Filtrar por gênero
- 223 - Halloween-Special 2026
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut héiere mir, wéi eng Persoun eis vun enger onheemlecher Halloweennuecht erzielt.
Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Transkript:
Mara: Ech muss iech eppes erzielen. Ech hat gëschter Owend déi komeschst Halloween-Nuecht vu mengem Liewen.
Lina: O, elo sinn ech awer gespaant. Wat ass geschitt?
Tom: Waart, looss mech roden: Du hues e Geescht gesinn?
Mara: Vläicht. Ech weess et selwer net. Ech war gëschter eleng doheem, well dir zwee jo ofgesot hat.
Lina: Sorry! Ech war wierklech midd. Mee wat ass geschitt?
Mara: Géint zéng Auer huet et un der Dier geklappt. Dräimol.
Tom: Warscheinlech Kanner, déi Séissegkeete wollten.
Mara: Dat hunn ech och geduecht. Ech hunn duerch de Spioun gekuckt an do stoung e klengt Kand mat engem wäisse Läinduch iwwer dem Kapp.
Lina: An du hues d’Dier opgemaach?
Mara: Ech hunn d’Dier e bëssen opgemaach, mee op eemol war d’Kand verschwonnen.
Tom: Dat kann net sinn. Vläicht ass et einfach fortgelaf.
Mara: Ech hunn och geduecht, ech hätt mech geiert. Mee dunn ass eppes nach méi Komesches geschitt.
Lina: Wat?
Mara: Mäi Computer huet op eemol eng Noriicht ugewisen.
Tom: Wat fir eng Noriicht?
Mara: Do stoung: „Maach d’Dier net op.“
Lina: Dat ass awer net méi witzeg.
Tom: Vläicht huet een dech einfach veräppelt. Konnts du net gesinn, vu wiem d’Noriicht koum?
Mara: Dat war jo de Problem. Ech hunn eng zweet Noriicht kritt: „Ech sinn nach ëmmer dobaussen.“
Lina: Ech kréien elo schonn Héngerhaut.
Tom: A wat hues du gemaach?
Mara: Ech hu meng Mamm ugeruff. Déi huet mech gefrot, ob ech sécher wier, datt ech eleng doheem wier.
Lina: Gutt, datt s de mat hir schwätze konnts, du waars de net esou eleng.
Mara: Jo, mee du war beemol d’Netz fort an ech konnt kee méi uruffen.
Tom: An dunn?
Mara: Sinn all d’Luuchten ausgefall.
Lina: Nee! Ech hätt direkt d’Haus verlooss.
Mara: Ech och. Mee dunn hunn ech e Geräisch héieren.
Tom: Virun der Hausdier?
Mara: Nee. Et huet aus dem Keller geklappt.
Lina: Aus dem Keller?
Mara: Jo. An dat Schlëmmst war: D’Kellerdier war op. Dobäi war déi zënter Méint schonn zougespaart.
Lina: Ech soen dir éierlech: Ech wier do net erofgaangen.
Mara: Ech och net. Mee ech hunn eng Luucht am Keller gesinn. Ech sinn e puer Schrëtt méi no gaangen an hunn en Telefon um Buedem gesinn.
Tom: Däin Telefon?
Mara: Nee, dat war dat Komescht. Ech hat mäin Telefon nach an der Hand.
Lina: Wat stoung um Telefon?
Mara: Eng Noriicht: „Ech hu gesot, du solls d’Dier net opmaachen.“
Tom: Dat ass wierklech grujeleg.
Mara: An dunn hunn ech eng Stëmm hannert mir héieren.
Lina: Wat huet si gesot?
Mara: „Du hues mech awer eragelooss.“
Tom: Ok... dat ass de Moment, wou ech definitiv fortgelaf wier.
Lina: Ech och! An hues du dech ëmgedréint?
Mara: Nee.
Tom: Firwat net?
Mara: Well ech Angscht hat, ze gesinn, wien hannert mir stoung.
Lina: A wat hues du du gemaach?
Mara: Ech hunn e bëssi gewaart a wéi alles roueg war, sinn ech a meng Kummer gaangen, hu mech agespaart an iergendwann sinn ech ageschlof.
Tom: A moies?
Mara: Moies war d’Kellerdier nees zou.
Lina: A soss?
Mara: Op mengem Kichendësch louch e klengen Ziedel.
Tom: Wat stoung drop?
Mara: „Merci fir d’Invitatioun. Déi nächst Kéier komme mir méi fréi.“
Lina: Dat ass net méiglech...
Tom: Du has eis jo fir Halloween invitéiert. An op denger Invitatioun stoung: „D’Party fänkt um 22 Auer un.“
Lina: Awer mir waren ni bei dir.
Mara: Ech weess.
Tom: Da war vläicht een aneren op denger Party...
Mara: ...an ech mengen, hien ass nach ëmmer do.
Thu, 29 Oct 2026 - 06min - 222 - Beim Kiné: An der Praxis & Um Telefon (A2)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut héiere mir zwee Dialoger beim Kiné: fir d'éischt ass e Patient an der Praxis wéinst Réckwéi, an duerno en Telefonat mat dem Sekretariat wéinst engem Problem mat enger Rechnung.
-
Transkript:
Beim Kiné
Kiné: Moien! Wéi kann ech Iech hëllefen?
Patient: Moien. Ech hunn zënter e puer Deeg Réckwéi.
Kiné: Wou deet et wéi?
Patient: Am ënneschte Réck. Et deet virun allem wéi, wann ech mech no vir bécken.
Kiné: Wéi laang hutt Dir scho wéi?
Patient: Zënter véier Deeg.
Kiné: Hutt Dir Iech iergendwéi blesséiert?
Patient: Nee, ech mengen net. Mee ech hunn de leschte Weekend vill Sport gemaach.
Kiné: Wat fir e Sport maacht Dir?
Patient: Ech spillen zweemol d'Woch Tennis.
Kiné: Ok. Ech kucken elo Äre Réck. Maacht wgl. dës Beweegung.
Patient: Esou?
Kiné: Jo. An elo béckt Iech no vir.
Patient: Aua, do deet et wéi.
Kiné: Dir hutt warscheinlech eng kleng Muskelverspanung. Ech maachen e puer Übungen mat Iech, fir dass et besser gëtt.
Patient: Däerf ech elo eng Zäit laang kee Sport méi maachen?
Kiné: Genee, fir e puer Deeg, dat ass besser fir Iech, Dir sollt Äre Réck net ze vill belaaschten.
Patient: A kann ech doheem eppes maachen?
Kiné: Jo. Ech weisen Iech e puer einfach Übungen. Maacht se eemol oder zweemol den Dag.
Patient: Ok, merci.
Kiné: Gär. A wann de Wéi méi staark gëtt, gitt nach eemol bei Ären Dokter.
Patient: Maachen ech. Merci a bis d'nächst Kéier!
Kiné: Et ass gär geschitt. Bis d'nächst Kéier!
A2 – Eng Rechnung vum Kiné
Sekretärin: Gudde Moien, Praxis vum Kiné, wéi kann ech Iech hëllefen?
Cliente: Gudde Moien. Mäin Numm ass Sophie Weber. Ech hunn eng Rechnung vun Iech kritt, mee ech verstinn net, firwat.
Sekretärin: Kënnt Dir mir wgl. Äre Gebuertsdatum soen?
Cliente: Jo, de 14. Mäerz 1985.
Sekretärin: Merci. An ëm wéi eng Rechnung geet et?
Cliente: Et ass eng Rechnung iwwer 50 Euro. Do steet, datt ech bei engem Rendez-vous war. Mee ech war guer net bei Iech.
Sekretärin: Ech kucken dat kuerz no. Hat Dir dëse Mount e Rendez-vous bei eis?
Cliente: Jo, ech hat e Rendez-vous en Dënschdeg um 10 Auer.
Sekretärin: Dat stëmmt. Dir hat en Dënschdeg um 10 Auer e Rendez-vous beim Kiné.
Cliente: Jo, mee ech sinn net gaangen. Ech war krank a konnt net kommen.
Sekretärin: A, ech verstinn. Dat ass warscheinlech de Grond fir d’Rechnung.
Cliente: Firwat? Ech war dach net do!
Sekretärin: Jo, dat ass richteg. Mee wann een net op de Rendez-vous kënnt as sech net ofmellt, gëtt de Rendez-vous trotzdeem verrechent.
Cliente: Aha. Dat wousst ech net.
Sekretärin: Dat steet och an eise Reegelen. Wann een net komme kann, muss een eis am beschten esou séier wéi méiglech uruffen.
Cliente: Ech verstinn. Mee ech war deen Dag wierklech krank an ech hunn einfach net dru geduecht.
Sekretärin: Dat kann natierlech geschéien.
Cliente: Kann een do näischt maachen? Ech fannen 50 Euro zimmlech vill, wann ech guer net do war.
Sekretärin: Ech verstinn Iech. Ech schwätzen emol mam Kiné. Waart wgl. eng Minutt.
Cliente: Jo, kee Problem.
Sekretärin: Merci fir d’Waarden. Ech hu mam Kiné geschwat. Well et déi éischt Kéier war, datt Dir e Rendez-vous verpasst hutt, maache mir dës Kéier eng Ausnam.
Cliente: Wierklech? Dat ass ganz léif!
Sekretärin: Jo. Mir annuléieren d’Rechnung dës Kéier. Mee wann Dir nach eng Kéier net komme kënnt, musst Dir eis wgl. uruffen.
Cliente: Jo, dat maachen ech. Ech hunn elo verstanen, wéi et funktionéiert.
Sekretärin: Ganz gutt. A wann Dir wëllt, kënne mir Iech och direkt en neie Rendez-vous ginn.
Cliente: Jo, gär. Hutt Dir d’nächst Woch nach Plaz?
Sekretärin: Jo. Dir kënnt en Dënschdeg um 11 Auer oder en Donneschdeg um 15 Auer kommen.
Cliente: En Donneschdeg um 15 Auer passt gutt.
Sekretärin: Perfekt. Dann hunn ech Iech fir en Donneschdeg um 15 Auer opgeschriwwen.
Cliente: Super, merci fir Är Hëllef!
Sekretärin: Gär geschitt. An denkt drun: Wann Dir net kënnt, rufft eis wgl. un.
Cliente: Jo, dat maachen ech. Äddi!
Sekretärin: Äddi a bis en Donneschdeg!
Tue, 27 Oct 2026 - 05min - 221 - Am Kleederbuttek & Falsch Online-Bestellung (A2-B1)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut héiere mir zwee Dialoger. Am éischten Dialog ass eng Persoun am Kleederbuttek a wëll eng nei Jackett kafen. Am zweeten Dialog ass eng Persoun an engem Guichet, well si e Problem mat enger Online-Bestellung huet.
Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Transkript:
Am Kleederbuttek
Client: Moien. Ech wéilt gär eng Jackett an der Gréisst M umoossen.
Verkeeferin: Moien. Wat fir eng Jackett wéilt Dir gär umoossen?
Client: Déi schwaarz Jackett do. Hutt Dir se nach an der Gréisst M?
Verkeeferin: Waart, ech kucken no. Leider ass d'Gréisst M ausverkaf.
Client: Schued. Hutt Dir da vläischt nach esou eng Jackett an enger anerer Faarf?
Verkeeferin: Jo, mir hunn déi Jackett nach am Bloen.
Client: Hutt Dir se dann och nach an der Gréisst M?
Verkeeferin: Jo, si ass nach an der Gréisst M do.
Client: Kann ech se wgl. uprobéieren?
Verkeeferin: Natierlech. D'Kabinne sinn do hannen.
Client: Merci. … O, si passt gutt. Wéi vill kascht se?
Verkeeferin: Si kascht 59 Euro.
Client: Ok, da kafen ech se.
Verkeeferin: Gär. Wëllt Dir mat der Kaart oder boer bezuelen?
Client: Mat der Kaart, wgl.
Verkeeferin: Merci. Hei ass Är Quittung.
Client: Merci fir Är Hëllef!
Verkeeferin: Gär geschitt!
Eng falsch Online-Bestellung
Client: Moien. Ech hunn e Problem mat menger Bestellung, déi ech online gemaach hunn.
Service: Moien. Wat ass da geschitt?
Client: Ech hunn d’Bestellung virun enger Woch gemaach. Haut ass de Pak ukomm, mee leider ass eppes falsch.
Service: Wat ass dann net an der Rei?
Client: Ech hat eng schwaarz Jackett an der Gréisst M bestallt. Am Pak ass awer eng blo Jackett an der Gréisst L.
Service: O, dat deet mir leed. Hutt Dir d’Bestellnummer dobäi?
Client: Jo, hei ass se. D’Nummer ass 45872.
Service: Merci. Ech kucken dat direkt no. Jo, ech gesinn, datt Dir tatsächlech eng schwaarz Jackett an der Gréisst M bestallt hat.
Client: Genee. Ech brauch d’Jackett fir d’nächst Woch, dofir ass et e bëssen dréngend.
Service: Ech verstinn. Mir kënnen Iech déi richteg Jackett nach eng Kéier schécken.
Client: Wéi laang dauert d’Liwwerung?
Service: Normalerweis zwee bis dräi Aarbechtsdeeg. Mir maachen d’Bestellung direkt fäerdeg.
Client: Dat wier super. A wat maachen ech mat der falscher Jackett?
Service: Dir kënnt se gratis zeréckschécken. Ech schécken Iech eng E-Mail mat engem Retourlabel.
Client: Muss ech de Porto bezuelen?
Service: Nee, natierlech net. Well de Feeler bei eiser Bestellung läit, ass de Retour gratis.
Client: Ok, dat ass gutt. A kréien ech eng Confirmatioun per E-Mail?
Service: Jo, Dir kritt direkt eng Confirmatioun mat allen Informatiounen.
Client: Super. Da waarden ech op d’E-Mail. Merci fir Är Hëllef!
Service: Gär geschitt. A nach eng Kéier Pardon fir de Feeler.
Client: Kee Problem. Äddi!
Service: Äddi an e schéinen Dag!
Thu, 22 Oct 2026 - 04min - 220 - Eleng Reesen (B2)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Am Episod vun haut geet et ëm d'Theema eleng reesen. Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick!). Dir braucht kee Kont klickt einfach op ''access as guest''.
Tue, 20 Oct 2026 - 06min - 219 - Zwee Problemer am Restaurant (A2)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut héiere mir zwou Situatiounen am Restaurant. Am éischten Deel kritt de Client déi falsch Bestellung. Am zweeten Deel gëtt et e Feeler mat der Rechnung.
Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Transkipt:
Am Restaurant – Problem mat der Bestellung
Serveuse: Gudden Owend! Wëllt Dir eppes drénken?
Client: Jo, wannechgelift. Ech hätt gär en hallwe Liter Spruddelwaasser.
Serveuse: Jo, gär. Wësst Dir schonn, wat Dir iesse wëllt?
Client: Jo. Ech huelen d’Geméiszopp als Entrée, wannechgelift.
Serveuse: An als Haaptplat?
Client: Ech hätt gär den italienesche Sandwich, mee ouni Ham, wannechgelift. Ech si Vegetarier.
Serveuse: Jo, kee Problem. Wëllt Dir nach eppes dobäi? Eng kleng Zalot, oder eng Portioun Fritten?
Client: Hmm … jo, eng kleng Zalot, wannechgelift.
Serveuse: Gären. Ech bréngen Iech d’Gedrénks direkt. (...) Hei ass d’Gedrénks. An hei ass Är Zopp. Gudden Appetit!
Client: Merci! Eh… Entschëllegt …
Serveuse: Jo?
Client: Ech mengen, dat ass net meng Zopp.
Serveuse: Oh, wierklech? Wat hutt Dir bestallt?
Client: Ech hunn d’Geméiszopp bestallt. Dat hei ass eng Tomatenzopp.
Serveuse: A jo … Dir hutt Recht. Dat hei ass d’Zopp vun engem anere Client. Et deet mer leed!
Client: Kee Problem.
Serveuse: Ech bréngen Iech direkt déi richteg Zopp. Ee Moment, wannechgelift. (...) Sou, hei ass Är Geméiszopp. Entschëllegt nach eng Kéier.
Client: Kee Problem. Merci!
Serveuse: Gudden Appetit! (...) Sidd Dir fäerdeg?
Client: Jo. D’Zopp war wierklech gutt.
Serveuse: Dat freet mech. Hei ass Ären italieneesche Sandwich ouni Ham, an Är Zalot.
Client: Merci.
Serveuse: Kann ech Iech nach eppes bréngen?
Client: Nee, merci. Fir de Moment ass alles gutt.
Serveuse: Da wënschen ech Iech e gudden Appetit!
Client: Merci!
Eng falsch Rechnung am Restaurant
Cliente: Entschëllegt, ech mengen, hei ass e Feeler op der Rechnung.
Serveur: O, wierklech? Wat ass falsch?
Cliente: Mir haten zwou Zalote bestallt, awer hei stinn dräi Zaloten.
Serveur: A jo, Dir hutt Recht. Ech kucken direkt no.
Cliente: Merci. An de Jus ass och zweemol op der Rechnung.
Serveur: A jo, ech gesinn. Et deet mir leed.
Cliente: Kee Problem. Kënnt Dir d'Rechnung wgl. änneren?
Serveur: Natierlech. Ech maachen Iech eng nei Rechnung.
Cliente: Super, merci.
Serveur: Hei ass déi nei Rechnung. Kuckt wgl. nach eng Kéier, ob elo alles stëmmt.
Cliente: Jo, elo ass alles richteg.
Serveur: Ganz gutt. Wëllt Dir mat Kaart oder boer bezuelen?
Cliente: Mat Kaart, wann ech gelift.
Serveur: Gär. Hei ass Äre Reçu.
Cliente: Merci an e schéinen Dag!
Serveur: Merci, Iech och!
Thu, 15 Oct 2026 - 03min - 218 - Ëffnungszäiten am Quartier (A2)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut héiere mir, wéi dräi Persounen iwwer d'Ëffnungszäite vu verschiddene Plazen an hirem Quartier schwätzen.
Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Transkript:
Ëffnungszäiten (A2)
Nora: Ech muss iech eppes froen. Wéini ass bei iech eigentlech d’Post op? Ech wollt gëschter nach e Bréif fortschécken, mee wéi ech um fënnef Auer dohinner komm sinn, war se schonn zou.
Sophie: Um fënnef Auer? Dat ass komesch. Bei mir ass d’Post méindes bis freides vun hallwer néng bis zwielef op. An nomëttes ass se vun hallwer zwou bis sechs op.
Nora: Jo, genee! Bei mir mécht se och um hallwer zwou op, mee ech mengen, se ass just bis véier Auer op.
Marc: Bei mir ass d’Post nach méi laang op. Moies ass se vun aacht bis zwielef op an nomëttes vun zwou bis siwen.
Sophie: Bis siwen Auer?
Marc: Jo. Dat ass ganz praktesch, well ech dacks eréischt um sechs heemkommen.
Nora: Dat ass wierklech praktesch. Bei mir muss een d’Ëffnungszäite scho kennen, soss steet een einfach virun enger zouener Dier.
Sophie: Dat ass mir och scho geschitt. Ech war eng Kéier samschdes bei d’Post an hunn net dru geduecht, datt se zou ass.
Marc: Samschdes ass se bei iech zou?
Sophie: Jo, de Weekend ass se zou.
Nora: Bei mir och.
Marc: Bei mir ass d’Post samschdes moies vun néng bis zwielef op. Dat ass praktesch.
Sophie: A wéi ass et mat der Bäckerei bei iech?
Marc: Meng Bäckerei mécht ganz fréi op. Ëm sechs Auer. Ech ginn heiansdo virun der Aarbecht dohinner, fir Bréidercher ze kafen.
Nora: Bei mir mécht d’Bäckerei och um sechs op. A samschdes ass se och op. Vun aacht Auer moies bis sechs Auer owes.
Sophie: Bis sechs Auer? Bei mir mécht se samschdes schonn um eng Auer zou.
Nora: Dat ass awer e groussen Ënnerscheed!
Sophie: Jo. An ech hunn et schonn e puer mol vergiess. Ech wollt samschdes nomëttes nach e Kuch kafen. Ech war um dräi do – an d’Dier war zou.
Marc: Dat ass nerveg.
Sophie: Du sees et! Ech hunn du missen an de Supermarché goen.
Nora: An ass däi Supermarché de Weekend op?
Sophie: Jo, de Supermarché ass all Dag op. Méindes bis samschdes ass en zimlech laang op, bis aacht Auer. Sonndes mécht en awer méi fréi zou, um eng Auer.
Marc: Bei mir ass et ähnlech. Mee ech mengen, mäi Supermarché ass sonndes guer net op.
Nora: Seriö?
Marc: Jo. Ech war e Sonndeg do an hunn eréischt virun der Dier gemierkt, datt zou ass.
Nora: A Sonndes – wéi ass et do mat de Bäckereien?
Sophie: Meng Bäckerei ass sonndes zou.
Marc: Meng och.
Nora: Bei mir ass déi kleng Bäckerei am Quartier och zou. Mee et gëtt eng aner, e bëssen ausserhalb, déi Sonndes moies op ass.
Sophie: Dat ass gutt ze wëssen. Wéi laang?
Nora: Ech mengen, vu siwen bis zwielef.
Marc: Dat ass jo perfekt fir sonndes gemittlech mat frësche Bréidercher a Mëtsche Kaffi ze drénken.
Sophie: Jo, wann een net ze spéit opsteet. (laacht)
Nora: An de Metzler? Wéi ass et bei iech?
Marc: Bei mir ass de Metzler méindes zou. Dënschdes bis samschdes ass en op. Samschdes awer nëmme moies.
Nora: Bei mir ass de Metzler all Dag op, ausser sonndes.
Sophie: Bei mir ass et genee ëmgedréint: méindes ass en op, mee sonndes ass en zou. Samschdes ass en de ganzen Dag op.
Marc: Dat ass jo interessant. Also huet zu Lëtzebuerg jidderee seng eegen Ëffnungszäiten.
Sophie: Jo, ech hat eigentlech geduecht, datt d’Geschäfter hei all ongeféier déi selwecht Zäiten op- an zou wieren.
Nora: Ech och. Mee anscheinend ass dat guer net esou.
Marc: Et hänkt wuel och dovun of, wou ee wunnt.
Sophie: An dovun, wéi grouss d’Geschäft ass.
Nora: Jo. Mäin Supermarché ass zum Beispill vill méi grouss wéi deen am Nopeschduerf, an en ass vill méi laang op.
Marc: Dat stëmmt. Ech mengen, et ass wierklech an all Uertschaft e bëssen anescht.
Tue, 13 Oct 2026 - 05min - 217 - Um Knuedler & Memberskaart fir d'Bibliothéik (A2)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut héiere mir fir d'éischt, wéi zwou Persoune sech iwwer déi verschidde Plazen um Knuedler ënnerhalen. Duerno héiere mir, wéi eng Fra eng Memberskaart fir d'Bibliothéik maache wëll.
Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick!). Dir braucht kee Kont klickt einfach op ''access as guest''.
Thu, 08 Oct 2026 - 07min - 216 - Weebeschreiwung Gare & Am Guichet (A2)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut héiere mir, wéi eng Persoun Hëllef brauch, dee richtege Bus fir op d'Gare ze fannen. Duerno héiere mir, wéi d'Persoun op der Gare e Billjee fir op Amsterdam kafe wëll.
Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Transkript
Weebeschreiwung op d’Gare
A: Entschëllegt, kënnt Dir mir hëllefen?
B: Jo, natierlech. Wat sicht Dir?
A: Ech sichen de Busarrêt fir de Bus Nummer 6.
B : Hmm… de 6 fiert mengen ech do hannen.
A: Do, bei der rouder Luucht?
B: Jo, genee. Dir gitt einfach riichtaus, an dann no riets.
A: Riets? (e bëssen erstaunt)
B: Jo, mee, ee Moment… ech kucke léiwer nach eng Kéier kuerz op der Mobilitéit-App no.
A: Merci.
B: O, ech gesinn, den Arrêt ass haut suppriméiert.
A: O nee… ech muss awer op d’Gare. Wéi kommen ech dann elo dohin?
B: Hmm, ech kucken op der App. Also, dir kënnt och eng Véierelstonn zu Fouss goen, an dann um Hamilius den Tram huelen. Deen hält direkt op der Gare.
A: O, eng Véierelstonn zu Fouss, am Reen… Fiert da kee Bus bis op den Hamilius?
B: Ech kucken… Nee, mee dir kënnt 5 Minutten zu Fouss bei d’Kierch goen, do kënnt an 10 Minutten den 12, deen hält op der Stäreplaz. Do kënnt Dir an den Tram ëmsteigen an direkt bis op d’Gare fueren.
A: O, ech hoffen dat geet duer. A wéi kommen ech bei d’Kierch?
B: Dat ass net komplizéiert. Dir gitt elo hei iwwer d’Strooss, an dann ongeféier 200 Meter riichtaus. De Busarrêt ass direkt vis-à-vis vun der Kierch.
A : Ech gesinn. An a wat fir eng Richtung muss ech de Bus huelen?
B: Richtung Kierchbierg. Dir klammt da bei der Stäreplaz eraus, gitt iwwer d’Strooss an huelt den Tram Richtung Stadion.
A: An der Rei, ech mengen, ech fannen dat. Villmools Merci fir Är Hëllef!
B: Et ass gär geschitt! Ech hoffen, dir kritt Ären Zuch nach!
-
En Zuchbilljee op Amsterdam kafen
Client: Moien. Ech hätt gär e Billjee fir op Amsterdam, wannechgelift.
Verkeefer: Moien. Jo, natierlech. Wéini wëllt Dir fueren?
Client: Muer de Mëtteg.
Verkeefer: Jo. Et gëtt en Zuch um 14 Auer.
Client: Wéi laang dauert d'Rees?
Verkeefer: D'Rees dauert ongeféier sechs Stonnen. Dir musst zu Bréissel ëmsteigen. Dir hutt ongeféier eng Stonn Waardezäit.
Client: A wéi vill kascht de Billjee?
Verkeefer: Den Ticket kascht 160 Euro.
Client: 160 Euro? Dat ass zimlech deier. Gëtt kee méi bëllegen Ticket?
Verkeefer: Dach, et ginn och nach aner Verbindungen, mee déi dauere méi laang.
Client: Nee, dann huelen ech léiwer dësen Zuch um 14 Auer. Ech wëll net ze laang ënnerwee sinn.
Verkeefer: Gär. Reest Dir léiwer éischt oder zweet Klass?
Client: Zweet Klass, wannechgelift.
Verkeefer: An der Rei. Dat mécht dann 160 Euro.
Client: Kann ech mat der Kaart bezuelen?
Verkeefer: Natierlech. Gitt wannechgelift Äre Code an. (…) Merci. Hei ass Ären Ticket.
Client: Merci! A wou muss ech den Zuch huelen?
Verkeefer: Den Zuch fiert normalerweis um Quai 4 fort. Kontrolléiert awer muer nach eng Kéier um groussen Ecran.
Client: Super, merci fir d'Informatioun!
Verkeefer: Gär geschitt. Ech wënschen Iech eng gutt Rees!
Client: Merci, an nach e schéinen Dag!
Tue, 06 Oct 2026 - 04min - 215 - Eng 32-Stonne-Schaffwoch? (B1)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Am Episod vun haut héiere mir e puer Argumenter vir a géint eng 32-Stonne-Schaffwoch. Ausserdeem héiere mir, wéi eng Persoun vun hirer Erfarung domat erzielt.
Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick!). Dir braucht kee Kont klickt einfach op ''access as guest''.
Thu, 01 Oct 2026 - 07min - 214 - E Kannerzëmmer ariichten (B1)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut héiere mir, wéi zwee Elteren iwwer d'Kannerzëmmer vun hirem Puppelche schwätzen.
Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
E Kannerzëmmer ariichten (B1)
Mamm: Ech freeë mech scho richteg op eise klenge Butz.
Papp: Jo, ech freeë mech och. Mee mir mussen endlech d'Kannerzëmmer ariichten.
Mamm: Komm mir kucken eis Lëscht, déi mir gemaach hunn. Da vergiesse mir näischt.
Papp: Dat ass eng gutt Iddi. Wat brauche mir als éischt?
Mamm: Mir brauchen definitiv e Bett fir de Puppelchen.
Papp: Jo, an eng Matrass an e puer waasserfest Houssen, falls d’Pampers ausleeft.
Mamm: Effektiv! Mir brauchen och e Wéckeldësch.
Papp: Meng Schwëster huet nach e Wéckeldësch. Hatt sot, datt mir säi kënne kréien. Hatt an de Pit kréie jo keng Kanner méi.
Mamm: Dat ass super! Da musse mir keen neie kafen. Mir brauchen och nach onbedéngt sou eng speziell Poubelle fir d’Pamperssen, soss richt et net immens gutt am Zëmmer.
Papp: O, jo! Wéi ass et mam Bett? Solle mir en neit kafen?
Mamm: Mir ass et egal, et gëtt och gutt Second Hand Saachen.
Papp: Ech fanne Second Hand gutt, wann d'Bett nach sécher an an engem gudden Zoustand ass.
Mamm: Ech och. Da spuere mir alt do.
Papp: Wat steet nach op eiser Lëscht?
Mamm: E Kleederschaf fir seng Kleeder.
Papp: An e klengt Regal fir Bicher a Spillsaachen.
Mamm: Jo, a vläicht och e gemittleche Stull.
Papp: E Stull fir hien oder fir eis?
Mamm: (laacht) E Stull fir eis. Wann ech zum Beispill stëllen oder wa mer him eng Geschicht virliesen.
Papp: Brauche mir och eng Luucht?
Mamm: Jo, eng kleng Nuetsluucht wier flott. Et gëtt speziell Luuchte fir Puppelcher, déi net ze vill liichten an de Bëbee beim schlofen net stéieren.
Papp: Jo, esou eng hunn ech schonn am Online-Shop gespäichert. So, e Babyphone däerfe mir och net vergiessen.
Mamm: Richteg.
Papp: Wou solle mir d'Bett histellen?
Mamm: Ech géif et nieft d'Fënster stellen.
Papp: Ech weess net. Do kënnt vill Sonn eran.
Mamm: Dat stëmmt. Da stelle mir et léiwer un déi aner Mauer.
Papp: Dat ass eng besser Iddi.
Mamm: De Wéckeldësch kënnt niewent d'Dier stoen.
Papp: Jo, do hu mir genuch Plaz.
Mamm: An de Kleederschaf kënnt an den Eck.
Papp: Perfekt. Da bleift nach vill Plaz an der Mëtt vum Zëmmer.
Mamm: Do kënne mir, wann e méi grouss ass, eng Spilldecke leeën.
Papp: Dat wäert eisem Jong sécher gefalen.
Mamm: Wat fir Faarwe wëlls du am Zëmmer hunn?
Papp: Blo!
Mamm: Ech wosst et.. Ech fannen dat sou typesch. Ech géing gär eppes Aneres maachen. Zum Beispill hellgréng an da kënne mer ee froen, fir eis e puer léif Biller vun Déieren ze molen.
Papp: O, jo, dat kléngt ganz schéin. Dem Gilles seng Fra mécht dat jo, mir kënnen hatt jo froen.
Mamm: Jo! Hatt mécht ganz flott Saachen.
Papp: Mengs de mir brauchen en Teppech?
Mamm: Jo, ech denke schonn, dann ass et och méi mëll ënner der Spilldecken. Mir kéinten och e puer Stären un de Plaffong pechen.
Papp: O, nee, dat fannen ech Kitsch. Vläicht kënne mir einfach eng kleng Girland iwwer d'Bett oder de Wéckeldësch ophänken.
Mamm: Stëmmt, dat kléngt méi gemittlech.
Papp: Wou kënne mir déi Saachen da kafen?
Mamm: Komm mir ginn de Weekend mol an dee Buttek zu Féiz kucken an dann decidéiere mir ob mir et sur place oder online kafen.
