Podcasts by Category

Poterkëscht vum INLL

Poterkëscht vum INLL

Poterkëscht

Den offizielle Podcast vum Institut national des langues Luxembourg. All Woch publizéiere mir nei interessant Episdoen, fir Lëtzebuergesch ze léieren.

223 - Halloween-Special 2026
0:00 / 0:00
1x
  • 223 - Halloween-Special 2026

    Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

    Haut héiere mir, wéi eng Persoun eis vun enger onheemlecher Halloweennuecht erzielt.

    Vill Spaass beim Nolauschteren!

    -

    Transkript:

    Mara: Ech muss iech eppes erzielen. Ech hat gëschter Owend déi komeschst Halloween-Nuecht vu mengem Liewen.

    Lina: O, elo sinn ech awer gespaant. Wat ass geschitt?

    Tom: Waart, looss mech roden: Du hues e Geescht gesinn?

    Mara: Vläicht. Ech weess et selwer net. Ech war gëschter eleng doheem, well dir zwee jo ofgesot hat.

    Lina: Sorry! Ech war wierklech midd. Mee wat ass geschitt?

    Mara: Géint zéng Auer huet et un der Dier geklappt. Dräimol.

    Tom: Warscheinlech Kanner, déi Séissegkeete wollten.

    Mara: Dat hunn ech och geduecht. Ech hunn duerch de Spioun gekuckt an do stoung e klengt Kand mat engem wäisse Läinduch iwwer dem Kapp.

    Lina: An du hues d’Dier opgemaach?

    Mara: Ech hunn d’Dier e bëssen opgemaach, mee op eemol war d’Kand verschwonnen.

    Tom: Dat kann net sinn. Vläicht ass et einfach fortgelaf.

    Mara: Ech hunn och geduecht, ech hätt mech geiert. Mee dunn ass eppes nach méi Komesches geschitt.

    Lina: Wat?

    Mara: Mäi Computer huet op eemol eng Noriicht ugewisen.

    Tom: Wat fir eng Noriicht?

    Mara: Do stoung: „Maach d’Dier net op.“

    Lina: Dat ass awer net méi witzeg.

    Tom: Vläicht huet een dech einfach veräppelt. Konnts du net gesinn, vu wiem d’Noriicht koum?

    Mara: Dat war jo de Problem. Ech hunn eng zweet Noriicht kritt: „Ech sinn nach ëmmer dobaussen.“

    Lina: Ech kréien elo schonn Héngerhaut.

    Tom: A wat hues du gemaach?

    Mara: Ech hu meng Mamm ugeruff. Déi huet mech gefrot, ob ech sécher wier, datt ech eleng doheem wier.

    Lina: Gutt, datt s de mat hir schwätze konnts, du waars de net esou eleng.

    Mara: Jo, mee du war beemol d’Netz fort an ech konnt kee méi uruffen.

    Tom: An dunn?

    Mara: Sinn all d’Luuchten ausgefall.

    Lina: Nee! Ech hätt direkt d’Haus verlooss.

    Mara: Ech och. Mee dunn hunn ech e Geräisch héieren.

    Tom: Virun der Hausdier?

    Mara: Nee. Et huet aus dem Keller geklappt.

    Lina: Aus dem Keller?

    Mara: Jo. An dat Schlëmmst war: D’Kellerdier war op. Dobäi war déi zënter Méint schonn zougespaart.

    Lina: Ech soen dir éierlech: Ech wier do net erofgaangen.

    Mara: Ech och net. Mee ech hunn eng Luucht am Keller gesinn. Ech sinn e puer Schrëtt méi no gaangen an hunn en Telefon um Buedem gesinn.

    Tom: Däin Telefon?

    Mara: Nee, dat war dat Komescht. Ech hat mäin Telefon nach an der Hand.

    Lina: Wat stoung um Telefon?

    Mara: Eng Noriicht: „Ech hu gesot, du solls d’Dier net opmaachen.“

    Tom: Dat ass wierklech grujeleg.

