Podcasts by Category
Kultur

- 5858 - Architekturdeeg ënnert dem Motto “(Ré)imaginer nos espaces quotidiens”
Tëscht dem éischten an dem véierten Oktober sinn zu Lëtzebuerg di zweet Journées de l’architecture. D’Initiative vum LUCA, de Luxembourg Center for architecture, soll d’Ëffentlechkeet dozou motivéieren, Architektur a bebaut Ëmwelt an all hire Formen ze entdecken an ze feieren. Et ginn iech, duerch d’ganzt Land, 66 verschidden Aktivitéite vun Atelieren, Ausstellungen, visites guidéeën, portes ouvertes gebueden. Entdeckt d’Utopië vu muer, nohalteg Initiativen, nei Modeller vu Gäschthaiser oder de Lift Holleschbierg. D’Kerstin Thalau war gëschter Moien direkt op den 1. méigleche Rendezvous: an de Stater Café Konrad op den Tour “Live Touch”.
Fri, 02 Oct 2026 - 5857 - Filmkritik: "Notre Salut"
Idealist? Opportunist? Dem Emmanuel Marre säin historeschen Drama zeechent de Portrait vun engem klenge Fonctionnaire an der kollaborationistescher Vichy-Regierung. Eng Kritik vum Michel Delage.
Fri, 02 Oct 2026 - 5856 - Filmkritik: "Naza"
An hirem Documentaire loossen d'Realisateure Yuval Avraham a Rachel Szor anonymm Membere vun der israelescher Arméi an de Geheimdéngschter ze Wuert kommen. Aus hiren Aussoe geet ervir, datt d'Arméi wärend de Bombardementer vun der Gazasträif net nëmmen Hamas-Militanten an d'Viséier geholl mee och geziilt Zivilisten ëmbruecht huet. De Michel Delage mat enger Kritik.
Fri, 02 Oct 2026 - 5855 - The Westies
Eng Krimi-Serie déi sech mat enger New Yorker Gang beschäftegt, déi et och wierklech gouf. De Simon Larosche stellt eis d'Serie fir.
Thu, 01 Oct 2026 - 5854 - Vienna Design Week: Am Gespréich mat der Annick Kieffer
Dëst Joer ass Lëtzebuerg Gaaschtland op der Vienna Design Week – an an der Ausstellung "Two O Eight Designing Voices" dréit sech alles em d’Stëmm vum Design. Och de Radio 100,7 ass an de Projet implizéiert: An enger zäitloser Radiostatioun kënnen d’Visiteuren sech eng Vinyl kropen an an enger Kabinn ee Podcast mat engem vun 30 vum Marc Clement interviewten Designer:inne lauschteren, d’Radio 100,7-Freelancerin Emma Hizette mécht eng Parti Live-Interviews, an deenen Lëtzebuerger Designer:inne mat engem auslännesche Binôme diskutéieren. Di Interviewen kann een duerno op YouTube nolauschteren. Eng vun den Designerinnen, déi Deel vun de Lives sinn, ass d’Annick Kieffer vum Studio Polenta, mat deem sech de Jeff Schinker iwwert d’Lëtzebuerger Präsenz op der Design Week, d’Erausfuerderungen, déi d’KI dem Secteur stellt an d’Syndikaliséierung duerch d’Design-Federatioun Design Lëtzebuerg ënnerhalen huet.
Thu, 01 Oct 2026 - 5853 - Filmkritik: "Verity"
Eng Dräiecksbezéiung viru geféierleche literareschen Ofgrënn... Dem Amerikaner Michael Showalter säi psychologesche Thriller spillt mat de Grenzen tëschent Fiktioun a Realitéit. Eng Kritik vum Michel Delage.
Thu, 01 Oct 2026 - 5852 - Filmkritik: "Digger"
Dem Alejandro González Iñárritu seng satiresch schwaarz Komedie hëlt déi Responsabel vum Klimawandel op d’Schëpp. Mat engem Tom Cruise als esou eefältege wéi mächtege Petrolsmagnat. Eng Kritik vum Michel Delage.