Papp: Du hues Recht. Mir kënne jo och mam Buttek kucken, wéi dat funktionéiert, fir eng Wonschlëscht bei hinnen ze maachen, da kënnen eis Frënn a Famill sech do eppes eraussichen, wat se eis schenke sollen.
Mamm: Jo voilà, well mir brauche jo awer nach genuch Saachen, wéi eng Poussette, e Stull, eng Dro an ech si mir sécher, wa mir bis am Buttek sinn, dass eis dann nach aner Saachenafalen.
Papp: Bestëmmt! Ech géing just net iwwerdreiwen, well dono steet eis Wunneng voll mat Saachen, wéi dee Klenge mol net brauch.
Mamm: Jo, du hues Recht. Dat wëll ech och net.
Tue, 29 Sep 2026 - 04min - 213 - Vun enger Summervakanz erzielen (A2) & Akafe goen (A1)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut héiere mir zwee Dialoger. Fir d'éischt héiere mir, wéi zwou Persoune vun hirer Summervakanz erzielen. Duerno lauschtere mir, wéi zwou Persounen zesummen akafe ginn.
Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick!). Dir braucht kee Kont klickt einfach op ''access as guest''.
Thu, 24 Sep 2026 - 05min - 212 - Den Dag vun der Lëtzebuergescher SproochTue, 22 Sep 2026 - 11min
- 211 - De Biergerpakt (B1-B2)Wed, 16 Sep 2026 - 11min
- 210 - MOVLA-Coursen am INLLMon, 14 Sep 2026 - 12min
- 209 - Tipps fir eng nei Sprooch ze léieren (A2)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut héiere mir, wéi zwou Persounen iwwer Tipps a Strategië schwätzen, fir eng nei Sprooch ze léieren.
Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick!). Dir braucht kee Kont klickt einfach op ''access as guest''.
Wed, 26 Aug 2026 - 06min - 208 - Dem Chloe seng Liewensgeschicht (B1)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut héiere mir en Interview mam Chloe. Hatt erzielt eis vu senger Liewensgeschicht.
Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick!). Dir braucht kee Kont klickt einfach op ''access as guest''.
Wed, 12 Aug 2026 - 05min - 207 - Tipps an der Hëtztwell (A2)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut schwätze mir mat iech iwwert de Phenomen vun der Hëtztwell. Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Transkript:
Tipps an der Hëtztwell
A: Salut Pol, du bass awer scho fréi ënnerwee !
B : Moien Aurélie ! Jo, ech gi séier e puer Saachen akafen, éier déi déck Hëtzt kënnt.
A: Dat ass gutt! Et sinn elo scho bal 30 Grad, an et ass eréischt 9 Auer!
B: Du hues Recht. D’Hëtztwell dauert elo schonn eng Woch. Et ass wierklech ustrengend.
A: Jo, immens. Ech schlofen esou schlecht. Nuets ass et vill ze waarm am Schlofzëmmer.
B: Dat kennen ech. Dofir maachen ech owes all d’Fënsteren am Haus op. Dat hëlleft e bëssen.
A: Ech maachen dat och. Mee dagsiwwer bleiwen all d’Fënstere bei mir zou.
B: Wierklech? Firwat?
A: Ma, datt déi waarm Loft dobausse bleift. Wann d’Rollluede ganz erof sinn, bleift d’Wunneng méi kill.
B: Ok, dat stëmmt och erëm.
A: An ech hunn e Ventilator. Deen hëlleft och.
B: Ech hu kee Ventilator méi am Buttek kritt. Et ass zënter e puer Deeg iwwerall „Rupture de stock‘‘. Mee dofir hunn ech eng kleng mobil Klimaanlag vu mengen Eltere geléint, déi hëlleft e bëssen, mee just a klengen Zëmmere wéi am Büro.
A: Dat ass dach gutt! Drénks du och genuch?
B: Jo, natierlech. Ech drénken op d’mannst zwee Liter Waasser den Dag, heiansdo och méi.
A: Ech vergiessen dat heiansdo, mee dofir stellen ech mir dës Deeg ëmmer eng grouss Fläsch Wasser op den Dësch.
B: Dat ass eng gutt Strategie. Ech drénke wann et esou waarm ass och gär Kaffi – kal a mat Äis, natierlech!
A: Ech drénke léiwer Téi. Ech kachen en owes, loossen en ofkillen a stellen en dann iwwer Nuecht an de Frigo. Moies ass mäi kalen Téi prett, fir ze drénken.
B: Dat muss ech och emol testen. A wat ëss du an där Hëtzt? Ech hunn net vill Honger, wann et esou waarm ass.
A: Ech och net. Mee ech iesse vill Uebst – Waassermeloun, Äerdbier, Drauwen – dat ass liicht an huet och vill Waasser!
B: Dat ass richteg! Ech iessen den Ament moies e bësse méi, an dofir mëttes just eppes Klenges, wéi e puer Stécker Meloun oder eng Zalot aus Kornischongen an Tomaten.
A: Mmh, dat kléngt gutt! Ech maachen et och esou änlech. Owes iessen ech dann erëm e bësse méi, mee eréischt no 20 Auer, wann et net méi esou waarm ass.
B: A wéi méchs du et mat dengem Hond? Gees du bei deem Wieder vill spadséieren ?
A : Nee, guer net. Mir gi moies um 7 Auer an owes um 21 Auer spadséieren, an dotëscht loossen ech hie just kuerz op d’Wiss, fir datt hie säi Geschäft maache kann. Et muss een oppassen, wann een an därHëtzt mat Hënn eraus geet. Wann et iwwer 30 Grad sinn, huet de Buedem oft iwwer 50 Grad, an d’Hënn kënne sech hir Patte verbrennen!
B: O mei, dat wousst ech net, mee dat mécht Sënn. Ech ginn och heiansdo owes spadséieren, mee wéi s du sees, eréischt no 21 Auer. Virdrun ass et nach ze waarm.
A: A wéini gees du lafen?
B: Jo, dat ass de Moment och net esou einfach. Ech gi léiwer moies wéi owes lafen. Dofir stinn ech e bësse méi fréi op. Um 7 Auer geet et meeschtens nach.
A: Ech gi muer schwammen. Dat ass herrlech bei deem Wieder.
B: O, flott! Wuer gees du dann an d’Schwämm?
A: Op Gréiwemaacher. Do gëtt et eng oppe Schwämm fir Kanner mat enger Rutschban, awer och e Baseng fir Leit, déi richteg schwamme wëllen. Owes ass et do immens!
B: Jo, dat gleewen ech. Vläicht ginn ech de Weekend mat de Kanner dohin. Mee et wäerte bestëmmt vill Leit do sinn.
A: Jo. Et ass besser, du gees géint der Owend, also no 17 Auer. Dann ass net esou vill lass.
B: Merci fir den Tipp!
A: Gär! A so Bescheed, wann s de gees – vläicht gesi mer eis!
B: Maachen ech!
Wed, 29 Jul 2026 - 04min - 206 - Nohalteg Reesen (A2-B1)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
-
Transkript:
A: Hues du scho Pläng fir de Summer?
B: Jo, ech fuere mam Zuch an Italien.
A: Mam Zuch? Dat dauert dach éiweg!
B: Jo, du hues Recht, et dauert natierlech méi laang wéi ze fléien. Mee ech wollt dëse Summer méi nohalteg reesen.
A: Dat héiert een an der leschter Zäit méi oft. Wat heescht dat da genee fir dech, nohalteg ze reesen?
B: Fir mech ass et wichteg, d’Ëmwelt esou mann wéi méiglech ze belaaschten. Dofir probéieren ech, manner ze fléien a méi op den ëffentlechen Transport zréckzegräifen.
A: Dat kléngt verstänneg. Mee heiansdo ass e Fluch vill méi bëlleg wéi en Zuchbilljee!
B: Leider ass dat wouer. Dat fannnen ech och e bësse paradox.
A: D’lescht Joer sinn ech fir 40 € a Spuenie geflunn. Fir dee sewlechte Präis wier ech emol net bis a Frankräich komm.
B: Dat ass e seriöe Problem. Vill Leit géife gär méi ëmweltbewosst reesen, wann et net esou deier wier.
A: Warscheinlech. Anerersäits verstinn ech och d’Leit, déi nëmmen eng Woch an d’Vakanz fueren a keng Loscht hunn, zwanzeg Stonnen am Zuch ze verléieren.
B: Jo, dat kann ech novollzéien. Zäit spillt natierlech och eng Roll.
A: Wéi bass du eigentlech op d’Iddi komm, nohalteg ze reesen?
B: Viru Kuerzem hunn ech en Dokumentarfilm iwwer de Klimawandel gekuckt. Duerno hunn ech ugefaang, iwwer mäin eege CO2-Emissiounen nozedenken.
A: An zanterhier flitts du guer net méi?
B: Dach, heiansdo schonn. Mee definitiv manner wéi virdrun. Ech versichen einfach, méi bewosst z’entscheeden, wéi ech reesen.
A: Dat fannen ech e gudden Usaz. Vill Leit mengen, et misst een direkt alles perfekt maachen.
B: Jo, an dat muss ee jo net. Kleng Verännerunge maachen heiansdo scho vill aus.
A: Wou waars du da fir d’lescht an der Vakanz.
B: An Éisterräich.
A: A wéi war et?
B: Ganz flott! Et muss een net ëmmer wäit reesen, fir eppes Spezielles z’erliewen. D’Landschaft war immens schéin, an d’Rees mam Zuch war vill méi entspaant wéi e Fluch.
A: Wierklech? Ech fannen et ustrengend, mam Zuch ze reesen. Et weess een ni, ob en Zuch Verspéidung huet, a wann ee Pech huet, verpasst ee säin Uschloss.
B: Jo, mee mam Fléien ass et net anescht. Wann emol e Streik ass, falen dacks vill Flich aus.
A: Dat stëmmt och alt nees. Wéi kriss du d’Zäit am Zuch dann ëm?
B: Et kënnt drop un. Ech liesen, lauschtere Musek a kucken d’Landschaft.
A: Kléngt relax.
B: Jo, ass et och. Ausserdeem ass mir och opgefall, datt vill Leit an der Vakanz souwisou ëmmer dat selwecht maachen. An dofir muss een net wäit fléien.
A: Wéi mengs de dat?
B: Ma, vill Leit fléie bis op dat anert Enn vun der Welt, a verbréngen dann awer de gréissten Deel vun hirer Vakanz an der Schwämm vum Hotel.
A: Haha, do hues de Recht. Dat ass wierklech oft esou.
B: Jo, an dofir muss een net onbedéngt zwielef Stonnen am Fliger sëtzen.
A: Ech mengen, fir vill Leit ass et eng Manéier, dem Alldag z’entkommen.
B: Jo, mee dat kann een awer och méi no vu sengem Doheem maachen.
A: Ech well awer trotzdeem eng Kéier a Japan fléien.
B: Ech och!
A: Do gëtt et awer schwéier, nohalteg ze reesen…
B: Net onbedéngt. Ech fannen, et kann een och wait reesen, wann een e bëssen oppasst.
A: Wéi mengs de dat?
B : Et muss ee jo net all Joer eng Fernrees maachen. Wann ee sech eemol am Liewen e speziellen Dram erfëllt, ass dat eng aner Saach.
A : Jo, dat kléngt fair.
B : An op der Plaz selwer kann een och ëmweltbewosst handelen, an deem een zum Beispill a lokal Restauranten iesse geet, den ëffentlechen Transport benotzt oder kleng Hoteller ënnerstëtzt.
A: Dat ass wouer. Ech mengen, hautdesdaags denken d’Leit e bësse méi iwwer d’Auswierkunge vun hirem Reesen no. Fënns de net?
B: Dach, deen Androck hunn ech och.
A: Vläicht ass et an e puer Joer jo ganz normal, mam Zuch ze fueren. A vläicht gëtt et dann och méi bëlleg.
B: Dat wier mäin Dram!
A: Da kanns du och méi oft an Italie goen.
B: Genee. An iergendwann packen ech et vläicht och bis op Sizilie mam Zuch!
Wed, 15 Jul 2026 - 05min - 205 - Beruffer: Informatiker/Informatikerin (B1)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut héiere mir, wéi eng Persoun eis vun hirem Beruff als Informatikerin erzielt.
Vill Spass beim Nolauschteren!
-
Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick!). Dir braucht kee Kont klickt einfach op ''access as guest''.
Mon, 13 Jul 2026 - 07min - 204 - Rotschléi fir eng Crèche ze fannen (A2)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut héiere mir, wéi zwou Frëndinnen iwwer d'Auwiel an d'Umellung vun enger Crèche schwätzen.
Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick!). Dir braucht kee Kont klickt einfach op ''access as guest''.
Tue, 07 Jul 2026 - 05min - 203 - Donnerwiederen uechter d'Land (A2)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut héiere mir, wéi zwou Persounen iwwer Donnerwiedere schwätzen.
Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Transkript
Donnerwiederen uechter d’Land
A: Elo reent et schonn nees!
B: Jo, de Moment komme wierklech oft Schaueren erof. An de Noriichte melle se och nees Donnerwiedere fir den Owend.
A: Um wéi vill Auer?
B: Géint 20.00 Auer.
A: Ok, ech muss virdrun dann nach mam Hond eraus. Deen Aarme fäert d’Donnerwiederen enorm. En Dënschdeg war et krass. Ech hat Homeoffice an et huet jo e puer Mol den Dag gedonnert. Hien hat vill Angscht. Bei all Donner ass en opgestan an op eng aner Plaz gelaf. Hie konnt sech guer net berouegen. Et war wéi bei de Knupperten op Silvester...
B: Deen Aarmen. Ech muss soen, ech hunn esou Wiederen am Summer immens gär. Et ass zwar den Dag iwwer immens schmeier, mee wann et da sou richteg knuppt a wéi aus Eemere schëtt, da fannen ech dat immens gemittlech. Natierlech nëmmen, wann ech doheem sinn...
A: Ech haassen, wann et dompeg ass. Mir ass dann ëmmer schwindeleg. Ech verdroen d’Hëtzt an déi héich Fiichtegkeet an der Loft guer net gutt.
B: A, ok. Dat deet mer leed! En Dënschdeg war et och e bësse vill. De CGDIS hat vill Asätz uechter d’Land.
A: Jo, ech selwer hat Chance, mee a menger Noperschaft si vill Kelleren iwwerschwemmt ginn. Meng Nopere si staark betraff. Si hunn zënter Deeg Waasser am Keller.
B: O Nee! Bei menger Schwëster war et och schlëmm! A senger Strooss ass eng al Eech ëmgefall!
A: O mei! Ech hoffen, se ass net op en Haus oder op en Auto gefall! Ass ee blesséiert ginn?
B: Nee, et ass glécklecherweis kee blesséiert ginn. Se ass op d’Strooss gefall. Wéinst dem ville Reen war glécklecherweis keen dobaussen ënnerwee. D’Strooss ass allerdéngs nach ëmmer gespaart.
A: Ee Gléck ass kengem eppes Schlëmmes geschitt! Wéi geféierlech!
B: Jo, am ganze Land si vill Beem ëmgefall oder d’Äscht sinn ofgebrach an op d’Strooss oder och Autoe gefall.
A: Et sinn och vill an deelweis grouss Knëppelsteng gefall! Hues de d’Fotoe gesinn? Se ware sou grouss wéi Golfbäll oder esouguer Tennisbäll!
B: Jo! Ech hunn dat bei engem Kolleeg op Instagram gesinn! Hien huet elo lauter Téitschen am Auto. Mee léiwer dat wéi datt hie selwer vun engem Knëppelsteen getraff gouf... Aner Leit haten déi Chance net a koume mat Blessuren an d’Spidol.
A: Ma jo. Huet hie just Téitschen an der Karosserie oder och an der Glace?
B: Déi zwee. Hien ass bestëmmt net deen Eenzegen. D’Versécherungen an d’Autosgaragen hunn dëser Deeg och bestëmmt méi Aarbecht wéi soss.
A: Allerdéngs. Et gëtt och nach ëmmer vill Iwwerschwemmungen an de Stroossen. An de Peegel vun de Flëss ass och nach ze héich.
B: Jo, ech hunn d’Fotoe gesinn. Meng Tatta huet och Waasser am Haus, mee net am Keller. Bei hir ass d’Waasser duerch den Daach vum Haus gedrëpst. Hiren Daach ass ondicht a muss erneiert ginn.
A: Wéi nerveg! Dat gëtt eng deier! Bei mengen Elteren an der Gemeng ass de Stroum ausgefall. Et ass e Mast ëmgefall.
B: O! Ass dat scho gefléckt ginn?
A: Et soll anscheinend haut gefléckt ginn.
B: Gutt!
A: Den Trafick leit natierlech och bei deem Wieder. Et gëtt méi Accidenter op de Stroossen a wann d’Stroossen iwwerschwemmt sinn oder Beem an de Stroosse leien, da muss de ganze Verkéier ëmgeleet ginn. Et sinn och vill Zich ausgefall. Wat e Gedeessems!
B: Hoffentlech hält et geschwënn op mat reenen, da ka sech dat Ganzt emol berouegen. Et ass och all Dag esou däischter mat deenen donkelgroe Wolleken um Himmel. Ech hätt nees gäre Sonn a schéi sonneg Summerowenter dobaussen op enger Terrass...
A: Ech si kee Meteorolog, mee ech si mer sécher, datt dat geschwënn nees zeréckkënnt. D’Donnerwiederen am Summer sinn normal. D’Loft ass waarm a fiicht. Wann da kal Loft kënnt, dann entstinn déi staark Donnerwiederen. An heiansdo falen dann eeben och Knëppelsteng.
B: Ok. Dann drécke mer d’Daumen, datt et geschwë besser gëtt.
Thu, 02 Jul 2026 - 05min - 202 - Sech fir en Job am INLL mellen (B1)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut héiere mir, wéi eng Persoun sech fir eng Aarbecht am INLL informéiert.
Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Transkript:
Sech fir en Job am INLL mellen
A: Hallo, so du schaffs jo am INLL, gell?
B: Salut! Jo, genee, ech schaffe schonn zënter 6 Joer do. Firwat frees du?
A: Ech géif mech och gär do mellen, fir Däitsch z’enseignéieren. Ech weess awer net genee, wéi ech dat maache soll.
B: Hues du da scho gekuckt, ob se een am däitschen Departement sichen? Den INLL sicht heiansdo Leit fir verschidde Plazen. Net nëmmen Enseignanten, mee och an der Administratioun.
A: Nee, ech hunn nach net gekuckt, well ech net weess wou ech dat fannen. Ech weess just, dass déi puer Leit, déi ech kennen an déi do schaffen, immens zefridde sinn.
B: Jo, et ass jo och eng interessant Plaz a se ass och ganz ofwiesslungsräich. Also d’Aarbechtsannoncë fënnt ee meeschtens op hirem Site, also op www.inll.lu. Da muss du erofscrollen an da fënns de et ënner Eis lescht Neiegkeeten oder ganz ënne lénks, ënner der Rubrik Jobs. D’Plazen am Beräich Administratioun ginn awer och um Site www.govjobs.lu ausgeschriwwen.
A: A, gutt ze wëssen! An do muss een online kandidéieren oder muss ech dat per Post schécken?
B: Nee, du schécks eng digital Kandidatur op candidatures (at) inll.lu.
A: Waart, ech notéiere mir dat.... Ok, a wat muss ech do alles matschécken?
B: Et ass eigentlech änlech, wéi fir all anere Beruff. Du muss e CV, e Motivatiounsbréif a Kopië vun dengen Diplomer schécken.
A: Brauch een och e Sproochendiplom?
B: Dat hänkt dovun of. Heiansdo gëss de gefrot, wéi gutt s du aner Sproochen, wéi déi, déi s du enseignéiere wëlls, beherrschs.
A: A! Wéi eng Sprooche sinn da wichteg?
B: Déi wichtegst Sprooch ass Franséisch, déi muss du kënnen an déi aner Sprooche sinn natierlech e Plus.
A: A wat ass da wann ech zum Beispill kee Lëtzebuergesch kann?
B: Dat ass normalerweis net esou schlëmm.
A: Ok, ech verstinn. Mee ka jidderee Sproocheproff ginn?
B: Nee, natierlech net. Et brauch een normalerweis e Master an där Sprooch, déi een enseignéiere wëll an natierlech ass eng pädagogesch Ausbildung an Erfarung am Enseignement net vun Nodeel.
A: A, ok! Gëtt et dann och vill administrativ Plazen am INLL?
B: Jo, natierlech, ganz vill souguer. Et gëtt de Service des finances, de Bureau des cours, Bureau des examens, d’Ressource Humaines, de Service technique asw.
A: O, wow, ech hat wierklech keng Anung. Ech hunn eng Frëndin, dat en Job an der RH sicht. Ass d'Prozedur déi nämmlecht, wéi wann ee sech fir e Posten als Enseignant wëll mellen.
B: Dat muss een an der Deskriptioun, déi op GovJobs steet kucken. Normalerweis muss du e CV, e Motivatiounsbréif an Diplomer eraschécken. Ausser, dass de an der AdministratiounLëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch schwätze muss.
A: Ok a muss de CV op Franséisch geschriwwe ginn?
B: Dat hänkt rëm dovun of, fir wat fir eng Aarbecht du dech bewerbs. Ech weess mol, dass de Motivatiounsbréif op där Sprooch, déi s du enseignéiere wëlls, muss sinn. Fir e Beruff an der Administratioun, soll en op enger vun eisen dräi administrativen Sprooche sinn.
A: Jo, dat kléngt logesch. A wat geschitt wann een op en Interview invitéiert gëtt?
B: Da soll ee gutt virbereet sinn.
A: Jo, vläicht kënne mir dat jo eng Kéier zesummen üben, falls ech fir en Entretien geruff ginn.
B: Ganz gär. Du kanns mir och eng Kéier däi CV an däi Motivatiounsbréif schécken, da kucken ech eng Kéier driwwer.
A: O, jo, dat wier mega fein! Merci fir deng Hëllef!
B: ‘t ass gär geschitt!
Tue, 30 Jun 2026 - 05min - 201 - Eng emotional Achterbunnsfaart (B1)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut héiere mir, wéi eng Persoun eis vun engem ganz emotionale Moien erzielt. Déi aner Person gëtt hir e puer Rotschléi, fir mat der Situatioun ëmzegoen.
Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick!). Dir braucht kee Kont klickt einfach op ''access as guest''.
Thu, 25 Jun 2026 - 06min - 200 - Nationalfeierdag am Passé (B1)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut erzielt eis eng Persoun, wéi si gëschter Nationalfeierdag verbruecht huet, a vergläicht hire Programm mam leschte Joer.
Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Transkript:
A: Salut Marc! An, wat hues du gëschter Owend fir Nationalfeierdag gemaach?
B: Moie Sophie! Ma, ech hunn dëst Joer zur Ofwiesslung a mengem Duerf gefeiert.
A: Seriö? Ech hat gemengt, du géifs ëmmer an d’Stad goen.
B: Jo, dat stëmmt, normalerweis maachen ech dat och. D’lescht Joer hat ech zum Beispill Besuch vu Frënn aus dem Ausland. Ech war mat hinnen an der Uewerstad a mir hunn de ganzen Owend do verbruecht.
A: Wat hutt dir gemaach?
B: Fir d’éischt si mir e bëssen duerch d’Stad spadséiert. Et waren iwwerall vill Leit ënnerwee, an d’Stëmmung war super. Duerno hu mir dat grousst Freedefeier gekuckt.
A: O jo, d’Freedefeier an der Stad ass ëmmer impressionant.
B: Jo, et huet menge Frënn och gutt gefall. Duerno si mir nach op de Glacis gaang. Do hu vill international bekannt Museker an Dje gespillt, an et war gratis! Dat hu meng Frënn bal net gegleeft.
A: Jo, mir hu wierklech Chance. Ech war d’lescht Joer och do. Ech hunn d’Museker zwar net all kannt, mee et war awer flott, fir nei Musek z’entdecken. An et war eng gutt Ambiance, trotz e bësse Reen. Ech hu vill gedanzt.
B: Jo, mir och. Et war esou flott, datt mir eréischt moies fréi nees doheem waren!
A: Wow! A firwat bass du dëst Joer net an d’Stad feiere gaang?
B: Ech wollt et méi entspaant ugoen, a wollt emol gesinn, wat et esou bei mir am Duerf gëtt. Dofir sinn ech do bliwwen.
A: An, gouf et do och vill Feierlechkeeten?
B: Natierlech! D’Gemeng huet e Fest op der Duerfplaz organiséiert. Et waren och vill lokal Veräiner sur place, déi zum Beispill Grill- oder Gedrénksstänn haten.
A: Cool! Wat fir Iesse gouf dann zerwéiert?
B: Virun allem Gegrilltes, also Grillwurschten, Mettwurschten, Kotletten, Fritten… Mee och e puer vegetaresch Platë wéi Gromperekichelcher, an et gouf en asiatesche Foodtruck.
A: Wat fir Veräiner waren da present?
B: D’Fanfare aus dem Duerf huet gespillt, mee d’Scoute waren och do, esou wéi e puer Sportsclibb.
A: Du hues bestëmmt vill Kënneger gesinn.
B: Jo, e puer vu mengen Nopere waren do, an e puer aner Leit, déi een heiansdo begéint. Et war flott, esou konnt och och mat Leit schwätzen, déi ech eigentlech net oft gesinn.
A: Gouf et dann och en offiziellen Deel?
B: Jo, de Buergermeeschter huet eng kuerz Ried gehal. Duerno huet d’Gemeng en Éierwäin offréiert.
A: A jo, den traditionellen Éierwäin!
B: Genee. Mir hunn zesumme geprost, e bësse geschwat – et war wierklech flott.
A: Waren dann och vill jonk Leit do?
B: Jo, mee éischter méi spéit. Um 22 Auer huet en DJ op enger klenger Bün opgeluecht, an et hu vill Leit gedanzt. Et war natierlech net esou grouss opgezu wéi um Glacis, mee et war awer ganz flott.
A: A wéini waars de dës Kéier doheem?
B: Haha, net esou spéit. Ech war no Mëtternuecht am Bett.
A: Wat huet dir da besser gefall – Nationalfeierdag an der Stad oder am Duerf?
B: Éierlech gesot hu mir béid Feiere gutt gefall. An der Stad ass natierlech méi lass an e schéint Freedefeier, mee et sinn och immens vill Leit ënnerwee. Wann een dat net gär huet, ass et vläicht net sou flott. Am Duerf ass et méi gemitterlech, an et kann ee besser mat de Leit schwätzen.
A: Dat stëmmt. Da wënschen ech dir nach e schéinen Nationalfeierdag haut!
B: Merci gläichfalls!
Tue, 23 Jun 2026 - 04min - 199 - Schimmel an der Wunneng (B1)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut héiere mir, wéi zwou Persounen iwwer Schimmel doheem schwätzen. Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Schimmel an der Wunneng
A: O Nee!
B: Wat ass lass?
A: Komm mol an d’Schlofzëmmer!
A: Wat ass dat do uewen um Plaffong?
B: Wou?
A: Do am Eck! Gesäis de? Ass dat Schimmel?
B: Mengs de? Vun hei gesäit et aus wéi e puer Spawecken...
A: Quatsch! Hues de Tomaten op den Aen? Du muss méi no drun!
B: Ok, ech klamme mol op e Stull.
A: An? Wat gesäis de?
B: Du hues Recht! Et ass Schimmel un der Mauer! Ass es och an deenen aneren Ecker?
A: Moment...
An dësem Eck net, mee do beim Kleederschaf awer! Mengs de, et ass es och hannert dem Schaf?B: Et ka sinn...mee de Schaf ass ze schwéier fir en elo ze réckelen. Mir mussen e fir d’éischt ausraumen an da kënne mer e réischt vun der Mauer ewechréckelen. Dat maache mer awer net méi haut. Et ass schonn ze spéit. Ech géing gär geschwë schlofe goen.
A: Ech maache mer Suergen... Schimmel ass ganz schlecht fir d’Gesondheet! Vläicht schlofe mir scho säit Méint an engem Zëmmer voller Schimmel! Wéi fuerchtbar! Mir kréie bestëmmt Problemer mat der Ootmung!
B: Denk elo net direkt esou negativ! Mir stëbsen d’Ecker vum Plaffong reegelméisseg an et ass eis ni eppes opgefall. Dat ass bestëmmt nach net laang esou. A vläicht ass guer näischt hannert dem Schaf! Jo, et gëtt Schimmel, deen an der Mauer sëtzt, wa se ze fiicht ass, mee dat hei ass just e bëssen. Mir hunn am Wanter eventuell net oft genuch gelëft...
A: Jo, mee am Wanter ass et kal! Ech wëll do net ëmmer d’Fënster ophunn.
B: Sou soll et jo och net sinn, mee et soll ee reegelméisseg d’Fënster wärend e puer Minutten grouss opmaachen a lëften.
A: Am Dag si mir jo awer net heiheem...
B: Wichteg ass, datt een dat nom Opstoe mécht. An der Nuecht sammelt sech vill Fiichtegkeet an der Loft.
A: Dat maache mer jo awer! An owes virum schlofe goe lëfte mer och ëmmer.
B: Vläicht geet et net duer. Oder d’Wunneng huet e Problem mat Fiichtegkeet.
A: Vläicht ass iergendwou e Rouer geplatzt?
B: Hm... Muer raume mer emol de Kleederschaf aus a kucken, ob och Schimmel hannert der Mauer ass. Wann net, dann ass dat scho mol eng gutt Noriicht. Ech mengen, da geet et duer, wa mer e selwer vun der Mauer ewechmaachen.
A: Mat wat mécht een dat da fort?
B: Zum Beispill mat staarkem Alkohol, Esseg oder engem spezielle Produit. Dat sprayt ee fir d’éischt op de Schimmel, da léisst een et awierken an duerno reift een alles mat enger Biischt oder enger Fatz fort.
A: An dat geet duer?
B: Fir den Ufank, jo! Mir mussen d’Plazen awer am A behalen a kucken, wéi sech dat weiderentwéckelt.
Mee: muer kucke mer mol hannert de Schaf! Vläicht ass et méi schlëmm... Wann d’Mauer fiicht ass, da musse mer onbedéngt de Proprietaire kontaktéieren, soss kënnt de Schimmel ëmmer nees erëm. Da mussen Experten eis hëllefen.A: Ech maache scho mol Fotoen als Beweis.
B: Gutt Iddi! D’Fotoen hunn en Datum an dat kann an Zukunft och hëllefen. Maach och e klenge Video!
A: Ass gemaach.
Fënns de, datt et komesch heibanne richt?B: Ech richen näischt!
A: Dach! Et richt immens muffeg! Dat passt dach bei Schimmel! Wat e Misär! Hu mer net scho genuch aner Suergen...?!
B: Ech mengen, du bilts der dat elo an! Ech riche wierklech näischt!
A: Ech bilde mer dat net an! Ech riskéiere meng Gesondheet elo net méi! Ech informéieren de Proprietaire elo direkt! Soss kann ech hënt net schlofen! Ech schécken him direkt d’Fotoen an de Video.
B: Waart wannechgelift of, bis mer de Schaf geréckelt hunn! Da kënne mer him all d’Fotoe matenee schécken!
A: Ok ok... mee mir schlofen dës Nuecht net an dësem Zëmmer!
B: Averstan! Komm, mir rappen d’Fënstere mol all op a lëften déi ganz Wunneng fir e puer Minutten!
A muer gesi mer weider! Vläicht ass et net esou schlëmm!B: Merci, dass du esou roueg bleifs! Ech si wierklech grad um Enn mat mengen Nerven.
A: Dat ass verständlech! Mir fannen eng Léisung!
Thu, 18 Jun 2026 - 05min - 198 - Schlof an den Handy (B1)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht.
Haut schwätze mir iwwer de Gebrauch vum Handy an den Effekt op de Schlof. Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Transkript:
A: Joris, du gesäis haut awer midd aus. Hues de schlecht geschlof?