    Mara: An dunn hunn ech eng Stëmm hannert mir héieren.

    Lina: Wat huet si gesot?

    Mara: „Du hues mech awer eragelooss.“

    Tom: Ok... dat ass de Moment, wou ech definitiv fortgelaf wier.

    Lina: Ech och! An hues du dech ëmgedréint?

    Mara: Nee.

    Tom: Firwat net?

    Mara: Well ech Angscht hat, ze gesinn, wien hannert mir stoung.

    Lina: A wat hues du du gemaach?

    Mara: Ech hunn e bëssi gewaart a wéi alles roueg war, sinn ech a meng Kummer gaangen, hu mech agespaart an iergendwann sinn ech ageschlof.

    Tom: A moies?

    Mara: Moies war d’Kellerdier nees zou.

    Lina: A soss?

    Mara: Op mengem Kichendësch louch e klengen Ziedel.

    Tom: Wat stoung drop?

    Mara: „Merci fir d’Invitatioun. Déi nächst Kéier komme mir méi fréi.“

    Lina: Dat ass net méiglech...

    Tom: Du has eis jo fir Halloween invitéiert. An op denger Invitatioun stoung: „D’Party fänkt um 22 Auer un.“

    Lina: Awer mir waren ni bei dir.

    Mara: Ech weess.

    Tom: Da war vläicht een aneren op denger Party...

    Mara: ...an ech mengen, hien ass nach ëmmer do.

    Thu, 29 Oct 2026 - 06min
  • 222 - Beim Kiné: An der Praxis & Um Telefon (A2)

    Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

    Haut héiere mir zwee Dialoger beim Kiné: fir d'éischt ass e Patient an der Praxis wéinst Réckwéi, an duerno en Telefonat mat dem Sekretariat wéinst engem Problem mat enger Rechnung.

    - 

    Transkript:

    Beim Kiné

    Kiné: Moien! Wéi kann ech Iech hëllefen? 

    Patient: Moien. Ech hunn zënter e puer Deeg Réckwéi. 

    Kiné: Wou deet et wéi? 

    Patient: Am ënneschte Réck. Et deet virun allem wéi, wann ech mech no vir bécken. 

    Kiné: Wéi laang hutt Dir scho wéi? 

    Patient: Zënter véier Deeg. 

    Kiné: Hutt Dir Iech iergendwéi blesséiert? 

    Patient: Nee, ech mengen net. Mee ech hunn de leschte Weekend vill Sport gemaach. 

    Kiné: Wat fir e Sport maacht Dir? 

    Patient: Ech spillen zweemol d'Woch Tennis. 

    Kiné: Ok. Ech kucken elo Äre Réck. Maacht wgl. dës Beweegung. 

    Patient: Esou? 

    Kiné: Jo. An elo béckt Iech no vir. 

    Patient: Aua, do deet et wéi. 

    Kiné: Dir hutt warscheinlech eng kleng Muskelverspanung. Ech maachen e puer Übungen mat Iech, fir dass et besser gëtt. 

    Patient: Däerf ech elo eng Zäit laang kee Sport méi maachen? 

    Kiné: Genee, fir e puer Deeg, dat ass besser fir Iech, Dir sollt Äre Réck net ze vill belaaschten. 

    Patient: A kann ech doheem eppes maachen? 

    Kiné: Jo. Ech weisen Iech e puer einfach Übungen. Maacht se eemol oder zweemol den Dag. 

    Patient: Ok, merci. 

    Kiné: Gär. A wann de Wéi méi staark gëtt, gitt nach eemol bei Ären Dokter. 

    Patient: Maachen ech. Merci a bis d'nächst Kéier! 

    Kiné: Et ass gär geschitt. Bis d'nächst Kéier! 

     

    A2 – Eng Rechnung vum Kiné 

    Sekretärin: Gudde Moien, Praxis vum Kiné, wéi kann ech Iech hëllefen? 

    Cliente: Gudde Moien. Mäin Numm ass Sophie Weber. Ech hunn eng Rechnung vun Iech kritt, mee ech verstinn net, firwat. 

