuerg erstreckt a vun deem eist Land no 1870 profitéiert hat fir sech z’industrialiséieren. Dat ass awer och am Süde vun der Province de Luxembourg geschitt.

    An der Gemeng Musson gouf et, bis an d‘1970er Joren, zwou Minnen an deene Minett ofgebaut ginn ass. Un dësen Deel vun der belscher Industriegesicht erënnert haut e Musée, deen am Abrëll 2023 seng Diren opgemaach huet.

    Eis Minett-Location vum Mount :
    Musée Minier et Métallurgique de Musson/Halazany

    Dëse Musée, mat enger Surface vu ronn 1000 Quadratmeter presentéiert eng grouss Sammlung vu Géigestänn, déi fréier vun de Mineuren an de ronn 60 Kilometer Galerien un der belsch-franséischer Grenz benotzt goufen.

    D’Kollektioun vum Musée ass komplett a bitt dem Visiteur en detailléierten Abléck an d’Liewe vun de Mineuren.

    Eise Gaascht: Rudolf Noben

    De Rudolf Noben ass de Präsident vun der Asbl hannert dem 4MH. Et war, wéi hien eis am Gespréich verréit, d'Sammelleidenschaft vu sengem Papp a seng eegen, déi ugefaangen huet, wou hie selwer nach e Bouf war, déi et erméiglecht hunn de Musée opzebauen.

    An dësem Episod vum Podcast geet et ëm de Rudolf, deen u sech Kach ass, seng Kandheet an direkter Noperschaft vun de Minnen un der belsch-franséischer Grenz an ëm d'Schwieregkeeten, déi eng Asbl wéi de Minnemusée vu Musson am deegleche Fonctionnement huet.

    Hei fannt Dir all d'Links bei d’Sujete vun dësem Episod.

    De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).

    Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen, esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op:
    https://bit.ly/mmu_season2

    Followed eis op Instagram

    Fri, 29 Mar 2024
  • 22 - Episod 22: Peter Backes & Jörg Pütz X UNESCO Weltkulturerbe Völklinger Hütte

    Sprooch vun der Episod: Däitsch / Deutschsprachige Episode

    Dëst Joer steet fir eis ganz am Zeeche vun der Industriekultur an dem industriellen Ierwe vun eiser Regioun. D’Minett, als Eisenäerz, war awer net just am Süde vu Lëtzebuerg ze fannen, mä verbënnt eis Géigend bis haut mat e puer Dierfer an der Belsch, mat der Lorraine an och mam Saarland. Op der Sich no der Äntwert op d’Fro, wat d’Saarland da mat der Minett um Hutt huet, ass den aktuellen Episod vum Minett Mash-Up zu Völklingen opgeholl ginn.

    Eis „Minett-Location“ vum Mount: UNESCO Weltkulturerbe Völklinger Hütte

    1986 huet d’Schmelz zu Völklingen, no iwwer 100 Joer Betrib, d’Héichiewen ausgeblosen. De Betrib, mat senge 6 éischter klengen Héichiewen, war einfach net méi rentabel. Vun Ufank u sollt dëse Site awer als Denkmal fir déi industriell Entwécklung vum Saarland erhale ginn.

    Nëmmen 8 Joer huet et gedauert fir och d’UNESCO vun der Iddi z’iwwerzeegen dës Schmelz, déi bis haut komplett, also mat all hire Bestanddeeler, erhalen ass, op d’Lëscht vum Weltkulturierwen ze setzen. D’Völklinger Hütte war virun 30 Joer déi éischt Industrieanlag, déi vun der UNESCO ënner Schutz gestallt gouf. Zënter hir ass vill zu Völklingen geschitt an déi fréier Schmelz ass zu enger renomméierter Plaz fir grouss Ausstellunge ginn, mä och d’Schmelz selwer, mat hiren diverse Produktiounsschrëtt ass fir de Public zougänglech an der Wäert eng Kéier besicht ze ginn.

     Eis Gäscht: Peter Backes & Jörg Pütz

    De Peter Backes begleet de Site vun der Völklinger Hütte zënter 1986, wou hien nach am Kulturministère vum Saarland geschafft huet. Relativ séier ass hien an d’Bedreiwergesellschaft vum Weltkulturerbe gewiesselt, wou hie fir de Besuchermanagement zoustänneg war.

    Zënter 2019 ass de Peter Backes an der Pensioun. Hien ass awer nach ëmmer Guide op der Völklinger Hütte an engagéierte Member am Netzwierk ERIH 'European Route of Industrial Heritage', iwwert dat an dësem Episod vum Podcast och riets geet.

    De Jörg Pütz ass e gebiertege Völklinger a mat senger „Schmelz“ opgewuess. Zënter iwwer 30 Joer ass hien als Fotograf ënnerwee. De Jörg verzielt an dësem Episod vum Podcast iwwert seng Kandheet a Jugend mat der Schmelz, iwwert säi Beruff als Fotograf a verréit eis seng Connectioun zum Bauhaus.

    Nach méi Informatiounen a méi Links sinn hei disponibel

    De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).

    Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen, esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op:
    https://bit.ly/mmu_season2

    Followed eis op Instagram

    Fri, 23 Feb 2024
  • 21 - Episod 21: Robyn Wehles X Minett Park Fond-de-Gras

    Lieweg Industriegeschicht matten an der Natur

    D’Joer 2024 wäert bei eisem Podcast ganz am Zeeche vun der Industriekultur an dem industriellen Ierwe vun eiser (Grouss-)Regioun stoen. Mir ginn op d’Sich no Sitten a Gebaier, déi direkt mat der Eisenäerz- a Stolindustrie zesummenhänken, probéiere Gäscht ze fannen, déi aktiv an dëser Industrie geschafft hunn oder sech mat Häerz a Séil an hirem Alldag fir den Erhalt vun deem Patrimoine asetzen, dee charakteristesch fir eis Regioun ass.

    Dir sidd natierlech och an dësem Joer nees op dat häerzlechst invitéiert eis Rees duerch de Süde vu Lëtzebuerg ze begleeden. Op déi Manéier kënnt Dir eventuell nei Plazen entdecken oder Detailer iwwert dës Plaze gewuer ginn, déi Dir esou nach net kannt hutt.

    Mam Choix vun eise Gäscht hoffe mir Iech, doriwwer eraus, och e puer eenzegaarteg Perséinlechkeeten aus dem Lëtzebuerger Süden an der Grenzregioun méi no ze bréngen, déi sech all op hir Manéier fir d’Industriekultur, mä och fir d’Zesummeliewen an den Erhalt vun eisen aussergewéinleche Landschaften asetzen. 

    Eis Minett Location vum Mount: DeMinett Park Fond-de-Gras

    Fir de Januar-Episod vum “Minett Mash-Up” huele mer Iech mat an e klengt Dall, wat net wäit vum Dräilännereck Lëtzebuerg-Frankräich-Belsch un der Grenz tëscht de Gemengen Déifferdeng a Péiteng läit. Et geet an de Fond-de-Gras.

    Bal honnert Joer laang war dës Plaz am Südweste vu Lëtzebuerg ee vun den Zentre vum Minett-Ofbau mat enger ganzer Rei verschiddene Societéiten, déi hei Konzessiounen haten an d’Eisenäerz aus dem Bierg geholl hunn. 1955 mécht déi lescht Galerie am Fond-de-Gras zou.

    Haut ass de Fond-de-Gras, zesumme mam Dierfche Lasauvage, de Minett Park, en Open-Air-Musée an deem méi ewéi d’Erënnerung un eis Mineuren a Galerien um Liewe gehale gëtt. Mam Train1900 an der Minièresbunn Doihl sinn direkt zwee Eisebunnsveräiner am Dall doheem, déi historescht Material restauréieren an engem breede Publikum zougänglech maachen.

    Donieft gehéieren awer och den Tëtelbierg, eng vun de wichtegste keltesche Stied a pre-réimescher Zäit an de Giele Botter, e fréiert Dagebaugebitt, wat haut zu de Kärzone vun der Minett UNESCO Biosphere gehéiert zum Minett Park.

    Eise Gaascht: Robyn Wehles

    Zënter engem gudde Joer ass d‘Robyn Wehles, wat 2014 am Kader vu sengem Studium en éischte Stage am Fond-de-Gras gemaach hat an zënter 2016 zur Ekipp vum Minett Park gehéiert huet, elo Directrice vun dëser aussergewéinlecher Plaz.

    Mam Robyn beliichte mer, an der Wanterpaus vum Minett Park, dee seng Aktivitéite fir de Public vum 1. Mee bis Enn September organiséiert, d’Vergaangenheet, d’Géigewaart an d’Zukunft vum Minett Park. Mir gi gewuer firwat d’Robyn am déiwe Minett gelant ass. Mir kréien éischt Detailer an de Programm vun der Saison 2024 an dir gitt gewuer, wéi d’Robyn et fäerdeg bréngt seng Aarbecht a säi Privatliewe mateneen ze kombinéieren.

    De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).

    Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen, esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op:
    https://bit.ly/mmu_season2

    Followed eis op Instagram

    Fri, 26 Jan 2024
  • 20 - Episod 20: Best of 2023 & Industriekultur-CNCI

    Fir den Ofschloss vum Joer kucke mer zeréck op eis Highlighte vum Joer a proposéieren Iech e puer kuerz Extraiten aus där enger oder anerer Episod vum Minetter Wanderpodcast. Mär kucken awer och no vir op 2024, wou déi nei Ekipp vum IK-CNCI, déi Där an dësem Episod vum Minett Mash-Up komplett kenneléiert, eis am Roulement duerch dat industriellt Ierwe vum Minett an der Groussregioun wäert féieren.

    Eis Gäscht: D’Ekipp vum Ik-CNCI

    Nodeems d’Laurie am Fréijoer op London geplënnert ass an d’Jenny am Summer en neie beruffleche Challenge ugefaangen huet, huet d’Ekipp vum IK-CNCI am Laf vun dësem Joer komplett changéiert. Se ass och gewuess. Ewell schaffe 5 Persoune fir de Centre National de la Culture Industrielle.

    An der zweeter Hallschent vum Episod kënnt Dir d’Anna, d’Delphine, d’Loréna, d’Maria an de Pascal kenneléieren an nieft den neie Mataarbechter/inne vum IK-CNCI war awer och d’Jenny op Besuch. Mam Jenny hu mer virun allem op 2023 zeréck gekuckt. D'Laurie konnt leider net vu London erofkommen, fir bei eisem Réckbléck op d'Joer 2023 dobäi ze sinn.



    De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).

    Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen, esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op:
    https://bit.ly/mmu_season2

    Followed eis op Instagram

    Fri, 29 Dec 2023
Weitere Folgen anzeigen