Thu, 01 Oct 2026 - 5851 - E Gedicht - e Konschtwierk
Haut nach en Extrait aus der Valibrairie vum leschte Sonnden, wou d‘Valerija Berdi mam Dichter Tom Nisse an den Dichterinnen Ulrike Bail an Katharina J. Ferner iwwer d‘Poesie a Kombinatioun mat aner Konschtforme geschwat huet. D‘Emissioun war am Kader vum Poesie Plus Festival vun der Escher Kulturfabrik organiséiert, an am Café Mesa opgeholl ginn.
Wed, 30 Sep 2026 - 5850 - Guy Helminger
Gëschter Owend huet de Schrëftsteller Guy Helminger de Batty Weber Präis fir säi Liewenswierk iwwerreecht kritt. Déi zeremoniell Präisiwwerreechung war am Park vum Nationale Literaturarchiv zu Miersch. D‘Valerija Berdi war op der Plaz.
Wed, 30 Sep 2026 - 5849 - D’Fotografin Elina Brotherus presentéiert “The artist and her double”
D’Finnin Elina Brotherus exploréiert d’Konschtgeschicht, d’Autobiografie, d’Spill, d’Presenz, den architektonesche Patrimoine plus d’Landschaft mat Hëllef vu Fotografie a Film. Ëmmer mat enger feministescher Approche. Als onbekannt Fotografin war si op der Sich no engem Modell gewiescht, deen ëmmer disponibel wier, an huet esou sech selwer entdeckt. D’Kënschtlerin ass 1972 zu Helsinki gebuer a pendelt haut tëscht hirer Heemecht an der Bourgogne. 2019 hat si, am Kader vum European Month of Photography, eng éischt Solo-Ausstellung bei eis an der Villa Vauban. Elo presentéiert si “The artist and her double” am Ausstellungsespace vum Arendt House. D’Kerstin Thalau war mat der Elina Brotherus duerch hir Foto-Expo.
Wed, 30 Sep 2026 - 5848 - D'Gedicht a méi Dimensiounen
Haut dann nach e weideren Extrait aus dem Gespréich vum Valerija Berdi mat de Dichterinnen Ulrike Bail an Katharina J. Ferner an dem Dichter Tom Nisse. Wann d‘Gedicht d‘Buch verléisst war de Sujet an der leschter Valibrairie, déi live ze Esch am Kader vum Poesie Plus Festival opgeholl ginn ass. Déi ganz Emissioun ass an eiser Mediathéik.
Tue, 29 Sep 2026 - 5847 - Literatur + Performancen = Poesie-Plus-Festival
De Poesie-Plus-Festival vun der Escher Kulturfabrik de leschte Weekend ass mat engem poeteschen Trëppeltour duerch Esch op en Enn gaangen. Dëst mam plastesche Konzeptkënschtler Marco Godinho als Guide. Et gëtt Zäit, datt mir dat lescht Kapitel Poesie Plus opschloen, also Bilan zéien. An dofir ass d’Kerstin Thalau elo an de Studio komm.
Tue, 29 Sep 2026 - 5846 - Nei am KinoTue, 29 Sep 2026
- 5845 - Jeff Herr Corporation - 5 Moons nei um Like a Jazz Machine
D'Jeff Herr Corporation erdenkt sëch nei, mam Pol Berlardi um Bass fir en neie Longplayer mam Titel "Five Moons", deen um Like a Jazz Machine den 11. Oktober dévoiléiert gëtt... De Jeff Herr ass op Besuch, an erzielt eis méi.
Mon, 28 Sep 2026 - 5844 - Wann d'Gedicht d'Buch verléisst
Gëschter war eis Literatursendung „Déi wonnerbar Valibrairie“ live an der Mesa ze Esch opgeholl ginn. Am Kader vum Poesie Plus Festival vun der Kulturfabrik hat d‘Valerija Berdi de Schrëftsteller Tom Nisse an d‘Schrëftstellerinnen Ulrike Bail an Katharina J. Ferner an hir Emissioun invitéiert. Wat geschitt mat engem Gedicht, wann et gelies gëtt, wann et mat aner Konschtforme verbonne gëtt? Mir lauschteren elo en Extrait aus dëser Diskussiounsronn.
