Nach Genre filtern
- 2551 - Broch vu Finanzreegelen: Dreet Manchester City elo den Zwangsofstieg?
Och wann am Fussball grad Lännerspillpaus ass, esou suergt ee Club awer aktuell fir ganz vill Opreegung: Manchester City. Den englesche Fussballclub kritt nämlech virgehäit, systematesch Finanzreegele gebrach ze hunn. Dat kéint fir den 10-fachen englesche Champion elo ganz grave Konsequenzen hunn. Am Raum sti ganzer 115 Fäll an deene sech Manchester City net u gewëss Reegele gehal huet. Dat tëschent 2009 an 2018. De Jo Diseviscourt mat Explikatiounen.
Fri, 02 Oct 2026 - 2550 - Zu Schieren geet en neit Wandrad un d'Netz
Domat klëmmt d'Zuel vun Eoliennen am Land op 78, vun deenen déi allermeescht vun der Entreprise Soler bedriwwe ginn. Hiren Direkter Paul Zeimet gëtt Explikatiounen.
Fri, 02 Oct 2026 - 2549 - Return-hubs an neie Krise-Mechanismus: Wat seet Lëtzebuerg dozou?
Et wäert an Zukunft méiglech si fir EU-Länner, Migranten a Flüchtlingslagere baussent der EU ze schécken. Déi néideg gesetzlech Reegelung dofir gouf en Donneschdeg endgülteg adoptéiert. Ass Lëtzebuerg un esou engem Modell interesséiert? A wat denkt den Innenminister iwwer de Projet vun engem neie Krisen-Interventiouns-Mechanismus, bei deem och kéinten Asylprozedure kuerzfristeg ausgesat ginn? Dat froe mir de Léon Gloden am live-Interview.
Fri, 02 Oct 2026 - 2548 - Den Amtsuntrëtt vum Martin Rajna – den Opus ass live dobäi
Léiert de Martin Rajna elo scho kennen. Den néngten a jéngste Chefdirigent vun de Lëtzebuerger Philharmoniker huet am Opus Interview no der éischter Tutti-Prouf virgëschter verroden, wéi d’Chimie ass a wat fir dësen Optrëtt musikalesch geplangt ass. An dësem Gespréich hate mir och d’Méiglechkeet fir den 31 Joer jonken ungareschen Dirigent bësse besser kennen ze léieren. Den Opus iwwerdréit dem Martin Rajna säin Amtsuntrëttsconcert live aus der Philharmonie, haut den Owend um hallwer 8.
Fri, 02 Oct 2026 - 2547 - Kritik un EU-Decisioun iwwer russesch Oligarche Fridman an Ousmanov
Et gëtt Kritik un der Decisioun, zwee russesch Oligarche vun der Lëscht vun den europäesche Sanktioune géint Russland erofzehuelen. Lëtzebuerg hat sech jo dofir agesat, de Geschäftsmann Mikhail Fridman, deen de Grand Duché op Schuedenersatz verklot huet, vun där Lëscht ze sträichen. D’EU-Chefdiplomatin Kaja Kallas huet d’Decisioun vun där leschter Woch bedauert. Si géif dee ganze Sanktiouns-System ofschwäche seet iwwerdeems den Europadeputéierten Ivars Ijab. Op där anerer Säit géing Russland alles maache fir d’EU dozou ze bréngen, d’Ukrain net méi ze ënnerstëtzen. D’Danièle Weber huet mam lettesche Liberale geschwat.
Fri, 02 Oct 2026 - 2546 - Dréchene Summer: Waasserstänn nach ëmmer aussergewéinlech niddereg
Och Enn September leien d’Waasserstänn a ville Flëss a Baachen nach däitlech ënner dem normale Beräich. Zu Hunchereng ass d’Mierbech zënter Méint dréchen, zu Hesper beweegt sech och d’Uelzecht nach op engem ganz niddregen Niveau. D’Waasserverwaltung rechent domat, datt esou Drécheperioden an Zukunft méi dacks optriede kënnen.
