Nach Genre filtern
E Podcast vum CGDIS? Absolut! Wat erwaart dech beim Status 5 Podcast? Virun allem Interviewe mat verschiddene Persounen aus dem CGDIS zu Theme wéi: - Asätz vum CGDIS - Fonctionnement an Organisatioun vum CGDIS - Rekrutement vu fräiwëllege Pompjeeën - Rekrutement vu Beruffspompjeeën - a Villes méi Lauschter eran an entdeck de CGDIS hannert de Kulissen! A reegelméissegen Ofstänn ginn nei Follgen publizéiert, ëmmer zu engem aneren Thema.
- 8 - 7 - Iwwert d’Feierprouf vum CGDIS (mam Guy Bernar)Wéi gouf den éischte Groussbrand vum CGDIS ofgeschafft?U wat muss bei esou Asätz geduecht ginn?Wéi gesäit d'Kommandostruktur vum CGDIS aus?
An dëser Status5-Episod hate mir Besuch vum Guy Bernar, fréiere Chez de zone vun der Zone de secours Sud.
Just 2 Deeg no der Grënnung vum CGDIS, gëtt seng fonkelnei Kommandostruktur schonn op d’Prouf gestallt. E Groussbrand zu Esch, bei deem de Guy Bernar den Asazleeder war, verlaangt de Pompjeeën Villes of. Wéi den Asaz ofgelaf ass, wat d’Schwieregkeetebei deem Asaz waren a ob d’Kommandostrukturdann elo och esou funktionéiert wéi virgesinn zielt de Guy eis an dëser Episod.
Tue, 20 Oct 2026 - 18min - 7 - 6 - Iwwert d'Organisatioun wärend der Canicule (mam Sven Viktor)Wat ass de CGO?Wéi preparéiert de CGDIS sech op eng Canicule?Ginn et wärend enger Canicule tatsächlech méi Asätz fir de CGDIS?
An dëser Status5-Episod hu mir eis mam Sven Viktor, Chef de département Bâtiment zesummegesat. Hie war wärend der Canicule am Juni 2026 de Coordinateur vum CGO. Hien zielt eis wéi de CGDIS sech op dës aussergewéinlech Situatioun virbereet huet, wéi engDemarchen an d'Weeër geleet goufen an, dass de Fonctionnement vum CGDIS, grad wärend enger Canicule, net nëmmen duerch Pompjeeë garantéiert gëtt.
Wed, 29 Jul 2026 - 21min - 6 - 5#KOMPAKT - Iwwert de Fonctionnement vun engem CIS (mam Annick Baustert a Serge Steffes)Wat gesäit d'Aarbecht an engem CIS aus?Wéi ass d'Struktur vun engem CIS opgebaut?Wéi kann een sech als Pompjee an engem CIS weiderentwéckelen?
An dëser KOMPAKT-Episod hu mir d'Annick Baustert, zukünfteg Chef vum CIS Luxembourg an de Serge Steffes, Chef vum CIS Echternach invitéiert. Béid erklären eis wéi d'Aarbechtan engem CIS ausgesäit, wéi en CIS iwwerhaapt funktionéiert a wéi e Pompjee sech an engem CIS ka weiderentwéckelen. Do dernieft gi mer och dem Annick säi perséinleche Parcours gewuer a wéi hat zum Poste vum Chef CIS komm ass.
Fri, 10 Apr 2026 - 08min - 5 - 4#KOMPAKT - Iwwert de Parcours vun engem Stagiaire (mam Luciano Da Conceiçâo)Wéi gesäit den Alldag vun engem Pompjeesstagiaire aus?Wéi vill Praxis ass wierklech um Programm?Wat mécht e Stage an engem CIS aus?...
An dëser KOMPAKT-Episod huet de Luciano Da Conceição,Pompjeesstagiaire am éischte Joer, eis iwwert säi perséinleche Parcours gezielt a wéi heen déi éischt Deeg an der Ausbildung erlieft huet. Doriwwer eraus gi mir vun him gewuer, wéi e praktesche Stage an engem Centre d'incendie et de secours (CIS) ausgesäit a wat hie bis elo alles a senger Ausbildung konnt léieren.
Fri, 03 Apr 2026 - 07min - 4 - 3#KOMPAKT - Iwwert de Rekrutement vum Beruffspompjee (mam Jeff Zanussi a Sébastien Gemmer)Wat brauch et fir Beruffspompjee ze ginn?Wéi leeft déi ganz Rekrutementsprozedur of?Wat stécht hannert dem psychometreschen Test?
An dëser KOMPAKT-Episod erklären eis de Jeff Zanussi, Recruteur beim CGDIS an de Sébastien Gemmer, Chef de service vum Développement RH beim CGDIS wéi d'Rekrutementsprozedur ausgesäit fir Beruffspompjee ze ginn, wéi eng Qualifikatiounen ee muss matbréngen a wéi een dann och kandidéiert.
