Filtra per genere

Moiesstudio

Moiesstudio

Radio 100,7

Besser informéiert an den Dag

2551 - Broch vu Finanzreegelen: Dreet Manchester City elo den Zwangsofstieg?
0:00 / 0:00
1x
  • 2551 - Broch vu Finanzreegelen: Dreet Manchester City elo den Zwangsofstieg?

    Och wann am Fussball grad Lännerspillpaus ass, esou suergt ee Club awer aktuell fir ganz vill Opreegung: Manchester City. Den englesche Fussballclub kritt nämlech virgehäit, systematesch Finanzreegele gebrach ze hunn. Dat kéint fir den 10-fachen englesche Champion elo ganz grave Konsequenzen hunn. Am Raum sti ganzer 115 Fäll an deene sech Manchester City net u gewëss Reegele gehal huet. Dat tëschent 2009 an 2018. De Jo Diseviscourt mat Explikatiounen.

    Fri, 02 Oct 2026
  • 2550 - Zu Schieren geet en neit Wandrad un d'Netz

    Domat klëmmt d'Zuel vun Eoliennen am Land op 78, vun deenen déi allermeescht vun der Entreprise Soler bedriwwe ginn. Hiren Direkter Paul Zeimet gëtt Explikatiounen.

    Fri, 02 Oct 2026
  • 2549 - Return-hubs an neie Krise-Mechanismus: Wat seet Lëtzebuerg dozou?

    Et wäert an Zukunft méiglech si fir EU-Länner, Migranten a Flüchtlingslagere baussent der EU ze schécken. Déi néideg gesetzlech Reegelung dofir gouf en Donneschdeg endgülteg adoptéiert. Ass Lëtzebuerg un esou engem Modell interesséiert? A wat denkt den Innenminister iwwer de Projet vun engem neie Krisen-Interventiouns-Mechanismus, bei deem och kéinten Asylprozedure kuerzfristeg ausgesat ginn? Dat froe mir de Léon Gloden am live-Interview.

    Fri, 02 Oct 2026
  • 2548 - Den Amtsuntrëtt vum Martin Rajna – den Opus ass live dobäi

    Léiert de Martin Rajna elo scho kennen. Den néngten a jéngste Chefdirigent vun de Lëtzebuerger Philharmoniker huet am Opus Interview no der éischter Tutti-Prouf virgëschter verroden, wéi d’Chimie ass a wat fir dësen Optrëtt musikalesch geplangt ass. An dësem Gespréich hate mir och d’Méiglechkeet fir den 31 Joer jonken ungareschen Dirigent bësse besser kennen ze léieren. Den Opus iwwerdréit dem Martin Rajna säin Amtsuntrëttsconcert live aus der Philharmonie, haut den Owend um hallwer 8.

    Fri, 02 Oct 2026
  • 2547 - Kritik un EU-Decisioun iwwer russesch Oligarche Fridman an Ousmanov

    Et gëtt Kritik un der Decisioun, zwee russesch Oligarche vun der Lëscht vun den europäesche Sanktioune géint Russland erofzehuelen. Lëtzebuerg hat sech jo dofir agesat, de Geschäftsmann Mikhail Fridman, deen de Grand Duché op Schuedenersatz verklot huet, vun där Lëscht ze sträichen. D’EU-Chefdiplomatin Kaja Kallas huet d’Decisioun vun där leschter Woch bedauert. Si géif dee ganze Sanktiouns-System ofschwäche seet iwwerdeems den Europadeputéierten Ivars Ijab. Op där anerer Säit géing Russland alles maache fir d’EU dozou ze bréngen, d’Ukrain net méi ze ënnerstëtzen. D’Danièle Weber huet mam lettesche Liberale geschwat.

    Fri, 02 Oct 2026
Mostra altri episodi