Thu, 01 Oct 2026 - 2545 - E kritesche Bléck op d'Lëtzebuerger Baukultur
E Gespréich mam Architekt Christian Bauer, dem éischte Lauréat vum Lëtzebuerger Architekturpräis, deen am Juni fir säi Liewenswierk ausgezeechent ginn ass.
Thu, 01 Oct 2026 - 2544 - Zënshausse: Wat bedeit dat fir d'Clienten?
D’Spuerkeess erhéicht op den Dag vun haut hir Zënsen ëm ee Véirel, also ëm 0,25 Prozent. Wat bedeit dat fir d'Clienten? Froen un de Claude Hirtzig vun der BCEE.
Thu, 01 Oct 2026 - 2543 - Navigatioun um Rhäin leit nach ëmmer ënner Niddregwaasser
Wéinst deem déiwe Waasserstand kéinte verschidde Schëffer just nach zu 10 Prozent beluede ginn, seet de Raphaël Wisselmann, Chef-Ingenieur vun der Rhäin-Kommissioun.
Thu, 01 Oct 2026 - 2542 - Handwierk op Rieder
Zënter der Rentrée fueren dräi grouss Camionë bei d’Lyceeën uechter d’Land an erméiglechen et Schüler, fir verschidden Handwierksberuffer kennen ze léieren. Gëschter hat den Educatiounsministère eng Visitt vum "SkillsTruck" organiséiert, deen um Campus Geesseknäppche steet. Hei dréint sech alles ëm Holz a Metall.
Thu, 01 Oct 2026 - 2541 - Lëtzebuerg verléiert an der Nations League mat 0:3 géint Island
D’Fussballnationalekipp vun den Hären huet gëschter Owend um 2. Spilldag vun der UEFA Nations League mat 0:3 géint Island verluer. An der Paus stoung et schonn 0:2 fir d’Islänner. D’Lëtzebuerger konnten domat hir gutt Leeschtung bei der 2:1 Victoire leschte Samschdeg a Bulgarien net confirméieren.
Wed, 30 Sep 2026 - 2540 - "Fräiheets- a Friddenslidder" vum Guy SchonsWed, 30 Sep 2026
- 2539 - EKABE: 50 betraffe Bauere liwweren an Zukunft un d'Luxlait
Mir hunn de President vun hirer Prolek-Genossenschaft, de Vic Wirtz, gefrot, ob dat wierklech eng dauerhaft Solutioun ass.
Wed, 30 Sep 2026 - 2538 - Krich am Jemen: CARE Lëtzebuerg hëlleft op der PlazWed, 30 Sep 2026
- 2537 - Batty-Weber-Präiss: Firwat kritt de Guy Helminger d'Auszeechnung?
Mir froen de Literaturprofesser Christof Hamann, dee gëschter owend d'Laudatio fir de Guy Helminger gehalen huet.
Wed, 30 Sep 2026 - 2536 - Nations League: Sinn d'Rout Léiwe géint Island an der Favoritteroll?Tue, 29 Sep 2026
- 2535 - Buerféiss duerch d'Land
De Frank Jester, bekannt als "Barfußarzt", ass iwwer de Weekend vum nërdlechste Punkt vu Lëtzebuerg op dee südlechste gaang. Ouni Schong an ouni Geld.
Tue, 29 Sep 2026 - 2534 - E Réckbléck op d'Visitt vum Poopst Leo zu Metz
Theeme Fridden, Europa an d‘Spiritualitéit hu gëschter déi lescht Etapp vum Poopst Leo zu Metz markéiert. Wéi vill Persoune gëschter zu Metz present waren ass schwéier ze soen, mee de Chiffer wäert net wäit ewech si vun 100.000 Mënschen, déi de Poopst Leo wollte gesinn oder u senger Mass deelgeholl hunn. D‘Carole Schimmer huet dës Impressioune vu Metz aus matbruecht.
