Filtra per genere

Evergreens by Spuerkeess

Evergreens by Spuerkeess

Spuerkeess | Studio J (Lëtzebuerger Journal)

Wëllkomm beim Podcast iwwer Nohaltegkeet, Technologie an d'Zukunft am Banken- a Finanzwiesen. De Bryan Ferrari schwätzt all leschte Freiden am Mount mat Invitéen iwwer d'Erausfuerderunge vun haut a muer.⁣ ⁣ Mussen sech Banken online nei erfannen? Wéi kann ee mat Geld eppes Positives bewierken? Wéi e Potenzial stécht an der Blockchain? Ronderëm dës an aner Themen dréint den Talk mat Experten aus ganz ënnerschiddleche Beräicher.⁣ ⁣ Evergreens by Spuerkeess ass eng Co-Produktioun mam Studio J vum Lëtzebuerger Journal.

55 - Tëscht Euphorie a Realitéit
0:00 / 0:00
1x
  • 55 - Tëscht Euphorie a Realitéit

    K.I.-Euphorie, Rekordbewäertungen, Zentralbanken am Ëmbroch an eng nei Dynamik op de Finanzmarchéen: Dat éischt Hallefjoer huet gewisen, wéi séier sech Optimismus a Skepsis kënnen ofwiesselen. Fir e Bilan vun de leschte séchs Méint ze zéien, hat de Bryan Huberty dräi Experte vun der Spuerkeess op Besuch. De Julien Ensch ass Head of Client Relationship Management, den Nick Huberty ass Sales Trader an de Julien Kohn ass Investor Relations Manager. Si analyséieren, firwat d'Semiconductoren an d'K.I. d'Marchéen dominéieren, wéi eng Roll Gold, Energie a Japan an der aktueller Entwécklung spillen, a wat sech mat den Zentralbanken an Europa an den USA verännert.

    Fri, 17 Jul 2026
  • 54 - Essentials - E Bilan vun de leschte sechs Méint

    Wëllkomm bei Evergreens Essentials. D’Spuerkeess hëlt dech mat a spannend Diskussioun iwwer d’Nohaltegkeet an d’Zukunft vum Banken- a Finanzwiesen. All zweete Mount setzt de Podcast Evergreens en neie Sujet an de Virdergrond. Fir deen nach besser verstoen, ginn hei et 5 kuerz Froen a knackeg Äntwerten dozou. Haut kucke mer zréck op déi hallschent vum Joer 2026. Du wëlls méi iwwert dëse Sujet wëssen? Da lauschter Evergreens by Spuerkeess – den Episod "Tëscht Euphorie a Realitéit" – disponibel op journal.lu an iwwerall, wou et Podcaste ginn, ab dem Freiden, 17. Juli.

    Mon, 13 Jul 2026
  • 53 - L'immobilier luxembourgeois face à sa nouvelle réalité

    Depuis plusieurs années, le marché immobilier luxembourgeois traverse une période de transformation profonde. Entre hausse des taux d’intérêt, baisse du pouvoir d’achat immobilier et ralentissement de la construction, acquérir un bien est devenu plus complexe. Dans cet épisode, Bryan Ferrari échange avec Pierre Clément, Fondateur et CEO de Nexvia, Max Didier, CEO de la Compagnie de Construction Luxembourgeoise et Charles Pletsch, Responsable du Retail Banking chez Spuerkeess, pour décrypter les dynamiques actuelles du marché. Ensemble, ils analysent les différences entre l’existant et le neuf, l’impact des politiques publiques et des contraintes de financement, ainsi que le rôle clé de la confiance dans la relance du secteur.

    Fri, 22 May 2026
  • 52 - Essentials - De Lëtzebuerger Immobilier

    Wëllkomm bei Evergreens Essentials. D’Spuerkeess hëlt dech mat a spannend Diskussioun iwwer d’Nohaltegkeet an d’Zukunft vum Banken- a Finanzwiesen. All zweete Mount setzt de Podcast Evergreens en neie Sujet an de Virdergrond. Fir deen nach besser verstoen, ginn hei et 5 kuerz Froen a knackeg Äntwerten dozou. Haut beschäftege mer eis mam Immobilier. Du wëlls méi iwwert de Sujet wëssen? Da lauschter Evergreens by Spuerkeess – den Episod "L'immobilier luxembourgeois face à sa nouvelle réalité" – disponibel op journal.lu an iwwerall, wou et Podcaste ginn, de Freiden, 22. Mee.

    Wed, 20 May 2026
  • 51 - De Lëtzebuerger Entreprenariat méi fërderen

    Wéi geet et dem Entreprenariat zu Lëtzebuerg? An enger Zäit vu wirtschaftlechen Onsécherheeten, wuessend Regulatiounen an technologechem Wandel stinn d'Entreprisen viru villen Challengen – mee och virun neien Opportunitéiten. An dëser Episod schwätzt de Bryan Ferrari mam Gérard Thein, President vun der Fédération des Jeunes Dirigeants (FJD), dem Sven Baltes, CEO vu Jonk Entrepreneuren Luxembourg (JEL), an dem Jean-Luc Bermes, Deputy Head of Corporate Banking bei der Spuerkeess. Zesumme schwätze si doriwwer, wéi den Entreprenariat zu Lëtzebuerger gefërdert ka ginn. Am Fokus stinn dobäi d'Auswierkunge vun neien Technologien, wéi K.I., d'Roll vu Finanzéierung an d'Fro, wéi Lëtzebuerg säin Entrepreneur-Ekosystem an de kommende Jore stäerke kann.

    Mon, 09 Mar 2026
Mostra altri episodi