Filtrer par genre

Moiesstudio

Moiesstudio

Radio 100,7

Besser informéiert an den Dag

2788 - Lëtz Share: Eng Bibliothéik ouni Bicher
0:00 / 0:00
1x
  • 2788 - Lëtz Share: Eng Bibliothéik ouni Bicher

    Firwat eng Maschinn kafen, déi een nëmmen heiansdo benotzt? Op der Uni Lëtzebuerg kënne Studente sech zanter Mee gratis Kichenapparater, Sportmaterial an aner Alldagsgéigestänn ausléinen. De Projet soll de Studenten hëllefen, Suen a Ressourcen ze spueren. Wéi dat am Alldag funktionéiert a firwat d'Offer ëmmer méi genotzt gëtt, huet sech de Chris Meisch op der Plaz ugekuckt.

    Thu, 19 Nov 2026
  • 2787 - Den Uelzechtkanal feiert Gebuertsdag: 30 Joer Tëlee vu Jonke fir Jonker

    Mir schwätze mam Ed Maroldt, deen d'Iddi vum Uelzechtkanal als Däitschproff am Escher Jongelycée Mëtt de 90er Joren lancéiert huet.

    Thu, 19 Nov 2026
  • 2786 - Kanner kréien en Abléck an d'Welt vun der Justiz

    Wéi funktionéiert d'Justiz a wat fir Rechter hunn d'Kanner? Mat dëse Froen huet sech eng Schoulklass aus dem Cycle 4.2 beim YOUstice-Atelier an der Cité judiciaire beschäftegt. Am Virfeld vum Weltkannerrechtsdag konnten d'Schüler mat Experte schwätzen, d'Aarbecht vun der Justiz kenneléieren a selwer a Riichterrobe schlüpfen. Dobäi goung et och ëm d'Fro, wéi d'Meenung vu Kanner an engem Geriichtsprozess berücksichtegt gëtt.

    Thu, 19 Nov 2026
  • 2785 - Presserevue vun 08:15

    KI op der Finanzplaatz, e schwaache Beschäftegungswuesstem an den Ausbau vun den Tanklager zu Mertert sin Themen an der Presserevue

    Thu, 19 Nov 2026
  • 2784 - Lëtzebuerger Literaturpräis: Wie sinn d'Favoritten?

    Mir maachen de Point mam Valerija Berdi aus eiser Kulturredaktioun . Enn Oktober war d'Shortlëscht publizéiert ginn: Kategorie „Literatur“ „Spawecken“ (Kremart) vum Jemp Schuster „Angstvoll und leicht sehnsüchtig“ (Hydre-Verlag) vum Emma Braslavsky, Luc François, Anja Kümmel und Benjamin von Wyl „Enfanter une étoile qui danse“ (Hydre-Verlag) vum Amélie Vrla „De Léiw gëtt rout“ (Kremart) vum Jean-Paul Maes „Toujours jamais“ (éditions guy binsfeld) vum Joseph Kaysers Kategorie „Sachbücher“ „Temps de Trajet. Routes, frontières et heures disparues aus marges du travail au Luxembourg“ (Point Nemo Publishing) von Jessica Lopes „,Indésirables‘ aus Übersee. Migrant*innen aus Luxemburg am Anfang des 20. Jahrhunderts“ (capybarabooks) von Julia Harnoncourt „Halldór Laxness – En Nobelpräis zu Clierf“ (Editions Phi) von Alexis Werné „Vive d’Republik! Republikanismus und Monarchiekritik in Luxemburg: Eine Spurensuche“ (Editions Phi) von Claude Frentz „Les Dîners de Gaia. Des mets et des mots italiens au Luxembourg“ (capybarabooks) von Corina Ciocârlie Kategorie “Kinderbücher” „Betty – Die Geschichte eines jüdischen Mädchens“ (éditions guy binsfeld) von Roland Meyer „Allerhand! Frosch & Fant. Wie alles begann. Band 1. Mit Lügen-Bär und Western-Bill“ (FGIL) von Bernd Marcel Gonner mit Illustrationen von Till Charlier „D’Sasha an de Flint - Wou ass d’Mila?“ (Editions Schortgen) von Sandra Martins, die bereits mehrfach auf der Shortlist des „Buchpräis“ stand „D’Problemsbourse. Är Bourse fir kleng a mëttelgrouss Problemer“ (FGIL) von Lynn Berchem mit Illustrationen von Carlo Schneider „A wat dréis du an dengem Rucksak? (Inklusina Asbl)

    Thu, 19 Nov 2026
Afficher plus d'épisodes