Tue, 29 Sep 2026 - 2533 - KI an der Literatur: D'Lëtzebuerger Editeuren hunn nach keng Richtlinnen
A Frankräich gouf e Roman aus der Auswiel fir de Prix Goncourt geholl, well de Verdacht besteet e wier mat KI geschriwwen. Wéi ginn d'Lëtzebuerger Editeure mat esou Fäll ëm?
Tue, 29 Sep 2026 - 2532 - Filmtipp: "Garance"
De sobere franséischen Drama zeechent de Portrait vun enger alkoholsüchteger Actrice - dem Michel Delage säi Kinostip!
Tue, 29 Sep 2026 - 2531 - Schach: eng mental a kierperlech Erausfuerderung
Déi lescht Deeg gouf am Usbekistan déi 46. Schacholympiad gespillt. Mat derbäi war och d'Lëtzebuerger Nationalekipp, déi um Enn am Mëttelfeld ofgeschloss huet. De President vun der Lëtzebuerger Schachfederatioun, Olivier Jeitz, freet sech virun allem driwwer, datt dräi ganz jonk Schachspiller mat op Samarkand gereest waren. De Generatiounsproblem an de Lëtzebuerger Veräiner wier amgaang sech ze léisen.
Mon, 28 Sep 2026 - 2530 - D'Pilze loosse wéinst der Dréchent op sech waarden
Vu Mëtt August bis an de November eran hunn d'Pilzen Héichsaison – normalerweis. Dëst Joer ass dat anescht: Wéinst der Dréchent loossen déi beléifte Schätz aus dem Bësch op sech waarden. Wéi eng Konsequenzen huet dat fir de Bësch a wéi eng Pilze profitéieren eventuell esouguer vum waarme Wieder? Doriwwer schwätze mir mam Lëtzebuerger Expert Fernand Schiltz.
Mon, 28 Sep 2026 - 2529 - Aviatioun: Mat E-Kerosin an eng CO2-neutral Zukunft?
De Christoph Arndt vum Deutschen Zentrum für Luft- und Raumfahrt (DLR) gleeft un d'Potential vun deem nohaltegen, stroum-baséierte Fliger-Sprit.
Mon, 28 Sep 2026 - 2528 - Neit Podcast Format: Den Zeenewiessel Portrait
Eng Persoun, hiren Alldag, a mir sinn dobäi. Am Zeenewiessel Portrait kritt een eng subjektiv Perspektiv op dat wat zu Lëtzebuerg leeft an eis all eppes ugeet. An der éischter Episode kucke mir engem jonke Fierschter iwwert d’Schëlleren. De Cédric Farinon ass a sengem Alldag konstant domadder konfrontéiert, datt Beem krank sinn oder stierwen. Hie gesäit de Bësch awer net als Patient, mee als een Ierwen, dat iwwer Joerhonnerte weider gereecht gëtt. Seng Léift fir de Bësch huet de Cédric och geierft. Vu sengem Papp, dee rezent gestuerwen ass. Den Jamie Reinert huet d’Episode realiséiert a verréit, wat Iech hei erwaart.
Mon, 28 Sep 2026 - 2527 - Poopstvisitt zu Metz am Zeeche vu Fridden a Spiritualitéit
Fir d’Zweete Kéier bannent kuerzer Zäit kënnt ee Poopst an d’Groussregioun, nom Poopst François dee virun zwee Joer zu Lëtzebuerg empfaange gouf, kënnt haut de Poopst Leo fir seng leschten Etapp op Metz. Zu Paräis an zu Lourdes war den Interessi extreem grouss. Op béid Plazen hunn eng Millioun Persounen un den zwou Massen Deel geholl. Och zu Metz ass de Mëtteg ënnert anerem eng Mass.
