Filtrar por género
Invité:e vum Dag

- 2282 - Simone Niclou, Vize-Rekter vun der uni.lu
Wéi geet et viru mam Medezinstudium op der Uni Lëtzebuerg? Wéini kënnt de Master? A wéi ass et mat weidere Spezialisatiounen?
Fri, 02 Oct 2026 - 2281 - Claude Wiseler, Chamberpresident
Dronen, Petititiounen, Piraten a Stabilitéit vun den Institutiounen: Dat si Stéchwieder am Gespréich mam éischte Bierger vum Land.
Thu, 01 Oct 2026 - 2280 - Michel Reckinger, UEL-President
Haut ass dem Michel Reckinger säi leschten Dag als President vun der Unioun vun de Lëtzebuerger Entreprisen: Zäit fir e Bilan.
Wed, 30 Sep 2026 - 2279 - Georges Wagner, Direkter vun der Associatioun vun der Assurance accident
D'AAA ass zoustänneg fir d'Preventioun an Entschiedegung bei Accidenter um Wee bei an op der Aarbecht souwéi bei Beruffskrankheeten. Zejoert gouf se iwwer 15.000 Mol sollicitéiert.
Tue, 29 Sep 2026 - 2278 - Sam Tanson
Déi gréng Deputéiert äussert sech zu der Krisekommunikatioun vun der Regierung, zu der Affär Fridman an erkläert, firwat hir Partei géint d'Steierreform wäert stëmmen.
Mon, 28 Sep 2026 - 2277 - Eric Thill
Muer ass den Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch. Eréischt fir déi 2. Kéier, nodeems de Kulturministère deen Dag d’lescht Joer ageféiert huet. Wéi kann a soll d’Lëtzebuergescht nach weider promovéiert ginn. Firwat wëllen net méi Leit Lëtzebuergesch-Proff ginn a wat soll am nächsten Aktiounsplang fir d’Lëtzebuerger Sprooch drastoen, dat froe mir den DP-Kulturminister Eric Thill.
Fri, 25 Sep 2026 - 2276 - Gary Diderich, zukënftegen Deputéierte vun déi Lénk
Hie rotéiert am Oktober mat der Ana Correira an d'Chamber. Wéi wëlle si un d'Aarbecht vun hire VIrgänger uknäppen?
Thu, 24 Sep 2026 - 2275 - Patrick Schnieder, Member vum Bundestag (CDU)
Wou steiert déi däitsch CDU hin? A wéi vill vun deem Wee ass mam President a Bundeskanzler Friedrich Merz ze maachen? Dat froe mir de fréiere Verkéiersminister.
Wed, 23 Sep 2026 - 2274 - Steve Thull, Chef vun der Lëtzebuerger Arméi
Op den 1. Oktober gëtt et ee Wiessel un der Spëtzt vun der Arméi an de Steve Thull geet an d'Pensioun. Wat behält hien aus de leschte 6 Joer zeréck a wou steet d'Arméi elo?
Tue, 22 Sep 2026 - 2273 - Rejko Krüger, Neurolog am Luxembourg Centre for Systems Biomedic
Um Weltalzheimerdag froe mir den Direkter vun der Abteilung Transversal Translational Medicine vum Fuerschungszenter LIH (Luxembourg Institute of Health) a Spezialist fir neurodegenerativ Krankheeten, wéi déi nei KI-baséiert Diagnos-Outile fonctionéieren, an ob Chatbots d'Gehierfitess beaflossen.
Mon, 21 Sep 2026 - 2272 - Carla Carvalho, Presidentin vun der nationaler Elterevertriedung
No de schlechte PISA-Resultater huet den Educatiounsminister ënner anerem d'Elteren an d'Flicht geholl. Wéi gesinn déi Concernéiert dat?
Fri, 18 Sep 2026 - 2271 - Franz Fayot, LSAP-DéputéiertenThu, 17 Sep 2026
- 2270 - Max Krippler, Kandidat fir President vun der Basketsfederatioun ze ginn
Mir froen den eenzege Kandidat fir President vun der FLBB ze ginn, wéi hien erëm méi Zuschauer an d'Hale wëllt bréngen a wéi hien den Damme-Basket erëm méi attraktiv wëllt maachen.