Mon, 28 Sep 2026 - 5843 - Do AIs dream of fallible human writers? D’Affaire Thélyson Orélien
Ee KI-Verdacht an der franséischer Literaturzeen huet d’Académie Goncourt dozou verluecht, "C’était ça ou mourir" vum haitianesch-kanadesche Schrëftsteller, ee vun de 16 Bicher op der Longlist vum Prix Goncourt, vun der Lëscht ze huelen. D’Affaire ass am gaang, ee reegelrechte Kulturkrich auszeléisen tëscht Gauche an Droite, KI-Verfechter a Skeptiker, Rassisten an Humanisten? Wat dat ausseet iwwert Onscholdsvermutung, eis Rotlosegkeet vis-à-vis vum Notze vun der KI an der Politiséierung vun allem – dat verréit eis de Jeff Schinker a senger Analyse.
Mon, 28 Sep 2026 - 5842 - Buchkritik: Oreste Sacchelli - "Le Contrôleur" (Ed. PassaParola)
Ënner engem fréieren diktatoresche Regime war de Protagonist, den Antonio M, zoustänneg fir d'Zensur vu Bicher, Zäitschrëften a Filmer. A sengem éischte Roman zeechent den Oreste Sacchelli de Portrait vun engem Beamten, engem zwar äifregen mee net fanatiséierten Zännrad vum Faschismus. Eng Kritik vum Michel Delage.
Mon, 28 Sep 2026 - 5841 - Mat Molerei, Video, Sound hannerfreet d’Christine Sun Kim Kommunikatiounsfo
Gëschter Owend sinn am Mudam zwou nei Ausstellungen opgaangen. D’Expo “Kaihō”, japanesch fir Befreiung, presentéiert 120 Wierker vu 40 japanesche Kënschtlerinnen, déi no 1945 Beandrockendes kreéiert hunn. Mat dobäi Fluxus-Aktivistinnen, wéi d’Yoko Ono, oder déi am August verstuerwe Yayoi Kusama. Dernieft huet déi koreanesch-amerikanesch Kënschtlerin Christine Sun Kim am Mudamer Lear-Pavilion hier Multi-Media-Installatioun “For Ever” ageweit. D’Kerstin Thalau hat d’Geleeënheet, sech duerno mat der Soundkënschtlerin, Performerin, Molerin a Videastin ze ënnerhalen.
Fri, 25 Sep 2026 - 5840 - Filmkritik: "Heart of the beast"
De Brad Pitt ass e pensionnéierten Elittezaldot, deen, zesumme mat sengem Hond, säi Krichstrauma op engem Iwwerliewenstrip an Alaska muss bewältegen. Eng Kritik vum Michel Delage.
Fri, 25 Sep 2026 - 5839 - Filmkritik: "Sense and sensibility"
Eng weider Verfilmung vun der Jane Austen hirem Klassiker vun 1811 ëm déi sozial deklasséiert Dashwood-Schwësteren, déi d'Héichten an d'Déiften an der Léift, dat heescht der Sich no enger gudder Partie, ënnerschiddlech erliewen. Eng Kritik vum Michel Delage.
Fri, 25 Sep 2026 - 5838 - The Rehearsal
The Rehearsal ass eng HBO-Serie mam Nathan Fielder. Eng skurril Show, déi d'Technike vum Reality-TV a Fro stellt.
Thu, 24 Sep 2026 - 5837 - Filmkriticken: "Chopin, Chopin!" + "Garance"
De polnesche Biopic "Chopin, Chopin!" behandelt déi lescht turbulent Jore vum Museker Frédéric Chopin zu Paräis. D'Alkoholsucht vun enger Actrice ass de Sujet vum franséischen Drama "Garance". De Michel Delage huet déi zwee Filmer gesinn.