Mon, 28 Sep 2026 - 2526 - Iwwer 6.000 Leefer dëst Joer: Stéisst d'Route du Vin un hir Grenzen?Fri, 25 Sep 2026
- 2525 - Schwéierpunkt bis 2029: Kohäsioun a Benevolat
D’Lëtzebuerger Guiden a Scouten hunn de leschte Weekend op hirem Kongress eng nei Verbandsspëtzt gewielt. Déi nei Ekipp geet hiert Mandat mam Slogan “Mir wuessen zesummen” un. Zwee vun de fënnef neie Cheffen, d'Aurélie Dell an de Charel Donven, sinn am Studio zu Gaascht, fir e wéineg an den Detail ze goen, wat si déi nächst dräi Joer konkreet wëllen ëmsetzen.
Fri, 25 Sep 2026 - 2524 - Véier Matcher fir d'Fussball-Nationelkipp an der Nations League
Am Virfeld vun deem aussergewéinlechen Zyklus vu véier Matcher huet den Eric Ewald mam Nationaltrainer Jeff Strasser a mam Leandro Barreiro iwwer dee laangen Zäitraum zesummen als Grupp geschwat, hir "Winner"-Mentalitéit an hir Ambitioune fir déi véier Partien.
Fri, 25 Sep 2026 - 2523 - EU-Sanktiounslëscht: Xavier Bettel verdeedegt Erofhuele vum Michail Fridman
"Wann et ëm d'Bezuele vu Schuedensersatz geet, ass een an der EU ganz oft eleng", esou d'Erklärung vum Ausseminister am 100,7-Interview.
Fri, 25 Sep 2026 - 2522 - Pressekonferenz nom Drone-Virfall: 3 Ministeren, mee kaum kloer Äntwerten
De Maurice Molitor seng perséinlech Analys vun enger Pressekonferenz, déi senger Meenung no iwwerflësseg, vläicht souguer kontraproduktiv war.
Fri, 25 Sep 2026 - 2521 - Nei Campagne soll belsch Frontalierë vun der Heemecht iwwerzeegen
Méi wéi 50.000 Leit kommen all Dag aus der Belsch op Lëtzebuerg schaffen. Knapp all Zéngte vun hinne kënnt aus der däitschsproocheger Gemeinschaft. An deem Deel am Oste vun der Belsch gëtt awer dringend no qualifizéiertem Personal gesicht. Fir d’Awunner drop opmierksam ze maachen, wéi eng Méiglechkeeten et an der däitschsproocheger Belsch ginn a firwat dat besser ass wéi all Dag ze pendelen, gouf lo eng Campagne lancéiert.
Thu, 24 Sep 2026 - 2520 - En eenzegartege Fond zu Lëtzebuerg
Am Kader vum Reamenagement vun der Place de la résistance zu Veiane goufe bis ewell ronn 160 mënschlech Skeletter um fréiere Kierfecht vun der Trinitarierkierch fonnt. Zënter August lafen archeologesch Ausgruewungen op der Plaz. D'Andrea Bischof vum nationalen Archeologie-Institut INRA erkläert am Interview mam Paule Rodesch, wat déi mënschlech Iwwerreschter iwwert d’Liewen zu Veianen a fréieren Zäite kënne verroden.
Thu, 24 Sep 2026 - 2519 - Lëtzebuergesch Coursen: Et feelt weider u Proffen
Mir froen d'Direktesch vum Institut national des langues, d'Maisy Gorza, firwat et esou schwéier ass Lëtzebuergesch Proffen ze fannen.
Thu, 24 Sep 2026 - 2518 - natur&ëmwelt sicht nom Vull vum Joer 2027
... an Dir kënnt mat ofstëmmen: Haubentaucher, Feldsperling a Wintergoldhähnchen sinn déi 3 Vullenaarten, déi zur Auswiel stinn.