B: Jo, leider. Ech konnt gëschter guer net aschlofen.
A: O nee. Has de e stressegen Dag?
B: Jo, och. Mee ech fäerten, den Handy ass och e Problem
A: Dat kennen ech. Ech huele mir all Owend vir, méi fréi schlofen ze goen, an da leien ech awer nach stonnelaang um Handy am Bett.
B: Genee dat geschitt mir och. Eigentlech wollt ech gëschter um 23 Auer schlofe goen, mee herno war et awer vill méi spéit…
A: Wat méchs du dann um Handy? Videoe kucken?
B: All Méigleches. Instagram, Noriichten, YouTube… heiansdo liesen ech och Kommentarer oder kucke Fussballsvideoen.
A: Bei mir ass TikTok de Problem. Déi kuerz Videoen halen einfach ni op!
B: Jo, an et seet ee sech ëmmer: ,,Just nach ee Video‘‘.
A: An eng Stonn méi spéit scrollt een awer nach.
B: Du sees et…
A : Et gëtt jo och ëmmer gesot, datt déi blo Luucht vum Handy schlecht fir de Schlof ass.
B: Stëmmt, dat hunn ech och schonn héieren. D’Gehier denkt da warscheinlech, datt et nach Dag ass.
A: Jo, an dofir fält et engem méi schwéier, anzeschlofen.
B: An esouguer wann ee schléift, schléift een och net richteg déif.
A: Interessant. Ech mierke wierklech, datt ech méi schlecht schlofen, wann ech laang um Handy sinn.
B: Ech och. Besonnesch wann ech virum schlofe goen nach eppes stresseges kucken.
A: Zum Beispill negativ Noriichten?
B: Jo, oder soss Diskussiounen um Internet. Duerno denken ech oft nach laang driwwer no.
A: Dat kennen ech. No sou eppes ass mäi Kapp och nach aktiv.
B: Genee. Fréier hunn ech virum Schlofen oft nach gelies. Haut kucken ech meeschtens op den Handy.
A: Eigentlech ass dat schued, fënns de net?
B: Dach, schonn. Liesen ass iergendwéi méi entspaanend.
A: Meng Frëndin mécht ëmmer en Handy-fräien Owend.
B: Wat ass dat da genee?
A: Ab néng Auer leet hatt säin Handy ewech a lauschtert Musek oder liest e Buch.
B: Dat kléngt gesond. Mee, éierlech gesot kéint ech dat net all Dag.
A: Ech warscheinlech och net. Et ass ee sou un den Handy gewinnt…
B: Virun allem, well et do alles gëtt: d’Noriichten, Musek, Videoen, de Kontakt mat Frënn…
A: An de Wecker!
B: Haha, jo, dat ass nach e Problem. Mäin Handy läit direkt nieft dem Bett.
A: Bei mir och. An esoubal ech nuets kuerz waakereg ginn, kucken ech automatesch drop.
B: Ech och! An da gesinn ech d’Auerzäit an denken: ,,O nee, ech muss a fënnef Stonnen opstoen!‘‘
A: Da kann ee scho guer net méi aschlofen.
B: Genee!
A: Hues du scho probéiert, den Handy an engem aneren Zëmmer leien ze loossen?
B: Nee, mee vläicht soll ech dat emol testen.
A: Mäi Brudder mécht dat zanter e puer Méint.
B: An, déngt et eppes?
A : Jo, anscheinend schonn. Hie seet, datt hie méi séier aschléift a moies méi roueg ass.
B: Interessant. Moies kucken ech nämlech ëmmer direkt op den Handy, wann ech erwächen.
A: Ech och. Et ass dat éischt, wat ech maachen…
B: An heiansdo gesinn ech dann direkt E-Mailen oder schlecht Noriichten. Dat ass kee gudde Start an den Dag!
A: Definitiv net. Fréier hunn d’Leit warscheinlech fir d’éischt a Rou Kaffi gedronk an eventuell dobäi d’Zeitung gelies.
B: Jo, bei mengen Elteren ass dat haut och nach esou. Mee eis Generatioun kuckt ëmmer direkt op den Ecran.
A: Scho geckeg, wann een esou doriwwer nodenkt.
B: Jo. Mee bon, anerersäits huet den Handy awer och vill Virdeeler.
A: Jo, zum Beispill Schlof-Apps oder Entspanungsmusek.
B: A Meditatiounen.
A: Richteg. Et muss een den Handy warscheinlech einfach méi bewosst benotzen. Vläicht solle mir zwee probéieren, owes e bësse manner online ze sinn.
B: Jo, kleng Schrëtt wiere scho gutt. Zum Beispill keng Videoe méi am Bett kucken.
A: Oder den Handy op d’mannst eng hallef Stonn virum schlofe goen ewechleeën.
B: Dat kléngt realistesch.
A: Mol kucken, ob mir dat packen.
B: Bestëmmt!
Tue, 16 Jun 2026 - 05min - 197 - Ze spéit op der Aarbecht (A2)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut héiere mir, wéi eng Persoun op der Aarbecht erkläert, firwat se haut ze spéit komm ass.
Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick!). Dir braucht kee Kont klickt einfach op ''access as guest''.
Thu, 11 Jun 2026 - 05min - 196 - Iwwer Ernärungstrends schwätzen (B1)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Am Episod vun haut schwätze mir iwwer verschidden Ernärungstrends.
Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick!). Dir braucht kee Kont klickt einfach op ''access as guest''.
Tue, 09 Jun 2026 - 05min - 195 - Vir- an Nodeeler vun de soziale Medien (B1)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Am Episod vun haut diskutéieren zwou Persounen iwwer d'Vir- an Nodeeler vun de soziale Medien.
Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick!). Dir braucht kee Kont klickt einfach op ''access as guest''.
Thu, 04 Jun 2026 - 05min - 194 - Transportmëttel a Fürerschäin (A2)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut héiere mir, wéi zwou Persounen iwwer Transportmëttel an hire Fürerschäinsexame schwätzen.
Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Transkript:
Transportmëttel a Fürerschäin (A2)
A: Salut Pol! So, wéi bass du haut op d’Aarbecht komm ?
B: Moie Mia! Haut sinn ech mam Bus gefuer, well mäin Auto futti ass.
A: O nee! Wat ass da geschitt?
B: Ma, gëschter huet mäin Auto op eemol komesch Geräischer gemaach. An haut de Moien ass en du guer net méi ugesprongen.
A : Dat ass awer nerveg ! Wéi laang hues du däin Auto da schonn?
B: Zanter ongeféier dräi Joer. Virdru sinn ech ëmmer mam Vëlo oder mam Bus gefuer.
A: Ech fueren och oft dacks mam Vëlo, besonnesch am Summer. Mee wann et reent, huelen ech léiwer de Bus oder den Tram.
B: Dat verstinn ech. Hues du eigentlech de Fürerschäin?
A: Jo, mee ech hunn e réischt d’lescht Joer gemaach.
B: Seriö? An, war den Exame schwéier?
A: Den theoreeteschen Deel war einfach, mee am prakteschen Exame sinn ech fir d’éischt derchgefall.
B: Wierklech? Firwat, wann ech froen däerf?
A: Ech war ganz opgereegt an war dofir net immens konzentréiert. An ech hunn eng Rechtsvirfaart ze spéit gesinn.
B: O dat ka geschéieren. Vill Leit falen déi éischt Kéier duerch.
A: Jo, dat huet mäi Farlehrer och gesot. Zwou Woche méi spéit hunn ech den Exame widderholl, an dunn hunn ech en och ganz gutt gepackt.
B: Super! Da waars de bestëmmt frou.
A: Jo, total. Ech hunn direkt menger Mamm ugeruff, an owes sinn ech mat mengem Frënd an de Restaurant gaang, fir dat ze feieren.
B: Flott! Ech ka mech och nach u mäi Fürerschainsexamen erënneren. Ech hu mech deemools immens virbereet.
A: Hues du et direkt gepackt?
B : Jo, zum Gléck. Mee ech war och immens nervös.
A: A fiers du elo gär Auto?
B: Jo, besonnesch fir laang Strecken. De leschte Summer sinn ech mat Frënn an Italie gefuer. Mir hu bal zéng Stonne gebraucht.
A: Wow, dat ass laang. Ech sinn d’lescht Joer mam Zuch op Berlin gefuer. Dat war och relax, well ech ënnerwee liesen a Musek kucke konnt.
B: Dat ass richteg, mam Zuch fuere kann och relax sinn. Mee leider hunn d’Zich oft Retard.
A: O jo! D’lescht Woch hunn ech bal eng Stonn op der Gare gewaart, well mäin Zuch Verspéidung hat.
B: Dat ass typesch. Dofir huelen ech fir kuerz Strecke léiwer de Vëlo. Esou kommen ech dacks méi schnell un an ech hu mech an engems e bësse beweegt.
A: An et ass gutt fir d’Ëmwelt!
B: Genee. Mee am Wanter fueren ech guer net gär Vëlo. Dann ass et vill ze kal.
A: Dat verstinn ech. Am Wanter huelen ech meeschtens den Tram oder de Bus fir op d’Aarbecht ze fueren.
B: Eigentlech ass et gutt, verschidden Transportmëttelen ze hunn. Da kann ee méi flexibel sinn.
A: Jo, dat stëmmt. Mee et ass awer praktesch, de Fürerschäin ze hunn.
B: Op alle Fall. Et ass ee méi onofhängeg.
A : Genee. Vläicht kafen ech mir d’nächst Joer och e klengen Auto.
Tue, 02 Jun 2026 - 03min - 193 - E Studentenjob (A2)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut héiere mir, wéi zwee Studenten iwwer en Niewenjob schwätzen.
Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Transkript:
E Studentenjob (A2)
A: Hey! Wéi geet et dir?
B: Hallo! Et geet mir gutt, merci. An dir?
A: Jo, och gutt. Wat méchs du elo no de Coursen?
B: Ech sichen nach en Niewenjob. Ech wëll e bësse Sue verdéngen. An du, hues du e Studentenjob?
A: Jo, ech hu schonn en Niewenjob. Ech schaffe samschdes a sonndes an engem Café an der Stad.
B: A, wierklech? Dat kléngt interessant! Wat méchs du do genee?
A: Ech huelen d’Commanden, ech zerwéieren d’Clienten, ech spullen d’Glieser an heiansdo maachen ech den Inventaire.
B: Ass et dann net ze schwéier Uni an Aarbecht ze kombinéieren?
A: Et hänkt dovun of. Wann ech vill Hausaarbechten hunn oder fir en Test léiere muss, dann ass et e bësse stresseg, mee ech schaffe just 10 Stonne pro Woch, also geet et nach.
B: Jo, ech verstinn. Wéi sinn deng Aarbechtskolleegen dann?
A: Topp! Meng Cheffin ass och ganz léif a verständnisvoll.
B: Dat ass wichteg. A wéi vill verdéngs du?
A: Ech verdéngen ongeféier 14 Euro pro Stonn. Fir e Student ass dat net schlecht.
B: Nee, dat ass wierklech gutt.
A: Hues du schonn e CV geschriwwen?
B: Jo, ech hu mäi CV fäerdeg, mee ech weess net genee wou ech ufänke soll.
A: Du kanns online kucken oder direkt a verschiddene Geschäfter a Caféë froen. Vill Plaze siche Studenten. D’Uni huet normalerweis och e Site, wou reegelméisseg Studentenjobs gepostginn.
B: A ok, dat wosst ech net. Ech wollt vläicht Nohëllef ginn, well ech gutt an der Mathé, Physik a Chimie sinn.
A: Dat ass perfekt! Vill Eltere sichen Nohëllef fir hir Kanner am Lycée.
B: Jo, an ech kann da meng Zäit besser organiséieren.
A: Genau. Dat ass de Virdeel vun esou engem Job.
B: Firwat hues du dann eigentlech en Niewenjob gesicht?
A: Ech wollt méi onofhängeg sinn a meng eege Saache bezuelen, wéi Bicher, Kleeder oder Reesen.
B: Dat verstinn ech. Ech wëll och Sue spuere fir meng Vakanz am Summer.
A: Wou wëlls du hifueren?
B: Ech wëll mat Frënn a Spuenie goen, vläicht op Barcelona.
A: O, dat ass eng flott Stad! Do war ech d’lescht Joer.
B: Da muss ech séier e Job fannen!
A: Dat wäert scho goen. Wann s de wëlls, kann ech meng Cheffin froen ob si nach ee sicht.
B: Hmm, ech probéieren et als éischt emol mat der Nohëllef a wann net, da mellen ech mech nach eng Kéier bei dir.
A: Ok, kee Problem.
B: Merci awer fir deng Hëllef.
A: ‘t ass gär geschitt. Ech hoffen, du fënns séier eppes, dat dir gefält.
B: Ech och!
Wed, 27 May 2026 - 03min - 192 - Vakanz um Mier oder an der Stad (B1)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut héiere mir, wéi zwou Persounen diskutéieren, wou si hir Vakanz verbrénge wëllen.
Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Transkript:
Vakanz um Mier oder an der Stad (B1)
A: Hues du schonn iwwerluecht, wat s du an der grousser Vakanz maache wëlls?
B: Nee, nach net genau. Ech schwanken tëscht enger Rees an eng Stad an enger Vakanz um Mier. An du?
A: Ech géif léiwer op d’Mier fueren. No deene leschte stressege Méint brauch ech e bësse Rou.
B: Ech verstinn. Mee, éierlech gesot fannen ech e Citytrip méi interessant. Et kann een esou vill kucke goen an erliewen!
A: Dat ass wouer. Mee um Mier kann ee sech am beschten entspanen. Ausserdeem ass d’Wieder do meeschtens besser.
B: Hm, dat kënnt dorop un, wuer ee fiert. A Südeuropa ass et am Summer oft immens waarm. Dat ass mir heiansdo ze vill.
A: Also, ech si frou mat der Hëtzt. Ech leie léiwer an der Sonn, wéi de ganzen Dag duerch eng Stad ze trëppelen.
B: Ech ginn dogéint léiwer ronderëm an entdecken nei Plazen. An enger Stad gëtt et einfach méi Ofwiesslung: Muséeën, Resturanten, Butteker…
A: Mee, ass dat net och ustrengend? An der Vakanz wëll ech eigentlech net esou vill plangen.
B: E bësse plange gehéiert dozou, mee dat mécht mir och Spaass. Ech si léiwer méi aktiv wéi just op der Plage ze leien an ze faulenzen.
A: Nëmmen op der Plage leie géif ech och net. Et kann ee jo och Ausflich maachen. Mee insgesamt ass eng Vakanz um Mier méi relax fir mech.
B: Vläicht wier e Mix am Beschten. Eng Stad um Mier, zum Beispill.
A: Dat ass eng gutt Iddi. Esou huet ee béid Saachen: Kultur an Erhuelung.
B: Genee. Da kéint ee moies d’Stad kucke goen an nomëttes op d’Plage goen.
A: Dat kléngt ideal. Mee esou Plaze sinn oft méi deier, oder?
B: Jo, leider schon. Eng reng Rees an eng Stad ass oft méi bëlleg wéi eng Vakanz op enger beléifter Destinatioun um Mier.
A: Fir mech ass et awer wichteg, datt ech mech gutt erhuele kann. Dofir géif ech och léiwer e bësse méi Suen ausginn.
B: Ech verstinn däi Punkt. Fir mech ass de Präis méi wichteg. Ech géif léiwer méi bëlleg reesen an dofir méi gesinn.
A: Also, ech fannen eng schéi Plage méi wichteg wéi vill Aktivitéiten.
B: An ech fannen Aktivitéite méi wichteg wéi Erhuelung. Mir hu wierklech ënnerschiddlech Prioritéiten.
A: Haha, dat ass wouer. Mee genau dofir ass eng Kombinatioun vläicht déi bescht Léisung.
B: Jo, ech denken och. Wou kéint een dann esou eppes maachen?
A: Vläicht an Italien oder a Spuenien. Do ginn et vill Stied direkt um Mier.
B: Spuenie géif mir méi zousoen. D’Stied sinn do oft méi lieweg, fannen ech.
A: Mir gefält Italie besser, virun allem wéinst dem Iessen.
B: Do hues de Recht, ech fannen italieenescht Iessen och wierklech besser.
A: Also, Italien oder Spuenien?
B: Hmm… schwiereg. Vläicht musse mir vergläichen, wat méi bëlleg ass.
A: Gutt Iddi. A vläicht kucke mir och, wou d’Wieder am Beschten ass.
B: Genee. A wou net ze vill lass ass – dat ass mir och wichteg.
A: Mir och. Ech géif léiwer op eng roueg Plaz goen.
B: Da siche mir am beschten zesummen eppes eraus.
A: Jo, komm, mir kucken den Owend zesummen a vergläichen e puer Präisser.
B: Perfekt, ech freeë mech schonn!
A: Ech mech och! Egal, wuer mir fueren – Haaptsaach Vakanz an am wichtegsten zesummen!
Thu, 21 May 2026 - 05min - 191 - Den Dagesoflaf am Passé (A2)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut héiere mir, wéi zwou Persounen erzielen, wat si gëschter gemaach hunn.
Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Transkript:
Den Dagesoflaf am Passé
A: Salut Luc! Wéi war däin Dag gëschter?
B: Hallo Marie. Mäin Dag war an der Rei, mee och e bësse stresseg. An däin?
A: Mäin Dag war ganz gutt. Ech si fréi opgestanen, um 6 Auer. An du?
B: Ech si méi spéit opgestanen, géint hallwer aacht. Ech hu mäi Wecker net direkt héieren, dofir hunn ech mech du getommelt.
A: O, dat kennen ech! Ech hu mech fir d’éischt am Bett gestreckt an dunn hunn ech mech ugedoen. Duerno hunn ech d’Kaffismaschinn ugemaach an e Kaffi gedronk.
B: Ech hunn och direkt en Téi gedronk, mee ganz séier. Ech hu mir de Mond esouguer verbrannt. Dunn hunn ech mech am Buedzëmmer gewäsch a mech ugedoen, an du sinn ech direkt mam Auto opd’Aarbecht gefuer.
A: Hues du kee Kaffi gedronk ?
B : Nee, leider net. Ech hat keng Zäit. Ech hu just e Müüslirigel an en Apel matgeholl. An du?
A: Ech hu gemittlech doheem Kaffi gedronk. Ech hunn eng Schmier mat Gebeess an e Jughurt giess. Duerno hunn ech mech prett gemaach a sinn op de Busarrêt gaangen. Ech hat Chance an de Bus war pünktlech.
B: Däi Moie kléngt vill méi relax wéi mäin! Wat hues du dann alles op der Aarbecht gemaach?
A: Ech hunn op vill E-Maile geäntwert a mat Aarbechtskolleege geschwat. Mëttes hunn ech mech mat enger Frëndin getraff a mir hunn zesumme giess.
B: Flott! Ech hunn de ganzen Dag am Büro geschafft. Ech hat vill Reuniounen an hu mech fir eng aner Reunioun mat mengem Chef virbereet.
A: O, dat kléngt ustrengend. Wéi ass d’Presentatioun gelaf?
B: Gutt. Ech war e bëssen nervös, mee mäi Chef war zefridden.
A: Super! No der Aarbecht hunn ech e bësse gerascht. Ech hu mech op de Kannapee geluecht an hunn e bëssen d’Tëlee gekuckt.
B: Ech hunn no der Aarbecht Sport gemaach. Ech sinn an de Fitness gefuer an hunn eng Stonn trainéiert.
A: Dat ass eng gutt Iddi. Hues du dech duerno besser gefillt?
B: Jo, definitiv. Doheem hunn ech mech geduscht an eppes fir z’iesse preparéiert.
A: Wat hues du gekacht?
B: Nuddele mat Geméis a Poulet. An du?
A: Ech hu just eng Zalot giess. Ech war net immens hongereg.
B: A wat hues du owes gemaach?
A: Ech hunn e bësse Lëtzebuergesch geléiert. Duerno hunn ech mech an d’Bett geluecht an hunn e Buch gelies.
B: Ech hunn nach e bësse Playstation gespillt, mee um 22 Auer sinn ech schlofe gaangen. An du, um wéi vill Auer hues du geschlof?
A: Ech hu géint 23 Auer d’Luucht ausgemaach a si séier ageschlof.
B: Dat kléngt jo no engem gudden Dag. Muer stinn ech méi fréi op, fir datt ech net erëm esou midd a gestresst sinn.
A: Gutt Iddi! Ech probéieren och, mäin Dag lues unzefänken.
Tue, 19 May 2026 - 03min - 190 - Iwwer eng Trennung schwätzen (A2)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut héiere mir, wéi zwou Persounen iwwer eng Trennung schwätzen.
Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Transkript:
Iwwer eng Trennung schwätzen (A2)
A: Moien! Wéi geet et dir? Ass alles ok?
B: Hallo! Éierlech gesot geet et mir net esou gutt.
A: O! Firwat?
B: De Marco an ech... mir hunn eis getrennt... also, de Marco huet sech vu mir getrennt.
A: O Nee! Dat deet mer immens leed! Wéini?
B: Virun dräi Deeg.
A: Wéi geet et der?
B: Ech sinn esou traureg. Mäin Häerz ass gebrach. Ech kräischen de ganzen Dag.
Mir ware véier Joer zesummen. Ech wäert ni méi glécklech sinn.A: O, du Aarmt! Ech si mer sécher, dass et dir iergendwann nees besser geet. Véier Joer Bezéiung ass eng laang Zäit an no dräi Deeg ass et normal, dass du dech nach esou traureg fills.
B: Mir haten esou eng schéin Zäit.
A: Firwat huet de Marco da Schluss gemaach, wann ech froen däerf?
B: Hien huet sech an eng aner Fra verléift. Mir hunn déi lescht Méint och oft gestridden. Am Fong ware mir allen zwee net méi glécklech,
A: Dat kléngt schwiereg.
B: Mee et deet trotzdeem wéi.
A: Dat verstinn ech. Et kann een traureg sinn, och wann et vläicht déi richteg Decisioun war...
B: Ech verlaangere sou vill no him! Eis Wunneng ass esou eidel ouni hien. Mir hu bal dräi Joer zesumme gewunnt.
A: Hm, dat heescht, hien ass schonn erausgeplënnert...?
B: Jo... direkt. Hie wunnt elo bei senger neier Frëndin.
A: Wat?!
B: Jo, hien ass mir friemgaangen. Si haten déi lescht siwe Méint eng Affär! Ech sinn esou enttäuscht!
A: Schrecklech! Dat deet mer esou leed!
B: Merci... meng Schwëster wunnt de Moment bei mer. Dat hëlleft...
A: Dat ass gutt. Et hëlleft, mat aneren ze schwätzen.
B: Jo. Nuets denken ech awer vill no a ka kaum schlofen.
A: Dat gleewen ech der direkt. Wéini ass däin nächste Congé? Vläicht ass et gutt, wann s de aus der Wunneng kënns an e puer Deeg fortfiers...en Tapéitewiessel!
B: Dat ass warscheinlech eng gutt Iddi. An der Wunneng erënnert mech alles un hien. Ech wäert och net do wunne bleiwen. Ech ka mer de Loyer eleng net leeschten. Och nach dat! Elo muss ech nach eng nei Wunneng sichen!
A: Dat muss jo net haut oder muer sinn. Sich der eng Vakanzendestinatioun eraus fir e puer Deeg fort. Duerno geet et der bestëmmt besser! Soll ech matkommen? Ech ka mer e puer Deeg fräihuelen.
B: Bass de sécher? Dat ass immens léif vun dir!
A: Duerfir si Frënn do!
B: Merci, dass de fir mech do bass!
A: Gär geschitt! Komm, mir kucken emol, wuer mer hifueren.
Thu, 14 May 2026 - 04min - 189 - Saache fir eng Studentewunneng kafen (A2)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut héiere mir, wéi zwou Persounen iwwer d'Plënnere vun engem Student an eng Studentewunneng schwätzen.
Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Transkript:
Saache fir eng Studentewunneng kafen
A: Wat scrolls du schonn erëm op dengem Handy?
B: Majo, ech sinn hei op enger Internetsäit fir secondhand Saachen ze kafen oder ze verkafen.
A: Sichs de eppes Bestëmmtes oder verkeefs de Saachen? Hues de doheem d’Fréijoersbotz gemaach?
B: Nee, mäi Meedche geet geschwënn op d’Uni a fir seng éischt eege Wunneng brauch hatt elo allerhand Saachen.
A: Wéi flott! Mee jo, dat kascht bestëmmt vill, wann een dat alles nei kafe muss.
B: Genee, mir wëllen net alles nei kafen an ech hunn hei secondhand e flotten Zerwiss vun enger gudder Mark fonnt fir nëmmen 20 €. En ass zwar net ganz komplett, mee dat ass net schlëmm.
A: Wat feelt dann?
B: Eng Taass, eng Schossel an zwee Glieser. Déi grouss an déi kleng Tellere sinn nach all do. Hatt ass jo eleng, da gi fënnef Tasen, fënnef Schosselen a véier Glieser duer. Hatt ka sech jo nach eppes nokafen, wann hatt et brauch.
A: Jo. Fir den Ufank ass dat jo net schlecht. Wat brauch hatt dann nach alles?
B: Hatt brauch nach Dëppen a Panen: e grousst Dëppe fir Nuddelen ze kachen, e klengt Dëppe fir Zoossen ze maachen, eng grouss Pan fir Geméis ze broden an eng kleng Pan fir zum Beispill Spigeleeër ze maachen.
A: Wéi ass et mam Besteck?
B: Mir hunn nach kee Besteck, mee et steet ganz uewen op der Lëscht.
A: Ma, ech hunn nach en aalt Besteck. Vläicht feelen do och e puer Forschetten, Messeren oder Läffelen, mee fir eng Persoun misst et awer duergoen. Wier dat ok fir iech?
B: Genial! Villmools Merci, dat wier super!
A: Topp! Dat läit säit Jore bei eis am Keller an enger Këscht. Ech si frou, wann een et gebrauche kann.
B: Wéi vill frees de?
A: Näischt! Ech schenken iech et! Entweeder dir kritt et oder mir bréngen et op de Recycling.
B: Déck léif! Merci!
A: Gär geschitt! Wat brauch hatt dann nach alles...?
B: Op der Lëscht stinn nach e Schnéibiesem, en Zoppeläffel, e Bräiläffel aus Holz, ... ëmm ...
A: Kichemesseren?
B: Jo, e grousst an e klengt Kichemesser. An e Schneidbriet.
A: An eng Kaffismaschinn?
B: Vläicht méi spéit. Fir d’éischt kafe mer déi wichteg Saachen, wéi zum Beispill e Wasserkocher, e Béchsenëffner, Kichendicher, ...
A: A jo, a Botzgeschier!
B: Jo! Fir an der Kichen: Spüli, e Schwämpchen, Spulllompen, eng Biischtchen, an dann nach, fir allgemeng ze botzen: e Staubsauger, Torschongen, eng Raclette, eng Kierbiischt, an natierlech Botzmëttelen.
A: An Dreckstuten.
B: Jo! Déi éischt Botzmëttelen an Tute kafe mir, fir datt et weess, wat een alles brauch. Duerno muss hatt dat awer selwer nokafen.
A: Et brauch ee wierklech vill fir eng nei Wunneng. Wéi ass et mat de Miwwelen?
B: Do hate mer Chance. Mir kënnen d’Miwwelen vun der viregter Studentin iwwerhuelen. Vläicht kafe mer eng nei Matrass. Déi momentan ass scho méi al a richt net gutt.
A: Dat kann ech verstoen! Freet däi Meedche sech op dat neit Kapitel?
B: Jo! Hatt ass schonn immens opgereegt!
A: A wéi geet et dir domat?
B: Ech freeë mech fir hatt, mee ech wäert et immens vermëssen! Hatt wäert eemol de Mount oder all sechs Wochen heemkommen, wann et Zäit huet. Dat ass och gutt esou. Et ass wierklech en neit Kapitel an enger neier Stad, ouni seng Elteren, eng eege Wunneng, nei Frënn, nei Erfarungen. Ech hu super Erënnerungen u meng Studienzäit an ech hoffen, datt et bei him d’selwecht flott gëtt.
A: Ech och! Trotz den Examen. Ech wënschen him eng super Zäit.
B: Merci!
A: Wéini soll ech d’Besteck matbréngen?
B: Wann s de Zäit hues! Mir hunn nach e puer Wochen Zäit éier hatt plënnert!
A: An der Rei!
Tue, 12 May 2026 - 04min - 188 - Aarbechtszäiten an Auerzäiten (A1)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht.
Haut trainéiere mir d'Auerzäiten.
Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Transkript:
De Schoulmeeschter
De Schoulmeeschter schafft an enger Schoul.
Hie fänkt um hallwer aacht moies mat schaffen un.
Hien hält um Véierel op dräi nomëttes mat schaffen op. D’Doktesch
D’Doktesch schafft an enger Praxis.
Si fänkt um Véierel vir siwe moies mat schaffen un.
Si hält um hallwer véier nomëttes mat schaffen op. De Bäcker
De Bäcker schafft an enger Bäckerei
Hie fänkt um hallwer fënnef moies mat schaffen un.
Hien hält um hallwer zwou nomëttes mat schaffen op. D’Verkeeferin
D’Verkeeferin schafft an engem Buttek.
Si fänkt um néng Auer moies mat schaffen un.
Si hält um Véierel vir sechs owes mat schaffen op. Den Infirmier
Den Infirmier schafft op Schichten an enger Klinick. Haut huet hien Nuetsschicht.
Hie fänkt um Véierel vir zéng owes mat schaffen un.Hien hält um Véierel op 6 moies mat schaffen op.
Ech erwächen um hallwer siwen.
Um Véierel op siwen drénken ech Kaffi.
Ech fueren um Véierel vir aacht doheem fort.
De Cours fänkt um hallwer néng un.
Um Véierel op néng maachen ech eng Paus.
Ech schaffe bis Véierel vir zwielef.
Um hallwer eng iessen ech zu Mëtteg.
Ech treffe meng Frëndin um Véierel vir eng.
Um hallwer dräi drénken ech e Kaffi.
Ech hunn um Véierel op dräi e Rendez-vous.
Um Véierel vir dräi ginn ech heem.
Ech maachen um hallwer véier Sport.
Um Véierel vir fënnef duschen ech.
Ech kachen um Véierel vir sechs.
Um hallwer siwen iessen ech zu Owend.
Ech kucken um Véierel op siwen d’Tëlee.
Um Véierel vir aacht telefonéieren ech.
Ech liesen um hallwer néng e Buch.
Um Véierel op néng ginn ech schlofen.
Thu, 07 May 2026 - 03min - 187 - Noriichten iwwer Hënn & Catsitting (A2-B1)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Am Episod vun haut héiere mir fir d'éischt zwou Noriichten iwwer Hënn. Duerno héiere mir, wéi zwee Noperen e Catsitting organiséieren.
-
Transkript:
Zwou Noriichten iwwer Hënn
A: O, wow!
B: Wat ass?
A: Hei steet, datt zu Stuttgart e Labrador aus engem Mouer gerett gouf.
B: O mei! Wéi ass en dann do erakomm?
A: E war vun doheem fortgelaf an am Beräich vun engem Séi am Bulli agesackt. E konnt sech net méi vun eleng befreien!
B: O, deen aarme Mupp!
A: Jo, e war anscheinend an enger liewensgeféierlecher Situatioun!
B: An dunn?
A: Spadséiergänger hunn am Nomëtteg dem Hond säi Gebills héieren an d’Pompjeeë geruff.
B: Zum Géck hu si dat héieren! Wéi hunn d’Pompjeeën den Hond dann du gerett?
A: Fir d’éischt hu si en Zougank bei den Hond misse leeën, well de Buedem jo net fest war.
B: A wéi hu si dat gemaach?
A: Si hunn dat mat Deeler vun enger Leeder gemaach. Du goufen zwee Secouristen am Neopren mat Seeler geséchert an du konnte se den Hond erreechen a schlussendlech befreien. U Land gouf en du mat Waasser versuergt.