    Sekretärin: Kënnt Dir mir wgl. Äre Gebuertsdatum soen? 

    Cliente: Jo, de 14. Mäerz 1985. 

    Sekretärin: Merci. An ëm wéi eng Rechnung geet et? 

    Cliente: Et ass eng Rechnung iwwer 50 Euro. Do steet, datt ech bei engem Rendez-vous war. Mee ech war guer net bei Iech. 

    Sekretärin: Ech kucken dat kuerz no. Hat Dir dëse Mount e Rendez-vous bei eis? 

    Cliente: Jo, ech hat e Rendez-vous en Dënschdeg um 10 Auer. 

    Sekretärin: Dat stëmmt. Dir hat en Dënschdeg um 10 Auer e Rendez-vous beim Kiné. 

    Cliente: Jo, mee ech sinn net gaangen. Ech war krank a konnt net kommen. 

    Sekretärin: A, ech verstinn. Dat ass warscheinlech de Grond fir d’Rechnung. 

    Cliente: Firwat? Ech war dach net do! 

    Sekretärin: Jo, dat ass richteg. Mee wann een net op de Rendez-vous kënnt as sech net ofmellt, gëtt de Rendez-vous trotzdeem verrechent. 

    Cliente: Aha. Dat wousst ech net. 

    Sekretärin: Dat steet och an eise Reegelen. Wann een net komme kann, muss een eis am beschten esou séier wéi méiglech uruffen. 

    Cliente: Ech verstinn. Mee ech war deen Dag wierklech krank an ech hunn einfach net dru geduecht. 

    Sekretärin: Dat kann natierlech geschéien. 

    Cliente: Kann een do näischt maachen? Ech fannen 50 Euro zimmlech vill, wann ech guer net do war. 

    Sekretärin: Ech verstinn Iech. Ech schwätzen emol mam Kiné. Waart wgl. eng Minutt. 

    Cliente: Jo, kee Problem. 

    Sekretärin: Merci fir d’Waarden. Ech hu mam Kiné geschwat. Well et déi éischt Kéier war, datt Dir e Rendez-vous verpasst hutt, maache mir dës Kéier eng Ausnam. 

    Cliente: Wierklech? Dat ass ganz léif! 

    Sekretärin: Jo. Mir annuléieren d’Rechnung dës Kéier. Mee wann Dir nach eng Kéier net komme kënnt, musst Dir eis wgl. uruffen. 

    Cliente: Jo, dat maachen ech. Ech hunn elo verstanen, wéi et funktionéiert. 

    Sekretärin: Ganz gutt. A wann Dir wëllt, kënne mir Iech och direkt en neie Rendez-vous ginn. 

    Cliente: Jo, gär. Hutt Dir d’nächst Woch nach Plaz? 

    Sekretärin: Jo. Dir kënnt en Dënschdeg um 11 Auer oder en Donneschdeg um 15 Auer kommen. 

    Cliente: En Donneschdeg um 15 Auer passt gutt. 

    Sekretärin: Perfekt. Dann hunn ech Iech fir en Donneschdeg um 15 Auer opgeschriwwen. 

    Cliente: Super, merci fir Är Hëllef! 

    Sekretärin: Gär geschitt. An denkt drun: Wann Dir net kënnt, rufft eis wgl. un. 

    Cliente: Jo, dat maachen ech. Äddi! 

    Sekretärin: Äddi a bis en Donneschdeg! 

    Tue, 27 Oct 2026 - 05min
  • 221 - Am Kleederbuttek & Falsch Online-Bestellung (A2-B1)

    Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

    Haut héiere mir zwee Dialoger. Am éischten Dialog ass eng Persoun am Kleederbuttek a wëll eng nei Jackett kafen. Am zweeten Dialog ass eng Persoun an engem Guichet, well si e Problem mat enger Online-Bestellung huet.

    Vill Spaass beim Nolauschteren!