Thu, 24 Sep 2026 - 2517 - Spacecampus Kockelscheier: Meilesteen fir d'SES
Mam Spuetestéch, gëschter, fir hire Weltraumcampus op der Kockelscheier ass d’SES an eng nächst Phas gaangen, hir industriell Phas. De Chef vun der Société européenne des satellites, Adel Al-Saleh, huet dann och vun engem nächste Meilesteen an der Entwécklung vun der SES geschwat.
Thu, 24 Sep 2026 - 2516 - Wéi gutt fonctionéiert de Locatiouns-System Vel'OH an der Stad Lëtzebuerg?
Den aktuelle Vel’OH-System vun der Stad Lëtzebuerg leeft 2028 aus - da gëtt eng nei Ausschreiwung gemaach an d’Vëlosflott gëtt moderniséiert. Aktuell ass d’Firma JCDecaux den zoustännege Prestataire. De Stater Mobilitéitsschäffe Patrick Goldschmidt hofft op een Zitat: “Méi performante System”, wéi hie vis-à-vis vum Tageblatt sot. Wéi gutt fonctionéiert den aktuelle System a wéi zefridden ass d’Stad Lëtzebuerg domat?
Wed, 23 Sep 2026 - 2515 - Den Dan Lorang am Interview: De Mann hanner de performanten Athleeten
Laang Zäit war den Dan Lorang Trainer vun der däitscher Triathleetin Anna Haug. Du koum de Wiessel an de Vëlossport, wou hie sech bei RedBull-Bora hansgrohe een Numm als Trainer gemaach huet. Rezent ass hie bei d'Ekipp Lidl-Trek gewiesselt. De Jean-Claude Majerus hat d'Geleeënheet, mam Dan Lorang iwwer seng Karriär als Coach ze schwätzen.
Wed, 23 Sep 2026 - 2514 - UNO-Vollversammlung: Wat bréngen d'Rieden zu New York?Wed, 23 Sep 2026
- 2513 - Nei am KinoWed, 23 Sep 2026
- 2512 - "Swan Song: Diana, my sister" - wat stécht dohannert?
D'Buch vum Earl Spencer suergt fir Opreegung am Vereenegte Kinnekräich an doriwwer eraus. Mir hu mat eiser London-Korrespondentin Marie Billon driwwer geschwat.
Tue, 22 Sep 2026 - 2511 - Viru 35 Joer ass den Ötzi fonnt ginn
Den 19.9.1991 ass déi 5.300 Joer al Läich duerch Zoufall fonnt ginn. Déi Entdeckung huet de Bléck op d'Kofferzäit revolutionnéiert. E Gespréich mat der Directrice vum Südtiroler Archeologiemuseum Elisabeth Vallazza.
Tue, 22 Sep 2026 - 2510 - D'Drone-Problematik aus der Siicht vun de FligerpilotenTue, 22 Sep 2026
- 2509 - Kanada: Éischten associéierte Member vun der EU?
Den däitschen Europadeputéierten Tobias Cremer huet viru 6 Méint an engem Rapport fir méi enk Relatioune mat Kanada plädéiert. Elo geet et effektiv an déi Richtung. Seng Reaktioun?
Tue, 22 Sep 2026 - 2508 - Frankräich: Den neie fräiwëllege Militärdéngscht ass ugelaf
De Service national riicht sech haaptsächlech u jonk Leit vun 18 oder 19 Joer, déi wärend 10 Méint d’Geleeënheet kréien ze erliewen, wat et heescht, Zaldot ze sinn.
Tue, 22 Sep 2026 - 2507 - En Doheem fir demenzkrank Persounen
Haut ass de Welt-Alzeimer-Dag. Domat gëtt op eng Rei Demenzkrankheeten opmierksam gemaach, un deene weltwäit geschätzt 55 Millioune Leit leiden. Dorënner ass Alzheimer déi heefegst. Zu Lëtzebuerg bekëmmert sech d’ALA – d’Association Luxembourg Alzheimer – ëm d’Belaange vu Mënsche mat Alzheimer. Nieft der Berodung vu potentiell Erkrankten an hire Familljen, bedreift d’ALA och Dagesfoyeren an ee Wunn- a Fleegeheemer hei zu Lëtzebuerg, speziell fir demenzkrank Persounen.