Wed, 16 Sep 2026 - 2269 - Joëlle Damé, Presidentin vun der Enseignantsgewerkschaft SEW/OGBL
Um Dag vun der Rentrée froe mir no, wéi d'Gewerkschaft op d'Resultater vun der PISA-Etüd reagéiert, an op d'Schoule prett si fir d'Alphabetiséierung op Franséisch.
Tue, 15 Sep 2026 - 2268 - Fabricio Costa (déi gréng), Grënner vun der "Plattform fir Demokratie"
Déi nei Plattform wëllt d'Demokratie méi resilient maachen. Mee wéi? Dat froe mir de jonke Politiker vun déi gréng, deen d'Initiativ gegrënnt huet.
Mon, 14 Sep 2026 - 2267 - Hans-Jakob Schindler, Terrorismus-Expert
Wéi eng Léiere sinn aus den Attentater vum 11. September 2001 gezu ginn? Wéi eng Gefore ginn haut nach vun islamisteschem Terror aus? Dat froe mir de renomméierten däitschen Terrorismus- a Séchserheets-Expert.
Fri, 11 Sep 2026 - 2266 - Serge Wilmes, CSV-Ëmweltminister
No deem iwwerduerchschnëttlech waarmen an dréchene Summer 2026: Kritt d'Klimapolitik elo neie Schwong?
Thu, 10 Sep 2026 - 2265 - Claude Meisch, DP-EducatiounsministerWed, 09 Sep 2026
- 2264 - Anne Calteux, Ex-Vertriederin vun der EU-Kommissioun zu Lëtzebuerg
Den 1. Dezember iwwerhëllt si d'Direktioun vum Service des médias, de la connectivité et de la politique numérique.
Tue, 08 Sep 2026 - 2263 - Markus Linden, Politolog vun der Uni Tréier
No der Landtagswahl vu gëscht a Sachsen-Anhalt: Wéi geet et an deem Bundesland virun? A wéi eng Konsequenze kritt dat politescht Äerdbiewen zu Berlin?
Mon, 07 Sep 2026 - 2262 - Dr. Jean-Claude Schmit, Direkter vun der Santé
Wéi héich war d'Iwwerstierflechkeet während de Caniculen? A wéi eng Léieren zéien d'Gesondheets-Autoritéiten aus den Hëtztwelle vun dësem Summer?
Fri, 04 Sep 2026 - 2261 - Erik von Scholz, CEO EnovosThu, 03 Sep 2026
- 2260 - Nico Steinbach, neie Landrat vum Eifelkreess Bitburg-Prüm
Den SPD-Politiker ass e Sonndeg schonn am 1. Tour mat absoluter Majoritéit gewielt ginn. Am Interview erkläert hien d'Funktioun an d'Erausfuerdeungen, déi sech stellen.
Wed, 02 Sep 2026 - 2259 - Claude Reuter, FGFC
D'Gewerkschaft vum Gemengepersonal huet sech selwer komplett reforméiert - a begréisst, datt d'Epreuve générale d'aptitude am kommunale Secteur ofgeschaaft ass. Domat geet eng laangjäreg Fuerderung an Erfëllung.
Tue, 01 Sep 2026 - 2258 - Gilles Feith, Luxair-Generaldirekter
Direkt mat zwou Nouvellë war de Lëtzebuerger Flughafen d’lescht Woch an de Schlagzeilen. De Findel kritt den nächsten Abrëll mat United Airlines eng nei Direkt-Verbindung an d’USA. An d’Luxair huet e Freideg déi éischt zwou vun am ganze véier nei Boeing 737-8 empfaangen. Wat bedeiten déi Entwécklunge fir déi eenzeg Lëtzebuerger Passagéier-Fluchgesellschaft?
Mon, 31 Aug 2026 - 2257 - Steve Faltz, LSAP-Conseillier zu Esch
Mir froen den Escher Oppositiounschef, wéi hien d'Aarbecht vun der schwaarz-blo-grénger Koalitioun no 3 Joer bewäert.
Fri, 28 Aug 2026 - 2256 - Landwirtschaftsministesch Martine Hansen
D'Vertrieder aus der Landwirtschaft zéien en éischter negative Bilan vum Karschnatz 2026. Wéi kann a wëllt d'Politik elo dem Secteur ënner d'Aerm gräifen?