Thu, 24 Sep 2026 - 5836 - Poésie Plus an der Kulturfabrik
Poesie Plus vereenegt 40 Kënschtler an der Escher Kufa, mam Ziil, de Kader vun der Eenzelkreatioun an dem übleche Liesungsformat ze briechen - an zwar dese Weekend. Wéi dat konkret ausgesäit, verréit den Initiateur vum Projet Georges Goerens zesumme mat séngem Geheimgaascht.
Thu, 24 Sep 2026 - 5835 - Ingo Schulze – Das Wasser im August
D’Valerija Berdi presentéiert aktuell d’Bicher, déi op der Shortlëscht fir den Däitsche Buchpräis stinn. Ee Roman, deen et net dohi gepackt huet, ass an hiren Aen, en absolute Highlight. Dofir huet sech dem Ingo Schulze säin “Das Wasser im August” hei dotëscht geschlach.
Wed, 23 Sep 2026 - 5834 - Teenage Wasteland
Teenager an Amerika haten an den 90er Joren an engem Schoulprojet e schlëmme Fall vun Ëmweltverschmotzung opgedeckt, deen schlussendlech Opmierksamkeet aus ganz Amerika kritt huet. Netflix huet elo aus dëser Geschicht een Documentaire gemaach. D‘Claire Barthelemy huet fir eis eragekuckt.
Wed, 23 Sep 2026 - 5833 - 3'000 Autoportraite géint Insomnia
Zanter gutt 25 Joer stellt d’Véronique Kolber hier Fotoen aus. Eventuell hat si direkt en Nerv vun der Zäit getraff; si hat näämlech séier Succès. Och wann op sëllegen Opname Landschaften oder Alldagsgéigestänn dominéieren, d’Fotografin bréngt et duerch hire Cadrage, bestëmmt Faarwen duerch di richteg Beliichtung, fäerdeg, eng Zort Filmstills ze zauberen, déi dofir suergen, datt de Kino am Kapp vu ville Spektateure weider leeft. Heefeg Dram-änlech. Dëse Summer war si dofir zu Klierf beim Prix de la photo mam Prix du Public ausgezeechent ginn. Zu Diddeléng presentéiert si an der Galerie Dominique Lang elo en neie Projet. D’Kerstin Thalau war “Deceptively quiet” kucken.
Wed, 23 Sep 2026 - 5832 - Der Rachel Cusk hiert neit Buch "Life of M"
Wat kann eng Schrëftstellerin präisginn, déi iwwert eng Celebritéit schreift? Dës Fro wërft der Rachel Cusk hiert neit Buch "Life of M" op. Dat ass eng fiktiv Biografie iwwer eng ganz bekannt Schauspillerin, déi zimmlech sécher op der Natalie Portman baséiert. An déi kënnt net gutt wech am Buch. D‘Claire Barthelemy huet fir eis era gelies.
Tue, 22 Sep 2026 - 5831 - Interview Tom Leick-Burns
Och de groussen Theater um Glacis huet seng Saison 2026-27 virgestallt. D'Valerija Berdi beschwätzt de Programm mam Direkter Tom Leick-Burns.
Tue, 22 Sep 2026 - 5830 - Nei am KinoTue, 22 Sep 2026
- 5829 - Rentrée littéraire: Choses que je croyais perdues vun der Clémentine Mélois
No den Romaner vun der Emma Marsantes, der Lilia Hassaine, dem Jean-Yves Jouannais an dem Olivier Grondeau entdecke mer haut dat fënneft vun de 16 Wierker, déi et op d’Longlist vum Prix Goncourt gepackt hunn. An "Choses que je croyais perdues" mécht d’Clémentine Mélois en Inventar vun engem Appartement, deen och en Tri am eegene Liewen ass. De Jeff Schinker huet de Roman fir eis gelies.