B: Uff!
A: D’Police huet d’Besëtzerin ermëttelt an hir den Hond, de Leo, erëm iwwerreecht.
B: Schéin!
A: Et waren am Ganzen zéng Pompjeeën am Asaz!
B: Wow! Wat eng Geschicht! Ech hoffen, de Mupp erhëlt sech geschwë vun deem Schreck!
A: Ech och!
B: Ech hunn och eng Geschicht vun engem Hond héieren, mee do ass den Hond den Held oder besser: d’Heldin. Et ass eng Hondsdamm.
A: Erziel!
B: An der Nuecht war bei enger eelerer Koppel am Keller e Feier ausgebrach. D’Fra hat géint 1 Auer den Noutruff gewielt a si an hire Mann konnte mat Zäit d’Haus verloossen, ier d’Rettungsekippen an d’Pompjeeën op d’Plaz koumen. Déi zwee hunn awer misse mat Verdacht op eng Dampvergëftung an d’Spidol, mee et hätt kënne méi schlëmm ausgoen. Mee, dank hirer Hondsdamm ass net méi geschitt. Déi hat nämlech esou laang gebillt, bis d’Koppel erwächt ass a gemierkt huet, dass d’Haus voller Damp war.
A: Super!
B: An net nëmme koum si mat Zäiten eraus, och d’Feier war relativ séier geläscht.
A: Wéi geet et dem Hond?
B: Deem ass och näischt geschitt!
A: Weess een, firwat et gebrannt hat?
B: Jo, iergend en Defekt un enger Modelleisebunn.
A: O! Glécklecherweis ass et gutt ausgaang!
Catsitting an nom Haus kucken
A: Salut Julie, hues du kuerz Zäit ?
B : Jo, wat ass lass ?
A : Ma, ech fueren d’nächst Woch fir zéng Deeg an d’Vakanz an ech hunn nach kee fonnt, deen no menger Kaz, dem Luna, kucke kann. Kéints du dat villäicht maachen?
B: Jo, natierlech! Wat muss ech da genee ech maachen?
A: Merci! Dat hëlleft mir vill. Also, d’Luna och ganz léif an onkomplizéiert. Ech brauch just een, deen him all Dag moies an owes d’Fudder gëtt a frësch Waasser dohi stellt.
B: Dat kann ech maachen. Geet d’Luna net eraus?
A: Nee, hatt ass gewinnt, dobannen ze bleiwen.
B: An der Rei. Soll ech villäicht soss nach eppes maachen, wärend s de an der Vakanz bass?
A: Jo, kéints du vläicht all puer Deeg eng Kéier an d’Boîte kucke goen an de Courier eraushuelen?
B: Kee Problem, dat maachen ech. Soss nach eppes?
A: Nee, ech mengen net. A… dach. Du kéints vläicht owes eng Kéier d’Fënster opmaachen an e bësse lëften, a kucken, op d’Planzen um Balcon kee Waasser brauchen. D’Stränz steet och um Balcon.
B: Ok, dat geet.
A: Merci! Hei ass de Schlëssel.
B: A wéini kënns du zeréck?
A : Den 18. Mee, owes.
B : Ok, et ass notéiert.
A: Merci fir deng Hëllef, Julie, ech wäert mech bei dir revanchéieren.
Tue, 05 May 2026 - 05min - 186 - D'Oktav an de Mäertchen (A2)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Am Episod vun haut schwätze mir iwwer d'Traditioun vun der Oktav a vum Mäertchen. Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Transkript
D’Oktav an de Mäertchen
A: So, ech hu mir virgeholl, dëst Joer op d’Oktav an op de Mäertchen ze goen.
B: Dat kléngt flott, mee kanns du mir mol erklären, wat dat genee ass? Ech hu schonn dovun héieren, mee ech weess awer net vill doriwwer.
A: Jo, gär! D’Oktav ass eng reliéis Feier hei zu Lëtzebuerg. Si gëtt zu Éiere vun der Muttergottes gefeiert. Tëscht dem 3. an dem 5. Sonndeg no Ouschtere pilgeren Dausende vu Gleewegenaus der ganzer Groussregioun bis an d’Stad.
B: O, dat ass méi grouss wéi ech geduecht hunn. A firwat pilgeren d’Leit dohinner?
A: Si ginn an d’Kathedral Notre-Dame, fir d’Statu vun der Muttergottes ze kucken an ze éieren. Si gëtt als „Consolatrix Afflictorum“ bezeechent, dat heescht Tréischteri vun den Trauregen. D’Traditioun geet zeréck bis an d’17. Joerhonnert.
B: Wéi huet dat dann ugefaangen?
A: Ma, zu där Zäit hat d’Land vill Problemer wéi Epidemien, Kricher a Hongersnout. D’Leit hunn d’Muttergottes als Schutz an Trouscht gewielt. Zanterhier ass d’Oktav eng ganz wichtegTraditioun bliwwen.
B: Dat mécht et nach méi speziell. A wat ass dann de Mäertchen?
A: De Mäertchen ass e Maart um Knuedler, deen extra fir d’Oktav organiséiert gëtt. Do ginn et vill Stänn, wou een iessen, drénken an och lokal Produiten entdecke kann.
B: A, also eng Kombinatioun aus reliéiser Traditioun an engem klenge Fest.
A: Genee! Vill Leit ginn no der Pilgerrees nach dohinner, fir sech z’entspanen an d’Stëmmung ze genéissen.
B: Wat kann een dann do genee iessen?
A: Ganz vill verschidde Saachen! Lëtzebuergesch Spezialitéiten, verschidden Desserten an nach aner Saachen. Et ass fir jiddereen eppes dobäi.
B: Dat kléngt wierklech flott. Gees du eleng oder mat anere Leit?
A: Ech hat eigentlech vir, eleng ze goen. Ech wëll dat als perséinlech Erfarung erliewen. Mee ënnerwee trëfft een ëmmer Leit an et kënnt ee séier an d’Gespréich.
B: Dat gleewen ech. Ech ka mir virstellen, datt do eng speziell Energie ass, wann esou vill Leit zesumme pilgeren.
A: Absolut. Et ass roueg, mee gläichzäiteg och lieweg. An du hues Zäit, fir nozedenken oder einfach de Moment ze genéissen.
B: Hmm, elo kréien ech och Loscht esou eppes ze maachen. Muss een dofir reliéis sinn?
A: Nee, iwwerhaapt net. Vill Leit ginn aus Traditioun oder einfach fir d’Erfarung dohinner. Jidderee ka matkommen. Aner Leit gi just op de Mäertchen, well se eppes Guddes iesse wëllenoder als Aktivitéit mat de Kanner.
B: Dat ass gutt ze wëssen. Ech kucke mol wéi ech mech organiséiert kréien. Solle mir dat zesumme maachen oder wëlls du onbedéngt eleng goen?
A: Nee, mir kënne gär zesumme goen, da kann ech dir nach e puer Saache weisen an erklären.
B: Dat wier super, merci! Ech freeë mech schonn.
Thu, 30 Apr 2026 - 04min - 185 - Den Zuch verpasst & en Accident mam Vëlo (A2)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut hu mir zwee Dialoger: am éischten Dialog héiere mir, wéi eng Persoun den Zuch fir op d'Aarbecht verpasst huet. Am zweeten Dialog héiere mir, wéi eng Persoun vun engem Accident mam Vëlo erzielt.
Vill Spass beim Nolauschteren!
-
Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick!). Dir braucht kee Kont klickt einfach op ''access as guest''.
Tue, 28 Apr 2026 - 06min - 184 - Am Fréijoer am Gaart schaffen (B1)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut héiere mir, wéi zwou Persounen iwwer d'Theema Gaardenaarbecht schwätzen.
Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Transkript:
A: Wat méchs du dann dëse Weekend?
B: Ech schaffen am Gaart. Ech hunn nach vill ze dinn.
A: Ech kenne mech guer net aus, ech hu kee Gaart. Wat muss een alles maachen?
B: Also, fir d’éischt hunn ech de Gaart preparéiert. Et muss ee fir d’éischt d’Onkraut erausrappen an de Buedem oplackeren.
A: A, dat ass bestëmmt vill Aarbecht.
B: Jo, mee et mécht Spaass. An ech si vill dobaussen un der frëscher Loft.
A: Hues de schonn eppes geplanzt?
B: Jo, ech hu schonn Zalot, Spinat a Réidercher geplanzt.
A: Firwat grad déi Planzen?
B: Se halen d’Keelt aus a kënnen och wuessen, wann et nach kal ass. Am Abrëll ass d’Wieder nach immens onbestänneg.
A: Jo, et seet ee jo: Abrëll, Abrëll, dee weess net, wat e wëll.
B: (laacht) Genee!
A: A wat wëlls du nach uplanzen?
B: Ech wëll nach Muerten a Grompere setzen.
A: Wéi ass et mat Tomaten?
B: A jo! Also ech zillen d’Tomaten de Moment nach bannen op mengem Fënsterbriet an der Kichen. No den Äishellege komme se dann eraus an de Gaart.
A: Wat ass dat?
B: D’Äishelleg si Mëtt Mee, vum 11. bis de 15. Mee. Eng Bauerereegel seet, datt bis de 15. Mee nach Frascht am Fréijoer méiglech ass. Duerno kann ee sech bal sécher sinn, datt d’Deeg méi waarm ginn.
A: O, dat ass jo guer net gutt fir d’Planzen.
B: Genee, duerfir ass et besser, wann een déi kriddeleg Planzen eréischt duerno planzt.
A: Dat ass e gudden Tipp.
B: Jo. Ech géing och nach gär Kraider ubauen.
A: Wat dann zum Beispill?
B: Péiterséileg, Majiskraut, Bratzel an Dëll. Déi benotzen ech oft, wann ech kachen.
A: Dat ass immens praktesch! Dann hues de ëmmer frësch Kraider doheem! Wat eng gutt Iddi!
B: Esou Kraider kanns du och uplanzen. Dofir brauch ee kee Gaart. Hues de e Balcon?
A: ‘t ass wouer! Jo, ech hunn e klenge Balcon.
B: Ma, perfekt! Duer kanns du och Saache séien.
A: Wat dann zum Beispill?
B: Ech géif soen, Tomaten an engem Blummendëppen an och Äerdbier. D’Kraider kanns de och op de Balcon setzen. Oder eeben op e Fënsterbriet.
A: Dat kléngt super!
B: Du kanns och Blumme séien, zum Beispill Sonneblummen. Se wuesse séier a sinn net schwéier.
A: Dat ass gutt fir Ufänger wéi ech.
B: Et muss ee just reegelméisseg nätzen a Gedold hunn.
A: Du hues mech elo richteg motivéiert!
B: Hues de schonn eng Iddi?
A: Ech fänken emol kleng un: op alle Fall Kraider fir ze kachen a vläicht probéieren ech d’Tomaten am Dëppen nach.
B: Dat ass e gudde Plang. Et muss ee jo net alles matenee maachen.
A: Genee. Schrëtt fir Schrëtt.
B: Wann s de Froen hues, da mells de dech bei mer! Ech hëllefen dir gär!
A: Villmools Merci! Ech freeë mech drop, unzefänken.
Thu, 23 Apr 2026 - 04min - 183 - Um Nopeschfest (A2)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut héiere mir, wéi e puer Persoun um Nopeschfest matenee schwätzen.
Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Transkript
A: Hallo dir zwee! Schéin, datt dir och hei sidd.
M: Salut Anna! Jo, d’Nopeschfest ass ëmmer flott. Vill Leit a gutt Iessen.
C: Moien alleguer! Ech wunnen eréischt zanter zwou Wochen hei. Ech kennen nach net vill Noperen.
A: O, bass du hei an eiser Residence? Wëllkomm! Ech wunne scho fënnef Joer hei.
C: Merci! Ech sinn d’Clara. Ech wunnen um zweete Stack, dat éischt Appartement op der lénkser Säit.
M: A, da bass du meng nei Nopesch! Ech wunnen direkt uewendriwwer. Ech sinn de Marco.
C: A, et freet mech, dech kennenzeléieren. Hoffenlech maachen ech net ze vill Kaméidi. Ech hu geschter Owend nach e bësse Musek um Balcon gelauschtert.
M: Nee, alles gutt. Ech hunn näischt héieren. A wann ech eppes héieren, wat mech stéiert, soen ech dir Bescheed.
A: Dat ass hei am Haus flott. Déi meescht Leit si frëndlech a schwätze mateneen.
C: Dat kléngt gutt. A menger aler Wunneng hunn ech meng Nopere guer net kannt. Dat war e bësse schued.
M: Hei ass et anescht. Am Summer gi mir oft zesumme spadséieren oder grillen am Gaart.
A: Jo, dat ass richteg! D’lescht Joer hu mir mat der Residence vis-à-vis e grousst Grillfest organiséiert.
C: Wow, dat kléngt flott! Ech grille ganz gär. A propos Iessen, wat ass dat hei?
M: Dat sinn Arancini. Meng Fra huet déi gemaach. Wëlls du ee schmaachen?
C: Jo, gär! Merci. Mmh, déi si ganz gutt !
A: Ech hunn eng klassesch Nuddelszalot gemaach. Déi steet do hannen um Dësch.
C: O, ech iesse ganz gär Nuddelszalot. Ech ginn herno emol kucken.
M: Vu wou kënns du eigentlech, Clara?
C : Ech komme vun Tréier, mee ech schaffen zanter sechs Joer zu Lëtzebuerg. Ech hat keng Loscht méi, all Dag ze pendelen, dofir hunn ech decidéiert, an d’Stad ze plënneren.
A: Dat verstinn ech. Wou schaffs du dann?
C: Ech schaffen an engem Architektebüro um Belair.
M: O, interessant! Schaffs du all Dag um Büro, oder schaffs du och heiansdo vun doheem?
C: Ech muss leider déi meescht Deeg op de Büro goen. Ech däerf just een Dag d’Woch vun doheem schaffen.
A: Dat ass awer blöd. Mee ech verstinn dat. Ech si Proff an engem Lycée.
C: Seriö? Wat fir Fächer gëss du dann?
A: Däitsch a Geschicht. Et mécht mir Spaass, mee heiansdo ass et awer och stresseg. Dofir sinn ech frou, net wäit ewech vun der Schoul ze wunnen.
M: Ech verstinn! Ech schaffen hei am Spidol an der Rezeptioun.
C: Dat ass bestëmmt och stresseg, oder?
M: Jo, besonnesch moies, wa vill Patiente gläichzäiteg kommen.
A: Mee du bass ëmmer roueg a frëndlech. Dat ass bestëmmt wichteg op denger Aarbecht.
C: Wat maacht dir da gär an ärer Fräizäit?
A: Ech gi gär lafen an ech strécke gär. An du?
C: Ech mole gär an treffe mech gär mat Frënn. Heiansdo ginn ech och an de Kino oder an den Theater.
M: Ech spillen de Weekend oft Fussball mat Frënn. An ech kache gär.
C: Seriö? Da muss du mir emol eng Kéier e Rezept ginn. Ech ka guer net gutt kachen!
M: Natierlech! Ech kann dir och weisen, wéi een Arancini mécht.
A: Dat wier dach eng flott Iddi fir dat nächst Nopeschfest: e Kachowend!
C: O jo, dat fannen ech super!
M: Mir kënne jo eng Lëscht maachen. Jidderee bréngt Ingrediente fir e Plat aus sengem Land oder senger Regioun mat. Da kache mir zesummen, an duerno schmaache mir alles zesummen.
A: Gutt Iddi! Dann hu mir vill verschidde Saache fir z'iessen.
C: Dat kléngt no engem flotten Owend.
M: Kuck, do hanne spillt elo ee Gittar. Solle mir emol kucke goen?
Tue, 21 Apr 2026 - 05min - 182 - Beruff: Elektriker/Elektrikerin (A1)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut héiere mir, wéi eng Persoun vun hirem Beruff als Elektriker schwätzt. Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Transkript
A: Gudde Moien Eric! Wat bass du vu Beruff?
B: Ech sinn Elektriker.
A: Cool! Wat méchs du do genee? Wat sinn deng Tâchen?
B: Ech installéieren a flécken elektresch Systemer. Dat sinn zum Beispill Steckdousen, Luuchten, Kabelen an d’Këschte mat de Sécherungen.
A: Wéi laang schaffs du schonn als Elektriker/Elektrikerin?
B: Zënter aacht Joer.
A: Schaffs du och op engem Büro?
B: Nee, bal ni. Ech schaffe meeschtens op Chantieren oder direkt bei de Clienten doheem.
A: Dat heescht, du bass vill ënnerwee...
B: Mol sou, mol sou. Heiansdo sinn ech just e puer Stonne bei engem Client, heiansdo sinn ech e puer Deeg op engem Chantier.
A: Wat gefält dir besser? Bei de Clienten doheem oder d’Aarbecht op enger Baustell?
B: Dat hänkt dervun of. Ech si frou, wann ech meng Aarbecht gutt maache kann an d’Clienten all zefridde sinn.
A: Wéi gesäit en typeschen Aarbechtsdag aus?
B: Ech fänke fréi u mat schaffen, heiansdo schonn um 7 Auer moies. Fir d’éischt fueren ech op e Chantier oder bei e Client heem. Ech kucken d’Pläng a beschwätze mam Client, wat gemaach gi muss. Duerno fänken ech un: ech leeë Kabelen, ech installéiere Steckdousen oder schléisse Geräter un. Ech iwwerpréiwe reegelméisseg, ob alles richteg fonctionéiert.
A: Schaffs de eleng oder am Team?
B: Op de grousse Chantiere schaffen ech mat mengen Aarbechtskolleegen zesummen. Bei Privatleit schaffen ech awer meeschtens eleng.
A: Ass däi Beruff geféierlech?
B: E bëssen. Stroum ka geféierlech sinn. Duerfir musse mir ëmmer virsiichteg sinn an eis un d’Sécherheetsreegelen halen. Mir doen och extra Schutzkleedung un, Sécherheetsschong an heiansdo och Händschen. Dat ass immens wichteg.
A: Wat gefält dir un dengem Beruff?
B: Ech fannen et flott, datt ech mat den Hänn schaffe kann. Ech sëtzen net gär op engem Büro, mee si léiwer aktiv. Ech gesinn och gär d’Resultater, zum Beispill eng Luucht, déi fonctionéiert oder wann e ganze System fäerdeg ass.
A: Wat gefält dir net esou gutt?
B: Heiansdo sinn d’Aarbechtszäiten immens laang a wann ech dobausse schaffe muss, wann et reent... Dann ass et ongemittlech!
A: Wéi bass du Elektriker/Elektrikerin ginn?
B: Ech hunn nom Lycée eng Léier gemaach.
A: Hues de wärend der Léier och scho praktesch geschafft?
B: Jo, ech hunn an engem Betrib e Stage gemaach a Coursen an der Handwierkerschoul geholl. An der Schoul léiert ee vill iwwer d’Technik an d’Sécherheet. Et war net ëmmer einfach, virun allem d’Theorie.Mee sou ass et bei deene meeschte Beruffer.
A: Géings de däi Beruff recommandéieren?
B: Jo! Op alle Fall! Besonnesch fir déi Leit, déi gäre praktesch schaffen a sech fir Technik interesséieren. Online fënnt een all d’Informatiounen. Et gëtt verschidden Diplomer, déi ee maache kann. Et kann een zum Beispill och als Erwuessenen eng Léier maachen. Et ass ni ze spéit, säi Beruff ze wiesselen.
A: Zum Schluss nach: wat méchs du gär an denger Fräizäit?
B: A menger Fräizäit ginn ech gär Vëlo fueren. Do kann ech gutt ofschalten. Heiansdo hëllefen ech och Kolleegen, fir doheem Luuchten opzehänken oder fir deen een oder aneren elektreschen Apparat zeflécken. Awer just heiansdo!
A: Villmools Merci fir d’Gespréich.
B: Gär geschitt.
Thu, 16 Apr 2026 - 04min - 181 - Liblingsiessen & Ratatouille kachen (A2)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut héiere mir, wéi zwou Persounen iwwer hiert Liblingsiesse schwätzen. Duerno héiere mir och e Rezept, fir eng Ratatouille ze kachen.
-
Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick!). Dir braucht kee Kont klickt einfach op ''access as guest''.
Tue, 14 Apr 2026 - 06min - 180 - Eis Dagesroutinnen (A1-A2)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut héiere mir, wéi zwou Persounen iwwer hir Dagesroutinne schwätzen. Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick!). Dir braucht kee Kont klickt einfach op ''access as guest''.
Wed, 08 Apr 2026 - 06min - 179 - E Wellness-Weekend (A2)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut héiere mir, wéi zwou Persounen iwwer e Wellness-Weekend, dee si geplangt hu, schwätzen.
Vill Spass beim Nolauschteren!
-
Transkript:
A: An, frees du dech op eise Wellness-Weekend?
B: Jo, ech freeë mech esou vill. Ech muss wierklech e bëssen ofschalten a brauch Entspanung.
A: Ech och, onbedéngt ! Ech sinn och frou, datt mir eis decidéiert hunn am Hotel z’iwwernuechten. Online hu mir jo scho gesinn, datt hir Zëmmeren immens schéin a gemittlech ausgesinn.
B: Voll. Wat solle mir als éischt am Wellness-Beräich maachen?
A: Ech géif gär direkt an d'Sauna goen. Si hu fënnef Saunaen dobaussen an dräi dobannen. Si hunn och dräi Hammamen.
B: Topp! Hammam ass perfekt fir d’Haut. Si hu bestëmmt och sou Peelinge mat Salz, Kraider an äthereschen Ueleger. Dono kënne mir jo an d’Schwämm e bësse schwamme goen.
A: Ganz gär! Si hunn dobaussen och e Naturteich, also eppes wéi e Weier an deem ee schwamme kann... Vläicht kënne mir eis an deem ofkillen, wa mir aus der Sauna kommen. Wann dat eis ze kal ass, gi mir einfach an den Outdoor-Whirlpool.
B: Dat ass e gudd ePlang. Hues du schonn eng Massage gebucht?
A: Jo, ech hu fir eis zwee eng Massage vum ganze Kierper reservéiert. 90 Minutte puer Entspanung.
B: En Dram! Ech wollt och eng Gesiichtsbehandlung probéieren. Meng Haut brauch e bësse Fleeg.
A: Gutt Iddi. Ech mengen, ech maachen och eng kleng Manikür. Et ass schéin, sech mol verwinnen ze loossen.
B: Absolut. Ech hu gesinn, datt si och zwee grouss Räim hunn, wou ee sech ausroue kann. Do kënne mir einfach a Rou leien an e Buch liesen oder einfach näischt maachen.
A: Genau dat brauch ech: Rou a kee Stress.
B: Wéi gesäit et mam Iessen aus? Den Hotel huet e ganz gudde Restaurant, hunn ech héieren.
A: Genee. E Freideg Owend hu mir e Menü mat véier Gäng.
B: Véier Gäng? Dat kléngt luxuriéis! Weess du, wat et gëtt?
A: Als éischt gëtt et e Rommel-Carpaccio mat Geessekéis, Nëss an enger Hunneg-Moschtert Vinaigrette. Dono gëtt et eng Kürbiszopp mat Kokosmëllech an Ingwer.
B: Mmmm! A wat gëtt et als Haaptplat?
A: Et gëtt Saumonsfilet, Quinoa a Spargele mat enger Zitroun-Dill-Zooss. Si hunn awer och vegetaresch a vegan Optiounen, mee déi hunn ech net gekuckt.
B: Guer kee Problem, ech iesse gär Fësch.
A: Ech och. Als Dessert gëtt et nach en Äerdbierssorbet mat Peffermënz a Mascarpone.
B: Dat kléngt wierklech alles excellent.
A: An eisem Package, hu mir jo och de Kaffi moies. Do gëtt et e grousse Buffet.
B: Dat ass perfekt. Da kënne mir do gutt iessen an dann eisen Dag am Wellness genéissen.
A: Jo, vläicht kënne mir jo virum Kaffi nach eng kleng Yoga-Sessioun maachen.
B: Ganz gär. Ech libe Yoga.
A: Perfekt! Ech freeë mech schonn immens op dee rouegen an erhuelsame Weekend.
B: Ech och. Dat hu mir eis definitiv verdéngt.
Wed, 01 Apr 2026 - 04min - 178 - Iwwer Online-Dating schwätzen (B1)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Am Episod vun haut héiere mir, wéi zwou Persounen iwwer hir Erfarunge mat Online-Dating schwätzen.
Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Transkript:
A: Wat méchs du de Weekend ?B: Majo, de Lino an ech fuere vun e Freideg op e Samschdeg fort. Mir feieren eisen 10. Joresdag!
A: Wow! 10 Joer! Felicitatiounen!
B: Merci! D’Zäit vergeet...
A: Wéi hutt dir iech dann deemools kenne geléiert?
B: Mir hunn eis iwwer eng Dating-App kenne geléiert.
A: Wierklech? Ech kennen nëmmen Horrorgeschichte vun Onlinedating. Vill Leit soen, datt een do just iwwerflächlech Kontakter fënnt oder d’Leit oft an hirem Profil léien. Ech hätt Angscht, eng béis Iwwerraschung ze kréien.
B: Jo, mee bei eis huet dat immens gutt geklappt. Bei aneren huet et den Onlinedating och gutt fonctionéiert. Ech kenne Leit, déi bestuet sinn a Kanner hunn. Et gëtt dat Eent an dat Anert.
A: Jo, ok. Trotzdeem hunn ech d’Gefill, datt Dating-Apps net immens romantesch sinn. Et gesäit een eng Foto vun enger Persoun an da swipet een no riets oder no lénks. Dat ass iergendwéi wéi e Spill. Mir gefält dat net.
B: Ech verstinn, wat s de mengs. Ech perséinlech fannen awer Discoen, wou haart Musek leeft ass an eventuell Alkohol gedronk gëtt, onromantesch.
Wat ech bei eis schéi fannen, ass, datt de Lino an ech zwou Woche laang geschriwwen hunn, éier mir eis fir d’éischt getraff hunn. Ech wousst vu Fotoen natierlech wéi en ausgesäit, mee ech hu mech wärend där Zäit a säi Charakter, säin Humor, säi Wësse verléift. A bei eisem éischten Date hate mir schonn direkt vill Gespréichtheemen.A: Hm...ok...ech verstinn. Anerersäits gesäit een am reale Liewen direkt, ob d’Chimie passt an et verléiert ee keng onnéideg Zäit. Has de da guer keng Bedenken?
B: Vläicht e bëssen. Virum Lino hunn ech och mat anere Männer geschriwwen. Verschiddener ware fuerchtbar. An ech gouf och vun engem no eisem éischten Date geghost.
A: Geghost?
B: Ghosting ass, wann eng Persoun ouni Erklärung de Kontakt ofbrécht. Mir haten eist éischt Date an am Fong war et wierklech flott. Ech hat e gutt Gefill. Wéi ech mech nach eng Kéier treffe wollt, huet hie mir net méi geäntwert... am Plaz ze soen, datt en net interesséiert ass.
A: Ee, wéi feig vun him!
B: Gell! Mee e puer Wochen drop hunn ech schonn de Lino kenne geléiert!
A: Dir hat wierklech Chance. Ech denken trotzdeem, datt een immens gutt oppasse muss. Et weess een net ëmmer, wie sech hannert de Fotoen an Informatioune verstoppt.
B: Am reale Liewe muss een och oppassen...
A: Ech perséinlech wënsche mer, datt ech mäi Partner zoufälleg treffen, zum Beispill an engem Café oder bei Frënn.
B: Dat ass natierlech immens romantesch, mee bei mir huet dat leider net geklappt...
A: Hues du dech dowéinst op der Dating-App ugemellt?
B: Genee. Ech sinn Enn 2014, no mengem Studium, zeréck op Lëtzebuerg komm. 2015 hunn ech eng Aarbecht fonnt an hat immens vill ze dinn. Ech si guer net méi erausgaangen an hat och kaum Zäit fir Hobbyen, duerfir hunn ech keng nei Leit kenne geléiert...
Ouni d’Dating-App hätt ech de Lino ni kenne geléiert. Mir schaffen zwar allen zwee an der Stad, mee mir wieren eis vläicht ni iwwer de Wee gelaf.A: Jo, ok. Vläicht soll ech meng Meenung e bëssen änneren. Béid Weeër hunn hir Vir- an Nodeeler. Är Geschicht weist jo, datt Onlinedating fonctionéiere kann.
B: Genee.
A: Vläicht probéieren ech et iergendwann och.
B: Ech drécken der d’Daumen!
A: Merci! Ech wënschen iech zwee Léiwen e schéinen Anniversaire!
B: Merci!
Thu, 26 Mar 2026 - 04min - 177 - Vakanz mam Camper & e Museksfestival (A2)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Am éischten Dialog héiere mir, wéi zwou Persounen eng Vakanz mam Camper plangen. Am zweeten Deel héiere mir, wéi zwou aner Persounen e Weekend op engem Museksfestival plangen.
Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick!). Dir braucht kee Kont klickt einfach op ''access as guest''.
Tue, 24 Mar 2026 - 07min - 176 - Communautéitsgäert zu Lëtzebuerg (B1)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut héiere mir, wéi eng Persoun eis e bëssen iwwer d'Gemeinschaftsgäert zu Lëtzebuerg erzielt.
Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick!). Dir braucht kee Kont klickt einfach op ''access as guest''.
Thu, 19 Mar 2026 - 05min - 175 - Iwwer eng Gehaltserhéijung schwätzen (B1)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut héiere mir, wéi eng Persoun mat hirem Chef op der Aarbecht iwwer eng Gehaltserhéijung schwätzt.
Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick!). Dir braucht kee Kont klickt einfach op ''access as guest''.
Tue, 17 Mar 2026 - 05min - 174 - Vegan a Vegetaresch Ernärung (A2)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut héiere mir vun zwou Persounen, déi iwwer vegan a vegetaresch Ernärung schwätzen.
Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Den Transkript fir dësen Dialog fannt dir hei (klick!). Dir braucht kee Kont, klickt einfach op ,,access as guest''.
Thu, 12 Mar 2026 - 05min - 173 - Beruffsweeër zu Lëtzebuerg & Work-Life Balance (B1)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut schwätze mir iwwer verschidde Beruffsweeër zu Lëtzebuerg.
Vill Spaass!
-
Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick). Dir braucht kee Kont, klickt einfach op ,,access as guest''.
Tue, 10 Mar 2026 - 07min - 172 - E Filmowend (B1-B2)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut héiere mir, wéi zwou Persounen e Filmowend plangen.
Vill Spaass!
-
Transkript:
E Filmowend
Bob: O mei, et leeft näischt Guddes am Kino. Nëmme Schrott!
Babsi: Da bleifs de bal léiwer doheem. Wéi gesäit et da mat der Cinemathéik aus? Weisen déi näischt Interessantes?
Bob: Déi renovéiere grad, dat ass leider keng Optioun. Mir kéinten natierlech och eppes streamen.
Babsi: Ech weess net, dat ass esou oniwwersiichtlech ginn. Bis de iwwerall gekuckt hues, wat et gëtt, ass den Owend schonn erëm an du hues nach näischt fonnt.
Bob: Jo, an europäesch Filmer sinn do rar. Ech fannen et jo ganz schlëmm, datt et struppevoll mat amerikanesche Filmer ass. Dat ass dach ëmmer dat selwecht!
Babsi: Villäicht bei den neie Filmer. Wa se da méi Pärelen aus de 70er oder 80er Joren hätten, dat wier et der Wäert.
Bob: A wa mer an d’Bibliothéik oder an d’Mediathéik vun der Stad ginn? Do kriss de dach vill!
Babsi: Elo, de Sonndeg? Do huet dach alles zou, dat kanns de vergiessen.
Bob: A meng DVD-Sammlung hu mer och schonn dräi Mol duerch, do gi mer net glécklech.