Thu, 27 Aug 2026 - 2255 - Paul Nathan, Direkter vu Poeckes a Vizepresident vun der Handwierkerkammer
Zënter e Méindeg gëtt am Bausecteur nees geschafft – fir déi Geleeënheet maache mir de Point zu der Situatioun am Secteur vun der Constructioun. Deen huet mat Personalmanktem a Liquiditéitsproblemer ze kämpfen.
Wed, 26 Aug 2026 - 2254 - Charel Hary, President vun der FNCF
Ass d'Schueberfouer ze deier? Wat kascht se eigentlech d'Forainen? A wéi bleift d'Kiermes fir déi Jonk attraktiv? Doriwwer schwätze mir mam President vun der Federatioun vun de Forainen.
Tue, 25 Aug 2026 - 2253 - Jean-Claude Muller, President vum Landesuebstbauveräin
Hëtzt an Dréchent hunn den Uebstbeem massiv zougesat. Wéi steet et ëm d'Récolte 2026 a wéi mussen d'Uebstbaueren sech fir d'Zukunft opstellen? Doriwwer schwätze mir mam Jean-Claude Muller, dee säin Haff zu Contern schonn a 6. Generatioun bedreift.
Mon, 24 Aug 2026 - 2252 - Gilles Biver, héije Beamten am Ëmweltministère
De Minett-Kompost soll Schmotzwaasser an de Kanal an an eng Baach lafe gelooss hunn. Wéi reagéiert den Ëmweltministère?
Fri, 21 Aug 2026 - 2251 - Ben Frin, Arthur Welter Transports
Mam Finanzdirekter vun der Transportfirma geet ënner anerem rieds iwwer Dieselpräis, E-Mobilitéit (am Camionsberäich) a Recrutementsproblemer.
Thu, 20 Aug 2026 - 2250 - Dr. Chris Roller, President vun der AMMD
De President vun der Associatioun vun den Dokteren an Zänndoktere reagéiert op déi neist Entwécklungen am Clinch mat Regierung a CNS.
Wed, 19 Aug 2026 - 2249 - Martine Deprez, CSV-Gesondheets- a Sozialministesch
De Regierungsrot huet gëschter déi zwee Règlementgrand-ducallen ugeholl, déi d'Konventiounen tëschent (Zänn-)Dokteren an CNS ersetzen. Wat ännert?
Tue, 18 Aug 2026 - 2248 - Claude Mangen, Ex-Direkter vum Mierscher Theater
No bal 8 Joer un der Spëtzt vum Mierscher Theater ass de Claude Mangen den 1. August a Pensioun gaang. Wéi gesäit hien d'Roll an d'Zukunft vun de regionale Kulturhaiser?
Mon, 17 Aug 2026 - 2247 - Luc Emering, Vizepresident vun der Chamber-Ëmweltkommissioun
Geet et mat der aktueller Klimapolitik vun der Regierung duer, oder mussen CSV an DP méi ambitiéis ginn? Déi Fro stelle mir dem DP-Deputéierten, deen als Bauer d'Auswierkunge vun Hëtzt an Dréchent un éischter Front erlieft.
Fri, 14 Aug 2026 - 2246 - Carlos Pereira (OGBL), Member vum CNS-Verwaltungsrot
Wéi reagéieren d'Salariatsvertrieder an der Gesondheetskeess op d'Ukënnegung vun der AMMD, keng nei Konventioun mat der CNS wëllen ze ënnerschreiwen?
Thu, 13 Aug 2026 - 2245 - Paul Galles (CSV), President vun der Chamber-Ëmweltkommissioun
Ass de Summer, dee mir grad erliewen, dat bescht Argument fir eng méi konsequent Klimapolitik? Dat hu mir den CSV-Politiker gefrot.
Wed, 12 Aug 2026 - 2244 - Michel Leytem, Direkter vun der ANF
Wéi vill Schued maachen Hëtzt an Dréchent am Lëtzebuerger Bësch? Froen un de Chef vun der Natur- a Bëschverwaltung.
Tue, 11 Aug 2026 - 2243 - Serge Legil, Generaldirekter vun der Prisongsverwaltung
D'Zuel vun de Prisonnéier ass an der Lescht staark gewuess. Mir froen no, ob geschwë schonn nees en neie Prisong muss gebaut ginn.