Tue, 24 Mar 2026 - 08min - 3 - 2#KOMPAKT - Iwwert d'Ausbildung vum Beruffspompjee (mam Yves Legil)Wéi laang dauert d'Ausbildung zum Beruffspompjee?A wéi enge Beräicher gëtt de Stagiaire ausgebilt?Ass et just dréchene Theorie-Unterrecht?...
An dëser KOMPAKT-Episod ass den Yves Legil,Chef de Département Formation de base vum CGDIS, bei eis am Studio. Heen hëlt eis mat hannert d'Kulisse vun der Ausbildung, déi all Beruffspompjee muss duerchgoen. Wéi déi Ausbildung ausgesäit, op wéi eng Situatiounen de Pompjeesstagiaire virbereet gëtt a wéi Asätz beim CGDIS kënnen ausgesinn, gitt der an dëser Episod gewuer.
Tue, 24 Mar 2026 - 08min - 2 - 1#KOMPAKT - Iwwert de CGDIS (mam Claude Frantzen)Wat ass de CGDIS iwwerhaapt a wat si seng Missiounen?Wéi koum et zur Kreatioun vum CGDIS?Wéi eng Beruffer ginn et beim CGDIS?...
An dëser KOMPAKT-Episod schwätze mir mam Claude Frantzen, Directeur administratif et financier vum CGDIS, iwwert de CGDIS allgemeng a seng Beruffer an awer och iwwert d'Kreatioun vum nationale Feier- a Rettungscorps a wéi et dozou koum, dass Lëtzebuerg eng Entitéit gebraucht huet, déi déi verschidden Acteuren aus dem Rettungswiesen ënnert een Hutt bréngt.
Tue, 24 Mar 2026 - 08min - 1 - Introduktioun zum Podcast
An dëser Introduktioun gitt dir gewuer wat et mam "Status 5 - De CGDIS Podcast" op sech huet, wat iech an den zukünftegen Episoden erwaart an firwat de Podcast iwwerhaapt "Status 5" heescht.
Hutt dir Froen zum CGDIS, déi nach ëmmer beäntwert wollt hu bzw. hutt Propose fir zukünfteg Theme fir de Podcast?
Da schreift eis eng Email op communication@cgdis.lu
Mir freeën eis op äre Retour!
Tue, 17 Mar 2026 - 01min
Podcasts ähnlich wie Status 5 - De CGDIS Podcast
El Partidazo de COPE COPE
Herrera en COPE COPE
La Linterna COPE
Panda Show - Sin Picante El Panda Zambrano
Es la Mañana de Federico esRadio
La noche de Cuesta esRadio
La Trinchera de Llamas esRadio
Hondelatte Raconte Europe 1
Affaires sensibles France Inter
LEGEND Guillaume Pley
El colegio invisible OndaCero
La Rosa de los Vientos OndaCero
Les grands dossiers de l'Histoire par Franck Ferrand Radio Classique
Espacio en blanco Radio Nacional
Enquêtes criminelles RTL
Entrez dans l'Histoire RTL
Le grand récit RTL
Les Grosses Têtes RTL
L'Heure Du Crime RTL
El Larguero SER Podcast
Nadie Sabe Nada SER Podcast
SER Historia SER Podcast
Todo Concostrina SER Podcast
Un Libro Una Hora SER Podcast
Andere Geschäft Podcasts
BFM Bourse BFM Business
The Diary Of A CEO with Steven Bartlett DOAC
Histoires sans frontières - Le podcast des frontaliers du Luxembourg Ministère de la Famille, des Solidarités, du Vivre ensemble et de l’Accueil
UNBX, le podcast de la réussite UNBX
Alles auf Aktien – Die täglichen Finanzen-News WELT
Acquired Ben Gilbert and David Rosenthal
Odd Lots Bloomberg
Financial Services: What's up? PwC Luxembourg
Unhedged Financial Times
flux Lëtzebuerger Journal
Hot Money: Agent of Chaos Pushkin Industries & Financial Times
Le Podcast de Pauline Laigneau Pauline Laigneau
In Good Company with Nicolai Tangen Norges Bank Investment Management
Handelsblatt Morning Briefing - News aus Wirtschaft, Politik und Finanzen Friederike Hofmann, Sven Prange und die Handelsblatt Redaktion, Handelsblatt
All-In with Chamath, Jason, Sacks & Friedberg All-In Podcast, LLC
Capital Allocators – Inside the Institutional Investment Industry Ted Seides – Allocator and Asset Management Expert
Thematic Edge Podcast Marvin Barth
Good Bad Billionaire BBC World Service
Secondaries Investor’s Second Thoughts PEI Group
Matthias Baccino Matthias Baccino