Babsi: Gëtt et do net Streaming-Déngschter vun der Nationalbibliothéik? Ech mengen, do eppes héieren ze hunn.
Bob: Ajo, effektiv, lo wou s de et sees. Do kann ee mol e Bléck drop geheien.
Et héiert een de Bob eppes um Laptop tippen.
Bob: Hm, wat solle mer dann... o kuck mol hei: si hunn eng Fantasy-Februar-Sammlung!
Babsi: Effektiv... O, wéi wier et mam Film “The Beastmaster”?
Bob: Boah nee, deen ass mir ze laang.
Babsi: Dat si jo mol keng zwou Stonnen! Kuck hei, Hellboy! Deen ass zwar méi rezent, mä ech hunn deen ëmmer nach net gesinn.
Bob: Wat heescht hei rezent, deen ass jo scho groussjäreg.
Babsi: Egal wat...
Bob: Ok ok, wéi wier et da mat engem richteg ale Film? The Bishop’s Wife, deen ass vu 1947.
Babsi: E Film iwwert e Paf, dee sech an en Engel verléift? Nee Merci!
Bob: Dat kléngt dach ganz léif! Du hues et dach mat romantesche Geschichten.
Babsi: Naja, mä dat kléngt mir e bëssen ze dréchen a steif. Du hues dach europäesch Filmer léiwer, solle mer dann no esou engem kucken?
Bob: Zwar, ech gesinn hei e puer gutt italieenesch Klassiker! Suspiria a Phenomena zum Beispill.
Babsi: Ëm wat geet et dann?
Bob: Ma kuck, hei ass eng kuerz Beschreiwung...
Babsi: Eng jonk Fra, déi mat Insekte schwätze kann an e Mord probéiert opzeklären? Do sinn ech dobäi.
Bob: Da lass... ech maachen alt de Popcorn prett.
Eis cinephil Koppel kuckt sech de Film un a verdréckt dobäi eng grouss Portioun Popcorn. Den Ofspann leeft grad.
Bob: Also mir huet dat richteg gutt gefall. D’Mise en scène war nees ganz typesch fir dee Regisseur. Hie spillt ëmmer richteg flott mat de Kamerastellungen a Perspektive.
Babsi: Jo, mä ech muss awer soen, datt dee Soundtrack e bësse komesch war. Scho bal ze rockeg fir dee Film, oder?
Bob: Ech fannen, dat hieft dat ganzt nach op e ganz aneren Niveau. E bëssen trasheg eben. An d’schauspilleresch Leeschtung war e bëssen duerchwuess.
Babsi: Dat läit villäicht och um Dréibuch an un den Dialoger. Ech froe mech, ob de Film sech am italieeneschen Original net anescht ufillt. Well den Haaptpersonnage wierkt ëmmer esou distanzéiert.
Bob: Hatt ass iwwerhaapt e Komescht... an ech soen dat net nëmme, well et mat Insekte schwätze kann...
Babsi: Ech mengen, dee Film wäert eis nach eng ganz Zäitchen am Gediechtnes bleiwen...
Bob: Jo... a wat kucke mer muer?
Thu, 05 Mar 2026 - 04min - 171 - Vun engem Tennismatch erzielen (B1)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut héiere mir, wéi eng Persoun vun engem Tennismatch erzielt. En interessanten Episod, wann dir iech fir de Sport interesséiert!
-
Transkript:
Vun engem Tennismatch erzielen (B1)
Nadine: Hallo Vanessa! An, wéi war däin Tennismatch gëschter?
Vanessa: Vergiess et, komm mir schwätzen net dovun.
Nadine: Ok ok, ech verstinn. Ech wollt dech kucke kommen, mee ech hunn d’Terrainen net fonnt. Sinn déi net an der Rue du Près?
Vanessa: Dach, vis-à-vis vum Fussballsterrain.
Nadine: Mee do ass dach déi grouss Sportshal.
Vanessa: Jo, do hues Recht. D’Terraine sinn hannert der Sportshal. Du muss lénks laanscht d’Sportshal goen an da gesäis du d’Terraine riets.
Nadine: A sou! Da weess ech et fir d’nächst Kéier.
Vanessa: Wann et eng nächst Kéier gëtt! Ech hunn am Moment esou d’Flemm mam Tennis, ech weess net, ob ech nach eng Kéier spillen.
Nadine: Dat sees du ëmmer, wann s du e Match verluer hues. An ausserdeem wollte mir dach e Freideg zesumme spille goen!
Vanessa: A jo, dat wollt ech der nach soen. Do kann ech awer net, well ech mat mengem Meedchen dréngend bei d‘Hautdoktesch muss. Hatt huet en Ausschlag um Aarm an ech wëll awer léiwer, dass d’Doktesch sech dat emol ukuckt.
Nadine: An der Rei, hues du dann e Samschdeg de Moien Zäit?
Vanessa: Jo, wéi wier et um 10 Auer?
Nadine: Jo, dat geet. Da kënne mer bis hallwer 12 spillen.
Vanessa: Tipptopp, ech reservéieren den Terrain.
Nadine: Gesäis de, elo hues de awer erëm Loscht, spillen ze goen. Dann erziel emol, wat war dann de Problem bei dengem Match? War deng Géignerin esou staark?
Vanessa: Ma eeben net. Ech hätt misse gewannen. Mee ech hat erëm dermoosse Problemer mat mengem Service. Ech hunn elauter Double-fautë gemaach.
Nadine: Ech weess, dass du domadder Problemer hues. Du gehäis de Ball ze vill hannert dech. Du muss en e bësse riets virun dech geheien an en héich siche goen.
Vanessa: Ech kréien et einfach net hin, de Ball anstänneg ze geheien.
Nadine: Du kanns dat doheem um Kannapee üben, zum Beispill, wann s de owes bei der Tëlee sëtz.
Vanessa: Wa just dat de Problem gewiescht wier… Wann ech attackéiert hunn, ass meng Virhand och ëmmer an d’Netz gaangen.
Nadine: Du leefs ze no un de Ball erun. Du muss méi Plaz tëscht dir an dem Ball loossen an dech méi säitlech zum Ball stellen.
Vanessa: An da sinn ech bei engem Match och ëmmer esou opgereegt.
Nadine: Jo, doduerch bass de blockéiert an deng Beenaarbecht ass net gutt. Du solls dech op deng Bee konzentréieren, fir dass de dech gutt beweegs a gutt an d’Knéie gees.
Vanessa: Du hues Recht. Mir kënnen e Samschdeg jo dann dorunner schaffen. An och un denge Voléeën.
Nadine: Wat ass da mat menge Voléeën?
Vanessa: Du brauchs keen esou e grousse Gest ze maachen.
Nadine: Ech wëll de Ball awer séier zeréckschéissen.
Vanessa: Du muss méi roueg bleiwen. Du kanns vun der Vitess vum Ball profitéieren an einfach d’Rackett dohinner halen. Dat geet schonn duer. Net all Ball muss e Winner sinn. Et ass besser, du méchs kee Feeler.
Nadine: Jo, dat mécht Sënn. Da looss eis dat och e Samschdeg üben.
Sproochnoriicht:
Vanessa: Hallo Rafael, ech muss dir elo awer fir muer ofsoen. Ech komme grad mat mengem Meedche vun der Hautdoktesch. Si huet eis e Rendez-vous fir muer de Moien an der Kannerklinick ginn. Si wëll, dass sech en Expert deen Ausschlag eng Kéier ukuckt. Et deet mer immens leed. So mer, wéini s du den nächste Weekend Zäit hues, da reservéieren ech en Terrain fir eis.
So, ech kucke grad d’Finall vun den Australian Open. Den Djokovic huet grad den éischte Saz gewonnen. Ech gleewen awer trotzdeem drun, dass den Alcaraz nach gewënnt. Dréck d’Daumen! Bis geschwënn!
Tue, 03 Mar 2026 - 04min - 170 - Hobbyen: Sangen a baken (A2)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut héiere mir, wéi zwou Persounen iwwer hir Hobbye schwätzen.
Dir fannt hei och méi Informatiounen iwwer den Institut Européen de Chant Chorale: www.inecc.lu
-
Transkript:
Sangen a baken
M: houscht
C: O mei, wat hues du da gestiicht, datt s du keng Stëmm méi hues?M: A, ma mäi leschte Weekend war super flott! Ech war zu Ettelbréck op engem A capella Festival. Do ware ganz vill Chorallen an Ensemblen aus ganz ville verschiddene Länner, an natierlech och vu Lëtzebuerg. Si hunn all esou schéi gesongen an do konnt ech et mir net huele loosse fir e bësse matzesangen. Du weess jo, ech sange selwer och immens gär.
C: Bass du dann an enger Chorall?
M: Nee, leider net méi. Mee ech sangen an enger Museksschoul an huelen och eemol d’Woch eenzel Gesangscoursen. Dodernieft hunn ech och ugefaange Gittar ze léieren an ech sangen dobäi. An elo war ech de ganze Weekend zu Ettelbréck Concerte lauschteren.
C: O wow, du has awer eng décke Programm dëse Weekend! Hätt ech dat gewosst, dann hätt ech mäi Brout eréischt e Méindeg gebak a wier bis op Ettelbréck komm. Mee erziel: Kann een dann do och eemol kucke kommen, wat s du proufs?
M: Nee, dat geet leider net, well et guer net dofir geduecht ass. Et mécht mir Spaass a bréngt Freed, wann ech sangen.
C: Vläit soll ech dat dann och eng Kéier probéieren, mee ech wëll mech net laangfristeg engangéieren.
M: Ma kenns du dann net d’INECC?
C: D’INECC? Nee. Wat ass dat?
M: Dat ass den “Institut Européen de Chant Chorale”. Si organiséiere ganz flott Atelieren a Workshops. Du muss net reegelméisseg dohinner goen, mee just esou wéi s de Zäit a Loscht hues.
C: A wat fir Atelieren oder Workshops sinn dat?
M: O do gëtt et vu bis. Zum Beispill Jazz, Circle Songs oder Wellness Sangen. Wann s de wëlls, kuck einfach op hirem Site. Dat ass einfach inecc.lu. Déi meescht Coursë sinn an der Stad, no bei der Gare. An dat Flottst ass, datt dat Ganzt relativ flexibel ass. Du kanns owes, de Weekend oder esouguer heiansdo an der Mëttegpaus dohi goen. ... Mee elo zu dir! Du hues erzielt, datt s du de Weekend gebak hues?
C: Jo, mäi Weekend war am Verglach zu dengem e bësse méi roueg. Ech hu virun 2 Joer ugefaangen, mäi Brout selwer ze baken, a maachen dat mëttlerweil 1 bis 2 Mol d’Woch. An de Weekend war et dann nees esouwäit.
M: Wéi bass du dann dozou komm?
C: O dat ass leider aus engem net esou schéine Grond geschitt. Ech hunn nämlech virun e puer Joer ugefaangen Intoleranzen op verschidde Liewensmëttel z’entwéckelen. A säitdeem ech ënnert anerem mäi Brout a villes Aneres selwer baken, hunn ech dat besser an de Grëff kritt.
M: ... An ech ka mir virstellen, datt s de doduerch och e bessert Gefill fir d’Liewensmëttel kritt hues?
C: Jo, genee. Säit ech weess, wéi vill Zäit een investéiere muss, fir e fäerdegt Brout um Teller ze hunn, wäertschätzen ech dat Ganzt vill méi. A gläichzäiteg kann ech och op den Zocker an d’Zutaten oppassen...
M: Wéi gesäit et mat leckere Kuchen aus? Oder Taarten?
C: Joooooo, och do toben ech mech gär aus! Leider bleift bei eis doheem awer ëmmer esou vill iwwreg, well mäi Mann a meng Kanner ëmmer just ee Stéckche schmaachen an op hir Linn oppasse wëllen. Du weess jo, d’Virsätz am Neie Joer sinn ëmmer déi selwecht... An e ganze Kuch packen ech och net eleng.
M: Jo, du sees et! Bei eis doheem gesäit et d’selwecht aus. Ech baken och gär. Dat heescht: Ech hu fréier gär gebak.
C: A firwat dann elo net méi?
M: Majo, d’selwecht ewéi bei dir. Wie soll de Kuch dann iessen? Meng Frëndinne passen op d’Kalorien op, mäi Meedchen ësst nëmme vegan...
C: Jo... Wéi et ausgesäit muss ech mir en neit Hobby sichen...
Thu, 26 Feb 2026 - 04min - 169 - Widderhuelung A1: E Kenneléiergespréich
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut héiere mir, wéi zwou Persoune sech kenneléieren. Dëst ass eng gutt Widderhuelung vum Niveau A1.
Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Transkript:
Widderhuelung A1 : Kenneléiergespréich
A: Moien!
B: Moien! Wéi geet et dir ?
A : Mir geet et gutt, mee ech sinn e bësse erkaalt!
B: O! Gutt Besserung!
A: Merci! Wéi geet et dir ?
B: Mir geet et ganz gutt!
A: Super! Wéi heeschs du?
B: Ech heesche Raïda. An du?
A: Ech heesche Fabio.
B: Et freet mech!
A: Mech och! Vu wou kënns du?
B: Ech kommen aus dem Libanon vu Beirut. Vu wou kënns du?
A: Ech kommen aus Italien vun Turin. Ech sinn Italieener.
B: Ech sinn hallef Libaneesin an hallef Spuenierin.
A: Interessant. Wunns du scho laang zu Lëtzebuerg?
B: Ech wunnen zënter dräi Joer zu Lëtzebuerg. Ech wunnen zu Luerenzweiler. An du?
A: Ech wunnen zanter annerhallwem Joer zu Lëtzebuerg, op der Gare.
B: Wéi al bass du?
A: Ech sinn 42 Joer al. Ech sinn den 12. Januar 1984 gebuer.
B: Ech si 27 Joer al. Ech sinn de 5. Oktober 1998 gebuer.
A: Wat fir Sprooche schwätz du?
B: Ech schwätzen Arabesch, Spuenesch, Franséisch, Englesch an e bësse Lëtzebuergesch. Wat fir Sprooche schwätz du?
A: Ech schwätzen Italieenesch, Franséisch, e bëssen Englesch, e bësse Spuenesch an elo léieren ech Lëtzebuergesch.
B: Flott! Wat bass du vu Beruff?
A: Ech schaffen am Finanzsecteur. A wat schaffs du?
B: Ech sinn Informatikerin.
A: Wou schaffs du?
B: Ech schaffe bei ZYX um Kierchbierg.
A: Ech schaffen och um Kierchbierg.
B: Dat ass praktesch! Mir kënne mam Tram an den INLL fueren. Bass du bestuet?
A: Nee, ech sinn net bestuet.
B: Hues du Kanner?
A: Nee, ech hu keng Kanner. An du?
B: Jo, ech si bestuet. Ech hunn ee Kand, ee Jong. Hien ass fënnef Joer al.
A: Wat sinn deng Hobbyen?
B: Meng Hobbye si molen, schwamme goen, Waassergymnastik maachen, d’Tëlee kucken, Pësele maachen, ... Ech ginn och gär op Concerten. Ech lauschtere gär klassesch Musek, mee och Rock, Pop, asw. Ech spillen natierlech och vill mat mengem Jong. Mir gi gär op d’Spillplaz a mir molen oft zesummen.
A: Wéi oft gees du schwammen?
B: Ech ginn zwee Mol d’Woch schwammen. Mäi Waassergymnastikcours ass ee Mol d’Woch, méindes um 16.30 Auer.
A: Méchs du gär Sport?
B: Et hänkt dervun of. Ech maache gär Sport am Waasser. Am Fréijoer an am Summer fueren ech gär mam Vëlo. Wat méchs du gär an denger Fräizäit?
A: Ech fueren och immens gär mam Vëlo. Ech fuere bal all Weekend. Ech si gär dobaussen an der Natur. Ech ginn och gär spadséieren a wanderen. Zwee Mol de Mount maachen ech eng Aktivitéit mat menge Frënn. Mir ginn an de Restaurant, mir ginn eppes drénken, mir ginn an de Kino, mir ginn an d’Disco, heiansdo gi mir an d’Sauna oder mir maachen eng sportlech Aktivitéit zesummen. Doheem kucken ech gär Serien an ech liesen immens gär.
B: Wéini lies du?
A: Ech liesen all Owend op d’mannst eng Stonn am Bett an de Weekend ginn ech heiansdo an e Café a liesen do wärend e puer Stonnen.
B: Ech liesen och all Owend am Bett!
A: Flott!
Tue, 24 Feb 2026 - 04min - 168 - Eng Rees an eng Stad plangen (A2)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut héiere mir, wéi zwou Persounen eng Rees an eng Stad plangen.
Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Transkript:
Eng Rees an eng Stad plangen
A: Dëst Joer fält däi Gebuertsdag op e Sonndeg, wat géings de gär maachen?
B: Ech weess et net… ech sinn net immens motivéiert.
A: Firwat?
B: Keng Anung... ech ginn net gär méi al!
A: Allez! Dach! Sief frou, dass du kanns méi al ginn. Dat muss ee feieren! Soll ech e puer Proposë maachen? Mir kënnen eis méindes fräihuelen a vu freides bis méindes anzwousch fueren. Wat gefält dir besser? Eng Rees an eng Stad, eng Rees an de Süden oder e Wellnessweekend, hei an der Géigend oder méi wäit fort?
B: Ech wëll net fléien. Fir esou eng kuerz Zäit wëll ech net de Fliger huelen.
A: Ok! Kee Problem! Mir kënne mam Auto, mam Bus oder mam Zuch fueren.
B: Gutt! Eng Stad wier flott...
A: Topp! Nenn mer dräi Stied, déi s de gär besiche géings.
B: Basel, Maastricht, Lille.
A: Flott! Firwat déi dräi?
B: Ech war nach ni zu Basel an zu Lille, an ech war réischt eng Kéier zu Maastricht, virun ... 10 oder 12 Joer.
A: Wat géings de da gär do maachen?
B: Basel huet emol e wonnerbare Konschtmusée mat Wierker vum Rembrandt, Cézanne, van Gogh, Monet, an an an ... waart, ech googelen ... D’Alstad ass immens schéin, d’Iessen ass och super, d’Bierger, an der Géigend sinn och nach flott Stied an Uertschaften am Elsass, wéi zum Beispill Colmar a Freiburg am Breisgau an Däitschland.
A: An zu Lille an zu Maastricht?
B: Ech mengen, ech géing gär op Basel goen. D’Fotoe si sou schéin! A vläicht schneit et, wa mir do sinn!
A: Gutt Iddi! Ech kucken emol, wéini d’Zich fueren. Hei ass en Trajet mat zwee Mol ëmklammen, eng Kéier zu Metz an eng Kéier zu Stroossbuerg. Den Zuch fiert um 13.39 Auer zu Lëtzebuerg fort a mir kommen um 17.38 Auer zu Basel un.
B: Hm... dat ass spéit. Da verléiere mir e ganzen Dag.
A: A waart... Dësen Zuch ass praktesch! Mir fueren um 07.13 Auer hei op der Gare fort, da klamme mir zu Mulhouse ëm a mir kommen um 10.26 Auer zu Basel un.
B: Hm... dat ass fréi. Da si mir freides de ganzen Dag midd.
A: Hei ass een um 9 Auer, mee mat dräi Mol ëmklammen.
B: O Nee, dat ass iwwerdriwwen. Gesäis de! Lo hunn ech scho guer keng Loscht méi. Komm, mir bleiwen heiheem!
A: Lee däi Kapp a Rou! Solle mir mam Auto fueren? D’Faart dauert ongeféier véier Stonnen an da si mir do ënne méi flexibel, fir nach aner Uertschafte kucken ze goen.
B: Dajee alt.
A: Wat fir en Hotel solle mir buchen? Wat gefält dir besser? En Hotel am Zentrum oder e Wellnesshotel?
B: Gëtt et eng Kombinatioun? E Wellnesshotel am Zentrum?
A: Jo, den Hotel Basler. E kascht awer méi deier wéi en Hotel ouni Wellnessberäich.
B: Egal! Et ass mäi Gebuertsdag! Ech bezuelen dat gär. Am Dag kënne mir Tourismus maachen an nomëttes oder owes gi mir an d’Sauna. Huet den Hotel eng Schwämm?
A: Jo. Déi gesäit souguer ganz flott aus. Mee weess de wat?
B: Nee... Wat?
A: Et ass jo däi Gebuertsdag! Ech invitéieren dech! Dat ass mäi Kaddo, fir dech!
B: Wow! Dat ass awer léif! Villmools Merci! Solle mer net awer mam Fliger op Barcelona fléien?
A: Haha. Mee, ech si frou, dass du elo mol besser gelaunt bass.
Wed, 18 Feb 2026 - 05min - 167 - E Kënnegungsgespréich (B1)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut héiere mir, wéi eng Persoun mat hirem Chef e Kënnegungsgespréich féiert. Duerno erzielt si enger Frëndin an engem Voicemessage, wéi d'Gespréich gelaf ass.
Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Transkript:
E Kënnegungsgespréich (B1)
A: Gudde Moien, Madamm Da Costa. Dir wollt mat mir schwätzen?
B: Gudde Moien, Här Braun. Jo, Merci, datt Dir Iech Zäit geholl hutt. Et fält mir net einfach, mee ech hunn haut e wichtegt Theema mat Iech ze beschwätzen.
A: Natierlech. Ëm wat geet et?
B: Ech hu mech déi lescht Wochen intensiv mat menger berufflecher Situatioun beschäftegt an ech hu mech och extern op e puer aner Plaze gemellt. Elo hunn ech eng Offer kritt, déi interessant fir mech ass.
A: Ech verstinn. Heescht dat, Dir wëllt eis Firma verloossen?
B: Jo. Ech hu mech entscheed, d’Offer unzehuelen a géif dofir gär der Kënnegungsfrist geneem meng Aarbecht hei an der Firma kënnegen.
A: Dat iwwerrascht mech, éierlech gesot. Däerf ech froen, wat Äre Grond fir dës Entscheedung ass?
B: Jo, natierlech. Ech krut eng Plaz ugebueden, op där ech méi Verantwortung kann hunn an déi mir besser Entwécklungsméiglechkeeten ubitt. Ausserdeem passt se och besser bei meng laangfristeg Ziler.
A: Gëtt et eppes, wat Iech hei gestéiert huet?
B: Nee, net wierklech. Ech hu mech hei ëmmer wuelgefillt. D’Ekipp an d’Zesummenaarbecht hunn ech immens geschat. Meng Entscheedung huet näischt mat der Firma u sech ze dinn, mee éischter mat menger perséinlecher Weiderbildung.
A: Ech verstinn. Natierlech bedaueren ech Är Decisioun. Wéini wier dann Äre leschte Schaffdag?
B: Laut Kontrakt hunn ech eng Kënnegungsfrist vun dräi Méint, also wier mäi leschten Dag hei an der Firma den 31. Mee.
A: An der Rei. Wiert Dir bereet, an där Zäit Är Tâchen un eng aner Kolleegin ofzeginn, respektiv en neie Mataarbechter oder eng nei Mataarbechterin unzeléieren?
B: Jo, selbstverständlech.
A: Däerf ech och froen, ob mir eppes hätten anescht maache kënnen, fir Iech ze halen?
B: Ech hunn doriwwer nogeduecht, mee de Moment ass eng aner Plaz fir mech déi nächst logesch Etapp.
A: Da respektéieren ech Är Decisioun. Ech soen Iech Merci fir Är Éierlechkeet an Är Aarbecht déi lescht Joren.
B: Merci. Ech soen Iech och Merci fir Är Ënnerstëtzung an Äert Vertrauen. Ech hunn hei vill geléiert.
A: Da wënschen ech Iech vill Erfolleg op Ärer neier Plaz.
B: Merci, Här Braun.
Voicemessage:A: Hallo, sou, ech wollt dir just kuerz erziele wéi et haut mat mengem Chef gelaf ass. Ech war wierklech mega nervös, et ass mir schwéiergefall, d’Theema unzeschwätzen. Mee schlussendlech ass et besser gelaf wéi erwaart. Ech hunn him direkt gesot, datt ech eng Offer krut, an datt ech mech entscheed hunn, se unzehuelen.
Hie war fir d’éischt zimmlech iwwerrascht, an ech mengen och e bëssen enttäuscht. Hien huet gefrot, firwat ech ginn, an ob et eppes gouf, wat mech gestéiert huet. Ech hu probéiert, ganz éierlech ze sinn an ze erklären datt et näischt mat der Firma ze dinn huet, mee datt ech d’Gefill hat, mech do berufflech net esou gutt wieder ze entwéckele kënnen wéi op enger anerer Plaz.
Zum Gléck huet hien dat awer verstan. Hien huet meng Decisioun respektéiert an esouguer gesot, datt hien et schued fënnt, datt ech ginn, mee mir awer vill Erfolleg wënscht. Mir huet et gutt gedoen, dat ze héieren.
Jo, elo sinn ech total erliichtert. Et ass nach ëmmer e komescht Gefill, mee ech sinn awer stolz, dee Schrëtt gemaach ze hunn.
Mir héieren herno nach vun eneen, ok? Ciao!
Thu, 12 Feb 2026 - 04min - 166 - Eng Kichen nei ariichten (A2) & e Buedzëmmer renovéieren (B1)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut héiere mir fir d'éischt, wéi zwou Persounen eng Kichen nei ariichten. Duerno heiere mir, wéi zwou Persounen iwwer eng Renovatioun vun engem Buedzëmmer schwätzen.
Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick). Dir braucht kee Kont, klickt einfach op ,,access as guest''.
Tue, 10 Feb 2026 - 05min - 165 - D'Formater vun de Coursen am INLL (Deel 2)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Dës Woch presentéiere mir iech déi verschidde Formater vu Coursen am INLL. Haut héiere mir den zweeten Deel. Den éischten Deel kënnt dir am leschten Episod lauschteren.
-
Dir fannt de kompletten Transkript fir dësen Deel an den éischten Deel hei (klick). Dir braucht kee Kont, klickt einfach op ''access as guest''.
Thu, 05 Feb 2026 - 05min - 164 - D'Formater vun de Coursen am INLL (Deel 1)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Dës Woch presentéiere mir iech déi verschidde Formater vu Coursen am INLL. Haut héiere mir en éischten Deel. Den zweeten Deel héiert dir am nächsten Episod.
-
Dir fannt de kompletten Transkript fir dësen Deel an den zweeten Deel hei (klick). Dir braucht kee Kont, klickt einfach op ''access as guest''.
Tue, 03 Feb 2026 - 07min - 163 - Aide-soignante am Altersheem an am Spidol (A2)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir, wéi eng Persoun eis iwwer hire Beruff als Aide-soignante erzielt an d'Ënnerscheeder tëscht den Tâchen am Altersheem an am Spidol erkläert.
Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Transkript:
Persoun A: So, du schaffs jo als Aide-soignante, richteg?
Persoun B: Jo, dat ass richteg.
Persoun A: Wou schaffs du am Moment?
Persoun B: Ech schaffen an engem Fleegeheem.
Persoun A: A wat méchs du do am Alldag?
Persoun B: Ech hëllefen den eelere Leit opzestoen, sech ze wäschen an unzedoen. Ech hëllefen hinnen deelweis och beim Iessen a beim Drénken.
Persoun A: Schwätz du och vill mat de Leit?
Persoun B: Jo, natierlech, ganz vill. Ech fannen et wichteg, sech Zäit fir d’Leit ze huelen.
Persoun A: Selbstverständlech. Hues du da virdrun eppes Aneres geschafft?
Persoun B: Jo, virdrun hunn ech an engem Spidol geschafft.
Persoun A: A! Wat war dann do anescht?
Persoun B: Do ass alles vill méi séier gaangen. Et goufe vill Patienten an et hat een net ëmmer vill Zäit fir déi.
Persoun A: Hues du do och d’Leit gewäsch an hinne gehollef?
Persoun B: Jo, mee ech hat manner Zäit fir all Patient. Ech hu vill technesch Saache gemaach.
Persoun A: Wat heescht dat?
Persoun B: Zum Beispill d’Better nei opgezunn, Patienten transportéiert an no den Operatioune gehollef.
Persoun A: A wéi ass et am Fleegeheem am Verglach?
Persoun B: Do ass et méi roueg. Déi Persoune wunne jo do eng länger Zäit an dofir kennen ech se och besser.
Persoun A: Also hues du méi Kontakt mat de Leit?
Persoun B: Jo, vill méi. Ech schwätze mat hinnen, lauschteren hinnen no a kennen hir Geschicht.
Persoun A: Dat kléngt ganz interessant.
Persoun B: Jo, d’Aarbecht an engem Fleegeheem ass méi perséinlech, mee och emotional.
Persoun A: Ech verstinn. Wat hues du da léiwer: Spidol oder Fleegeheem?
Persoun B: Ech hu béides gär, mee do wou ech elo schaffen, hunn ech méi Zäit fir d’Mënschen, dofir gefält mir dat besser.
Persoun A: Bass du och nach an der Schoul?
Persoun B: Jo, ech ginn nach an d’ENSA. Dat ass d’Ecole nationale de la santé.
Persoun A: Wat léiers du do?
Persoun B: Vill Basis-Saache wat d’Fleeg ugeet.
Persoun A: Kanns du e puer Beispiller ginn?
Persoun B: Ma mir léiere vill iwwer d’Hygiène, zum Beispill Hänn richteg wäschen, Händchen undoen a Material propper halen. Dat ass alles wichteg an der Praxis. Mir léieren awer och wéi de mënschleche Kierper funktionéiert, z.B. d’Muskelen, d’Schanken an d’Organer.
Persoun A: Léiert dir och, wéi een de Leit hëlleft sech ze beweegen?
Persoun B: Jo, mir léieren, wéi een eng Persoun richteg hieft fir eng Positioun am Bett ze wiesselen, opzestoen oder sech an de Rollstull ze setzen, ouni sech oder de Patient ze verletzen.
Persoun A: Interessant.
Persoun B: Mir léieren och wéi ee mat eeleren oder kranke Leit schwätzt. An nach eppes, wat mir manner Spaass mécht, dat ass Rapporte schreiwen.
Persoun A: Jo, dat ass sécher net ëmmer esou interessant, mee bestëmmt wichteg.
Persoun B: Jo, effektiv!
Persoun A: Ech gesinn, datt s du dech wierklech net op der Aarbecht langweils.
Persoun B: Jo, definitiv an ech sinn zum Schluss vum Dag oder no enger Schicht och immens midd, mee ech ginn awer zefridde schlofen, wann ech weess datt ech de Leit hëllefe konnt.
Thu, 29 Jan 2026 - 04min - 162 - E Rendez-vous beim Zänndokter (A2)
Wëllkomm an der Poterkëscht!
Haut héiere mir fir d'éischt, wéi eng Persoun e Rendez-vous beim Zänndokter hëlt. Duerno héiere mir, wéi si mam Zänndokter schwätzt.
-
Transkript:
Beim Zänndokter
Um Telefon
A: Gudde Moien, Praxis Dr. Fernandes, wéi kann ech Iech hëllefen ?
B : Gudde Moien. Mäin Numm ass Leni Wagener. Ech hu meng Zänn immens wéi an ech brauch dringend e Rendez-vous.
A: Ee Moment, ech kucken. Sidd dir scho Patient bei eis?
B: Nee, nach net. Ech hu bei mengem Zänndokter ugeruff, mee do ass de Repondeur gelaf. Deen ass dës Woch am Congé. Ech hunn dunn online no engem aneren Zänndokter a menger Géigend gesicht an Dir krut gutt Kriticken. Hutt Dir haut vläicht nach eppes fräi wgl.? Ech hu wierklech vill Péng.
A: Dir hutt Chance. Virun enger hallwer Stonn, huet een anere Patient säi Rendez-vous vun de Mëtteg annuléiert. Hutt Dir haut um 15:00 Auer Zäit, fir ze kommen?