Mon, 10 Aug 2026 - 2242 - Pascal Steichen, Direkter vum House of Cybersecurity
Direkt e puer Lëtzebuerger Institutioune waren zënter dem Ufank vun der Summervakanz vu Cyberattacke betraff. Ass dat Zoufall? Mir froen de CEO vum House of Cybersecurity.
Fri, 07 Aug 2026 - 2241 - Marc Hans, Direkter vun der Waasserverwaltung
Wéi een Impakt huet d'Dréchent op d'Drénkwaasserversuergung? Dat froe mir de Chef vun der zoustänneger Verwaltung.
Thu, 06 Aug 2026 - 2240 - Josée Kirps, Direktesch vun de Nationalarchiven
D'Nationalarchive sinn amgaangen op de Belval ze plënneren. Mir froen d'Direktesch, ob si d'Plënneraktioun nach ofgeschloss kritt, éier si am November an d'Pensioun geet.
Wed, 05 Aug 2026 - 2239 - Alexander Flassak, Generaldirekter vu Lux-Airport
De Lëtzebuerger Flughafe soll an den nächste Joren ausgebaut ginn. Mir froen de CEO vun der Bedreiwergesellschaft, wat genee geplangt ass.
Tue, 04 Aug 2026 - 2238 - Diane Adehm, CSV-Buergermeeschtesch vun HesperMon, 03 Aug 2026
- 2237 - Isabelle Schlesser, Direktesch vun der ADEMFri, 31 Jul 2026
- 2236 - Florence Schmit, Energieexpertin bei der Rabobank zu London
De Krich am Iran ass nach ëmmer amgaangen, an awer ass den Uelegpräiss bis elo manner staark geklommen, wéi am Ufank gefaart. D'Lëtzebuerger Expertin erkläert eis, firwat dat esou ass.
Thu, 30 Jul 2026 - 2235 - Josée Lorsché, fréier an zukünfteg Deputéiert vun déi gréng
Am Oktober wäert déi fréier gréng Fraktiounscheffin fir d'Joëlle Welfring an d'Chamber noréckelen. Mir froen si, wat si sech fir hire parlamentaresche Comeback virgeholl huet.
Wed, 29 Jul 2026 - 2234 - Mike Borschette, Direkter vum Bouneweger Lycée
De Bouneweger Lycée wëllt fir d'Rentrée och Klassen am Classique ubidden. Mee vill Schüler:innen, déi dohin orientéiert goufen, wëlle léiwer an en anere Lycée. Wéi geet et elo virun?
Tue, 28 Jul 2026 - 2233 - Gilbert Massard, Medizinsprofesser op der uni.lu
Den Thoraxchirurg huet déi medezinesch Ausbildung op der Uni Lëtzebuerg opgebaut. Mir froen hien, wéi eng grouss Defien et nach an dem Beräich gëtt.
Mon, 27 Jul 2026
Podcasts similares a Invité:e vum Dag
El Partidazo de COPE COPE
Herrera en COPE COPE
Dante Gebel Live Dante Gebel
La noche de Cuesta esRadio
La Trinchera de Llamas esRadio
Affaires sensibles France Inter
El colegio invisible OndaCero
La Rosa de los Vientos OndaCero
Les grands dossiers de l'Histoire par Franck Ferrand Radio Classique
Espacio en blanco Radio Nacional
Le grand récit RTL
L'Heure Du Crime RTL
Parlons-nous RTL
El Larguero SER Podcast
Nadie Sabe Nada SER Podcast
SER Historia SER Podcast
Todo Concostrina SER Podcast
Un Libro Una Hora SER Podcast
Les Grosses Têtes RTL
Hondelatte Raconte Europe 1
LEGEND Guillaume Pley
Entrez dans l'Histoire RTL
RONZHEIMER. Paul Ronzheimer
C dans l'air France Télévisions
Lanz + Precht ZDF, Markus Lanz & Richard David Precht
Enquêtes criminelles RTL
L'œil de Philippe Caverivière RTL
L'After Foot RMC
Matteo Caccia racconta Radio 24
Ellinofreneia Official Digital Minds
C politique France Télévisions
Es la Mañana de Federico esRadio
Laurent Gerra RTL
Code source Le Parisien
Stammplatz – Fußball News täglich BILD
Chiamate Roma Triuno Triuno Radio Deejay
Julia en la onda OndaCero
Passione Inter Passione Inter