Filtrer par genre

REPORTER On the Record

REPORTER On the Record

Reporter.lu

REPORTER On the Record ass de Podcast iwwert d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg. Am Gespréich mat Journaliste gi mir den Themen op de Gronn a werfen e Bléck hannert d’Kulisse vun eise grousse Recherchen. Nei Episode gëtt et all Freideg.

114 - Lëtzebuerg an aner Dubai-Connections
0:00 / 0:00
1x
  • 114 - Lëtzebuerg an aner Dubai-Connections

    Bei der Recherche „Dubai Unlocked” ass Reporter.lu op Spuere vum Frank Schneider a vu senger Roll an der „OneCoin”-Affär gestouss. Wat ass soss nach bei der Recherche erauskomm? A wat fir Suite kéint si hunn? Dorëms geet an der neister Episod vum Podcast „On the Record”.

    Fri, 17 May 2024
  • 113 - Festung Finanzplaz

    D‘Interesse vun der Lëtzebuerger Finanzplaz sinn eng Prioritéit fir d’Regierung. Mat wéi engen Argumenter gi si verdeedegt? A wéi passt dat an d’Bild vun enger soss pro-europäescher Aussepolitik? Dorëms geet an der neister Episod vum Podcast „On the Record”.

    Fri, 10 May 2024
  • 112 - De Mythos vum abordabele Wunnraum

    Déi ëffentlech Bauträger bréngen nëmme wéineg Wunnengen un de Client. Firwat sinn hir Präisser oft bal sou héich wéi um private Marché? A wéi kéint d’Politik wierklech abordabele Wunnraum schafen? Dorëms geet an der neister Episod vum Podcast „On the Record”.

    Fri, 03 May 2024
  • 111 - D’Lëtzebuerger Roll bei den Europawalen

    A knapp sechs Woche sinn Europawalen. Wéi ee Walkampf kënnt op Lëtzebuerg duer? Wat sinn déi grouss politesch Challengën? A wéi stinn d’Chancë vun de Lëtzebuerger Politiker op Top-Posten an der EU?

    Fri, 26 Apr 2024
  • 110 - Eng nei Regierung, an och eng nei DP?

    Vun der Premierpartei zum Juniorpartner: Wéi geet d’DP mat deem Rollewiessel ëm? Wat fir Persoune bestëmme mëttlerweil d’Politik vun der Partei? A wéi kéint d’Zukunft vun de Liberalen ausgesinn? Dorëms geet an der neister Episod vum Podcast „On the Record”.

    Fri, 19 Apr 2024
Afficher plus d'épisodes