B: Jo. Dat geet! Villmools Merci. Ech sinn Iech wierklech dankbar!A: Kee Problem. Mir hëllefe gär, wa mir kënnen. Da bräicht ech elo nach Är Donnéeë wgl. Wéi ass Ären Numm an Är Adress wgl.?
B: Leni Wagener. Leni mat i, a Wagener – W-A-G-E-N-E-R. Meng Adress ass 27, rue Laurel Hardy zu Rolleng.A: Merci. Dat ass notéiert! Kënnt Dir mir och nach Är Matricule soe wgl.?
B: Jo, natierlech: 1995 02 30 67 800.A: Merci. An Är Telefonsnummer? Ech gesi se hei op mengem Telefon: Ass dat d’Nummer 681 27 48 92?
B: Jo, genee. Dat ass richteg.
A: An der Rei, Äre Rendez-vous ass notéiert. Dir kritt och nach eng Confirmatioun per E-Mail geschéckt. An elo fält mir op, dass ech Iech nach net no Ärer E-Mail Adress gefrot hunn.
B: Meng E-Mailadress ass: leni.wagener@ptt.lu
B: Ok, villmools merci.
A: Merci och, äddi.
An der Praxis
C: Gudde Mëtteg Madamm Wagener, entschëllegt fir de Retard. Mee haut ass eng méi lass. Wéi geet et Iech?
B: Gudde Mëtteg. Dat ass kee Problem. Ech si frou, dass ech haut nach e Rendez-vous bei iech krut. Mir geet et net immens. Ech hu meng Zänn immens wéi. Ech mengen, ech hunn e Lach.
C: Dann huelt Iech emol Plaz. Ech kucke mir dat dann emol un. Wou hutt Dir wéi?
B: Uewe lénks.
C : Maacht wgl. Äre Mond grouss op. O jo, Dir hutt hei eng kleng Karies an ech gesinn, dass Äert Zännfleesch och e bëssen entzünt ass. Dréckt Dir vläicht e bësse fest, wann Dir Iech Är Zänn wäscht?
B: Ech weess et net. Ech muss mir all 3 Wochen eng nei kafen, well se da schonn immens ofgenotzt ass.
A: O mei, jo. Ech mengen, dass Dir da wierklech mat e bëssen ze vill Effort Är Zänn botzt. Aner Patienten hunn ech elektresch Zännbiischt recommandéiert an dës weist mat Hëllef vun enger Luucht, wéi fest Dir grad Är Zänn wäscht. Wann d’Luucht wäiss blénkt, dréckt Dir net fest genuch, wa se rout blénkt, dréckt Dir ze fest a wa se gréng liicht, ass et genau gutt!
B: A sou? Dat hunn ech nach ni héieren. Ech huelen un, dass een déi online oder an engem Elektrobuttek kritt?
A: Jo, genee. Et dierft kee Problem sinn, fir esou eng ze fannen.
B: Merci. Mee Här Dokter, kënnt Dir mäin Zant nach haut flécken?
C: Jo, normalerweis schonn. Ech maache just fir d’éischt eng Rëntgen, fir ze kucken, wéi déif d’Lach ass.
B: Ok.
C: Dir hutt Chance, d’Lach ass relativ kleng. Ech kann et elo flécken an Iech e Plomb maachen.
B: Kréien ech eng Sprëtz? Ech hunn e bëssen Angscht.
C: Jo, wann Dir wëllt, maachen ech Iech eng kleng Lokalanästhesie, da spiert Dir guer näischt.
B: Merci.
C: Voilà, d’Lach ass elo gefléckt. D’Anästhesie kann nach e puer Stonnen unhalen, mee Dir hutt normalerweis duerno keng Péng méi. Kommt wannechgelift awer a sechs Méint nach eng Kéier an d’Kontroll, da maache mir och en Détartrage.
B: An der Rei, merci! A wat soll ech elo maachen, dass mäin Zännfleesch sech erhëlt?
C: Wéi gesot. Kaaft Iech esou eng elektresch Zännbiischt a gitt an d’Apdikt a kaaft Iech do eng speziell Zanpasta. Sot der Apdiktesch einfach, dass Äert Zännfleesch entzünt ass. Si hëlleft Iech da weider.
B: Villmools Merci, Här Dokter!
C: Gär geschitt. Nach e schéinen Dag!
Tue, 27 Jan 2026 - 06min - 161 - Alldag am Altersheem (A2)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir, wéi eng Persoun vun hirem Alldag am Altersheem erzielt.
Vill Spaass beim Nolauschteren.
-
Transkript:
Alldag am Altersheem
B: Moie Bopa, wéi geet et? Ech wollt dir just eng kuerz Noriicht schécken. Ech schreiwen elo nach meng lescht Examen an da kommen ech zeréck op Lëtzebuerg an da kommen ech dech direkt e Samschdeg géint 15:00 Auer besichen. Wann d’Wieder gutt ass, kënne mir zesummen an de Gaart spadséiere goen. Wann et kal ass, drénke mir dobannen e Kaffi. Ech bréngen e Stéck Kéistaart mat an da weisen ech dir e puer Fotoe vun der Uni a wat et hei zu Innsbruck nach esou gëtt. Ech freeë mech schonn! Pass gutt op dech op, a bis e Samschdeg, décke Kuss!
A: Moie Elisabeth. Héiers de mech? Ech hoffen dat geet elo. Merci fir däi Message. Ech sinn net gewinnt eng Sproochnoriicht ze maachen, mee ech probéieren dat dann och emol. Et soll ee jo mat der Zäit goen. Deng Mamm huet dir jo scho Bescheed gesot, dass ech elo zënter engem Mount an engem Altersheem an der Stad wunnen. Mäin Zëmmer ass kleng, mee gemittlech. Ech hunn e Bett, en Dësch an eng Fënster mat Vue op de Gaart. Moies erwächen ech normalerweis fréi, dacks schonn éier de Wecker rabbelt. Da bleiwen ech nach kuerz am Bett leien an héieren e puer Geräischer a Stëmmen um Gank. Dat si meeschtens Infirmièren, oder d’Personal aus der Kantin, wat de Kaffi bréngt. No enger hallwer Stonn stinn ech op an doe mech lues un. Haut geet alles e bësse méi lues wéi fréier. Mee dat ass net schlëmm, ech hu jo genuch Zäit. Fir de Kaffi drénken ech eng Taass Téi an iessen e Bréitche mat Kéis oder Ham. Ech sëtze gär bei der Fënster a kucken eraus. Am Gaart gesinn ech Beem a Blummen. Heiansdo schéngt d’Sonn. Am spéide Moie kënnt meeschtens en Infirmier oder eng Infirmière laanscht. Si froen, wéi et mir geet. Mir schwätzen e puer Minutte mateneen. Dat ass flott. Virum Mëttegiesse sinn ech oft am Openthaltsraum. Do sëtzen aner Matbewunner aus dem Altersheem. Heiansdo spille Kaarten oder kucken de Fernsee. Zwee Mol d’Woch kënnt eng Persoun fir Aktivitéite mat eis ze maachen. D’lescht Woch ass den Edouard komm an huet mat eis geboxt. Dat war wierklech flott. Déi Leit déi nach gutt zu Fouss sinn, maachen dat am Stoen an déi manner gutt zu Fouss sinn, maachen dat am Rollstull. Mir krute Boxhändchen un an hunn du mam Edouard trainéiert. Natierlech hu mir eis net richteg geschloen. Mir hunn eis richteg gutt ameséiert a gutt gelaacht. Duerno war ech awer och nawell midd.Nom Moiesprogramm gi mir mëttes zesummen iessen. Mir sëtzen op groussen Dëscher. Heiansdo schwätze mir vill, heiansdo si mir méi roueg. D’Iessen ass net onbedéngt mäi Liblingsiessen, mee ech iesse genuch. Wann emol en extra Dag ass, kréie mir och e spezielle Menü. Am Ufank vum Mount hu mir e Stéck Dräikinnekkuchs kritt. Dee war richteg gutt.
Nomëttes raschten ech. Ech liesen e Buch oder schlofen e bëssen. Dat deet gutt. Owes denken ech oft u fréier, u mäin aalt Doheem a meng Famill. Si feele mir. Mee ech freeë mech op de Weekend, wann s du mech besiche kënns.
Thu, 22 Jan 2026 - 04min - 160 - Kleeder vergläichen (B1) & eng Léier am Kleederbuttek (A2)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut héiere mir fir d'éischt, wéi zwou Persoune Kleeder an d'Material vergläichen. Duerno héiere mir, wéi e Léierbouf nei an engem Kleederbuttek ufängt an d'Tâche vun der Cheffin erkläert kritt.
-
Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick). Dir braucht kee Kont, klickt einfach op ,,access as guest''.
Tue, 20 Jan 2026 - 06min - 159 - An der Receptioun vun enger Klinick (A2)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut héiere mir, wéi eng Persoun e Rendez-vous an enger Klinick huet an den Dokter sicht.
Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Transkript:
An der Receptioun vun enger Klinick
A: Moien!
B: Moien! Sidd Dir d’Nummer 147?
A: Jo.
B: Dir kënnt den Ziedel mat der Nummer an de Kierfche leeën. Wéi kann ech Iech hëllefen?
A: Ech hunn um 09.45 e Rendez-vous bei der Dr. Jentgen.
B: Kann ech Är Identitéitskaart an Är Krankekeesskäertche kréien, wannechgelift?
A: (gëtt d’Käertercher)
B: Merci.
(kleng Paus)
B: Ass Är Telefonsnummer nach ëmmer korrekt?
A: Ech mengen, jo.
B: Kënnt Dir se widderhuelen, wannechgelift?
A: 021 89 14 53.
B: Merci! An Är Adress?
A: 327, am Duerf ; 8363 Houschent, also “Hoscheid”.
B: Tipptopp, ‘t ass alles korrekt.
Är Doktesch ass viru siwe Méint op en anere Stack geplënnert. Ech erklären Iech de Wee. Dir gitt elo fir d’éischt no lénks bis bei de Lift oder bei d’Trapenhaus. Hir Praxis ass elo um drëtte Stack. Beim Lift oder bei den Trape gitt Dir no riets an dann direkt no lénks. Da gitt Dir ongeféier zéng Meter riichtaus. Do ass nach eng kleng Receptioun. Sot dem Receptionnist Bescheed, datt Dir do sidd. Vis-à-vis ass d’Salle d’attente. D’Dr. Jentgen kënnt Iech da sichen. Si huet leider e bësse Verspéidung. Vläicht musst Dir 15 bis 20 Minutte méi laang waarden.A: Ok. Hutt Dir eng Kantin oder eng Cafeteria?
B: Jo, eis Cafeteria ass hei um Rez-de-chaussée, no riets an dann um Enn vum Gank. Et ass awer gutt, wann Dir Iech fir d’éischt erop umelle gitt, fir dass si wëssen, datt Dir do sidd. Am Waardezëmmer gëtt et och e Kaffisautomat an e Gedrénksautomat. De Kaffi an der Cafeteria ass, menger Meenung no, besser wéi deen aus dem Automat.
A: Dat gleewen ech. Villmools Merci fir all déi detailléiert Informatiounen!
B: Ganz gär geschitt! Schéinen Dag nach!
A: Merci gläichfalls. Äddi!
Thu, 15 Jan 2026 - 05min - 158 - E Gespréich beim Kaffi & eng Deenungsübung (A2-B1)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut héiere mir fir d'éischt, wéi zwou Persoune beim Kaffi matenee schwätzen. Duerno héiere mir eng Deenungsübung, bei där dir och gär matmaache kënnt!
Vill Spaass beim Nolauschteren.
-
Transkript:
E Gespréich beim Kaffi
Persoun A: Gudde Moien! Bass du och scho wakereg?
Persoun B: Hallo, jo, esou hallef. Ech brauch als éischt emol e Kaffi.
Persoun A: Ech och. Ech maachen eis direkt zwou Taasen. Wëlls du léiwer e staarke Kaffi, oder häss du gär léiwer een deen net esou staark ass ?
Persoun B: Definitiv e staarke Kaffi wgl. Hues du och Mëllech?
Persoun A: Natierlech hunn ech Mëllech. Soll ech dir e Cappuccino maachen?
Persoun B: O! Hei ass et jo bal wéi an engem Hotel. Wann s du scho frees, dann huelen ech e Cappuccino wgl.
Persoun A: Nëmmen dat bescht fir meng Gäscht. Da kriss du e Cappuccino an ech maache mir e schwaarze Kaffi. A wat wëlls de iessen?
Persoun B: Wat proposéiers du mir dann?
Persoun A: Also, ech hu frëscht Brout, Botter, Gebeess a Schockelasbotter. Ech hunn awer och Jughurt an Uebst, wann s du dat wëlls. Ech kéint och nach Croissante bei de Bäcker siche goen, deen ass direkt hei ëm den Eck oder eventuell eng Omlette maachen.
Persoun B: Nee, ‘t ass gutt, du muss elo net extra Croissante kafe goen. Et reent jo och grad. Ech iessen eng Schmier mat Botter a Gebeess an huelen och nach en Apel.
Persoun A: Ok. Ech iesse moies net immens vill, ech iesse just eng Schmier mat Kakuettebotter an enger hallwer Banann.
Persoun B: O, dat kléngt jo gesond. Ech gi mir mol d’Gesiicht wäschen.
Persoun A: An der Rei. Ech decken alt den Dësch.
Persoun A: Sou, hei ass däi Cappuccino.
Persoun B: Merci. Mmm, dee richt gutt.
Persoun A: Hei sinn och nach d’Saache fir op d’Schmier an hei ass d’Brout. Ass dat ok, wann ech d’Zeitung liesen?
Persoun B: Wie liest hautdesdaags nach d’Zeitung?
Persoun A: Firwat dann net? Ech fannen dat iergendwéi relax. Ech liese gär d’Noriichte beim Kaffi.
Persoun B: Ech si léiwer um Handy. Ech liesen d’Noriichten online an ech sinn e bëssen op de Soziale Medien.
Persoun A: Ech weess net.. Um Handy kommen dann ëmmer rëm Messagen oder et ass een ofgelenkt. Esou kann ech mech just op dat konzentréieren, wat ech grad liesen.
Persoun B: Hmm..jidderee huet seng Gewunnechte moies.
Persoun A: Genee. Wa mäi Moien net gutt ufänkt, da weess ech, dass mäin Dag och net gutt wäert sinn.
Persoun B: Bei mir ass dat och esou. Hues de dann eng Iddi, wat mir nom Kaffi maache kënnen?
Persoun A: Ech hu mir iwwerluecht, datt mir an de MUDAM kéinte goen, do hu si eng nei Ausstellung a wann s du nach net am Musée Dräi Eechele waars, da kënne mir och dohinner.
Persoun B: Jo, firwat net! Wier dat ok, wann ech nom Kaffi just e puer Deenungsübunge géing maachen. Däi Canapé-lit war e bëssen ze haart fir mäi Réck.
Persoun A: O, dat deet mer leed. Deen ass schonn zimmlech al. Ech ginn der dono eng Matt, da kanns du deng Übunge maachen an ech ginn an der Tëschenzäit an d’Dusch.
Persoun B: Top! Da kann ech och dono séier duschen an da si mer prett fir an d’Muséeën.
Persoun A: Tipptopp.
Tue, 13 Jan 2026 - 11min - 157 - Eng nei Sprooch léieren (A1)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir, wéi eng Persoun eis erzielt, datt si eng nei Sprooch léiert.
Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Transkript:
Eng nei Sprooch léieren (A1)
A: Wat méchs du do?
B: Ech maachen Exercicen. Ech léieren zënter e puer Méint Koreanesch am INLL. Ech hunn d’nächst Woch en Test an ech wëll nach e bëssen üben.
A: Wow! Koreanesch! Ass et schwéier?
B: Am Ufank war et e bësse schwéier, mee ech sinn immens motivéiert! Ech léieren immens vill!
A: Firwat léiers du Koreanesch?
B: Mäi Virsaz fir d’Joer 2025 war: eng nei Sprooch léieren. Zënter September kann een am INLL Koreanesch, Japanesch an Arabesch léieren. Ech kucken immens gär koreanesch Serien an ech wëll vläicht d’nächst oder d’iwwernächst Joer a Südkorea an d’Vakanz fléien. Da verstinn ech d’Sprooch an ech ka mat den Awunner schwätzen.
A: Cool! Si vill Leit an dengem Cours?
B: Mir sinn zu 17 an der Klass.
A: A wien ass dat?
B: Ech kenne just meng Bänknoperen a Bänknopeschen. D’Emma an d’Marta si Frëndinnen. Si si Lëtzebuergerinnen. D’Marta huet och nach déi portugisesch Nationalitéit. Seng Eltere kommen aus Portugal. D’Emma wunnt an der Stad, an der Millebaach an d’Marta wunnt um Belair. Si léiere Koreanesch, well si Fans vu K-Pop sinn. Si wëllen och a Südkorea reesen.
A: Wat fir Sprooche schwätze si nach?
B: Si schwätzen allen zwee Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch, an Englesch. D’Marta schwätzt och nach Portugisesch an e bësse Spuenesch.
A: Wat schaffe si?
B: Si schaffen nach net, si studéieren op der Uni Lëtzebuerg.
A: Ok.
B: Lénks vu mir sëtzt meeschtens den Arnaud. Hien ass Fransous a kënnt vun Dijon. Hie wunnt säit dräi Joer zu Lëtzebuerg a schafft als Iwwersetzer op der EU-Kommissioun. Seng Fra ass Koreanerin. Si sinn zënter zwee Joer bestuet. Seng Fra ass schwanger an den Arnaud wëll seng Fra verstoen, wa si mam Bëbee Koreanesch schwätzt. Hie wëll awer Franséisch mat sengem Kand schwätzen.
A: Mega!
B: Heiansdo sëtzt d’Stéphanie nieft mir. Hatt ass och Lëtzebuergerin. Hatt wëll vläicht a Südkorea auswanderen. Hatt war schonn oft do an huet d’Land, d’Iessen an d’Kultur immens gär.
A: Wat ass hatt vu Beruff?
B: Hatt ass Architektin vu Beruff.
A: Flott! Do huet hatt bestëmmt flott Méiglechkeete fir ze schaffen. Da kanns du hatt besichen!
B: Genee!
Da kennen ech nach d’Eva, de Lionel, de Maurice, d’Emilia, an d’Olivia e bëssen. Ech maachen heiansdo mat hinnen eng Gruppenaarbecht. Déi meescht an der Klass wëllen eng nei Sprooch léieren an interesséiere sech fir d’Land an d’Kultur. Et ass wierklech praktesch, dass een elo Koreanesch am INLL léiere kann. Vill Aarbechtskolleege léiere Lëtzebuergesch do. Heiansdo gesinn ech si um Gank oder mir fueren zesumme mam Tram vum Büro op de Glacis.A: Da kanns du jo mat hinnen en Tandem maachen!
B: Jo an nee. Si kënne Lëtzebuergesch mat mir trainéieren, mee si schwätze leider kee Koreanesch. Et ass och nach ze fréi. Mäin Niveau ass nach net gutt genuch, fir eng richteg Konversatioun ze hunn.
A: Ok. Du trainéiers dann am Cours. Ass de Cours flott?
B: Jo! D’Stëmmung ass immens a jiddereen ass motivéiert!
A: Dat freet mech! Elo hues du mech och motivéiert eng nei Sprooch ze léieren!
B: Majo perfekt! Dat neit Semester fänkt am Februar un! Op der Internetsäit fënns du déi genee Datumer vun den Aschreiwungen!
A: Merci!
Thu, 08 Jan 2026 - 04min - 156 - Imperativ: Op der Aarbecht & Am Stot (A2)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut trainéiere mir den Imperativ. Fir d'éischt héiere mir, wéi zwee Aarbechtskolleegen zesummen eng Presentatioun virbereeden. Duerno héiere mir, wéi eng nei Botzhëllef erkläert kritt, wat se am Stot soll maachen.
Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick). Dir braucht kee Kont, klickt einfach op ''access as guest''.
Tue, 06 Jan 2026 - 06min - 155 - Sylvester zu London (A2)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut héiere mir, wéi zwou Persoune Sylvester zu London feieren. Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Silvester zu London
A: An? Hues de gutt geschlof?
B: Jo, eigentlech schonn. Ech war gëschter Owend esou midd vun der Rees. Mee elo sinn ech voll do an ech kann et bal net gleewen, datt mir hei zu London sinn!
A: Ech och net! Ech si ganz opgereegt fir haut. Mir mussen eisen Dag awer e bësse plangen. Wat wëlls du fir d’éischt maachen?
B: Hmm, et wier flott, enzwousch gemittlech Kaffi drénken ze goen. Wat mengs du? Hei an der Géigend ginn et bestëmmt e puer flott Caféen wou een e gudde Kaffi an eng Mëtsch iesse kann.
A: Jo, bestëmmt, mir si jo bal ganz am Zentrum. Duerno kënne mir bei d’Tower Bridge oder d’London Eye trëppelen. Ech géif gär e puer Fotoe maachen, éier et ze schwaarz vu Leit ass
B: Gutt Iddi. Ech hu gekuckt, d’Sonn soll haut esouguer e bësse schéngen. Bal e Wonner, hei zu London!
A: Haha, wierklech. An duerno… vläicht kënne mir laanscht d’Themse spadséiere goen. Ech hu gelies, datt do och e puer flott Pubs a Restaurante sinn. Vläicht kënne mir do eppes drénke goen oder zu Mëtteg iessen.
B: Kléngt gutt. Mir sollten och esou lues iwwerleeën, wuer mir den Owend stoe wëlle, wa mir d’Freedefeier vun der Themse aus gesi wëllen. Et ass jo riesg, an ech hunn héieren, datt d’Leit scho fréi kommen.
A: Du hues recht. Vläicht kënne mir am Nomëtteg kucke goen, wou et am beschte ass.
B: Mir kënnen och Tickete kafen. Ech hunn iergendwou gelies, datt verschidde Beräicher ofgespaart sinn, an datt een do Tickete brauch.
A: Ech mengen, et ass besser mir informéieren eis e bëssen am Internet oder mir froen an der Rezeptioun vum Hotel no. Mee komm, mir maachen eis geschwë prett a gi fort. Et ass schon néng Auer a gëschter hu mir just de Wee vum Flughafe bis bei den Hotel gesinn.
B : Haha, jo. Mee, ech si wierklech frou, datt mir net doheem bliwwe sinn. Dat gëtt e flotten Dag.
A: Op alle Fall. Also, nach eng Kéier: fir d’éischt gi mir Kaffi drénken, da bei d’London Eye, an duerno laanscht d’Themse trëppelen?
B: Dat kéngt gutt. Vläicht ass jo och nach e bëssen Zäit, fir am Nomëtteg an e puer Butteker op der Oxford Street ze goen.
A: Dat wier flott! Mee ech wëll och net de ganzen Dag ënnerwee sinn, an dann den Owend futti sinn.
B: Mir kënne jo eng kleng Sieste maachen, wa mir erëm am Hotel sinn. Mir musse jo net fréi eraus den Owend.
A: Dat stëmmt. Mir kënnen och den Owend méi spéit eppes iesse goen. Weess du, ob et hei typesch Tradioune fir Silvester gëtt?
B: Gutt Fro… ech weess just, datt vill Leit an e Pub ginn an do zesumme prosten. Vläicht kënne mir och dat am Internet nokucken oder ee froen.
A: Kléngt gutt. Da komm mir maachen eis elo endlech fäerdeg.
Wed, 31 Dec 2025 - 03min - 154 - Hellegowend doheem feieren (A2)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut héiere mir, wéi zwou Persounen akafe ginn, fir Hellegowend virzebereeden. Duerno héiere mir, wéi si doheem preparéieren.
Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Akafen op Hellegowend
A: O mei. Ech hätt net geduecht, datt haut op Hellegowend nach esou vill lass an de Butteker wier. Ech hat geduecht, haut géifen net méi esou vill Leit akafe goen.
B: Jo, ech och. Mee mir brauchen nach e puer Saache fir d’Chrëschtdagsiessen. A fir d’Anna brauche mir och nach eppes Vegetaresches.
A: Du hues Recht. Hatt ësst jo säit Neitstem kee Fleesch méi. Mir hu schon e puer Zaloten a Brout, mee dat geet jo net duer. Wat kënne mir fir hatt kachen? Vläicht e Gratin mat Geméis, oder eng Lasagne?
B: Hmm, eng Lasagne dauert ze laang. Mir musse jo nach fir déi aner kachen, dekoréieren, den Dësch decken, an esou weider… Da léiwer e Gratin. Dofir brauche mir Gromperen, e bësse Geméis, Ram a Kéis. Hu mir nach alles doheem?
A: Nee, ech mengen, mir hu just nach e Sak Gromperen. Waart, ech gi mol e bësse Geméis sichen, kanns du an de Rayon mat de Mëllechprodukter en Dëppche Ram an e Pak gerappte Kéis siche goen?
B: Jo, ech gi kucken. Wat e Stress… Uff, ech hunn zum Gléck awer alles fonnt. Du och?
A: Jo, e Broccoli an e Pak Champignonen. Dat misst goen. Sou, da brauche mir och nach e klenge Kaddo fir denger Schwëster hir Frëndin. Kuck, hei am Regal hu se e puer Kaddoen. Wéi wier et mat enger Käerz an enger Këscht Knippercher? Mengs de, dat geet duer?
B: Jo, dat ass bestëmmt an der Rei. Sou, dann hätte mir elo alles, oder?
A: Jo, ech denke schonn. Ech hoffen, d’Schlaang an der Keess ass elo net ze laang.
B: Dat gleewen ech net. Mee wat soll ech soen, et ass Hellegowend. D’nächst Joer gi mir einfach en Dag éischter akafen.
A: Haha, jo, wéi all Joer …
Hellegowend virbereeden
A: Sou, elo musse mir d’Haus nach fir den Owend raumen an e bëssen dekoréieren.
B: Mat wat solle mir ufänken?
A: Ech mengen, mir solle fir d’éischt d’Stuff raumen.
B: Gutt Iddi. Ech raumen d’Zeitungen ewech a staubsaugen den Teppech.
A: Ok. Ech botzen den Dësch eng Kéier of, leeën e schéint Dëschelduch drop a stellen e puer Käerzen drop.
B: Mir mussen och nach de Chrëschtbeemche fäerdeg dekoréieren.
A: Jo. Kanns du mir hëllefen, d’Liichtercher opzehänken?
B: Natierlech, wou leie se?
A: An der Kartongskëscht nieft dem Kannapee.
B: A jo, hei si se. Soll ech och d’Bullen ophänken?
A: Jo wannechgelift, ech sinn nach net ganz fäerdeg ginn.
B: Brauche mir soss nach eppes fir den Owend?
A: Jo, mir mussen den Dësch nach decken. Kanns du déi schéin Telleren an de Schaf siche goen?
B: Jo, an ech bréngen och d’Glieser an d’Besteck.
A: Merci! Ech falen d‘Zerwéiten.
B: Sou, elo misste mer awer fäerdeg sinn. Et gesäit wierklech schéin aus! Dat eenzegt wat nach feelt ass eng schéi Chrëschtdagsplaylist. Ech sichen eis nach eng flott eraus.
A: Gutt Iddi! Ech freeë mech op den Owend.
B: Ech mech och. Dat gëtt bestëmmt gemittlech.
Wed, 24 Dec 2025 - 05min - 153 - Interview mat enger Dieticienne & Rezept Geméiszopp
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut hu mir eng Apprenante aus dem INLL bei eis am Studio, déi eis e bëssen iwwer hire Beruff als Ernärungsberoderin erzielt.
Duerno héiere mir e Rezept fir eng Geméiszopp.
Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Transkript Rezept Geméiszopp
A: Merci, dass du mir mat der Zopp hëllefs, da geet et méi séier. Mir musse vill Geméis schneiden.
B: Gär geschitt! Wat fir eng Zopp kache mir?
A: Mir kachen eng Geméiszopp. D’Rezept ass net schwéier an d’Zopp schmaacht immens gutt!
B: Wat fir Ingredienten, also Zutate brauche mir?
A: Mir brauchen Ënnen, Knuewelek, Gromperen, Muerten, Zelleri, Porretten a Geméisbritt.
B: Ok. Wou sinn d’Saachen?
A: D’Ënnen, de Knuewelek an d’Grompere sinn hei an ... hei. De Rescht ass am Frigo.
B: Kanns du mir fir d’éischt den Oflaf erklären?
A: Natierlech! Fir d’éischt wäsche mir d’Geméis.
B: Alles?
A: Jo. Alles ausser d’Ënnen an de Knuewelek. Duerno schiele mir d’Gromperen, d’Muerten, d’Ënnen an de Knuewelek. An da schneide mir d’Ënnen, de Knuewelek, den Zelleri an d’Porretten a Stécker. Wat wëlls du gär maachen?
B: Ech kann de Knuewelek, d’Ënnen, d’Gromperen an d’Muerte schielen an alles a Stécker schneiden.
A: Ok. Da schneiden ech den Zelleri an d’Porretten. Ech brauch dann nach e Schneidbriet, e Messer an e Geméisschieler(???).
B: Wat maache mir duerno?
A: Duerno brauche mir en Dëppen.
B: En Dëppe mat Waasser?
A: Net direkt. Fir d’éischt brode mir d’Ënnen an de Knuewelek mat Ueleg un.
B: Firwat?
A: Se kréie méi Goût an d’Zopp kritt méi Aroma.
B: Ech verstinn.
A: Duerno kommen d’Stécker Porrett an den Zelleri an d’Dëppen a mir réieren alles ëm.
Da kommen nach d’Gromperen an d’Muerten dran, a mir fëllen d’Dëppe mat Waasser.B: Wéini kënnt de Geméisküb dran?
A: Wann d’Waasser kacht. Ech hu kee Küb, ech hu Geméisbritt a Form vu Pudder an engem Glas.
B: Ok. Wéi vill?
A: Zwee Iessläffelen. Mir kënnen duerno nach salzen a wierzen.
B: An dann?
A: Da maache mir den Deckel op d’Dëppen a loossen d’Geméis fofzéng bis zwanzeg Minutte kachen. Wärenddeem kënne mir spullen, d’Kiche botzen an den Dësch decken. Heiansdo kontrolléiere mir d’Dëppen, well d’Waasser iwwerlafe kann. Häss du gär Brout derbäi?
B: Jo, ganz gär!
A: Ok. Ech schneiden e puer Tranchen. Wann d’Geméis fäerdeg ass, mixe mir et. Duerno schmaache mir, ob d’Zopp nach Salz oder Peffer brauch. An dann ass se scho fäerdeg!
B: Mmm, ech freeë mech schonn drop!
A: Wat wëlls du gär drénken? Ech hu platt Waasser, Spruddelwaasser, Orangëjus, Limonad, Béier a Wäin.
B: Platt Waasser, wannechgelift.
A: Ass Krunnewaasser ok? Eist Krunnewaasser schmaacht immens gutt.
B: Gären!
A: Tipptopp! Ech huelen eng Limonad. Ech stelle se schonn an de Frigo.
B: Fänke mir un?
A: Jo!
Thu, 18 Dec 2025 - 06min - 152 - Vir- an Nodeeler vum Onlineshopping (A2)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut héiere mir, wéi zwou Persounen iwwer d'Vir- an Nodeeler vum Onlineshopping schwätzen. Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Transkript:
Pro/Contra Onlineshopping
Samy: Hey, hues du schonn déi nei Deals gesinn? Online-shoppen ass einfach genial! Ee Klick geet duer an d’Saache si schonn ënnerwee. Besser geet et net!
Lena: Ech weess net, Samy... Et ass praktesch, jo. Mee ech froe mech heiansdo, zu wéi engem Präis? Net nëmme finanziell, mee och par Rapport zur Ëmwelt, den Aarbechtskonditiounen, an der Qualitéit... Dat mécht mer éierlech gesot e bësse Suergen.
