Nach Genre filtern

On the Record - Reporter.lu

On the Record - Reporter.lu

Reporter.lu

„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg. Am Gespréich mat Journaliste gi mir den Themen op de Gronn a werfen e Bléck hannert d’Kulisse vun eise grousse Recherchen. Nei Episode gëtt et all Freideg.

238 - De Fall Fridman als Rass an der Sanktiounspolitik
0:00 / 0:00
1x
  • 238 - De Fall Fridman als Rass an der Sanktiounspolitik

    Lëtzebuerg huet sech an der EU dofir agesat, den Oligarch Mikhail Fridman vun der Sanktiounslëscht ze sträichen. Wéi ass dat ze beurteelen? A wat bedeit dat fir de Schuedenersatz, deen hie fuerdert? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

    Fri, 02 Oct 2026
  • 237 - Dronen iwwer Lëtzebuerg

    Fir d’éischte Kéier waren zu Lëtzebuerg onerlaabten Dronen ënnerwee. Wéi sinn déi Virfäll anzeschätzen. Huet d’Regierung richteg kommunizéiert? A wéi kann sech Lëtzebuerg fir d’Zukunft besser opstellen? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

    Fri, 25 Sep 2026
  • 236 - Eng nei Datz fir de Lëtzebuerger Schoulsystem

    D'Schoulrentrée gëtt alt nees vu schlechte PISA-Resultater dominéiert. Wéi falen déi am Detail aus? Wéi gerecht ass de System? An hunn d'Reforme vum Minister Claude Meisch do eppes geännert? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

    Fri, 18 Sep 2026
  • 235 - Iwwer Walen, Zäsuren a politesch Lektiounen

    Wéi erwaart huet d'AfD d'Walen a Sachsen-Anhalt däitlech gewonnen. Wéi konnt et dozou kommen? Wat bedeit dat fir Däitschland an doriwwer eraus? An ass esou en Zenario och zu Lëtzebuerg denkbar? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

    Fri, 11 Sep 2026
  • 234 - Wéi eng politesch Rentrée steet eis bevir?

    Eng laang Summerpaus geet op en Enn. Wéi eng grouss Reforme vun der CSV-DP-Agenda stinn no der Rentrée un? Wat huet d’Regierung soss nach wëlles, éier et Richtung nächst Wale geet? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

    Fri, 04 Sep 2026
Weitere Folgen anzeigen