Mon, 21 Sep 2026 - 5828 - Catherine Ringer: Eng Dosis Mitsouko
Hätt Dir d’Catherine Ringer, déi kierzlech verstuerwe Frontfra vu "Les Rita Mitsukuo", gären héiere Brecht sangen? De Marc Clement schonn. Mee dann hätte mir si schonn 1977 hätt misse kenneléieren, zwee Joer ier si hirem Mann a Musekspartner Frédéric Chichin begéint ass, op der Bün vun engem Paräisser Theater ...
Mon, 21 Sep 2026 - 5827 - Den Giovanni Trono ass neien Direkter vum KHN
Den Giovanni Trono war elo laang Joren als Direkter fir de Museksberaich bei KulturLX, an domat fir d’Administratioun vu Kënschtlerënnerstetzung a Musekexport zoustänneg. Kierzlech gouf bekannt, datt hien elo eng nei Erausfuerderung als Direkter vum Kulturhaus Nidderaanwen ugeholl huet. Et ass ee Bou, dee bal dat ganzt Lëtzebuerger Kulturgeschéien a sech schléisst, an domat ee brennend interessante Gespréichsstoff bidd.
Mon, 21 Sep 2026 - 5826 - Véier Lëtzebuerger Acts um Reeperbahn Festival
De Reeperbahn Festival ass een vun den dräi grousse Rendezvouse fir den europäesche Live-Musek-Secteur. Dëst Joer presentéiere sech véier Lëtzebuerger Projeten zu Hamburg. Den Yves Stephany mellt sech live aus der "Prinzenbar", wou dech d'Optrëtter vun "Ninon", "First Mote", "Englbrt" a "Raftside" um Freidegmëtteg enchaînéieren.
Fri, 18 Sep 2026 - 5825 - Filmkritik: "Frontera"
D'Flucht virun den Nazien iwwer déi franséisch-spuenesch Grenz war no 1943 fir Judden illegal. Trotz allem kruten se Ënnerstëtzung vun der lokaler Populatioun. De Michel Delage schwätzt iwwer dësen a katalanescher Sprooch gedréinten historeschen Drama.
Fri, 18 Sep 2026 - 5824 - Filmkritik: "The Plague"
Matleefertum oder couragéierte Widderstand géint de Gruppenzwang? Dësen amerikaneschen Debutfilm setzt sech mat der Gruppendynamik an enger Jugend-Waasserballekipp auserneen. De Michel Delage huet den Drama gesinn.
Fri, 18 Sep 2026 - 5823 - American Horror Story
“American Horror Story’’ ass eng amerikanesch Anthologieserie aus dem Joer 2011 a gouf kreéiert vum Ryan Murphy. An all Staffel geet et em eppes anescht, well de Ryan Murphy sech mat verschiddenen Epochen an och mat verschiddenen Horror- an Erzielstiler ausernee gesat huet. “American Horror Story’’ ass definitiv eng Serie déi sech och u reell geschichtlech Evenementer a seriö Themaen eru getraut huet an déi mat engem kritesche A op dës kuckt, an net just hirer Fantasie nogeet. Sou ass et d' Mëschung vu Spannung, Horror a reellen historeschen Themen, déi de grousse Succès vun der Serie erkläre kann.
Thu, 17 Sep 2026 - 5822 - Filmkritick: "Marcel et Monsieur Pagnol"
De Marcel Pagnol huet Marseille an der Provence en Denkmal gesat. An engem mat Lëtzebuerger Bedeelegung produzéierten Animatiounsfilm erzielt de Sylvain Chomet dem franséische Schrëftsteller, Dramaturg a Cineast säi Liewen. Eng Kritick vum Michel Delage.
Thu, 17 Sep 2026 - 5821 - Filmkritik: "La vie d'une femme"Thu, 17 Sep 2026
- 5820 - Dana Vowinckel – Anton und Alma
De 5. Oktober gëtt am Kader vun der Frankfurter Buchmesse den däitsche Buchpräis verginn. Am Virfeld stellt d‘Valerija Berdi eng Rei Bicher vir, déi d‘Chancen hunn, dëse renomméierte Literaturpräis ze gewannen. Haut ass et der Dana Vowinckel hire Roman „Anton und Alma“ , deen am Suhrkamp Verlag eraus komm ass.