Samy: Mee stell der vir: ech brauch net an d’Stad ze fueren, keng Parkplaz ze sichen an dann nach éiweg laang an der Keess ze stoen. A kuck d’Auswiel! Am Buttek fënns du 20 Artikelen – online 20.000. An hues du schonn d’Präisser gesinn? Virun zwee Deeg hunn ech eng Smartwatch fir 12 Euro kaaft. 12 Euro!
Lena: 12 Euro? Dat kléngt ze gutt fir wouer ze sinn. A genee do läit de Problem. Wann et esou bëlleg ass, da muss iergendeen dofir bezuelen. Warscheinlech Leit, déi ënnerbezuelt a schlecht behandelt ginn oder a Fabricke schaffen, déi d’Normen net respektéieren. Du weess jo schonn, dass och ganz vill Kanner an esou Fabricke schaffen.
Samy: Pff, du sees dat ëmmer esou dramatesch. Ech wëll jo just e gudden Deal maachen. A wann et mer net gefält, schécken ech et zeréck. Konsumenteschutz a Retourspolitik ass quasi ëmmer derbäi. Do muss ech mer net de Kapp zerbriechen.
Lena: Jo, jo. Mee hues du der scho mol iwwerluecht, wat mat den Artikele geschitt, déi s du zeréckschécks? Vill dovu ginn net nach eng Kéier verkaaft. Déi ginn heiansdo einfach zerstéiert oder ewechgeheit. Dat sinn enorm vill Ressourcen, déi verschwennt ginn – Transport, Verpackung, Stock... Fir e Produit, deen s du 10 Minutten an der Hand has. Ech fannen dat wierklech net an der Rei!
Samy: Ok, dat ass vläicht net ideal, mee trotzdeem... Ech ka Präisser vergläichen, Bewäertunge liesen a mech richteg gutt informéieren. Dat hätt ech an engem Buttek net.
Lena: Dat stëmmt, d’Informatioun ass e Virdeel. Mee och do muss een oppassen. Vill “Bewäertungen” sinn heiansdo vum Verkeefer selwer geschriwwen oder verschidde Leit ginn dofir bezuelt. Du mengs, du méchs eng eegestänneg Entscheedung, mee a Wierklechkeet gëss du manipuléiert.
Samy: Vläicht gëss du jo bezuelt, fir mir dat auszerieden. Ech kafen halt gär flott Saachen. An online fannen ech Saachen, déi et hei am Land nach guer net gëtt.
Lena: Ech fannen dat guer net witzeg! Du liefs an enger Illusioun! Du mengs, datt s du fräi bass, mee du gëss vun de Soziale Medien an anere Leit beaflosst a keefs Saachen, déi s du am Endeffekt guer net brauchs.
Samy: Hm, ech ginn zou, ech kafen heiansdo Saachen, déi ech net onbedéngt brauch. Mee ech wëll elo guer net weider diskutéieren, well ech gesinn, dass dech dat immens opreegt.
Lena: Natierlech reegt mech dat op! Mee dem Problem aus dem Wee ze goen, ass och keng Léisung! Ech soe jo net, dass de komplett domat ophale solls, mee vläicht kanns du jo awer déi Saachen, déi s du hei am Land kriss eben an engem Buttek kafen an déi Saachen, déi s du onbedéngt brauchs an hei net fënns dann online kafen.
Samy: Wann et dech frou mécht, da kann ech jo mol doriwwer nodenken, mee ech soen dir direkt, ech sinn net ganz iwwerzeegt.
Lena: Dajee alt.
Tue, 16 Dec 2025 - 04min - 151 - Silvester am Ausland (A2)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut héiere mir, wéi zwou Persounen iwwer verschidden Optiounen, Silvester am Ausland ze verbréngen, schwätzen.
Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Transkript:
Silvester am Ausland
A: So, Julie, ech hunn dëst Joer wierklech keng Loscht, Silvester hei zu Lëtzebuerg ze verbréngen. Et ass all Joer dat selwecht: Raclette, Tëlee an e puer Knupperten. Ech géif gär emol eng Kéier eppes aneres maachen.
B: Ech verstinn dech total! Et ass all Joer änlech. Wuer géifs du da gär reesen?
A: Keng Anung, Mee ech géif gär e puer Deeg fortfueren. Vläicht an eng schéi Stad, wou vill Leit op der Strooss feieren. Hues du eng Iddi?
B: Hmm… Also, eng bekannt Plaz, déi net esou wäit ewech ass, ass natierlech Berlin. Do gëtt et ëmmer eng grouss Party beim Brandenburger Tor.
A: Stëmmt! Dat hunn ech schon op der Tëlee gesinn. Dat gesäit flott aus. Mee et ass bestëmmt voller Leit, oder?
B: Jo, definitiv. Mee d’Ambiance ass super. Wann s du eppes Extraes wëlls, kanns du och op London goen. Do maachen d’Leit och e grousst Freedefeier bei der Themse.
A: O, dat kléngt flott. Ech war nach ni zu London. Ech kéint och e Musical kucke goen oder duerch d’Stad spadséieren…
B: Genee. A wann s du eppes ganz Spektakuläres wëlls, dann ass New York natierlech och eng Iwwerleeung wäert. Ech hunn den Times Square schonn e puer Mol op der Tëlee gesinn. De grousse Ball, deen eroffällt, an déi vill Leit… dat géif ech och gär eng Kéier live gesinn.
A: Ech ka mer virstellen, datt dat beandrockend ass. Mee de Fliger fir op New York ass ëm d’Feierdeeg bestëmmt immens deier…
B: Jo, leider, an d’Hoteller och. Dat muss ee fréi plangen. Mee vläicht wier Wien och nach eng Iddi? Do gëtt et e Silvesterpad mat Musek, Iessen an elauter klenge Stänn.
A: Wien… dat kléngt elegant. Ech hunn al Gebaier a klassesch Musek immens gär. An op Wien kéint ech eventuell och mam Zuch fueren.
B: Eng aner Optioun wier natierlech eng waarm Plaz, wéi zum Beispill Barcelona. A Spuenien iessen d’Leit um Mëtternuecht zwielef Drauwen. Dat soll Gléck bréngen.
A: Ou, dat wousst ech net. Kléngt flott! A waarm, ech kéint wierklech e bësse Sonn gebrauchen… ech hu keng Loscht op Schnéi dëst Joer.
B: Wann s du et gär ganz waarm hues, kanns du och op Dubai goen. Do gëtt et och e riisegt Freedefeier beim Burj Khalifa.
A: Ech mengen, dat ass e bëssen ze deier fir mech. Ech mengen, ech bleiwe léiwer an Europa.
B: Wéi s de gesäis ginn et jo vill Méiglechkeeten. Wat hues du léiwer? Party, Kultur, Sonn, oder einfach raus aus dem Alldag ?
A : Ech mengen, ech wëll einfach eng schéi Stad gesinn, e bësse Party maachen, awer net ze vill Stress. Vläicht kucken ech mir London oder Wien méi genee un.
B: Da waart awer net ze laang! Du bass elo scho relativ spéit un!
A : Jo, dat maachen ech. A Merci nach emol fir deng vill Iddien. Elo freeën ech mech wierklech op Silvester.
B : Gär ! A wann s du wëlls, kommen ech mat. Ech hunn dëst Joer och nach näischt vir.
A: O, jo, dat wier super!
Thu, 11 Dec 2025 - 04min - 150 - Onzefridden am Restaurant & Kaffi drénken (A2)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut héiere mir, wéi zwou Persounen am Restaurant iessen, awer net ganz zefridde sinn. Duerno héiere mir, wat dräi Persoune gär moies iessen.
Vill Spaass!
-
D'Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick!). Dir braucht kee Kont, klickt einfach op ,,access as guest''.
Tue, 09 Dec 2025 - 06min - 149 - Dagesoflaf & Glatäis (A1-A2)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut héiere mir, wéi dräi Persounen iwwer hiren Alldag an der Woch schwätzen. Duerno héiere mir, wéi zwou Persounen iwwer Glatäis schwätzen.
Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
D'Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick!). Dir braucht keen Account, klickt einfach op ,,access as guest''.
Thu, 04 Dec 2025 - 04min - 148 - En Trëppeltour duerch d'Stad & Um Floumaart (A2)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut héiere mir fir d'éischt, wéi zwou Persounen en Trëppeltour duerch d'Stad plangen. Duerno héiere mir, wéi eng Persoun e puer Saachen op engem Floumaart kafe wëll.
Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick). Dir braucht kee Kont, klickt einfach op "Access as guest".
Tue, 02 Dec 2025 - 05min - 147 - Kaddoe vum Kleeschen (A2)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut schwätze mir iwwer Kleeserchersdag (de 6. Dezember).
Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Transkript:
A: Moien! Mir si vum Podcast Poterkëscht. Hutt Dir e Moment Zäit, fir op e puer Froen ze äntweren?
B: Jo...?
A: Hutt Dir Kanner?
B: Jo, ech hunn dräi Kanner.
A: De 6. Dezember ass jo Kleeserchersdag an d’Kanner stelle jo schonn e puer Owenter virdrun, de Schong. Maachen Är Kanner dat och.?
B: Jo, natierlech. Si sinn ëmmer immens frou fir dat maachen ze kënnen a wa moies dann eppes Klenges am Schong dran ass, da si se ëmsou méi frou.
A: Wësst Dir eigentlech wou dee Brauch hirkënnt?
B: Nee. Ech hu mer déi Fro nach ni gestallt. Et ass awer eng gutt Fro.
A: Ech soen Iech et. D’Erklärung dofir, kéinte mir am Mëttelalter fannen. Deemools hunn déi einfach Leit hir Schong virun der Kierch stoe gelooss, wa se an d’Mass gaange sinn. A wéi se dunn erauskomm sinn, hu se ganz heiansdo eng Mënz an hirem Schong erëmfonnt. Eng léif Persoun huet iwwert dëse Wee e klengen Don, un déi Leit gemaach, déi vläicht net esou vill haten.
B: A sou? Dat do wosst ech net. Ech fannen dat awer ganz interessant.
A: Gellt? Wat fannen Är Kanner dann esou moies an hirem Schong.
B: Klengegkeeten, wéi zum Beispill e Stéck Schockela, eng Mandarinn oder e puer Stickeren. Keng grouss Kaddoen.
A: A propos Kaddoen. Dir sot, dir hutt dräi Kanner. Wat wënsche sech Är Kanner vum Kleeschen?
B: Ech hunn e Jong, de Fernando, hien ass 5 Joer al, mäi Meedchen, d’Sofia ass 3 Joer al an e Puppelchen, d’Elena, hatt ass 5 Méint al. De Fernando an d’Sofia sinn immens frou mat hirer klenger Schwësterchen, duerfir wënsche si sech allen zwee eng Popp, well si alles kopéiere wëllen, wat mir mam Elena maachen: de Bëbee undoen, e wäschen, asw. Duerfir kréie si dann och nach Kleeder fir hir Poppen, eng Wéi, e Buggy an eng kleng Bidden.
A: Flott!
B: Si kucken och gär Bicher, duerfir kréie si och nach e puer Bicher.
A: Wat kritt d’Elena dann?
B: Hatt kritt en Teddybier an zwee Bicher aus Stoft.
A: Schéin! Wësst Dir, wat d’Kanner generell de Moment flott fannen?
B: Hmm...dem Fernando säi beschte Frënd wënscht sech e Sprangschlass, mee ech mengen, dat ass awer net méiglech. (laacht)
A: (laacht)
B: Soss wënschen d’Kanner sech och nach Autoen, Camionen a Baggeren, Gesellschaftsspiller, Puzzelen, en Zuch aus Holz, hëlzen oder plastiks Bausteng, kleng a grouss Poppen, Kleeder fir sech ze verkleeden, e klenge Buttek oder eng Kichen mat all den Accessoiren, Jicken, Schaukelpäerd, e Sprangseel, Spillsaache fir am Sand ze spillen, e Poppentheater... D’Kanner fannen et ëmmer flott, wa se déi Erwuessen imitéiere kënnen. Duerfir kréien eis Kanner och nach Uebst a Geméis aus Holz, dat duerch Ritschratsch zesummenhält an dat se da mat engem hëlze Messer “schneide” kënnen. Si hu schonn eng Kichen, mat där se gär spillen. Dat passt gutt derbäi. Mir passe souwisou gär drop op, datt eis Kanner net ze vill Spillsaachen aus Plastik hunn a méi aus Holz. Se ginn net esou séier futti a sinn duerfir méi nohalteg.
A: Interessant! Villmools Merci fir déi detailléiert Äntwert!
B: Gär geschitt!
A: Mir wënschen Iech an Ärer Famill e schéine Kleeserchersdag!
B: Merci, dat gëtt bestëmmt rëm flott!
B: Moment Madamm, wéi heescht scho méi Äre Podcast? Poterkëscht?
A: Jo.
B: Dat erënnert mech un dat Lidd, dat mäi Jong grad de ganzen Zäit séngt. Si léieren dat fir Kleeserchersdag an der Schoul. Et heescht: Am Uewe potert d’Feier.Thu, 27 Nov 2025 - 06min - 146 - Eng Léier als Coiffeuse (A2)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut héiere mir, wéi eng Persoun vun hirer Léier als Coiffeuse erzielt. Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Transkript:
Eng Léier als Coiffeuse maachen
Marco: Moie Lucia! Ech hunn héieren, datt s du eng Léier als Coiffeuse méchs, stëmmt dat?
Lucia: Jo genau, ech sinn am zweete Joer vu menger Léier. Et ass wierklech eng flott Aarbecht, och wa se heiansdo ustrengend ass.
Marco: Interessant! Ech hu mech ëmmer gefrot, wat ee genee an där Léier léiert. Meng Schwëster ass och eventuell interesséiert.
Lucia: Am Ufank léiere mir d’Grondlagen, zum Beispill wéi ee richteg d’Hoer wäscht, dréchent a kämmt. Dono kënnt d’Schneiden, d’Fierwen, d’Fönen an och d’Stylen. Mir hu souwuel Theorie wéi Praxis. An der Schoul léiere mir och e bëssen iwwer d’Hoerstruktur, d’Haut, Hygiène an d’Produkter, déi mir benotze sollen.
Marco: A, also net just mat der Schéier ronderëm fuchtelen, mee och e bësse Wëssenschaft dobäi!
Lucia: Genau! Vill Leit mengen, et wier just „Hoer schneiden“, mee et geet ëm vill méi. Zum Beispill muss een d’Form vum Gesiicht analyséieren, kucken, wat engem Client steet, an och e bësse Berodung maachen.
Marco: A wéi laang dauert d’Léier eigentlech?
Lucia: Normalerweis dräi Joer. No all Joer gëtt et eng Bewäertung an um Enn maache mir en Examen. Do musse mir e puer Modeller friséieren an och theoreetesch Froe beäntwerten.
Marco: Dat kléngt no vill Praxis. Hues du vill Kontakt mat de Clienten?
Lucia: Jo, déi ganz Zäit! Dat ass och eppes, wat ech besonnesch gären hunn. Et ass flott mat de Leit ze schwätzen, se laachen ze gesinn, wa se frou si mat hirer Frisur. Mee et kann och stresseg ginn, wann ee vill Clienten hannereneen huet oder wann een net all Wonsch genee treffe kann.
Marco: Jo, ech stelle mer vir, jidderee wëll anescht ausgesinn an huet eng aner Meenung. Wéi geet een domat ëm?
Lucia: Et brauch ee vill Gedold. Heiansdo muss een erklären, datt eppes net funktionéiert oder net gutt fir d’Hoer wier. Mee wann een d’Cliente respektvoll behandelt, da klappt et meeschtens gutt.
Marco: A wéi gesäit dann en typeschen Dag bei dir aus?
Lucia: Ech fänke moies géint aacht Auer un. Als Léiermeedche fänken ech dacks u mat Botzen, bereeden d’Plaze vir a kucken, datt d’Produiten all do sinn. Da kommen déi éischt Clienten: wäschen, schneiden, fierwen, fönen, asw. An tëschenduerch botze mir ëmmer erëm, maache Rendez-vousen aus oder verkafe Produiten. Ech kann dir soen, den Dag ass séier eriwwer!
Marco: Dat kléngt no vill Aarbecht! Du stees jo awer och bal de ganzen Dag, ass dat net ustrengend?
Lucia: Jo, mir sti bal de ganzen Dag. Dofir brauch een eng gutt Haltung an e bëssen Ausdauer. Mee, wann ee Freed un der Saach huet, geet et.
Marco: A wat gefält der am Beschten un dengem Beruff?
Lucia: Ech géif soen: d’Kreativitéit an de Kontakt mat de Leit. Et ass flott, wann een engem Mënsch e schéint Gefill ka ginn oder e bësse méi Selbstvertraue schenken.
Marco: Dat ass schéi gesot! A kann ee sech duerno och weiderbilden?
Lucia: Jo, sécher! Et kann een d’Meeschterprüfung maachen, selwer enseignéiere goen oder sech spezialiséieren – z. B. op Make-up, Perrécken oder Hochzäitsfrisuren. Verschiddener maachen och hire Salon op.
Marco: Do kann een tatsächlech Villes maachen. Ech hunn elo vill méi Respekt fir de Beruff, et ass net esou einfach wéi et ausgesäit.
Lucia: Dat ass wouer. Mee, wéi bei all Beruff, wann een et gär mécht, dann ass et net esou schwéier.
Tue, 25 Nov 2025 - 04min - 145 - Walfer Bicherdeeg a Bazar International (A2-B1)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut héiere mir, wéi eng Persoun vun hirem Weekend op de Walfer Bicherdeeg erzielt. Duerno héiere mir, wéi déi zwou Persounen e Rendez-vous fir op de Bazar International ausmaachen.
Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick!). Dir braucht keen Account, klickt einfach op ,,Access as guest''.
Thu, 20 Nov 2025 - 05min - 144 - Eng nei Spillplaz am Quartier an e Rendez-vous ofsoen (B1)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut héiere mir, wéi zwou Persounen iwwer eng nei Spillplaz an hirem Quartier schwätzen. Duerno lauschtere mir eng Sproochnoriicht, an där eng Persoun enger anerer e Rendez-vous op der Spillplaz ofseet.
Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick). Dir braucht kee Kont, klickt einfach op ,,access as guest''.
Tue, 18 Nov 2025 - 05min - 143 - Noriichten a Contrôle Technique mam Auto (A2)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut héiere mir d'Noriichte vum Radio "Poterkëscht", an duerno lauschtere mir e Gespréich tëschent zwou Persounen, déi iwwer de Contrôle Technique mam Auto schwätzen.
Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick). Dir braucht kee Kont, klickt einfach op ,,access as guest''.
Thu, 13 Nov 2025 - 06min - 142 - Lëscht fir e Bëbee a Babyshower (B1)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut héiere mir zwee Dialoger, an deenen et ëm Bëbeeën, also Puppelcher, geet. Am éischten Dialog héiere mir vun enger Persoun, déi erwaart, an am zweeten Dialog geet et ëm e Babyshower.
Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick!). Dir braucht kee Kont, klickt einfach op ,,access as guest''.
Tue, 11 Nov 2025 - 08min - 141 - Allerhellegen zu Lëtzebuerg (A2-B1)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Am Episod vun haut schwätze mir iwwer d'Traditioun vun Allerhellegen zu Lëtzebuerg.
Vill Spaass beim Nolasuchteren!
-
Transkript:
Iwwer Allerhellege schwätzen
A: Salut Anne-Marie! An, wéi war Allerhellege fir dech ? Ech hunn héieren, deng Bom ass dëse Summer gestuerwen. Mäi Bäileed.
B: Merci. Jo, et war net einfach, mee mir haten awer e schéinen Dag mat der Famill.
A: E schéinen Dag? (verwonnert)
B: Jo, dat kléngt vläicht komesch... Mee looss mech dir erklären: Moies sinn ech kuerz mat mengem Papp an de Blummebuttek gaang, fir eng Coupe fir op d’Graf ze kafen. Nomëttes ware mir dunn um Kierfecht an d’Griewer goufe geseent. Wéi all Joer huet et natierlech gereent.
A : Jo, dat ass bal ëmmer esou ! Ech hoffen, dir sidd net ze vill naass ginn. Waren da vill Leit um Kierfecht, bei deem Wieder ?
B : Jo, nawell. Ech si mat mengem Mann a mengen Elteren zesumme gaang. Meng Tatta, also mengem Papp seng Schwëster, war och mat mengem Monni do.
A: O, da wart dir jo zu e puer. A wat hutt dir duerno gemaach?
B: Nom Kierfecht si mir fir Kaffi a Kuch bei meng Tatta a mäi Monni heem gefuer. Dat gehéiert och zu Allerhellegen dozou. Meng Tatta béckt eng immens Äppeltaart. An et ass ëmmer schéin, duerno nach e puer flott Momenter mat der Famill ze verbréngen, déi ee soss net esou oft gesäit.
A: Ech verstinn. Bei eis an Däitschland ass dat och esou. Bei eis kënnt nach méi Famill zesummen, et ass wierklech wéi eng Familljefeier. Vill Leit soen ëmmer, Allerhellege wier en traueregen Dag, mee ech fannen, et ass och e wichtege Familljendag. Et denkt een un déi Verstuerwen, mee gläichzäiteg gesäit een och, wéi wichteg engem déi Famill ass, déi een nach huet.
B: O, dat hues de elo schéi gesot. Mee et stëmmt. Fréier hunn ech Allerhellegen ëmmer e bëssen iwwerflësseg fonnt. Ech hu mir gesot, datt ech kee speziellen Dag brauch, fir un déi verstuerwe Familljememberen ze denken, ech maachen dat jo souwisou bal all Dag. Mee elo wou meng Bom net méi lieft, ass et awer schéi gewiescht, op deem Dag nach eng Kéier e puer Anekdoten ze deelen a sech einfach un déi schéi Momenter, déi mir all zesummen haten, z’erënneren.
A: Ech hoffen, dat huet dir och gehollef, mat denger Trauer ëmzegoen. Et ass ni einfach, e Familljemember ze verléieren.
B: Nee, dat ass wouer. Mee ech mengen, et gëtt och all Joer e bësse méi einfach.
A: Jo, dat ass richteg. An et freet mech ze héieren, dass deen Dag méi positiv fir dech war an, dass de e puer schéi Momenter mat denger Famill has.
Wed, 05 Nov 2025 - 03min - 140 - Halloween-Special: Grujeleg Geschichten (B2-C1)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Fir Halloween schwätze mir haut iwwer e puer grujeleg Geschichten a Soen zu Lëtzebuerg.
Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick). Dir braucht kee Kont, klickt einfach op ,,access as guest''.
Thu, 30 Oct 2025 - 06min - 139 - Fräizäitpark & Jonggesell.inn.enabschid (B1)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut schwätze mir fir d'éischt iwwer Pläng, de Weekend an e Fräizäitpark ze goen. Duerno héiere mir, wéi eng Koppel iwwer hire Jonggesellen- respektiv Jonggesellinnenabschid schwätzen.
Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick). Dir braucht keen Account, klickt einfach op ,,access as guest''.
Tue, 28 Oct 2025 - 06min - 138 - Iwwer Benevolat schwätzen (B1)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut schwätze mir iwwer eng (fiktiv) Benevolat-Associatioun.
Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick). Dir braucht keen Account, klickt einfach op ,,access as guest''.
Thu, 23 Oct 2025 - 06min - 137 - Klischeeën (B1) an Transportmëttel (A2)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut schwätze mir iwwer Klischeeën an Transportmëttel zu Lëtzebuerg.
Vill Spaass!
-
Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick). Dir braucht keen Account, klickt einfach op ''access as guest''.
Tue, 21 Oct 2025 - 06min - 136 - Beruffskrankheet (B1) a Gespréich an der Kantin (A2)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut héiere mir fir d'éischt, wéi eng Persoun enger anerer vun hirer Beruffskrankheet erzielt. Duerno héiere mir, wéi dräi Aarbechtskolleegen an der Kantin iwwer hiren Alldag schwätzen.
-
Dir fannt d'Transkripter fir déi zwee Texter hei (klick!). Dir braucht kee Kont, klickt einfach op ,,Access as guest''.
Thu, 16 Oct 2025 - 05min - 135 - En Aarbechtsaccident (B1)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut héiere mir, wéi eng Persoun vun engem Accident op der Aarbecht erzielt. Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Transkript:
En Aarbechtsaccident (B1)
Lena: O mei Alex. Geet et? Du gesäis awer bleech aus.
Alex: Salut Lena. Jo, mir geet et net esou gutt. Ech hat gëschter e klengen Accident op der Aarbecht.
Lena: Wierklech? Wat ass da geschitt?
Alex: Majo, gëschter Mëtteg kuerz virun zwielef ass nach eng grouss Këscht mat neiem Material bei eis am Magaséng ukomm. Ech wollt déi nach direkt virun der Mëttegpaus réckelen, hat awer keng Loscht fir se opzemaachen an d’Stécker eenzel auszeraumen. Dunn hunn ech se wëllen ophiewen. Ech krut se esou just gehuewen, mee dunn hunn ech d’Gläichgewiicht verluer a si mat der Këscht nohannen ëmgefall.
Lena: O jee. Seriö? Hues du dir wéigedoen?
Alex: Jo, ech hu meng riets Rëppen a meng riets Hand immens wéi. Ech si bal net méi ënnert där schwéierer Këscht erauskomm.
Lena: Dat do kléngt eescht. Bass de bei den Dokter gaangen?
Alex: Net direkt. Mee an der Nuecht konnt ech vu lauter Péng net schlofen, du sinn ech an d’Urgence gefuer. No laangem Waarden huet dunn en Dokter mech ënnersicht an ech krut eng Rëntge gemaach. Zum Gléck ass näischt gebrach. Mee meng Hand ass verstaucht an zwou Rëppe si geprellt.
Lena: Et ass positiv, dass näischt gebrach ass. Mee ech hunn héieren, dass eng geprellt Rëpp méi wéi deet, wéi eng gebrache Rëpp.
Alex: Dat hunn ech och héieren. Ech weess et net, mee ech kann der soen, dass et schrecklech ass wann s de an der Nuecht am Bett läis an du kanns dech net dréien. All Beweegung deet wéi. Dat schlëmmst ass, wann s de néitsche muss an duerno kanns de deng Nues emol net anstänneg schnäizen.
Lena: Dat do kléngt net gutt. Wéi laang bass de dann elo krankgeschriwwen?
Alex: Den Dokter huet mer elo mol e Krankeschäin vun zwou Woche ginn. Da soll ech nach emol bei e goen an da géif e kucken, ob ech dann erëm prett fir op d’Aarbecht wier. De Problem ass, dass ech bei eis am Lager schaffen an näischt hiewe kann. Ech muss meng Chefin froen, ob ech net no zwou Wochen bei eis an der Telefonszentral schaffe kéint. Vläicht just e puer Wochen, bis ech erëm ganz fit sinn.
Lena: Deng Chefin ass esou fein. Si fënnt bestëmmt eng Léisung fir dech. Wat sot si da vum Accident?
Alex: Si war ganz léif, mee si war awer och e bësse rosen an huet mech gefrot, firwat ech keen aneren ëm Hëllef gefrot hunn oder einfach bis no der Mëttegpaus gewaart hunn, fir d’Stécker eenzel aus der Këscht auszeraumen. Si huet den Accident direkt gemellt an d’Käschte vu menger Behandlung ginn dee Moment dann och bezuelt.
Lena: Jo, ech versti si och e bëssen. Du waars do erëm ze léif a wollts keen esou kuerz virun der Paus stéieren.
Alex: Jo, dat stëmmt. Ech hat net gemengt, dass déi ganz Geshicht esou géif ausgoen. D’nächst Kéier wäert ech sécher een Aarbechtskolleeg ruffe fir mir eng Hand mat unzepaken.
Lena: Majo, onbedéngt. Dat ass jo och ee vun de Virdeeler, wann een an der Ekipp ka schaffen.
Alex: Du hues Recht. Ech hunn elo doraus geléiert.
Lena: Da kënnt dat an Zukunft alt net méi vir. Ech wënschen dir dann eng ganz gutt Besserung Alex. Schoun dech a gëff séier erëm fit! Wann s de eppes brauchs, da ruff un. Ech ka jo einfach fir dech mat akafe goen.
Alex: Villmools Merci Lena! Dat géif mer wierklech hëllefen!
Lena: Kloer, guer kee Problem. Dat geet jo an engems.
Tue, 14 Oct 2025 - 04min - 134 - Hobbyen an Dagesoflaf Pensioun (A1)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut héiere mir fir d'éischt zwou Persounen, déi iwwer hir Hobbye schwätzen. Duerno héiere mir, wat e Pensionär a sengem Alldag mécht.
Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Transkript:
Hobbyen: Klammen a Brietspiller spillen (A1)
A: Andrea, wat méchs du gär an denger Fräizäit?
B: Ech spille gär Gesellschaftsspiller a Brietspiller. An du?
A: Ech ginn oft klammen oder boulderen. Dat ass klammen ouni Seel un enger Klotermauer.
B: O, flott! Méchs du dat an enger Hal oder dobaussen?
A: Ech trainéiere just an enger Hal, zum Beispill am Pafendall oder zu Zolwer. Et ginn e puer flott Plazen zu Lëtzebuerg.
B: Cool! A wéi oft méchs du dat?
A: Normalerweis zweemol d’Woch. Dat ass gutt, fir fit ze bleiwen a Frënn ze treffen. An du? Wéi oft spills du Brietspiller?
B: Bal all Weekend. Ech treffe mech entweder mat Frënn doheem oder mir ginn an e Spill-Café.
A: E Spill-Café? A wat ass dat?
B: Dat ass e Café, wou een eppes drénke kann, a gläichzäiteg mat anere Leit verschidde Brietspiller spille kann.
A: Cool! A wat fir Spiller hues du am léifsten?
B: Ech spille ganz gär ,,Catan‘‘ oder ,,Carcassonne‘‘. Heiansdo spille mir och Schach.
A: A, ,,Catan‘‘ kennen ech! Do baut ee Stroossen an Dierfer, oder?
B: Jo, genau! Et ass flott, well ee vill plangen a mat aneren handele muss.
A: Ech mengen, dat géif mir och gefalen.
B: Ma da komm eng Kéier mat eis spillen! Mir sinn ëmmer frou, wann nei Leit kommen.
A: Jo, gär! A villäicht kanns du jo och eng Kéier mat mir klamme kommen.
B: Hm, ech weess net, ob ech fit genuch dofir sinn.
A: Du brauchs net esou vill Kraaft am Ufank. Déi richteg Technik ass och wichteg.
B: Ok, dat kléngt jo dann net esou schwéier. Villäicht probéieren ech et eng Kéier.
A: Jo, du bass ëmmer wëllkomm. D’Leit am Boulderclub si ganz frëndlech.
Den Dagesoflaf an der Pensioun (A1)
Gudde Moien. Mäin Numm ass Charel Majerus an ech sinn 72 Joer al. Ech wunnen zu Rolleng, e klengt Duerf bei Miersch. Ech si Schoulmeeschter vu Beruff, mee elo schaffen ech net méi. Ech sinn elo schonn zënter 7 Joer an der Pensioun. Mäin Alldag ass roueg an dat ass och gutt. Moies stinn ech um hallwer 8 op. Als éischt ginn ech an d’Dusch an duerno drénken ech Kaffi. Ech iesse moies gär eng Schmier mat Gebeess an ech drénken eng Taass schwaarzen Téi. Heiansdo liesen ech och d’Zeitung um Tablet. Dat ass wierklech praktesch!
Duerno ginn ech meeschtens e bësse spadséieren. Zwee oder dräi Mol an der Woch fueren ech mam Bus an de Supermarché, do kafen ech mir dann eppes fir z’iessen. Um hallwer 12 kachen ech. Dënschdes an donneschdes komme meng Enkelkanner ëmmer iessen.