Mon, 21 Sep 2026 - 2506 - Ass d'Summervakanz ze laang a sollt se aneschters opgedeelt ginn?
Dat war fir d'Rentrée eis Fro vun der Woch. D'Meenungen doriwwer gi wéineg iwwerraschend wäit auserneen. Mir hunn Är Iddien zesummegefaasst an och an der Politik nogefrot
Mon, 21 Sep 2026 - 2505 - Berlin a Mecklenburg-Vorpommern hu gewielt: Eng Analys
Wat bedeiten d'Resultater vun deene Wale fir déi zwee Bundesländer? A wéi eng Konsequenze kéinte se um nationale Plang kréien? D'Analys vum 100,7-Korrespondent Matthias Kirsch.
Mon, 21 Sep 2026 - 2504 - Tour de Luxembourg: E Bilan no 5 Deeg Course
Um Lampertsbierg war gëschter traditionell d’Arrivée vun der leschter Etapp am Tour de Luxembourg. D’Etappevictoire war no spektakulären 177km en solitaire fir den Hollänner Mathieu van der Poel. Entgéint dem wat sech virun de 5 Deeg Course erwaart gouf, konnt hien de Generalklassement awer net gewannen. Mir kucken op seng Leeschtung an och déi vun de Lëtzebuerger Cyclisten.
Mon, 21 Sep 2026 - 2503 - Ëmgang mat Dronen: "Et gëtt méi Equipement a Formatioun gebraucht"
De Manuel Atug ass Grënner a Spriecher vun der däitscher AG Kritis. Hie gesäit nach vill Loft no uewe wat d'Detektioun vun - an de Schutz virun - Dronen ugeet.
Mon, 21 Sep 2026 - 2502 - D'Marcy op Besuch am 100,7-Studio
Déi Lëtzebuerger Kënschtlerin presentéiert den Owend fuschnei Titelen an der éischter Aircheck-Session vun dëser Saison. D'Cally Kerschen huet den Event mat organiséiert.
Fri, 18 Sep 2026
Podcasts ähnlich wie Moiesstudio
El Partidazo de COPE COPE
Herrera en COPE COPE
Dante Gebel Live Dante Gebel
La noche de Cuesta esRadio
La Trinchera de Llamas esRadio
Affaires sensibles France Inter
El colegio invisible OndaCero
La Rosa de los Vientos OndaCero
Les grands dossiers de l'Histoire par Franck Ferrand Radio Classique
Espacio en blanco Radio Nacional
Le grand récit RTL
L'Heure Du Crime RTL
Parlons-nous RTL
El Larguero SER Podcast
Nadie Sabe Nada SER Podcast
SER Historia SER Podcast
Todo Concostrina SER Podcast
Un Libro Una Hora SER Podcast
Les Grosses Têtes RTL
Hondelatte Raconte Europe 1
LEGEND Guillaume Pley
Entrez dans l'Histoire RTL
RONZHEIMER. Paul Ronzheimer
C dans l'air France Télévisions
Lanz + Precht ZDF, Markus Lanz & Richard David Precht
Enquêtes criminelles RTL
L'œil de Philippe Caverivière RTL
L'After Foot RMC
Matteo Caccia racconta Radio 24
Ellinofreneia Official Digital Minds
C politique France Télévisions
Es la Mañana de Federico esRadio
Laurent Gerra RTL
Code source Le Parisien
Stammplatz – Fußball News täglich BILD
Chiamate Roma Triuno Triuno Radio Deejay
Julia en la onda OndaCero
Passione Inter Passione Inter