Thu, 17 Sep 2026 - 5819 - Di kleng Theatere stellen hire Programm vir
Kleng Theateren hun hiren eegene Charme: Proximitéit, Intensitéit, Engagement. Deementspriechent gléissend sinn d'Programmukennegunge vu Centaure, Kasemattentheater an TOL ausgefall. De Marc Clement rapportéiert.
Thu, 17 Sep 2026 - 5818 - Rentrée littéraire: "N'efface pas mes cercles" vun der Emma Marsantes
Eng Duechter versicht, hirer Mamm hire Suizid ze verstoen an erzielt dofir, op knapp 160 Säiten, eng donkel Familljegeschicht: der Emma Marsante hire Roman "N'efface pas mes cercles", noméiert fir de Prix Goncourt, de Prix Femina an de Prix Médicis, verdicht traumatesch Themen zu engem wichtegen, poetesche Wierk. De Jeff Schinker huet d'Buch fir eis gelies.
Wed, 16 Sep 2026 - 5817 - Shida Bayzar . Die Lücken
Mat hirem Roman "Die Lücken" (Kiepenheuer & Witsch) steet di däitsch-iranesch Schrëftstellerin Shida Bayzar op der Shortlëscht fir de Däitsche Buchpräis. D'Valerija Berdi huet dëse komplexe Roman mat grousser Begeeschterung gelies.
Wed, 16 Sep 2026 - 5816 - De Film "Naza" suergt fir Oprou
Den israeelesche Film “Naza” ass am Festival zu Venedeg gelueft ginn. Ganzer 25 Minutten huet de Public bei der Première leschten Donneschde geklappt - esou laang wéi nach ni virdrun. An Israel selwer kennt de Film awer manner gutt un. Firwat déi zwee israeelesch Regisseuren, de Yuval Abraham an d'Rachel Szor, doheem als Verräter ugesi ginn, doriwwer schwätze mir mat eisem Korrespondent Léonardo Kahn, deen eis live aus Tel Aviv zougeschalt ass
Wed, 16 Sep 2026 - 5815 - Luxembourg All In: Interview mam Schorsch Kamerun
De Museker, Sänger an Theaterregisseur Schorsch Kamerun – ënner anerem bekannt als Grënnungsmember vun der däitscher Band "Die Goldenen Zitronen" – geet mat engem Stéck "Luxembourg All In" Froe vu Klimakris, Globaliséierung a sozialer Ongläichheet no. D'Resultat ass kee konventionellt Theaterstéck: "Luxembourg All In" ass eng immersiv Concerts-Installatioun, déi an Zesummenaarbecht mat Kënschtler, Awunner a Studenten am Kader vun enger Residenz am Grand Théâtre entwéckelt gouf. Dëse partizipative Projet gëtt de 26. a 27. September am Foyer vum Grand Théâtre presentéiert. De Schorsch Kamerun an d'Claudia Klasen sinn elo bei eis am Studio, fir driwwer ze schwätzen.
Tue, 15 Sep 2026 - 5814 - Nei am KinoTue, 15 Sep 2026
- 5813 - Déi nei Spillzäit am TNL
Et ass eng speziell nei Saison 2026/2027 déi den Théâtre National du Luxembourg, den TNL gëschter presentéiert huet, et ass Saison vum 30. Anniversaire an esou munchereen huet sech bei der Presentatioun geduecht: “Gëtt et den TNL scho wierklech esou laang!” 30 Joer TNL sinn eriwwer an déi nächst 30 Joer fänken un, an et bleift derbäi datt déi theatralesch Produktioun a Kreatioun ee vun de Piliere vum TNL ass. Déi nei Saison vum TNL ass mat engem Wuert iwwerschriwwen “Courage”, an dat ass och net vu Muttwëll gewielt, besonnesch wann ee politesch kuckt wat an der Welt geschitt, an och den Theater mat senge Moyen dozou villes ze soen huet. De Jean Claude Majerus huet sech mam Direkter vum Theater Frank Hoffmann, deen och schonn 30 Joer TNL um Bockel huet iwwert di nei Saison geschwat.