    -

    Transkript:


    Am Kleederbuttek

    Client: Moien. Ech wéilt gär eng Jackett an der Gréisst M umoossen. 

    Verkeeferin: Moien. Wat fir eng Jackett wéilt Dir gär umoossen? 

    Client: Déi schwaarz Jackett do. Hutt Dir se nach an der Gréisst M? 

    Verkeeferin: Waart, ech kucken no. Leider ass d'Gréisst M ausverkaf. 

    Client: Schued. Hutt Dir da vläischt nach esou eng Jackett an enger anerer Faarf? 

    Verkeeferin: Jo, mir hunn déi Jackett nach am Bloen. 

    Client: Hutt Dir se dann och nach an der Gréisst M? 

    Verkeeferin: Jo, si ass nach an der Gréisst M do. 

    Client: Kann ech se wgl. uprobéieren? 

    Verkeeferin: Natierlech. D'Kabinne sinn do hannen. 

    Client: Merci. … O, si passt gutt. Wéi vill kascht se? 

    Verkeeferin: Si kascht 59 Euro. 

    Client: Ok, da kafen ech se. 

    Verkeeferin: Gär. Wëllt Dir mat der Kaart oder boer bezuelen? 

    Client: Mat der Kaart, wgl. 

    Verkeeferin: Merci. Hei ass Är Quittung. 

    Client: Merci fir Är Hëllef! 

    Verkeeferin: Gär geschitt! 


    Eng falsch Online-Bestellung

    Client: Moien. Ech hunn e Problem mat menger Bestellung, déi ech online gemaach hunn. 

    Service: Moien. Wat ass da geschitt? 

    Client: Ech hunn d’Bestellung virun enger Woch gemaach. Haut ass de Pak ukomm, mee leider ass eppes falsch. 

    Service: Wat ass dann net an der Rei? 

    Client: Ech hat eng schwaarz Jackett an der Gréisst M bestallt. Am Pak ass awer eng blo Jackett an der Gréisst L. 

    Service: O, dat deet mir leed. Hutt Dir d’Bestellnummer dobäi? 

    Client: Jo, hei ass se. D’Nummer ass 45872. 

    Service: Merci. Ech kucken dat direkt no. Jo, ech gesinn, datt Dir tatsächlech eng schwaarz Jackett an der Gréisst M bestallt hat. 

    Client: Genee. Ech brauch d’Jackett fir d’nächst Woch, dofir ass et e bëssen dréngend. 

    Service: Ech verstinn. Mir kënnen Iech déi richteg Jackett nach eng Kéier schécken. 

    Client: Wéi laang dauert d’Liwwerung? 

    Service: Normalerweis zwee bis dräi Aarbechtsdeeg. Mir maachen d’Bestellung direkt fäerdeg. 

    Client: Dat wier super. A wat maachen ech mat der falscher Jackett? 

    Service: Dir kënnt se gratis zeréckschécken. Ech schécken Iech eng E-Mail mat engem Retourlabel. 

    Client: Muss ech de Porto bezuelen? 

    Service: Nee, natierlech net. Well de Feeler bei eiser Bestellung läit, ass de Retour gratis. 

    Client: Ok, dat ass gutt. A kréien ech eng Confirmatioun per E-Mail? 

    Service: Jo, Dir kritt direkt eng Confirmatioun mat allen Informatiounen. 

    Client: Super. Da waarden ech op d’E-Mail. Merci fir Är Hëllef! 

    Service: Gär geschitt. A nach eng Kéier Pardon fir de Feeler. 

    Client: Kee Problem. Äddi! 

    Service: Äddi an e schéinen Dag! 

    Thu, 22 Oct 2026 - 04min
  • 220 - Eleng Reesen (B2)

    Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

    Am Episod vun haut geet et ëm d'Theema eleng reesen. Vill Spaass beim Nolauschteren!

    -

    Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick!). Dir braucht kee Kont klickt einfach op ''access as guest''.