Nomëttes maachen ech ëmmer eng kleng Sieste. Ech schlofen eng hallef Stonn. Duerno drénken ech eng Taass Kaffi a gi bei d’Anni. Hatt ass meng Nopesch. Mir ginn zesumme mam Hond spadséieren an duerno spille mir e bësse Kaarten. Hatt gewënnt bal ëmmer, mee et ass awer flott. Mir schwätzen a laache vill zesummen.
Owes iesse mir reegelméisseg zesummen eng Schmier oder mir ginn och heiansdo an de Restaurant. Duerno ginn ech heem an ech kucken nach e bëssen Tëlee. Um 22:00 Auer ginn ech an d’Bett. Ech liesen nach eng Véierelstonn an da schlofen ech. Weekends kréien ech oft Besuch. Meng Kanner komme mat den Enkelkanner. Dann ass net méi esou roueg doheem, mee et ass schéin fir Zäit mat der Famill ze verbréngen.Thu, 09 Oct 2025 - 05min - 133 - Äppel plécken a Rezept fir eng Äppeltaart (A2)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut héiere mir vun enger Famill, déi de Weekend zu Steesel an de Bongerten Äppel plécke war. Duerno héiere mir och nach e Rezept fir eng Äppeltaart.
Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Transkript:
Äppel plécken & Rezept Äppeltaart
A: An, wéi war däi Weekend?
B: Ganz flott! Mir si mat de Kanner op Steesel an d’Bongerten Äppel plécke gaangen.
A: O, cool! Hutt dir da vill Äppel gepléckt?
B: Jo, nawell. Mir haten zwou grouss Tute voll. Ech wousst guer net, wéi vill verschidden Zorten Äppel do wuessen. Séisser, sauerer – mir hu vill probéiert.
A: Haha, also méi giess wéi gepléckt?
B: Dat kéint ee bal soen. Haha, nee, ech maachen de Geck. Mee wéi mir mat deene villen Äppel heemkomm sinn, hu mir eis awer gefot, wat mir mat esou vill Äppel maache sollen.
A: Hmm … Äppelkompott?
B: Jo, dat ass eng gutt Iddi. Mee mir hunn eis decidéiert, fir d’éischt emol eng Äppeltaart ze baken.
A: Mmh, immens! An, wéi ass se ginn?
B: Se war herrlech! Mir hunn déi séiss Äppel dofir geholl an duerno huet dat ganz Haus no Äppel a Kanéil gericht!
A: Du méchs mech elo richteg hongereg! Hues du d’Rezept ?
B : Jo, ee Moment. Et ass wierklech einfach. (…) Hei ass et. Also, du brauchs :
-200 Gramm Miel
-100 Gramm Zocker
-100 Gramm mëlle Botter
-zwee Eeër
-een Téiläffel Bakpolver
-e Schoss Mëllech
-a véier oder fënnef séiss Äppel, geschielt a gevéierelt.
A: Dat kléngt jo net komplizéiert. An dann?
B: Fir d’éischt ginn de Botter, den Zocker an d’Eeër cremeg gemixt. Duerno méchs du d’Miel an d’Bakpolver an e bësse Mëllech dobäi a réiers den Deeg bis e glat ass. Da kënnt den Deeg an eng ronn Bakform an d’Äppelstécker ginn drop geluecht. Wann s du wëlls, kanns du och nach Zocker, Kanéil oder Mandelen drop maachen. Da gëtt d’Taart ongeféier 40 Minutten op 180 Grad am Schäffche gebak.
A: Ech mengen, dat kréien ech hin!
B: Haha, bestëmmt! An iwwregens, se schmaacht am beschte waarm mat enger Bull Vanillsglace!
A: Ok, du hues mech iwwerzeegt. Dat probéieren ech den nächste Weekend! A wann s de d’nächst Kéier eppes bécks, da bréng roueg e Stéck mat op de Büro!
B: Haha. Gëtt gemaach.
Tue, 07 Oct 2025 - 03min - 132 - Den Trounwiessel (B1-B2)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut schwätze mir mat iech iwwer den Trounwiessel, deen dëse Weekend zu Lëtzebuerg gefeiert gëtt.
-
Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick). Dir braucht keen Account, klickt einfach op ''access as guest''.
Thu, 02 Oct 2025 - 07min - 131 - Eng Dramrees (B1-B2)Tue, 30 Sep 2025 - 08min
- 130 - Den Dag vun der Lëtzebuergescher Sprooch
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut ass de 26. September, den Dag vun der Lëtzebuergescher Sprooch. Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Transkript:
Lëtzebuerg war wéinst senger geografescher Lag, schonn ëmmer méisproocheg, well d’Land vun däitschsproochegen a franséischsproochege Gebidder ëmginn ass a schonn ëmmer war. D’Sproochesituatioun ass och d’Resultat vun der komplexer Geschicht, déi den Territoire erlieft huet.
Schonn d’Kanner léieren an der Primärschoul Däitsch a Franséisch a spéider am Lycée nach Englesch.
D’Nationalsprooch vu Lëtzebuerg ass säit dem Sproochegesetz vum 24. Februar 1984 Lëtzebuergesch.
Lëtzebuerg huet dräi administrativ Sproochen: Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch. Virun 1984 ware just Däitsch a Franséisch offiziell Sproochen, och, wa Lëtzebuergesch zënter Joerhonnerte geschwat gëtt. Lëtzebuergesch ass aus engem muselfränkeschen Dialekt entstan an huet sech bannent de Grenze vum Land, weiderentwéckelt. Wéi Lëtzebuerg 1815 um Wiener Kongress d’Grenze vun haut krut an zum Groussherzogtum ernannt gouf, gouf Lëtzebuergesch nach “onsen Dialekt” oder “Lëtzebuerger Däitsch” genannt. D’Sprooch an och d’Wichtegkeet vun dëser Sprooch hunn am Laf vun de Joerzéngten eng grouss Entwécklung gemaach. Däitsch war wärend Joerhonnerten d’Sprooch, an där geschriwwe gouf, a Franséisch war d’Sprooch vun de Verwaltungen a vun der Justiz. Hautdesdaags ginn, zum Beispill d’Gesetzer nach op Franséisch geschriwwen, mee d’Deputéiert schwätzen an der Chamber Lëtzebuergesch.An der Aarbechtswelt ass Franséisch déi wichtegst Kommunikatiounssprooch, virun allem am Commerce, Däitsch ass als administrativ Sprooch nach ëmmer wichteg a Lëtzebuergesch bleift d’Sprooch vun der lëtzebuergescher Identitéit, och wann de Wee, unerkannt ze ginn, laang war, mee vläicht och grad dowéinst.
Eng weider Sprooch, déi vun engem groussen Deel vun der Bevëlkerung geschwat gëtt, ass Portugisesch, an Englesch gëtt och duerch den Zouwuess vun Entreprisen aus dem engleschsproochege Raum méi a méi geschwat. Aner Sprooche sinn d’Sproochen aus dem Balkan, Italieenesch, Arabesch, Ukrainesch, asw. Enger Ëmfro no gëtt et zu Lëtzebuerg 52 Sprooche mat jee iwwer 100 Spriecherinnen a Spriecher.
Elo lauschtere mir e puer Temoignagë vun Apprenanten aus dem INLL, déi eis erzielen, firwat si Lëtzebuergesch léieren.
(Merci Simona, Dmitrii a Raphaella fir är Bäitreeg!)
Fri, 26 Sep 2025 - 07min - 129 - Op der Aarbecht: Agenda a Mataarbechter (A2)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut schwätze mir iwwer d'Aarbecht. Fir d'éischt héiere mir den Agenda vun enger Persoun. Duerno héiere mir, wéi zwou Persounen iwwer zwee Mataarbechter schwätzen. Vill Spaass!
-
Transkript
Aarbechtsagenda
Sekretärin: Gudde Moien, Här Müller. Wéi geet et Iech haut?
Chef: Gudde Moien, Monique. Et geet mir gutt, merci. An Iech?
Sekretärin: Ganz gutt, merci. Wëllt Dir vläicht de Programm fir haut kucken?
Chef: Jo, gär. Wat steet um Agenda?
Sekretärin: Um néng Auer hutt Dir e Rendez-vous mam Här Schmidt.
Chef: Här Schmidt… ass dat de Client vu Berlin?
Sekretärin: Jo, genee. Hien ass fir eng Stonn do.
Chef: An der Rei. An dono?
Sekretärin: Um Véierel op zéng ass eng Videokonferenz mat der Firma LuxemTech.
Chef: Wéi laang dauert déi?
Sekretärin: Ongeféier eng hallef Stonn.
Chef: Gutt, ech notéieren dat. A wat kënnt no der Mëttesstonn?
Sekretärin: Um eng Auer hutt Dir en Iesse mat der Madamm Weber.
Chef: A jo, dat Geschäftsiessen hätt ech elo bal vergiess
Sekretärin: Jo, si wëll iwwer en neie Projet schwätzen.
Chef: Ok a wéi gesäit den Nomëtten aus?
Sekretärin: Um dräi Auer ass eng intern Reunioun mam Marketing-Team.
Chef: Wéi laang dauert déi?
Sekretärin: Eng Stonn.
Chef: O mamm.. haut hunn ech jo e volle Programm.
Sekretärin: Effektiv.
Chef: Ass dat alles fir haut?
Sekretärin: Nee, um véier Auer kënnt den Här Becker fir eng kuerz Presentatioun.
Chef: Wéi laang dauert déi?
Sekretärin: 30 Minutten.
Chef: Perfekt, merci Monique. Dir hutt wéi ëmmer alles gutt virbereet.
Sekretärin: Gär geschitt, Här Müller. Soll ech Iech d’Dokumenter fir d’Reunioune bréngen?
Chef: Jo, wgl. Ech gi mir eng Taass Kaffi sichen. Wëllt Dir och eng?
Sekretärin: Gären.
Chef: A, nach eng lescht Fro: Sinn och Rendez-vouse fir muer virgesinn?
Sekretärin: Jo, mee muer hutt Dir nëmmen zwee Rendez-vousen. Moies um zéng Auer mam Här Dupont vun der Bank, an am Nomëtten um dräi Auer mat der Madamm Ambrosio fir iwwer de Planning vum Juli ze schwätzen.
Chef: An der Rei. Merci nach eng Kéier!
Sekretärin: Gär geschitt, Här Müller.
Iwwer Mataarbechter schwätzen
A: Moien!
B: Salut! Wéi geet et dir?
A: Jo, et geet! Ech hat grad eng flott an effizient Reunioun.
B: Schéin! Mat wiem?
A: Mam Iris, Joëlle an Antonio.
B: A, den Antonio! Ech gesinn hien heiansdo an der Kantin. Mir iessen heiansdo zesummen. Wéi ass hien esou op der Aarbecht?
A: Hien ass super organiséiert an immens grëndlech. Hien huet ëmmer all d’Dokumenter derbäi a weess, vu wat hie schwätzt. An hien ass och immens hëllefsbereet an erkläert alles am Detail.
B: Super! Ech fannen hien och immens sympathesch. Ech si frou, datt hien och um Büro e gudden Ekippegeescht huet. Ech hu Leit, déi professionell schaffen, esou gär!
A: Ech och! Hien ass och manéierlech. Hie lauschtert no an hien ënnerbrécht keen. Hien ass wierklech e gudde Mënsch.
B: Topp! Hien ass de Géigendeel vum Lena! Hatt ass chaotesch an onpénktlech! Hatt war haut eng Dräivéierelstonn ze spéit am Meeting an hat seng Dokumenter net derbäi. Mir mussen eis dowéinst muer nach eng Kéier treffen. Dat ass wierklech net kollegial!
A: O jee! Geschitt dat oft?
B: Leider jo.
A: Dat ass enttäuschend. Den Zesummenhalt vun enger Ekipp ass esou wichteg. Dat huet negativ Suitte fir iech all.
B: Jo... hatt ass net motivéiert a meckert vill.
A: Vläicht geet et him net gutt. Vläicht huet hatt privat Problemer oder hatt ass onzefridde mat der Aarbecht.
B: Jo, dat ka sinn. Mee eis ganz Ekipp leit drënner an d’Ambiance ass fuerchtbar.
A: Hues du scho mat him geschwat?
B: Nee, ech traue mech net. Hatt ass immens stuer.
A: Ech mengen, dat ass eng gutt Iddi. Hatt mierkt vläicht guer net, datt hatt iech all demotivéiert. Et ass besser, du schwätz eleng mat him. Wann d’ganz Ekipp mat em schwätzt, da fillt hatt sech vun iech all attackéiert.
B: Ok. Wann et net geet, da kann ech nach bei eis Gruppecheffin goen. Esou kann et net weidergoen.
A: Ech wënschen dir vill Gléck!
B: Villmools Merci!
Tue, 23 Sep 2025 - 05min - 128 - Um Policebüro (A2)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir zwee Dialoger um Policebüro. Vill Spaass beim Nolauschteren!
Transkript:
Declaration de perte
Polizist: Gudde Moien, Madamm. Wéi kann ech Iech hëllefen?
Madame Goedert: Gudde Moien. Ech wollt eng Déclaration de Perte maachen. Ech hu mäi Portmonni verluer.
Polizist: Ok. Wéini hutt Dir gemierkt, datt Dir Äre Portemonni net méi hutt?
Madame Goedert: Gëschter, wéi ech heem komm sinn. Ech wollt mäi Portmonni aus der Posch huelen, mee e war net méi do.
Polizist: An der Rei. Wéini hutt Dir e fir d’lescht gesinn?
Madame Goedert: Am Supermarché, géint 15:30 Auer. Ech hu mat der Kaart bezuelt.
Polizist: Also warscheinlech tëscht dem Supermarché an Ärem Doheem. Sidd Dir nach iergendwou stoebliwwen?
Madame Goedert: Jo, ech war nach kuerz op d’Gare eng Frëndin sichen.
Polizist: An Är Posch war zou? Oder konnt een einfach dragräifen?
Madame Goedert: Se war zou, mee et war vill Gedrécks op der Gare. Vläicht huet een eppes geholl.
Polizist: Wat genau war am Portmonni?
Madame Goedert: Meng Identitéitskaart, meng Kreditkaarten, meng Krankekeesekäertchen, e puer Suen – ongeféier 25 Euro – an eng Foto vu menger Kaz.
Polizist: Wéi gesäit de Portmonni aus? Faarf? Material?
Madame Goedert: En ass schwaarz-wäiss getëppelt aus Lieder, mat engem klenge roude Knapp. Et ass mäi Liblingsportmonni.
Polizist: OK, ech notéieren alles. Ären Numm a Gebuertsdatum wgl.
Madame Goedert: Caroline Goedert, ech sinn den 10. Abrëll 1989 gebuer.
Polizist: A wéi ass Är Adress, wgl.?
Madame Goedert: 15, rue du Bois, zu Märel.Polizist: An da brauch ech nach Är Telefonsnummer, wgl.
Madame Goedert: 671 598 485.
Polizist: Gutt. Mir maachen eng offiziell Deklaratioun. Wann e fonnt gëtt, ruffe mir Iech un.
Madame Goedert: Merci villmools. Muss ech nach eng Kéier kommen?
Polizist: Nee, just wa mir eppes fannen. Dir kritt och eng Kopie fir d’Bank an d‘Versécherung.
Madame Goedert: Super. Meng Kreditkaarte si scho gespaart, da ginn ech elo direkt op d’Gemeng fir eng nei Identitéitskaart.
Polizist: Dat ass eng gutt Iddi. Hei ass d'Deklaratioun – ënnerschreift wgl. hei.
Madame Goedert: Merci nach eng Kéier.
Polizist: Gär geschitt, Madame Goedert. E schéinen Dag nach!Abroch Auto
Polizistin: Gudde Moien. Wéi kann ech Iech hëllefen?
Martine Weber: Moien. Ech wëll eng Plainte maachen. A mäin Auto ass agebrach ginn.
Polizist: Dat deet mir leed fir Iech. Wéini ass dat geschitt?
Marc Weber: Ech mengen an der Nuecht. Gëschter Owend um 19:00 Auer war nach alles normal.
Polizist: Wou stoung den Auto?
Marc Weber: Viru mengem Haus, an der rue des Roses, zu Beetebuerg.
Polizist: A wéini hutt Dir et gemierkt?
Marc Weber: Haut de Moien, wéi ech op d’Aarbecht wollt fueren. D’Fënster op der Beifuerersäit war futti.
Polizist: Wat ass geklaut ginn?
Marc Weber: De GPS, eng Jackett, eng Posch mat Dokumenter an e Sonnenbrëll.
Polizist: Wat fir Dokumenter waren an Ärer Posch?
Marc Weber: Mäi Carnet d’entretien vum Auto a meng Dokumenter vu menger Versécherung.Polizist: Wéi gesäit Ären Auto aus?
Marc Weber: Et ass e bloe VW Golf, fënnef Dieren. D’Plackennummer ass WC 2306.
Polizist: Sidd Dir de Besëtzer vum Auto?
Marc Weber: Jo.
Polizist: An hutt Dir eng Versécherung géint Déifstall?
Marc Weber: Jo, ech hunn eng Vollkaskoversécherung.
Polizist: Da kënnt Dir dëse Rapport benotzen, wann Dir Är Versécherung kontaktéiert.
Marc Weber: Muss ech nach eppes maachen?
Polizist: Nee, mir maachen elo de Rapport. Dir kritt eng Kopie. Wa mir Informatiounen hunn, da melle mir eis.
Marc Weber: Ech hoffen, datt Dir eppes fannt.
Polizist: Dat hoffe mir och. Gëtt et Kameraen an Ärer Strooss?
Marc Weber: Jo, ech mengen bei der Apdikt ass eng Kamera.
Polizist: Dat ass gutt, da froe mir bei der Apdikt no. Gitt eis wgl. nach Är Telefonsnummer.
Marc Weber: Jo, dat ass den 671 345 678.
Polizist: Merci. Da si mir fäerdeg hei. Hei ass Är Kopie.
Marc Weber: Villmools Merci.
Polizist: Gär geschitt. Eng schéi Woch nach!Wed, 17 Sep 2025 - 05min - 127 - De Sproochentest
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut hu mir e speziellen Episod fir iech: mir schwätzen iwwer de Sproochentest.
Am éischten Deel héiere mir, wéi dir iech fir de Sproochentest umellt an op wat dir um Dag vum Examen oppasse musst.
Duerno héiere mir e Beispill vun enger Kandidatin, déi den éischten Deel vum mëndlechen Test (Interaktioun / Gespréich iwwer en Theema) mécht. Duerno soe mir och, ob d'Persoun den Test gepackt huet oder net.
Vill Spaass beim Nolauschteren!
Wed, 10 Sep 2025 - 10min - 126 - INLL: Fir en Niveau orientéiert ginn (A1)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Geschwë sinn erëm Orientéierungsgespréicher am INLL. De 15. an de 16. September 2025 kënnt dir an den INLL kommen, an en Orientéierungsgespréich maachen. Dir schwätzt mat engem Lëtzebuergeschproff a gitt an e Cours orientéiert. Haut héiert dir, wat iech an esou engem Gespréich erwaart.
Huelt iech äre Rendez-vous elo fir en Orientéierungsgespréich op MyINLL.
-
Transkript:
Fir en Niveau orientéiert ginn
S: Moien an häerzlech wëllkomm am INLL! Mäin Numm ass Sophie. Schwätzt Dir scho Lëtzebuergesch?
L: Moien. Jo, e bëssen.
S : Hutt Dir e Cours gemaach?
L: Jo, en A1 Cours.
S: Kënnt Dir iech e bësse presentéieren?
L: Jo. Ech heesche Lucía an ech kommen aus Spuenien, vu Salamanca. Ech sinn hallef Spuenierin an hallef Argentinierin. Ech schwätze Spuenesch, Englesch, Franséisch an e bësse Lëtzebuergesch. Ëmm... Ech sinn 38 Joer al. Ech sinn den 3. Februar 1987 gebuer. ... Ech si bestuet an ech hunn zwee Kanner. De Moment schaffen ech net. Ëmm...
S: Wat maacht Dir gär an Ärer Fräizäit? Wat sinn Är Hobbyen?
L: A menger Fräizäit ech ginn...nee... A menger Fräizäit ginn ech gär schwammen. Ech maachen Aquagym an ech liese gär.
S: Wéi oft maacht Dir dat?
L: Ech ginn ee Mol d’Woch an den Aquagym an ech ginn zwee Mol d’Woch schwammen. Ech liesen all Dag.
S: Ok, merci!
Presentéiert wannechgelift Är Dagesroutine vun engem normalen Dag chronologesch. Wat maacht Dir vu moies bis owes? Zum Beispill: Ech erwächen um sechs Auer. Duerno ginn ech an d’Dusch. Um siwen Auer... Duerno... etc.L: Ech erwächen ... um hallwer siwe moies. Duerno ech ... duerno ginn ech an d’Buedzëmmer. Um ... Véierel fir siwen erwächen ech meng Kanner. Mäi Mann preparéiert d’Moiesiessen. Ech hëllefen de Kanner. Ëmm... um siwen Auer ... drénke mir Kaffi.
Mäi Mann bréngt d’Kanner an d’Schoul an duerno fiert hien op d’Aarbecht. Ech schaffen de Moment net. Ech maachen de Stot an ... ech kachen d’Mëttegiessen. Ech gi meng Kanner an d’Schoul sichen. Mir iessen um 12 Auer zu Mëtteg.
Mëttes gi mir op d’Spillplaz oder mir spillen doheem. Mäi Mann kënnt um 18.30 heem. Mir iessen zu Owend. Duerno ginn d’Kanner schlofen. Mäi Mann an ech schwätzen zesummen a mir kucken d’Tëlee. Ech ginn ... um 22.30 Auer schlofen. Ech liesen e bëssen an duerno schlofen ech.S: Gutt! Merci! Jo, Dir hutt den Niveau A1. D’nächst Semester kënnt Dir den A2.1 ufänken.
L: Merci!
S: Ech erklären Iech déi administrativ Informatiounen awer elo op Franséisch oder Englesch, da verstitt Dir all déi wichteg Informatiounen.
Wed, 27 Aug 2025 - 05min - 125 - Um Flughafen 2: Vun enger Vakanz erzielen (A2)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut héiere mir, wéi dem João an dem Sofia seng Vakanze waren.
Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Transkript:
Vun enger Vakanz erzielen
João: O Sofia, scho rëm du! Wat eng Iwwerraschung! Wéi geet et dir?
Sofia: Mir geet et gutt, merci. Wéi geet et dir? Wéi war deng Vakanz?
João: Super! Mir waren, wéi geplangt, a Portugal bei meng Famill. D’Kanner hu sech esou gefreet hir Grousseltere rëmzegesinn. A bei dir? Wéi war Thailand?
Sofia: Fantastesch! Et war eng richteg cool Erfarung. Bangkok war hektesch, mee spannend, an d’Insel war wéi e Paradäis.
João: Dat kléngt wonnerbar. Wéi war et mam Iessen? Hues de de Pad Thai probéiert?
Sofia: Natierlech! An och gréng Curryen, Mango Sticky Rice an déi frësch Kokosnoss direkt um Strand. An et war alles esou bëlleg!
João: Wow! Dat klengt mega! Bei eis gouf et och ëmmer gutt z’iessen: meng Mamm huet fir eis hir berüümte Bounenzopp preparéiert a mir hu bal all Moie Pastéis de Nata giess. Ech mengen, ech hunn zwee Kilo bäigeholl.
Sofia: Ech och, obwuel ech vill Yoga gemaach hunn. D’Rou op der Insel huet mir wierklech gutt gedoen.
João: Du has och erzielt, datt s du och e Massagecours maache wäerts.
Sofia: Genau! D’Formatioun huet dräi Deeg gedauert an ech krut souguer en Zertifikat. A wéi war et mat dengen zwee Kanner? Net ze stresseg?
João: Am Ufank e bëssen, mee si hu sech schnell ugepasst. Si hu Sandbuerge gebaut, war schwammen, hu mat anere Kanner gespillt an natierlech gouf et och all Dag eng Glace.
Sofia: Dat kléngt herrlech. Ech hunn och nei Leit kennegeléiert, dorënner eng Norwegerin an en Australier. Mir sinn zesummen en Tempel a Räisfelder kucke gaangen an elo si mer Kolleegen op Instagram. So, du an deng Fra wollt jo wandere goen, wéi war dat?
João: Effektiv, mir wollten eng kleng Auszäit huelen, mee meng Fra hat leider eng Mogripp an do ass dat Ganzt an d’Waasser gefall.
Sofia: O nee, dat ass awer wierklech Schued.
João: Jo, sou ass dat halt, verschidde Saache kann een net virausgesinn. Mee mir haten trotzdeem eng schéin Zäit.
Sofia: Dat ass dat Wichtegst. So ech wollt deemnächst a Portugal reesen, vläicht kanns du mir jo e puer Tipps ginn.
João: Kloer! E schécken dir e puer Linke mat Plagen, Wanderungen, Restauranten a schéine Plazen.
Sofia: Dat wier super! Merci.
Wed, 13 Aug 2025 - 03min - 124 - Um Flughafen 1: An d'Vakanz fléien (A2)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut schwätze mir iwwer Vakanz. Am éischten Dialog héiere mir, wéi zwee Frënn sech um Flughafen treffen. Duerno héiere mir, wéi eng Persoun säi Gepäck ancheckt.
Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Transkript:
Um Flughafen
João: Hallo! Wat méchs du dann hei? Gees du och an d’Vakanz oder ass et eng Geschäftsrees?
Sofia: O Mamm, nee, ech fléien endlech Vakanz! An du?
João: Jo, mir och. Ech fléien déi éischt Kéier mat mengen zwee Kanner. Si si scho ganz opgereegt.
Sofia: A, flott! Wou geet et dann hin?
João: Mir ginn a Portugal, bei meng Famill. Meng Eltere wunnen nach do, an et ass ëmmer schéin, si erëmzegesinn. An du?
Sofia: Ech ginn eleng an Thailand. Ech hu schonn ëmmer dovu gedreemt, e bësse méi wäit ze reesen. Et ass meng éischt Kéier an Asien.
João: Wow, Thailand! Dat ass wäit. Wéi laang bleifs de?
Sofia: Ech bleiwen zwou Wochen. Ech wëll Bangkok besichtegen, an da fueren ech op eng Insel, fir um Strand ze leien an e bësse Yoga ze maachen.
João: Dat kléngt mega entspanend. Ech hu gemengt, Thailand ass och gutt fir leckert Iessen?
Sofia: Jo genau! Si si bekannt fir Pad Thai, frësche Fësch, an natierlech tropescht Uebst.
João: An ech freeë mech op déi portugisesch Spezialitéiten – Bacalhau, Pastéis de Nata, a menger Mamm hir Zopp. A meng Kanner freeë sech natierlech op d’Glace.
Sofia: Haha! Dat kléngt no Famill an Traditioun. Wat maacht dir alles a Portugal?
João: Mir ginn haaptsächlech op d’Plage an déi zweet Woch passe meng Elteren dräi Deeg op d’Kanner op a meng Fra an ech ginn an d’Bierger wanderen.
Sofia: Schéin! Ech wäert mech gréisstendeels entspanen. Ech brauch Rou, Sonn an e bësse Kultur.
João: Bass du net nervös, eleng esou wäit ze reesen?
Sofia: E bësse schonn, mee ech hu meng Rees gutt geplangt. Ech hu schonn en Hotel an e puer Toure gebucht. Ech maachen e Bootsausfluch, ginn en Tempel besichtegen a maachen e Massagecours.
João: Cool! A mat wéi enger Airline flitts de? Mat Thai Airways?
Sofia: Jo, ech fléien elo op Frankfurt a vun do aus direkt op Bangkok. An du?
João: Mir fléie mat TAP Portugal.
Sofia: Flott! Mengem Cousin gefält Portugal och immens gutt. Hie war viru kuerzem zu Porto.
João: O, Porto ass schéin. Mee mir si méi südlech – bei Faro. D’Algarve huet déi schéinste Plagen
Sofia: Dat gleewen ech. Vläicht fueren ech och mol dohinner. Ech wëll nach vill Plazen op menger Lëscht ofhaken.
João: Maach dat! Sou, mir mussen elo leider scho bei den Check-in goen, well mir mussen eis Wallissen nach anchecken.
Sofia: Ech muss och sou lues a Richtung Kontroll goen. Mäi Fluch geet a 50 Minutten.
João: Ma dann eng schéi Rees.
Sofia: Merci! Dir an denger Famill och!Beim Check-In
C: Deen nächsten, wgl!
J: Moien! Et ass fir op Faro. Mir hu schonn online agecheckt a musse just nach eis Wallissen anchecken.
C: An der Rei, gitt mir wgl. vu jidderengem d’Carte d’identité.
B: Hei si se.
C: Merci. Dir kënnt déi éischt Walliss op d’Gepäckband leeën.. Voilà, an elo déi nächst … Hutt dir soss nach eppes fir anzechecken?
B: Jo, eis Poussette. Kënne mir déi bis de Boarding halen?
C: Jo, dat geet. Dir gitt se eréischt of, ier dir an de Fliger klammt. Wann dir zu Faro aus dem Fliger klammt, kritt dir se erëm zréck.
B: An der Rei, Merci. Sëtze mir all beieneen?
C: Jo, dir sëtzt mat ären zwee Kanner an enger Rei, an Är Fra sëtzt an der Rei niewendrun bei der Fënster.
B: Hmm, ass et méiglech, datt si eng Plaz um Gank kritt? Dat ass méi praktesch mat de Kanner.
C: D’Mëttelplaz an d’Gankplaz si leider schon am System blockéiert. Mee frot am Fliger no, vläicht kënnt dir jo tauschen.
B: Merci, dat maache mir dann.
C: Gär geschitt. Hei sinn Är Billjeeën. Dir hutt de Gate B12 an de Boarding fänkt an enger Dräivéierelstonn un.
B: Super, villmools Merci!
C: Merci och an e gudde Vol.
Wed, 30 Jul 2025 - 05min
Podcasts semelhantes a Poterkëscht vum INLL
El Partidazo de COPE COPE
Herrera en COPE COPE
La Linterna COPE
Es la Mañana de Federico esRadio
La noche de Cuesta esRadio
La Trinchera de Llamas esRadio
Hondelatte Raconte Europe 1
Affaires sensibles France Inter
LEGEND Guillaume Pley
El colegio invisible OndaCero
La Rosa de los Vientos OndaCero
Les grands dossiers de l'Histoire par Franck Ferrand Radio Classique
Espacio en blanco Radio Nacional
Entrez dans l'Histoire RTL
Le grand récit RTL
Les Grosses Têtes RTL
L'Heure Du Crime RTL
Parlons-nous RTL
El Larguero SER Podcast
Nadie Sabe Nada SER Podcast
SER Historia SER Podcast
Todo Concostrina SER Podcast
Un Libro Una Hora SER Podcast
HISTORIAS DE LA HISTORIA VIVA RADIO
Outros Podcasts de Educação
Easy Luxembourgish Anne Beffort
Luxembourgish with Anne PODCAST Luxembourgish with Anne
Spanisch für Anfänger und Fortgeschrittene María Fernández
Eine Stunde History - Deutschlandfunk Nova Deutschlandfunk Nova
Renverser la table Victoire Tuaillon
Ingrid Immersion France Ingrid Falquy
{ungeskriptet} - Der Meinungsfreiheit verpflichtet. Ben Berndt
CONVERSATIONS AVANT LA FIN DU MONDE Julia Layani
6 Minute English BBC Radio
The Book Club Goalhanger
Radio Naukowe Radio Naukowe - Karolina Głowacka
The Mel Robbins Podcast Mel Robbins
Pépites d'Histoire Studio Biloba
Was bisher geschah - Geschichtspodcast Joachim Telgenbüscher, Nils Minkmar
Vamos Español Podcast | Spanisch lernen Vamos Español
Der immocation Podcast | Lerne Immobilien immocation
Thinking in English Thomas Wilkinson
Langme | Курс китайского языка Аудиокурсы Langme
Falar Português Brasileiro Juliana Freschi
Китайский язык с Buyilehu Китайский язык с Buyilehu