Mon, 14 Sep 2026 - 5812 - Rentrée littéraire: "JE" vun der Lilia Hassaine
Nom Percival Everett sengem geniale Roman "James", deen d’Geschicht vum Mark Twain sengem "The Adventures of Huckleberry Finn" aus der Perspektiv vum Schwaarze Sklav erzielt, verëffentlecht d’Lilia Hassaine mat "JE" ee Roman, deen am Universum vun der Charlotte Brontë hirem "Jane Eyre" spillt an aus der Perspektiv vun der "verréckter" Fra um Späicher erzielt. De Roman ass ee vun de 16 Bicher, déi et an déi éischt Selektioun vum Prix Goncourt gepackt hunn.
Mon, 14 Sep 2026 - 5811 - Den 10. Doudesdag vum Lëtzebuerger Kënschtler Bert Theis
Schoulufank ... Deen Här, un dee mir haut erënnere wëllen, huet dëst Ritual och eng Partie Kéiere matgemaach. De Bert Theis war haaptberufflech Schoulmeeschter, ier hien decidéiert huet, fräischaffende Kënschtler ze ginn. Iwwer d’Molerei, d’Experimentéiere mat Fotografie, Konzeptkonscht a Collage ass hien zu der Performance, der Schafung vu Situatiounen am ëffentleche Raum komm. Seng Aarbechte waren ëmmer gesellschaftskritesch a politesch, mee och poetesch. De 14. September 2016 ass de Bert Theis mat 64 Joer gestuerwen: Haut ass deemno säin zéngten Doudesdag.
Mon, 14 Sep 2026 - 5810 - Turning Point: Generation 9/11
5 Joer sinn et hir säit den 9/11 Attentater an den USA, een Dag wou d‘ganz Welt hiren Otem ugehal huet. En neien Dokumentar weist elo, wei dësen Dag d‘Welt vun haut gepräägt huet. D‘Claire Barthelemy huet e fir eis gekuckt.
Fri, 11 Sep 2026 - 5809 - Faux Real - "Poison Time"Fri, 11 Sep 2026
Podcasts similar to Kultur
El Partidazo de COPE COPE
Herrera en COPE COPE
Dante Gebel Live Dante Gebel
La noche de Cuesta esRadio
La Trinchera de Llamas esRadio
Affaires sensibles France Inter
El colegio invisible OndaCero
La Rosa de los Vientos OndaCero
Les grands dossiers de l'Histoire par Franck Ferrand Radio Classique
Espacio en blanco Radio Nacional
Le grand récit RTL
L'Heure Du Crime RTL
Parlons-nous RTL
El Larguero SER Podcast
Nadie Sabe Nada SER Podcast
SER Historia SER Podcast
Todo Concostrina SER Podcast
Un Libro Una Hora SER Podcast
Les Grosses Têtes RTL
Hondelatte Raconte Europe 1
LEGEND Guillaume Pley
Entrez dans l'Histoire RTL
RONZHEIMER. Paul Ronzheimer
C dans l'air France Télévisions
Lanz + Precht ZDF, Markus Lanz & Richard David Precht
Enquêtes criminelles RTL
L'œil de Philippe Caverivière RTL
L'After Foot RMC
Matteo Caccia racconta Radio 24
Ellinofreneia Official Digital Minds
C politique France Télévisions
Es la Mañana de Federico esRadio
Laurent Gerra RTL
Code source Le Parisien
Stammplatz – Fußball News täglich BILD
Chiamate Roma Triuno Triuno Radio Deejay
Julia en la onda OndaCero
Passione Inter Passione Inter