    Tue, 20 Oct 2026 - 06min
  • 219 - Zwee Problemer am Restaurant (A2)

    Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

    Haut héiere mir zwou Situatiounen am Restaurant. Am éischten Deel kritt de Client déi falsch Bestellung. Am zweeten Deel gëtt et e Feeler mat der Rechnung.

    Vill Spaass beim Nolauschteren!

    -

    Transkipt:

    Am Restaurant – Problem mat der Bestellung

    Serveuse: Gudden Owend! Wëllt Dir eppes drénken? 

    Client: Jo, wannechgelift. Ech hätt gär en hallwe Liter Spruddelwaasser. 

    Serveuse: Jo, gär. Wësst Dir schonn, wat Dir iesse wëllt? 

    Client: Jo. Ech huelen d’Geméiszopp als Entrée, wannechgelift. 

    Serveuse: An als Haaptplat? 

    Client: Ech hätt gär den italienesche Sandwich, mee ouni Ham, wannechgelift. Ech si Vegetarier. 

    Serveuse: Jo, kee Problem. Wëllt Dir nach eppes dobäi? Eng kleng Zalot, oder eng Portioun Fritten? 

    Client: Hmm … jo, eng kleng Zalot, wannechgelift. 

    Serveuse: Gären. Ech bréngen Iech d’Gedrénks direkt. (...) Hei ass d’Gedrénks. An hei ass Är Zopp. Gudden Appetit! 

    Client: Merci! Eh… Entschëllegt … 

    Serveuse: Jo? 

    Client: Ech mengen, dat ass net meng Zopp. 

    Serveuse: Oh, wierklech? Wat hutt Dir bestallt? 

    Client: Ech hunn d’Geméiszopp bestallt. Dat hei ass eng Tomatenzopp. 

    Serveuse: A jo … Dir hutt Recht. Dat hei ass d’Zopp vun engem anere Client. Et deet mer leed! 

    Client: Kee Problem. 

    Serveuse: Ech bréngen Iech direkt déi richteg Zopp. Ee Moment, wannechgelift. (...) Sou, hei ass Är Geméiszopp. Entschëllegt nach eng Kéier. 

    Client: Kee Problem. Merci! 

    Serveuse: Gudden Appetit! (...) Sidd Dir fäerdeg? 

    Client: Jo. D’Zopp war wierklech gutt. 

    Serveuse: Dat freet mech. Hei ass Ären italieneesche Sandwich ouni Ham, an Är Zalot. 

    Client: Merci.  

    Serveuse: Kann ech Iech nach eppes bréngen? 

    Client: Nee, merci. Fir de Moment ass alles gutt. 

    Serveuse: Da wënschen ech Iech e gudden Appetit! 

    Client: Merci! 

     

    Eng falsch Rechnung am Restaurant 

    Cliente: Entschëllegt, ech mengen, hei ass e Feeler op der Rechnung. 

    Serveur: O, wierklech? Wat ass falsch? 

    Cliente: Mir haten zwou Zalote bestallt, awer hei stinn dräi Zaloten. 

    Serveur: A jo, Dir hutt Recht. Ech kucken direkt no. 

    Cliente: Merci. An de Jus ass och zweemol op der Rechnung. 

    Serveur: A jo, ech gesinn. Et deet mir leed. 

    Cliente: Kee Problem. Kënnt Dir d'Rechnung wgl. änneren? 

    Serveur: Natierlech. Ech maachen Iech eng nei Rechnung. 

    Cliente: Super, merci. 

    Serveur: Hei ass déi nei Rechnung. Kuckt wgl. nach eng Kéier, ob elo alles stëmmt. 

    Cliente: Jo, elo ass alles richteg. 

    Serveur: Ganz gutt. Wëllt Dir mat Kaart oder boer bezuelen? 

    Cliente: Mat Kaart, wann ech gelift. 

    Serveur: Gär. Hei ass Äre Reçu. 

    Cliente: Merci an e schéinen Dag! 

    Serveur: Merci, Iech och! 

    Thu, 15 Oct 2026 - 03min
Show More Episodes